LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Virkaf bis Virschäin (Bd. 1, Sp. 378a bis 379a)
 
Virkaf M.: 1) «Erst-, Vorverkauf»; 2) «Hökerkram»; Zussetz.: Virkaafsrecht N. (in dieser Bed. auch das Simplex).
 
virkafen trans. Verb.: «aufkaufen und wiederverkaufen».
 
Virkäfer,- kefer M., Virkäfesch, -kefesch F. (auch: Vuerkäfisch): «Höker(in)» — eng Schnëss ewéi eng V. — 't as eng ewéi eng V. (grobes Frauenzimmer).
 
Virkéier F.: «Vorkehrung(en)» — en huet emol keng V. gemaacht fir unzefänken.
 
virkéieren trans. Verb.: «nach vorne kehren» — looss mer dat Bescht v. (häufiger Zusatz: dat Schlecht kënnt vum selwen hanneno).
 
virknaën trans. Verb.: 1) eigtl.: «vorher kauen» — fréier kruten d'Kanner de Bräi virgeknat (fir datt en nët sollt ze waarm sin); 2) übtr.: «vorkauen, vorsagen, verständlich machen» — him muss än alles v. ier en et kappéiert — auch subst. gebr.: dat Virgeknas daacht nët, d'Kanner gin denkfaul dervun.
 
virkommen intr. Verb.: «vorkommen», und zwar 1) «aufrücken» — en as der zwéi virkomm; 2) «sich ereignen» — 't soll, 't dierf nët méi virzekommen — 't kënnt ni méi vir (Versprechen) — dat kënnt an de beschten Familjen vir; 3) «einen Eindruck machen» — dat kënnt een droleg vir — wéi kënns de mer vir? — ech wees nët wéi s de mer virkënns — komm mer nët méi esou vir (oder: erëm); 4) «an erster Stelle kommen» — deen doten Deel kënnt vir; 5) «nach vorne kommen» — wat kënnt elo vir a wat hannen?
 
Virkommes N.: «Vorkommnis, Begebenheit» — hatt wääss vun all V. am Duerf.
 
Virlaf M.: «Vorlauf, Trub» (beim ersten Destillieren, vor der Läuterung des Destillats) — cf. Drouf.
 
virlafen Verb.: 1) (Ton: 1), intr.: «vorlaufen, an die Spitze, zuerst laufen» — laf du vir, ech kommen no; 2) (Ton: 2) trans.: «rascher sein als ein anderer» — d'Groussmamm virlääft hirer zéng nach (dafür auch: iwwerlafen).
 
virläfeg, -lefeg Adj.: «vorläufig».
 
virläschteg Adj.: 1) «zu sehr nach vorn geladen», meist in Verbindung mit gelueden gebr. — d'Päerd huet de ganze Won v. op sech, et muss op gläichem Buedem zeréckhalen (ähnlich: 't huet alles op der Krupp leien, hänken); 2) übtr.: «betrunken»
 
virleën trans. Verb.: «vorlegen» — ech hun de Rapport, d'Lëscht virgeluegt.
 
virleien intr. Verb.: «vorliegen» — 't läit näischt géint e vir — 't leien dräi Projheë vir (drei Pläne).
 
virléien trans. Verb.: «vorlügen» wat huet hien der näs eppes virgelunn.
 
virlescht Adj.: «vorletzt».
 
Virlies F.: «Vorlese der frühreifen Traubensorten, auch der angefaulten Trauben» (cf. d. folg.)
 
virliesen trans. Verb.: 1) «die frühreifen Trauben lesen» (eng Virlies halen); 2) «lesend vortragen» — den Notär huet d'Testament virgelies — Schulspr.: de leschten Dag gët nët geschafft, da gët virgelies (es werden Erzählungen vorgelesen).
 
virmaachen trans. Verb.: 1) «vormachen» — maach kengem alen Af Grimasse vir — ech hun der et sechsmol virgemaach an du hues et nach nët bekäppt; 2) übtr.: «vortäuschen» — maach mer näischt (keng Männercher, keng Wippercher, keen X fir en U) vir — looss mer eis do näischt v.
 
Virmann M.: s. Viraarbechter.
 
Virmëtteg (Südwesten: Virmëtten, äußerster Westen: Virmëttent, Osten: -mëtteg) M.: «Vormittag» — hatt brauch de ganze V. fir sech ze fizen.
 
virmëtte(n)s Adv.: «vormittags».
 
virmolen trans. Verb.: 1) «vormalen» — engem Blannen as liicht eppes v.; 2) übtr.: «vorschwindeln» — mol dat engem méi Domme vir wéi mir — auch subst. gebr.: da's elauter Virgemools.
 
virmools Adv.: «vormals, in früherer Zeit» — v. haten d'Fraë gezackten Hauwen a Katdublen (s. d.).
 
Virmomper M.: «erster Vormund» — d'Mamm as ëmmer éischte Momper oder V. (cf. Nomomper).
 
Virnumm M.: «Vorname» (s. Dafnumm) — säi V. as Schwitz a säi Familjennumm Dabo — mam V. heescht e Schmitt (sagt man spaßh., vorgeblich um jem. nicht namhaft zu machen).
 
virof lok. viraf Adv.: «vorab, von vornherein, zunächst» — vu vir(er)of (von Anfang an) war d'Saach schlecht ugepaakt — Echt.: dou kréis emol v. näist, dann hoas de schuns en Akkont.
 
Virowend M.: «Vorabend» — Krëschtvirowend (= Hälleger Owend).
 
Virpost(en) M.: «Vorposten» (nur bildl. gebr.) — hien huet de V. gemat (ankündigen, vorauseilen, vorbereiten, [Bd. 1, S. 379] auskundschaften, den Weg bereiten) — von den zuerst ankommenden Zugvögeln, Kirmesgästen usw. heißt es: si si schon op V. do — d'V. vun engem Donnerwieder.
 
virpriedegen trans./intr. Verb.: «vorpredigen, vorhalten» — priedeg deem näischt vir, hie weess alles besser.
 
virquatschen trans. Verb.: «vorquasseln».
 
Virrecht N.: «Vorrecht».
 
virréideg Adj.: «vorrätig» — dafür älter: virhand(s).
 
Virried F.: «Vorrede».
 
Virrot M.: «Vorrat» — hien huet déi Wuer ëmmer op V. — hatt huet ëmmer eng Ausried am V.
 
virsangen trans./intr. Verb.: «vorsingen» — elo geet et lass, sot déi Al vu Gräisch, du huet se de Credo virgesongen (cf. auch: virbieden).
 
Virsänger M.: «Vorsänger».
 
Virsaz (Pl. Virsätz) M.: 1) «Vorsatz» — mat gudde Virsätz as de Wee an d'Häll geplat; 2) «Vorgänger», im bes.: «erster Ehemann», der zweite Ehemann sagt vom ersten: mäi V.; 3) «Vorgesetzter».
 
Virschäin M.: 1) «Vorschein» — ech war drëm a mäi Messer koum nët méi zum V.; 2) iron.: «Flaumbart, der sich ankündigt» (cf. Aarmeschäin).

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut