LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Fra bis fragile (Bd. 1, Sp. 405a bis 406b)
 
Fra (lok. phV. cf. Ltb. 89), Dim.: Frächen (s. d.), Pl. Frächercher F.: 1) bisw. noch im urspr. Sinn: «Herrin»; 2) meist im erweiterten Sinn: «Frau» — früher auch für Madame (s. d.): d'Fra X. . .; 3) im bes.: «Ehefrau, Gattin» (Anrede des Mannes an seine Ehefrau, wofür gelegentl.: eis Madame, dies gilt als falsche Eleganz im Ausdruck, — gemeiner dafür: Eist, Mäint/Méng, hatt); Spww.: a) Lobsprüche auf die gute Frau: Wou keng F. as kee Stot, wou kee Mann as kee Rot (ohne Frau kein geregelter Haushalt, ohne Mann kein vernünftiger Rat) — F. a Mann as ee (auch: dat selwegt) Gespann — Eng gutt F. mécht e gudde Mann (aber auch: Eng F. mécht aus hirem Mann wat si wëllt, wat si as) — F. a frou hänken zesummen — Gebaucht, gebak an e Maanshiem gemaacht, dann as eng F. dichteg — Eng F. ka siwe Kanner grouss zillen, an e Mann nach nët emol eent — D'F. as alles am Stot — 't as keng Fra am Haus (Junggesellenwirtschaft); b) böse Frau: eng ureg (bisw.: granzeg) F. as en (däregen) Zonk em d'Haus (eine böse F. ist eine Dornhecke ums Haus) — D'Fraën hun hier Stauten (gelegentl. Zusatz: d'Männer awer och hier) — D'F. ka méi am Schouss (oder mam Schiertech) aus dem Haus erausdroën (oder: fortdroën), wéi de Mann am Teimer heembréngt (oder: wéi de Mann mat engem Fudderwon kann erafueren) — 't as nëmmen eng uereg F. op der Welt, jiddferee mengt, hien hätt se — Eng F., wann ech der zwou hätt, da géif ech dem Deiwel eng, datt en déi aner (och) sollt huelen — Al Fraë, jong Männer, Sënne gewëss, al Männer, jong Fraën, Kanner gewëss; c) Lebensregeln: Vun héiere soën, soll een séng F. nët schloën — An engem Haus sollen nët méi Fraë sin ewéi Bakuewelächer, denn: Zwou Kazen an eng Maus, Zwou Fraën an engem Haus, Zwéin Honn an eng Schank, déi versti sech sele lank — Wie séng F. gier huet, dee léisst se doheem (häufiger Zusatz: a wie se nach méi gier huet, deen hëlt se mat) — Wou d'F. d'Box huet, wéckelt de Mann d'Kanner (oder: zéit de Mann um Wéibändel) — Onggléck mat de Fraën a Gléck mat de Päerd gët (een) e räiche Mann — Wien déi zweet F. hëlt, as 't meescht gezwongen, wien déi drëtt hëlt, deen huet Courage oder en as nët bei Trouscht — D'F. an d'Schubkar (modern: an d'Füllfieder) soll een nët ewechléinen (erklärender Zusatz: well 't kritt een se ëmmer gebrach erëm) — Eng F. fir ze schaffen as ewéi eng Geess fir Mëscht ze maachen; d) häufige Wendung in anekdotischen Raa.: sot d'F., du . . . (cf. z. B. besser) — Raa.: en huet F. a Kanner — e Mann mat F. a Kanner; al Fra «Greisin», spaßhafte Bez. dafür sub al, S. 17 unten — 't reent al Fraën (an Heegafelen, a Schlappen — Sturzregen) — zu einem Kind, dem die Milchzähne fehlen: du hues enger aler F. an de Knéi gebass (bisw. auch: du hues en ale Mann gekësst — Mersch, Kinderreime) — virwëtzeg ewéi eng al F. denn: Wat der Deiwel nët weess, dat weess eng al F.
 
