Infoen
Fir déi meescht Texter si Sourcen uginn. Fir eng Dictée op der Uni Lëtzebuerg ginn d’Texter verbessert an heiansdo ginn och nei Wierder bäigesat. De Source-Text gëllt dofir just als inhaltlech Orientéierung. En décke Merci un RTL.lu an un de Jemp Schuster, fir d'Erlaabnes, dës Texter hei anzesetzen.An den Texter gi variabel Schreifweise gewisen. Och wann dës Texter präzis ausgewielt an iwwerlies goufen, kënnen nach eenzel Feeler virkommen resp. net all Schreifvariante berücksichtegt ginn (duerch Changementer an der Orthographie zum Beispill). D’Texter goufen zesummegestallt a gelies vum Caroline Döhmer, dem Nathalie Entringer, dem Pol Breser an dem Sara Martin.
Fir déi autmatesch Korrektur gëtt de PHPFineDiff agesat.
D'Korrektur baséiert op der aktueller Lëtzebuergescher Orthographie vun 2019 a wéi se am Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) applizéiert ass. D'Interpunktiounsreegelen orientéiere sech un der däitscher DUDEN-Norm.
Fir d'Orthographie generell ze üben, si folgend Sourcen ze recommandéieren: