0%
Achtung: Javascript ist in Ihrem Browser für diese Webseite deaktiviert. Es kann sein, dass sie daher die Umfrage nicht abschließen werden können. Bitte überprüfen Sie ihre Browser-Einstellungen.

Ëmfro Sproochgebrauch

 

Häerzlech Wëllkomm bei dëser Online-Ëmfro iwwert d'Lëtzebuergescht!

 

Am Kader vun engem Projet ënnersiche mir de Gebrauch vun "hatt" a "si". Fir méi iwwert den alldeegleche Gebrauch an d’Charakteristike vun dësem Phänomen am Lëtzebuergesche gewuer ze ginn, brauche mir Är Hëllef! Mam Ausfëlle vun dësem Froebou leescht Dir als Lëtzebuergesch-Spriecher e wichtege Fuerschungsbäitrag.

 

Mir bieden Iech, de Froebou Ärem alldeegleche Sproochgebrauch entspriechend auszefëllen. Et ass méiglech, datt d’Sprooch am Froebou net genau mat Ärem perséinleche Sproochgebrauch iwwereneestëmmt. Äntwert méiglechst spontan an esou, wéi Dir doheem schwätzt! Dëst kann also och e Lëtzebuerger "Dialekt" vun enger bestëmmter Regioun sinn. Är Schreifweis ass dobäi onwichteg an et gëtt kee Richteg a kee Falsch.

Fir eege Beobachtungen a perséinlech Commentairen ass um Enn vum Froebou Plaz virgesinn. Virun allem bei den Aufgabe mat Auswielméiglechkeete si Präzisiounen zum eegene Sproochgebrauch wëllkomm.

D‘Ëmfro ëmfaasst 6 Aufgabe mat jeeweils e puer Froen. Se dauert ca. 20 Minutten an ass anonym.

 

Villmools Merci fir d’Matmaachen!

Sara Martin, Masterstudentin Lëtzebuerger Studien, Universitéit Lëtzebuerg

 

Bei Froe kënnt Dir Iech u folgend E-Mailsadress wennen: sara.martin.001@student.uni.lu