LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Fooschkotténg bis Fortdreiwen (Bd. 1, Sp. 400a bis 401a)
 
Fooschkotténg (bisw. auch einfach: Fooschert) M.: «Heftfaden, Anschlagezwirn».
 
Fooschzwir M.: «Anschlagzwirn».
 
Fooss, Foossi, Fossi männl. Vorn.: Kurzform zu Alfons (s. d.).
 
foppen wie focken II nur als Verbadj.: gefoppt — s. geflappt.
 
for Adv.: «leicht, halb» in der Ra.: ech war f. entschlof (halb eingenickt).
 
Forbang (Ton: 1) M.: 1) «aus der Gesellschaft ausgeschlossener Mensch»; 2) «Verachteter».
 
forbéi, forbi, bisw. formi, furbi Adj.: 1) «lendenlahm, verfangen» (cf. verfänken) — d'Päerd gët f., wann et ze laang méisseg am Stall steet (andere Erklärung: wann et eng Zäitlaang nët ze friesse kritt, wat et gewinnt as); 2) «überarbeitet, ermattet».
 
Force (wie frz.) F.: 1) «Kraft» — en huet keng F. méi am Leif — Spw.: Mat (an der Mosel spaßh.: der Greiwelger «Greiveldinger») F. hieft (räisst) een eng Gääss hannenerëm; 2) «Anstrengung, Ausschweifung, Leistung» — wat huet e Forcë gemaacht — nach en etlech esou Forcen, dann hues de däin Téi — op déi F. hin gi mer een huelen; 3) in den Raa.: a) par force, per force bisw. auch: mat Force Adv.: «unbedingt» — e wollt d'Meedche p. huelen, awer d'Elteren hu sech drageluegt, well et sénger Saach nët war; b) Force majeure (fors/mA- ʒə:r) F.: «höhere Gewalt, unvermeidliche Notwendigkeit» — 't war F., ech konnt nët anescht.
 
forceméisseg Adv.: «zwangsweise».
 
forcéieren, forssen Verb.: A. trans.: 1) «zwingen, nötigen» — 't soll ee kee f. fir z'iessen — eppes f. (etwas erzwingen) — forcéiert bestued daacht nët — eng forcéiert Laach (gezwungenes Lachen); 2) «mit Gewalt erzwingen und dadurch beschädigen» — d'Schlass as forcéiert gin — Volksmedizin: 't däerf een de Schwier nët ze f. (man darf therapeutisch nicht zu energisch vorgehen); 3) «drängen» — 't soll een näischt f.; B. refl.: 1) «sich Gewalt antun, sich selbst überwinden» — ech hu mech missen derzou f.; 2) «sich überanstrengen» — passt op, forcéiert Iech nët!
 
Vorel M.: «Vorteil» — en as op säi V. aus — lok.: Voordel — s. Virdäl.
 
Forel M.: «Rodland».
 
vorelen (Echt.) intr. Verb.: «Vorteile bringen».
 
Forell (Ton: 2) F.: «Forelle» kürzer auch: Frell.
 
Forensen (Ton: 2) M.: «Angehöriger einer fremden Gemeinde, der in der in Frage kommenden Gemeinde Grundbesitz hat.»
 
Forêt (wie frz. aber Ton: 1) Flurn.: am Forêt (Hof bei Beles).
 
Forfait (wie frz. aber Ton: 1) M.: 1) «Globalpreis, Akkord» 2) beim Sport: «Nichtantreten einer Mannschaft».
 
Forge F.: «Eisenschmiede»; Forgerong (frz. forgeron) M.: «Hammerschmied».
 
Form (älter: Fuerm) F.: 1) «Form» — en as nët an der F. geroden, en as an der F. gefeelt; 2) «körperliche Verfassung» — en as nët a F. (auch: nët an der Fassong, im Sportjargon auch wie frz.: en forme); 3) im Pl.: «Umgangsformen» — en huet keng Formen (Manieren), keng F. a keng Manéier; dazu die hd. Abl.: förmlech Adj.: «in aller Form, geradezu.»
 
formaliséieren refl. Verb.: «Anstoß nehmen» — 't daarf ee sech nët fir all Klengegkeet f. — gelegentlich dafür: formeléieren.
 
Formatioun F.: «Ausbildung» — en huet nët déi richteg F.
 
forméieren trans. Verb.: «bilden» de Comité as nach nët forméiert — [Bd. 1, S. 401] d'Meedchen as nach nët forméiert (auch: developpéiert).
 
formell Adj.: «formell» — de Papp war f. dergéint.
 
formen, fuermen trans. Verb.: «formen, bilden».
 
formidabel Adj.: «ungeheuer(lich), unglaublich» — déi do as f. (unglaubliche Geschichte).
 
Formulaire (wie frz.), Formelär M.: «Formular».
 
formuléieren, formeléieren trans. Verb.: «formulieren» — dee Saz as nët gutt formuléiert.
 
Forschett, Furschett (Ton: 1) I F.: «Speisegabel» — e schléit eng gutt F. (er ist ein guter Esser) — de Wiert schreift alles mat der F. (auch: mam Gräf — von einem unredlichen Wirt, der seine Gäste, Schuldner überfordert) — ech hun en an d'F. geholl (in die Zwickmühle, beim Kartenspiel) — ech kënnt nët iessen, a géifs de mer och gëlle Läffel a F. (sagt ein Kranker).
 
Forschett II F.: «Strahl» (am Pferdehuf) dafür: Strol, Kroun.
 
Forschett III F.: «Schichtel, Lederstreifen am Handschuh».
 
Forstverwaltong F.: «Forstverwaltung» — auch: Eaux et Forêts.
 
fort (lok.: fuert, furt, fott) Adv.: A. örtl. «fort, von einem Orte weg» — 1) eigtl.: f. dermat, f. mam Jabel (weg damit) — op a f., hopp a f. — riicht f. — f. as f. — deen as gutt f. — déi Zäit wou e f. war (im Ausland) — maach dech f.! 2) übtr.: «eingeschlafen, bewußtlos, betrunken, tot» — iwwert dem Schwätzen war en op eemol f. — deen as wäit f. ( a. der Kranke ist sehr heruntergekommen, b. er ist maßlos betrunken, c. er ist nicht bei der Sache) — de Schwier as scho wäit f. (das Geschwür ist schon weit fortgeschritten auf dem Wege der Besserung) — s. erfort(er), erforten (S. 285); B. zeitlich: «weiter, andauernd» — an (un) engem f. (ëmmerfort, -forter).
 
Fort- / fort- -bréngen trans. Verb.: 1) «noch weiter essen können», meist neg.: «eine Speise nicht vertragen können» — ech bréngen dee Mäifelchen nët méi f. (ewech); 2) «in die Irrenanstalt bringen» — dech brénge se nach ee gudden Dag f.; -dreiwen Verb.: 1) trans.: «wegtreiben»; 2) intr.: «im Wasser abtreiben»;

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut