| dréif Adj.: «trübe» — d. Wieder, Aen — de Wäin gët d. op der Fläsch (er wurde zu früh auf Flaschen gefüllt) — Sprww.: 't as kä Bur sou klor, e gët alt mol d. am Jor — 't as kä Samschteg so d., d'Sonn schéngt der Muttergottes zu Léif — Raa.: am dréiwe Waasser fëschen — dréiwe Wäin freet nët no.
dréig Adj.: «träge» — s. dräinech, dréideg.
Dréighät F.: «Trägheit».
dréinen s. dréien.
Dréiner M., Dréin F.: «Werkzeug zum Drehen» (Kurbel u. ä.) — cf. Dréi.
dréineg Adj.: «faul» — s. dréieg.
Dréinert M. — s. Dréier(t).
Dréisch Pl.: Dréischer M.: «unbeackertes, liegen gelassenes Ackerland, das durch Selbstbesamung mit einer Grasnarbe überzogen ist» — Iwer Hecken an Dréisch — Zussetz.: Gemengend. M.: «Gemeindeland, das an die Gemeindeeinwohner verpachtet wird».
dréisch Adj.: «unbeackert» — e Stéck Land d. leie loossen.
Dréischel F.: 1) «Drossel, Turdus»; 2) «Drüschling» (eßbarer Pilz, auf Dréischen, Feldchampignon z. B.) — s. Kochel; 3) «Drüse».
Dréischeler M.: s. Drischler.
dréischelen trans. Verb.: 1) «drechseln»; 2) «deichseln» — s. drischelen.
Dréischkléi M.: «liegender Klee» — s. Réikléi.
Dréischléck M.: «einjähr. Schwein» Wb. 06 vgl. Brilléck.
dréiseg Adj.: «saumselig» — s. dräseg.
Dréitgar M.: «Schustergarn».
dréiwelzeg Adj.: «trüb» — s. dréif.
Dréiwelzegkät F.: «Trübsinn» — Wb. 06.
dréiwen trans. Verb.: «trüben», sech d. «trübsinnig sein» (Wb. 06) — vgl. dréif.
dreiwen (phV. s. Ltb. 63 — Nord. u. Osten Praet.: ech druff, Condit.: ech driff, — Part. Praet.: gedriw(w)en, lok Westen: gedriff) tr./intr. V.: «treiben» — wat dreift dech dann an deem Wieder eraus? — dee Bam dreift ze staark — dat do as fir än op de Bam (op Bommescht, an d'héi Luucht) ze d. (in Harnisch, zur Verzweiflung bringen) — en dreift mech nach an d'Graf — ech dréif en zum Schënnecker (zum Henker, zum Kuckuck jagen) — ech war ewéi gedriwen (innerlich unruhig) — de Moscht fängt un ze dreiwen (gären) — än Nol dreift den aner (Gewalt fordert Gewalt) — wéis d'ët dreifs sou gät ët der — un engem dreiwen (aufhetzen, anspornen) — d'Äis dreift (Eisgang) — en dreift et bont, e bëssche staark (von einem leichtsinnigen Menschen, der über seine Verhältnisse lebt oder durch sein Benehmen herausfordert) — den Honger dreift de Wollef aus dem Bësch — eppes duerch dreiwen (seinen Kopf durchsetzen).
Dreiwer M.: «Treiber» — s. Kläpper.
Drell M.: «Drillich» (ein mit drei Fäden gewebtes Leinenzeug).
Drëlles, Drolles, Drulles M.: s. Drilles, Trëlles.
drëm bisw. drëms Adv.: 1) «darum» (lok. auch übertr.) — wéckel en Duch d. (darum herum) — 't as neischt d. an drun — 't as d. an drun (drop an drun) dat den Zug kënnt (es ist an der Zeit) (s. dréien 1) — en dréit d. wéi d'Kaz ëm de waarme Bräi — mat allem Drëm an Drun; 2) «darum» (kausal = dafür, deswegen) — en dät et nët d. — bekëmmer dech nët d. — ech géif iech alles d. — 't as mër nët d. auch ech sin näischt d. (mir liegt nichts dran) — hat huet sich d. gekëmmert — ech hu mech d. beméit — 't gät him d. fir . . .; 3) «daran vorbei» — d. kommen (etwas verlieren) — d. sin (etwas verloren haben) — d. bréngen (um etwas bringen) — Kinderreim: eins, zwei, drei, ronderëm, dee kä Stack fëndt, deen as drëm — beim Sauspiel: Mir gin dräimol rond erëm, dee keng Kaul huet, denn as drëm — Mori, Mori, Mori erëm, dee kä Lach huet, deen as drëm.
Drëmmel M.: «kleiner, draller Bube» (manchmal für kleines, dralles Mädchen).
Drëmmelchen (lok. Echt.) M.: «rundliches Frauenzimmer »— s. Bommel.
Drénkelt ON.: Dorf, «Drinklingen», Kanton Clerf, Gem. Ulflingen — 18.
Drénk(e)l(t)er M.: «Einwohner von D.» — d'Drénkelter Heed (die Drinklinger Heide).
drénken (lok. phV. s. Ltb. 29) trans. Verb.: «trinken» — Part. Praet: gedronk — Ösl. Praet.: dronk — Condit.: drënk — Raa.: dee mat drénkt, dee mat pénkt (klénkt) (bezahlt) — déi [Bd. 1, S. 227] eng drénken, déi aner hun d'Nues — deen drénkt nët méi, e säift — en drénkt (er ist ein Gewohnheitstrinker) — wats de méi drénks, wats de méi duuschtreg gës — d. ewéi e Biischtebënner, e Lach, eng Onk, e Schwamp (Wb. 06) — en huet gedronk (ist betrunken) — sech voll d. — vu kalem Waasser am Feld huet schon dacks än sech verdronk (s. d.) — en huet ze gilje gedronk.
Drénker M.: «Trinker» — s. Sëffer, Schluppert.
Drénkes N. Kollekt. «etwas zum Trinken» — ech hun Drénkes matgeholl.
Drénkgeld M.: «Trinkgeld» — Nordösling: Drankgeld. — ech hun en D. kritt (vom Nässen kleiner Kinder) — en huet d'D. dogelooss (dsgl.).
Drénkwaasser N.: «Trinkwasser».
drënner Adv.: «darunter» — eppes d. leën — 't sin der d., déi nët vill daachen — x Frang a kee Su d. (nicht weniger) — d. dun ech ët nët (billiger) — deen as d. bliwen (hat unterboten) — och nach d.! (Einrede bei Übertreibungen) — d. an driwer goen (Wirrwarr) — seng Ennerschrëft d. setzen.
Drëpp, Dim.: Drëppchen F.: «Gläschen Branntwein» — ouni seng D. muergens dät hien ët nët — lok. Echt.: e Kärel wi en Drëppchen voam Su (einer der nichts taugt) — eng zëlleg (vom Groschen), zwäzëlleg D. — eng zwä-, dräispänneg D., Stämetzesch, Zammermanns, Dräistempler D. — Zussetz.: | |