Übung 4: Text zum Mitlesen

IDevice Icon Lesetext

Der folgende Text ist seine Phrasen zerlegt worden.

Für jede Phrase bitte folgendes machen:

1. Zuerst anhören und still mitlesen.

2. Danach nochmals anhören und laut mitlesen.


 

De Nordwand an d'Sonn

 

An der Zäit hunn sech de Nordwand an d'Sonn gestridden,

 

wie vun hinnen zwee wuel méi staark wier,

 

wéi e Wanderer,

 

deen an ee waarme Mantel agepak war,

 

iwwert de Wee koum.

 

Si goufen sech eens,

 

datt deejéinege fir dee Stäerkste gëlle sollt,

 

deen de Wanderer forcéiere géif, säi Mantel auszedoen.

 

De Nordwand huet mat aller Force geblosen,

 

awer wat e méi geblosen huet,

 

wat de Wanderer sech méi a säi Mantel agewéckelt huet.

 

Um Enn huet de Nordwand säi Kampf opginn.

 

Dunn huet d'Sonn d'Loft mat hiere frëndleche Strahle gewiermt,

 

a schonn no kuerzer Zäit huet de Wanderer säi Mantel ausgedoen.

 

Do huet de Nordwand missen zouginn,

 

datt d'Sonn vun hinnen zwee dee Stäerkste wier.