LWB Luxemburger Wörterbuch
 
derzou bis desinfezéieren (Bd. 1, Sp. 206a bis 207b)
 
duerzou, dozou Adv.: 1) «hinzu, hierzu» — wat sees de d.? — en huet sech d. gedoen (er hat sich der Sache wacker angenommen) — e kënnt nët d. (er hat keine Gelegenheit) — en as nët d. ze bréngen — da käfs d'eng Kou an e Källefchen derzou (s. Daler); 2) «jedoch, hingegen, doch immerhin» (halbswegs entkräftigende Behauptung) — 't as jo e brave Mann, d., wann ee bedenkt...
 
déragéieren (lok.: -ieren) trans. Verb.: «stören, bemühen» — déragéiert Iech nët! (bemühen Sie sich nicht, lassen Sie sich nicht stören) — ech wëll nët d. (ich möchte nicht stören); déragéiert Verbadj.: «gestört» (bes. vom Verdauungsapparat) — en huet de Mo déragéiert - en as déragéiert.
 
Déragement (Ton: 4; -mεnnt) N.: «Störung, Mühe» — 't as weider keen D. fir mech.
 
deroutéieren trans. Verb.: «irreführen, verwirren, aus der Fassung bringen» (frz. dérouter) — Verbadj.: deroutéiert.
 
Derri(ère) (Ton: 1) M.: «der Hintere» — 't huet der awer en D.! — 't gët eng op den D.
 
derschlipp, derschlapp Interj.: von einem schleppenden, nachläss. Gang — e kënnt do d. d. (kënns de haut äs, kënns de moar äs — Echt.).
 
dës Pers. Pron.: «dessen» (relikthaft, s. dees) — e wärd sech d. nët séier beluewen, laachen (er wird nicht darüber lachen) — ech sin d. sécher, midd — ech sin d. nët gewinnt — e wärd dës nët laang frou sin — verkürzt: ës (s. d.).
 
désagréabel Adj.: «unangenehm, unsympathisch» — 't as e ganz d. Mënsch.
 
desapprouvéieren trans. V.: «nicht einverstanden sein» (nët fir gutt halen) frz. désapprouver.
 
Desaster M.: wie frz. désastre.
 
Déasvatage M.: «Nachteil» — 't as zu déngem D. (frz. désavantage).
 
desavouéieren trans. V.: «nicht anerkennen» — en huet en desavouéiert (frz. désavouer).
 
Deschete F.: 1) Gerichtssprache: descente sur les lieux «Besichtigung des Tatorts»; 2) übtr.: «Einkehr bei einem Wirt» (spaßh.); 3) descente de lit «Bettvorlage»; 4) «Gebärmuttervorfall», frz. descente de matrice (med.).
 
Dësch (Pl. Dëscher, Dim. Dëschelchen) M.: «Tisch», übtr.: «Mahlzeit, Essenszeit» — Spww.: Wat ënner den D. fällt, as fir d'Mod (Kleingeld unter dem Tisch gehört von Rechts wegen dem Dienstboten) — 't geet näischt iwwer d'Propretéit, sot d'Fra, du huet se den D. mam Biesem gekiert (mam Läpp, Hiemerläpp ofgewëscht) - Raa.: den D. as gedeckt — e kënnt un e gedeckten D. (reiche Einheirat) — ähnlich: e fënd den D. gedeckt — an deem Haus maache s' e gudden D. (in jenem Hause führt man eine gute Küche) — iwwer D. (bei Tisch, während der Mahlzeit) — e kënnt virun de gréngen D. (er erscheint vor dem Gericht, Disziplinarrat) — en huet dem Hond den D. gedeckt (er zeigt den Hemdzipfel durch die zerrissene Hose) — e gudden D. a wéineg Aarbecht kann een härden [Bd. 1, S. 207] (gute Kost und wenig Arbeit kann man aushalten).
 
Dësch- (alle Ton: 1): -blat N.: «Tischplatte»; -biischt F.: «Bürste, um die Krumen wegzufegen»; -briet N.: «Tischbrett, Tischkulisse»; -fridd(en) M.: «Ruhe während dem Essen» — looss mer D. halen (z. B.: bei Erbschaftsteilungen); -messer N.: «Tischmesser» (großes Messer zum Schneiden des Bratens, Brotes); -mull F.: «Tischmulde» (früher: Brotmulde, deren Deckplatte zugleich als Tisch gebraucht werden konnte); -noper M.: «Tischnachbar»; -stempel M.: «Tischbein»; bei der Weiseng: kréit de Jong en Dëschstempel tëscht d'Knéien, da gët hien nie Määschter am Haus, d'Meedchen, dann dirigéiert hat de Stot; -wäin M.: «gewöhnlicher Tischwein».
 
Dëschelduch, Dëschduch, bisweilen Dëschtelduch N.: «Tischtuch» Arten: hausmaacher, gebild.
 
Dëschelchen M.: Dim. zu Dësch (s. d.) «Tischlein» — den D. sprangen din (Tischrücken).
 
Dëschtel (-st-) Dëschel F.: 1) «Distel» — ech sëtzen ewéi op D. an Där (wéi op Dëschtelen an op Dären); 2) übtr.: «zänkisches Frauenzimmer» — eng däreg D.
 
Dëschtel- / dëschtel-: -dar M.: «Distel»; -diet (Pl. -dieten) F.: «Distelharke» (dafür auch: -stiech, -stech); -diitchen, -fénkelchen, -péckchen, -péckelchen M.: «Stieglitz, Distelfink, Carduelis carduelis»; -kapp M.: «Disteldolde» (der Flaum diente früher zur Füllung von Ziechen, s. Plauten); -véilchen, -villchen = diitchen.
 
dësdo(s) Adv.: «dieser Tage» (auf die Vergangenheit bezogen) — s. Dag.
 
dësen, dës, dë(s)t (Mosel: disen, dis, di(s)t) Dem. Pron.: «dieser, diese, dieses» — dësen an deen (dieser und jener) — en huet mech dësen an deen vernannt — ech sin nach laang nët dësen an deen (nicht irgendwer) — dët an dat, an elauter därs (und dergleichen mehr) — bal dët bal dat (bald dieses, bald jenes) — dëst an dat, wat nach keen hat (dies und jenes, was noch niemand hatte) — soss hëlt dech dësen an deen (spassige Drohung) — Echt.: dou dësen, dou deen! (schmähend: ich finde kein rechtes Schimpfwort für dich).
 
desertéieren (phV.: dësëtéieren, tësetéieren) intr. Verb.: «desertieren».
 
Deserteur M.: «Deserteur» lok. phV.: Tësetéier(ten).
 
dësgläich Adv.: «von derselben Art» — d. hätts d'och hei an em Buttik fond.
 
desinfezéieren trans. Verb.: «desinfizieren» — Ga.: desinfektéieren.

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut