BababaBaachBaachBaachBaach-BaachfrellBaachmärelBaachstelzBaachstäärz(el)chenBaachstierzelchenBaachwaasserbaalgen, balechen, balegenbaangBaang(t)baangenBaangschass, -schësserbaangschëssegBaant(s), Bannt(s)baapsegbaapsenBaapsertBaaps(esch)Baarberegbaarbes, bäärbes, buerbesBaarfbaarmhäärzegBaarmhärzegkätBaartBaart-BaartbiischtBaartflechtBaarthoerBaartjhangBaartmécherBaartmesserBaartschosselBaartwichsBaartelBaartelBaart(e)l(e)méis, -mësB.dagBaart(e)l(e)méismaartBaascheltBaaschtertBaaschtnéchBaass, BassBa(a)ssgeiBaassBaass-AnBaassklackBaassklakbaassenBaatschBaatschdappBaatsche-BaatscheboufBaatschestillbaatschenBabbelbabbel(z)egBabbel(z)egkät, -keetbabbelenbabbeldänzegBabbelerBabb(e)lereiBabbeleschBabbelmaréi, -maräi, -mreiBabettBabelbabilouneschBabeléibachelenBackbackelroutBackenalBackera, Backra, Bagg(e)raBackesBacketinchenBackselBadBadbiddenBadebureg, Badebreg, BaarberegBadetti, BadettchenBaffBaffbaffenBaffereiBaffertBaffeschBagaaschBagagewonBaguetteBaiersonndegBajenett, BajonettBakBakebaartBakzantBakecht | Ba M.: «Kot, Exkremente» (Ammenspr.) — Ba maachen — an de Ba trieden — i, u, e, o, a, d'Kaz mécht Ba; häufige Zussetz.: Bahänni, -jong (-jéngi), -kënni, -mönni.
ba prädik. Adj.: «schmutzig» (also weder zum Anfassen, noch zum Essen) — da's ba; bisw. auch: bazeg (s. d.).
ba Interj. (meist kurz bA, bisw. halblang ba· gesprochen): 1) Geringschätzung — ba, dann hal et, ech wëll et nët; 2) Selbstbewußtsein — ba, dat deet mer näischt, da's mer egal; 3) ärgerl. Abweisung, meist: a ba (s. d.); 4) Ekel (häufig stark aspiriert).
Baach M.: «Bache, Wildsau» (nur Wb. 06 — cf. auch Rh. Wb. I/358 sub «Bache»).
Baach (im Nordoesl. ba:ç) F., Plur. Baachen, Dim. Bächelchen F.: 1) «Bach, Bachwasser, Bachtal» — en huet sech iwwer d'B. gemat (aus dem Staube, s. auch sub 4) — e kéiert em d'B. op d'Millen, dat as B. op seng Millen (materielle und moralische, oft unlautere, Unterstützung) — bis dat geschitt, lääft nach vill Waasser d'B. an — 't geet d'B. an (das Spiel ist verloren) — dat as Waasser an d'B. geschott (zwecklos) — en as iwwerall derbäi, wou eng Kaz duurch d'B. geschlääft get — dee muss d'Kaz duurch d'B. schläfen (für Zeche, Schuld, Schaden aufkommen) — 't könnt an ewéi B. bei hinnen (sie machen große Einnahmen) — en huet Geld ewéi oder a B. (cf. auch sub 3) — 't könnt ewéi B., an et geet ewéi d'Musel (die Ausgaben übersteigen bei weitem die Einnahmen) — 't reent ewéi Baach(en) — d'Baache lafen (Platzregen) — ma kéier d'B. dran! (zu jem. der zu reichlich zuschüttet, dann im allg.: halt' ein mit deinem Segen) — e steet do wéi eng Sau, déi an eng B. pisst (er ist unschlüssig); 2) übtr.: «Urinrinnsal» (Ammenspr.) — eng Baach, Bächelchen (bisw.: Bach) maachen (dafür häufiger: Musel, Miselchen — cf.: bachelen); 3) große (Flüssigkeits)- menge; 4) spaßhaft: «Ozean» in den Raa.: déi grouss B. — en huet sech iwwer d'B. gemat. In zusges. Bach-, Flur- und Ortsnamen: -bech, -bich.
Baach: Kurzform der mit -bach zusges. ON., so z. B. im Bering der Hauptstadt: an der Baach (= Millebaach, s. d.).
Baach-: -frell F.: «Bachforelle»; -märel F.: «Wasserstar, Wasserschmätzer, Cinclus aquaticus»; dafür auch: Waasserhintchen, -märel; -stelz F. (entlehnt) und -stäärz(el)chen, -stierzelchen M.: «Bachstelze, Gebirgsstelze, Winterbachstelze», dafür auch: (giele Wanter)panestäärzchen, Panewippchen, Panestärchen, Panestiecher — sou fléck, liicht, onréieg . . . ewéi e B. — e réngelt mam Hënner ewéi e B.; -waasser N.: meist übtr. für 1) minderwertiges Getränk; 2) abgestandenes, übelriechendes Wasser, Abwässer; 3) weiches (enthärtetes) Wasser, wie: Reenwaasser.
baalgen, balechen, balegen 1) trans. Verb.: «antreiben, anfeuern» — un engem b. (jem. zur Eile antreiben, auf jem. einreden); 2) refl. Verb.: «sich abmühen» — da kanns de dech emol eng Zäitche mat him b. — sech b. a bäissen ewéi d'Honn; Abl. Gebalechs.
baang Adj. u. Adv.: «bange» — 't as mer nët baang drëm — engem et baang maachen — Zussetz.: schassbaang (sehr bange).
Baang(t) F.: «Angst, Bangigkeit» — hief keng Baang — et as keng B. fir hien — nëmme keng Baang.
baangen intr. Verb.: «bangen» — nëmmen nët gebaangt.
Baangschass, -schësser M.: «Angstmeier, Hasenfuß».
baangschësseg Adj.: «furchtsam».
Baant(s), Bannt(s) F.: «Zwischenzeit» (zu bannen «binnen»), ledigl. in adv. Raa.: dräi Deeg B. (dreitägige Frist) — an der (od.: där) Baant(s), Bannt(s) — der (od.: dier, där) Baant(s), Bannt(s), «inzwischen» (cf. Rh. Wb. I/705: in derbint, an derbant, on derbont, an derbanns, en derbenne).
baapseg Adj.: «schreiend».
baapsen intr. Verb.: «laut u. albern schwatzen» (cf. baupsen).
Baapsert M.: «Schwätzer» (Ga.: «einer, der viel spricht ohne etwas zu sagen»).
Baaps(esch) F.: «Schwätzerin».
Baarbereg (Ton: 1): ON. s. Badebuurg.
baarbes, bäärbes, buerbes (daneben: 'bO:rbəs, 'bO:Arbəs): A. Adv.: 1) «mit [Bd. 1, S. 64] bloßen Füßen» — ech géing b. bis no Ieweschtklausen (um meinen Wunsch zu erfüllen) — Wie keng Schong huet, dee muss b. goen (lafen); 2) «ohne Hufeisen» — D'Schmiids- (Norden: Schmitte-) päärd an d'Schous(ch)teschfraen mussen (zum dackste) b. lafen; 3) übtr.: «ohne Freier» (wenn dieser sich abgewendet hat) — hat lääft (alt erëm) b.; B. Adj.: 1) «barfüßig» — b. bis un den Hals (nackt); 2) übtr.: «einfach, ohne Zutaten» — b. Gromperen (= blann G. «ohne Fett zubereitet») — s. buerféiss.
Baarf M. (phV. cf. Ltb. 2): «Barbe, Barbus fluviatilis» (Fisch); übtr.: «reiche Beute», dicker Stich beim Kartenspiel.
baarmhäärzeg (-hierzeg) Adj.: «barmherzig» — b. Bridder, Schwesteren (Krankenbrüder, -schwestern).
Baarmhärzegkät (-keet) F.: «Barmherzigkeit» — aus Gottes B. — wie keng B. kennt, huet (och) kenger z' erwaarden (auch: wie kä Matläds huet, deen huet och käänt z'erwaarden).
Baart (phV. cf. Ltb. 2) M.: «Bart» — 1) beim Menschen der Backen- u. Kinnbart (für Schnurrbart besondere Bezeichnungen: s. Schnauz, Schnurz Schnutz), dann auch der Bartwuchs im allgem. — Eigenschaften: e rauhe stoppelege, struppege, wëlle B. (ungepflegt) — en dënne, moëre, schappege B. (spärlich); Vergleiche: e B. ewéi e Biesem, e Stoppelstéck (-feld), eng Stoppelgewan, ewéi Kréng, Sauerkraut, ewéi eng Zännbiischt, ewéi e Böschdéif, e Strauchmäärder — säi B. steet ewéi den aarme Leit (Leiden) hire (auch: aarme Leits) Wääss — spaßhafte Raa., wenn der Bart zu sprießen beginnt: en huet Gefisems, Fisemcher, Fisemen, Flues, Flom, Mëllechhoer ënnert der Nues — säi B. as nach am Prozess, et können esou gutt Plaume gin ewéi Hoer — hal (streck) d'Gesiicht an den Duurchzuch (de Wand, baussent d'Fënster . . .) da brauchs de der kä Baart ze maachen — bisw.: huel e Gummi, e rauhe Stän — du muss der baussen Hunneg schmiere fir ze zéien, a bannen Héngerdreck (-mëscht) fir ze drécken (dreiwen = Bartwuchsbeförderungsmittel) — Behandlung: e léisst sech (d)e B. stoen (wuessen) — e mécht sech de B. — e léisst sech de B. asäfen, verbotzen, schnäen — en huet de B. gewichst — e mécht sech de B. ewech — en huet sech d'Schnëss lackéiert; übtr.: en huet mer de B. ouni Säf gemat (derb zurechtweisen, harte Worte geben) — en huet em de B. gezauselt, agesääft, gekämmt (zurechtweisen) — ech hun e mam B. geholl (anfahren); Sonstige Raa.: eppes an de B. brommen, grommelen, knouteren, tuddelen — se spille fir dem Käser säi B. (auch: fir eng kal Brach, Gromper — um nichts) — si streide fir dem Käser säi B. (aus nichtigen Gründen) — déi huet e B. (altbekannter Witz) — du kriss awer nach e laange B. ier dat geschitt; 2) übtr.: Speisereste (Schokolade-, Milch-, Rahm-, Brei-, Bierschaum- . . . spuren um den Mund, bes. bei Kindern) — wat hues de der e B. gemat — du hues der de B. beschmiert; 3) von Tieren — de B. röscht de Bock (auch auf Menschen übtr.) — d'Kaz botzt sech de B. (da gët et Reen); 4) «Schlüsselbart»; 5) «Froschgeschwulst» (Ranula, Batrachium) — eigroße Geschwulst unter der Zunge, die bisw. unter dem Kinn hervortreten kann; 6) «Schimmelbildung» auf verdorbenen Speisen — déi agemaachte Quetschen hun e B.
Baart- : -biischt F.: «Rasierpinsel» — en huet eng B. um Hutt (Dachsschwanz auf den Hüten der Jäger und Förster); -flecht F.: wie hd.; -hoer N.; -jhang M.: von den Kindern in Wecker gebr. f. d. «Gründling» (Fisch; s. Gif); -mécher M.: «Barbier» (s. auch: Barbutz, Bal-); -messer N.: «Rasiermesser» e Gesiicht ewéi e B. (auch: wéi eng al Séissel, Séchel — hager u. unfreundlich) — eng Maul (Schnëss) ewéi e B. (Klatschmaul); -schossel F.: «Rasierbecken», das Hauszeichen der «Baartmécher» — Oueren ewéi Baartschosselen (so groß, abstehend) — Echt.: 't as gefehlt bis an d'B. (alles ist verdorben) — bisw. auch abfällig für «Barbier»; -wichs F.: «Pomade» zur Förderung od. Glättung des Bartes.
Baartel M.: «Wiesenhaferwurz» (bot.), bez. meist tragopogon pratensis oder orientalis, nach Rh. Wb. I/826 bisw. auch: calamagrostis epigeios (dafür auch: Bocksbaart, Bokelei, Butsch).
Baartel M.: 1) Kurzform zu «Bartholomäus» (s. d. folg.) — Ra.: E wääss, wou (de) B. de Moschter(t) (auch: Moscht, Most) höllt (er weiß etwas, das andere nicht wissen); 2) «Tölpel, Narr».
Baart(e)l(e)méis, -mës (phV. d. 1. Silbe cf. Ltb. 2): «Bartholomäus», Name u. Fest des Hl.; Lostag, Herbstbeginn, [Bd. 1, S. 65] in der Hauptstadt Beginn der Schobermesse — Bauernregeln: Zänt (zënt, de oder auch einfach:) B. höllt (verbitt, frësst) de Mëttes-Onner (auch: d'Mëttesrascht) an den (halwen) Oweskéis (auch: Oweskascht, Ombroutskéis = «Vesperbrot») — Zänt (zënt, de, —) B. höllt (verbitt, spuert) dem Bauer de Kéis an dem Schéifer d'lénge Geséiss (d. h.: die Tage werden kürzer und die Witterung wird rauher) — Seltener, bes. im Süden: (De) B. frësst (spuert dem Bauer, dem Schéifer) de Botter an de Kéis — Wetterregel: Wéi d'Wieder op B., sou bleift et de ganzen Hiescht (Consdorf, ähnl. in der Westeifel, laut Rh. Wb.); Zuss.: | |