Fra- : -billekräiz N.: Steinkreuz auf der Ferschweiler Höhe (Sauer); -knuseldag M.: «Samstag vor der Kirmes» (cf.: -rosendag); -mënsch (Pl. -leit, s. d.) N.: 1) «Weib» — Dräi Gäns an ee F. maachen e Maart — 't as méi liicht e Sak Fléi hidden ewéi e verléift F. — das Wort wird oft abschätzig gebraucht, aber auch: en dichtegt F. — Wann der Deiwel sech verstoppt, dann as et hanner engem F.; 2) «Dame» im Kartenspiel Mënsch, Pl.: Framënscher. -leit Pl. zum vor.: «Weiber» — F. as bedréierlich Wuer — D'F. mussen ëmmer 't lescht Wuert hun — D'F., [Bd. 1, S. 406] d'Kaartespill an d'Drëppchen, Bréngen de Bauer em säi leschte Këppchen — Duerch d'F. an den Dronk geet d'Welt zegrond — Bleif vir ewech vun de F. an hanne vun de Päerd — Dräi F. an engem Haus as esou gutt ewéi en därechten Zonk drëm; -leitsbeen N.: «Frauenbein» — E Steen as e Steen, 't geet näischt iwwer e F. (wofür verhüllt: e waremt Been), anders: e Maansbeen; -leitsbox F.: «Damenhose»; -leitsdoloun M.: so heißt es nach Ga., wenn jem. eine Stecknadel findet; -leitsfënten F. Pl.: «Weiberausflüchte»; -leitsgeck M.: «Weibernarr»; -leitsgeméch, (-gedéngs, -geschir) N.: «Frauen(un)art»; -leitsgeschicht F.: 1) «Frauengerede»; 2) «Abenteuer mit einem Frauenzimmer» — en huet mat Fraleitsgeschichten ze din (er steht im Verdacht der Untreue); 3) «Frauenkrankheit»; -leitsgeschwätz (auch im Pl.: -geschwätzer) N.: «Weibergerede»; -leitshiem N.: «Frauenhemd»; -leitshoër N.: «Frauenhaar» — E F. zéit méi ewéi e Klackeseel (Wisbaamsseel, dräi Préinzemaschinnen — Frauenlaune ist unwiderstehlich); -leitsjäer M.: «Schürzenjäger»; -leitskapp M.: «störriger Sinn, rechthaberisches Wesen» — E F., en Dänneknuet; -leitsrot M.: «Rat einer Frau» — E F. as en Ee (oder: e fault Ee) wäert, wann e geréit, a wann en nët geréit, da mécht en engem fir honnert Frang Schued (oder: a wann e feel geet, da geet et engem fir e Päerd) — s. auch Fascht; -leitsschrëft F.: «weibliche Handschrift»; -ros(en)dag M.: «Freitag vor der Kirmes» — wann de Kuch gebak an d'Ham gekacht gët — (cf. -knuseldag), aber auch: «großer Reinmachetag» — wann d'grouss Botz as; -wëschdag M. = Léiffrawëschdag.
 
Frae(n)- : -bir F.: «Birnensorte (Ga.: Maus-, Suselbirne)», dafür auch: Cuisse-Madame; -buer M.: «Frauenborn» (Bächlein zwischen Oberpallen und Bonnert); -dokter M.: «Frauenarzt»; -kapp M.: «Frauenkopf»; -klouschter N.: «Frauenkloster»; -krankheet, -kränkt F.: «Frauenkrankheit, -leiden» — Fraëkränkten an Hondsleemde vergi geschwënn; -mann M.: «guter Ehemann»; -rot M. = Fraleitsrot (s. d.); -tréischter M.: «Mann welcher gerne Umgang mit Frauen pflegt und diesen Ratschläge gibt» (s. auch Mummentréischter).
 
fraach, frak Adj.: «kühn, offen, unternehmungslustig» — e frake Jéngelchen — e kuckt een esou fraach an d'Gesiicht (cf. fräcks, frieks) — 't as besser f. an d'Fräd gesprongen, wéi laang gebruckt um Gipsenä.
 
Fraach (ich-Laut) F. = Frääch (s. d.).
 
Fraang M.: 1) «Kleeseide, Flachsseide (frz. cuscute, bot. Cuscuta)»; 2) so nur Ga. u. Wb. 06: «Ackerwinde» — Cuscuta heißt auch: Freen, Fränn, Wraang, Froon, Kléigrand, Kléiseid.
 
Fracht F.: 1) «Fracht»; 2) «Beförderung von Waren»; 3) «Frachtpreis»; dazu Frachtbréif M.: «Frachtbrief».
 
Frack Pl.: Fräck M. lok. Westen F.: 1) «Soutane, Priesterrock» — en huet de F. ausgedoën (un den Nol gehaang, an d'Heck gehäit — er hat dem Priesterberuf entsagt) — übtr.: du hat en dem Här an (un) de F. gegraff (da hatte er den Unrechten oder: ihn an einer empfindlichen Stelle getroffen, beim Kartenspiel: dem Gegner ungewollt die passende Karte zuspielen); 2) «Frack, Gehrock» — Echt.: do hoas de dem Peeter (der Moum) oan de F. gegrafft (cf. sub 1) — Rodange's Renert heißt im Untertitel: oder de Fuuss am F. an a Maansgréisst — e gët am F. (besonders feierlich) bestuet; 3) verallgemeinert (der urspr. Bed. am nächsten): «Kleid, Rock» (bei Mann und Frau); 4) gelegentlich «Morgenrock» — wofür sonst meist Robe de Chamber.
 
fragile (wie frz.) Adj.: «zerbrechlich, schwächlich» — übtr.: eng f. Faarf (eine leicht schmutzende, verblassende Farbe).

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut