| virgëscht(er) Adv.: «vorgestern» — cf. auch: éigëscht; dazu die Zussetz.: virvirgëscht, iwwervirgëscht (s. auch: virenzeg).
Virgesetzten M. wie hd. «Vorgesetzter».
virgesinn Verb.: 1) trans. «vorsehen, vorbereiten, einkalkulieren» — 't war alles v. — dat hate se nët v. — dat do war nët virzegesinn; 2) refl.: a) «sich eindecken mit» (lok.: sech virsinn, Echt.: sich virséin) — mir haten eis mat der Sääf virgesin a mer woren am Krich kämol dernieft; b) «sich vorsehen» — geséi dech vir!
virgin trans. Verb.: 1) «vorausgeben, einen Vorsprung geben» — ech kann him dora Ponkte v. (ich bin ihm darin weit überlegen) — si hu mer zéng Minutte v.; 2) beim Spiel: «als erster (die Karten) geben, austeilen»; 3) «vorgeben, behaupten» — wat huet en dann (er)virgin?
virgoën intr. Verb.: 1) «vor(an)gehen» — 't as keen dee virgeet — d'egen Haut geet vir — den Alter (s. d.) geet vir usw. — hie geet mam Fändel (mam gudde Beispill) vir.; 2) «vorgehen gegen» (etwa vor Gericht); 3) «sich ereignen» — a wat geet dann hei vir?
Virgraff M.: «Vorrecht» — hues de näs de V.? (hast du dir wieder Vorrechte angemaßt?).
virgräifen intr. Verb.: «vorgreifen».
virhalen trans. Verb.: «vorhalten, vor Augen halten» — ech hun em séng Sënne virgehalen — wéi dack hun ech him virgehalen, e sollt dach dat Drénke loossen — auch subst. gebr.: Virhales N.: «Vorhaltung(en)» — all mäi V. huet esou vill gedéngt ewéi näischt.
Virhand F.: 1) «Vorrecht, Vorkaufsrecht, Privileg, erstes Anrecht» — beim Kartenspiel: wien huet d'V.? oder: wien as V.? (wer kommt zuerst zum Zug?) — ech loossen der d'V. — Echt.: wa mer däfen, da kréis dou d'V. fer Peter (tröstend zum abgewiesenen Freier); 2) «Vorrat» in der Ra.: mir hun déi Wuer op V. — mir hun de ganzen Dag op V. (wir verfügen über den ganzen Tag) — cf. auch d. folg.
virhand(s) (Ton: 2) vir(h)ändseg (Ton: 1) Adj./Adv.: «vorhanden, vorrätig» — mir hun deen Artikel elo grad nët v. — du brauchs dech nët ze tommelen, mer hun de ganzen Dag v.
Virhief F.: «vordere Kajüte auf dem Flußkahn».
Virhouchzäider M.: «Brautführer» — s. Virbräitchemann.
virhuelen Verb.: A. trans.: «zuerst abfertigen» — den Dokter huet mech virgeholl, du hun ech nët brauchen ze waarden — huelt deen Här vir! (etwa beim Barbier); B. refl.: 1) «abkanzeln» — deen huelen ech mer emol vir, da mécht e grouss Aën; 2) «sich vornehmen, ein Gelübde tun» — huel der näischt vir, ech kennen dech — wie sech zevill virhëlt, fällt gewéinlech hannendran — Folkl.: ech hu gemengt, du häss der dat virgeholl (sot de Mann zur Fra, wéi s'am Reen op Giischt, Ieweschtklausen goungen an d'Fra an der Eil den ënneschte Rack mam Rack iwwert de Kapp geschloën hat).
virhun trans. Verb.: «vorhaben, planen» — en huet ëmmer eppes vir, ma d'määscht näischt Gutts — déi hun eppes vir (= eppes wëlles — planen einen Streich, ein Unternehmen) — hues de näischt vir fer e Sonndeg? wat deen nët alles virhuet!
viriwwer Adv.: «vornüber» — en hält sech v. (auch: vireriwwer, vireniwwer). [Bd. 1, S. 378]
Virkaf M.: 1) «Erst-, Vorverkauf»; 2) «Hökerkram»; Zussetz.: Virkaafsrecht N. (in dieser Bed. auch das Simplex).
virkafen trans. Verb.: «aufkaufen und wiederverkaufen».
Virkäfer,- kefer M., Virkäfesch, -kefesch F. (auch: Vuerkäfisch): «Höker(in)» — eng Schnëss ewéi eng V. — 't as eng ewéi eng V. (grobes Frauenzimmer).
Virkéier F.: «Vorkehrung(en)» — en huet emol keng V. gemaacht fir unzefänken.
virkéieren trans. Verb.: «nach vorne kehren» — looss mer dat Bescht v. (häufiger Zusatz: dat Schlecht kënnt vum selwen hanneno).
virknaën trans. Verb.: 1) eigtl.: «vorher kauen» — fréier kruten d'Kanner de Bräi virgeknat (fir datt en nët sollt ze waarm sin); 2) übtr.: «vorkauen, vorsagen, verständlich machen» — him muss än alles v. ier en et kappéiert — auch subst. gebr.: dat Virgeknas daacht nët, d'Kanner gin denkfaul dervun.
virkommen intr. Verb.: «vorkommen», und zwar 1) «aufrücken» — en as der zwéi virkomm; 2) «sich ereignen» — 't soll, 't dierf nët méi virzekommen — 't kënnt ni méi vir (Versprechen) — dat kënnt an de beschten Familjen vir; 3) «einen Eindruck machen» — dat kënnt een droleg vir — wéi kënns de mer vir? — ech wees nët wéi s de mer virkënns — komm mer nët méi esou vir (oder: erëm); 4) «an erster Stelle kommen» — deen doten Deel kënnt vir; 5) «nach vorne kommen» — wat kënnt elo vir a wat hannen?
Virkommes N.: «Vorkommnis, Begebenheit» — hatt wääss vun all V. am Duerf.
Virlaf M.: «Vorlauf, Trub» (beim ersten Destillieren, vor der Läuterung des Destillats) — cf. Drouf.
virlafen Verb.: 1) (Ton: 1), intr.: «vorlaufen, an die Spitze, zuerst laufen» — laf du vir, ech kommen no; 2) (Ton: 2) trans.: «rascher sein als ein anderer» — d'Groussmamm virlääft hirer zéng nach (dafür auch: iwwerlafen).
virläfeg, -lefeg Adj.: «vorläufig».
virläschteg Adj.: 1) «zu sehr nach vorn geladen», meist in Verbindung mit gelueden gebr. — d'Päerd huet de ganze Won v. op sech, et muss op gläichem Buedem zeréckhalen (ähnlich: 't huet alles op der Krupp leien, hänken); 2) übtr.: «betrunken»
virleën trans. Verb.: «vorlegen» — ech hun de Rapport, d'Lëscht virgeluegt.
virleien intr. Verb.: «vorliegen» — 't läit näischt géint e vir — 't leien dräi Projheë vir (drei Pläne).
virléien trans. Verb.: «vorlügen» wat huet hien der näs eppes virgelunn.
virlescht Adj.: «vorletzt».
Virlies F.: «Vorlese der frühreifen Traubensorten, auch der angefaulten Trauben» (cf. d. folg.)
virliesen trans. Verb.: 1) «die frühreifen Trauben lesen» (eng Virlies halen); 2) «lesend vortragen» — den Notär huet d'Testament virgelies — Schulspr.: de leschten Dag gët nët geschafft, da gët virgelies (es werden Erzählungen vorgelesen).
virmaachen trans. Verb.: 1) «vormachen» — maach kengem alen Af Grimasse vir — ech hun der et sechsmol virgemaach an du hues et nach nët bekäppt; 2) übtr.: «vortäuschen» — maach mer näischt (keng Männercher, keng Wippercher, keen X fir en U) vir — looss mer eis do näischt v.
Virmann M.: s. Viraarbechter.
Virmëtteg (Südwesten: Virmëtten, äußerster Westen: Virmëttent, Osten: -mëtteg) M.: «Vormittag» — hatt brauch de ganze V. fir sech ze fizen.
virmëtte(n)s Adv.: «vormittags». | |