LWB Luxemburger Wörterbuch
 
vrecken bis Fréiséng (Bd. 1, Sp. 411a bis 413a)
 
vrecken (lok. Mosel brecken) intr. Verb.: 1) eigtl. zunächst von Tieren: «verenden»; 2) gemein, auf Menschen übtr.: «sterben» (ähnlich auch krepéieren) vum ville Schaffe v. d'Honn, vreckt dee beschten, dat bescht Päerd (als Warnung oder zur Rechtfertigung der Faulheit) — ech wënschen der näischt Schlechtes, mä du solls op der Plaz v. — géings de v. wéi s de do gees a stees — hei vreckt ee jo vu Keelt — ech v. vun Honger — en as um V. — in Beteuerungen u. Ausrufungen: an ech maachen et fir d'v. nët (seltener nët fir ze v.) — o vreck, auch einfach vreck (Staunen, Überraschung, Ärger) — drohend: du vrecks oder elo vrecks de — ärgerliches Staunen: (d)o vrecks de nët (auch: do solls d'awer v. oder nët v.); dazu das Verbadj.: vreckt: «verendet, kaputt, entzwei» — wäers de gutt v. — eng vreckt(e) Maus — d'Fënster as v. (gaangen) — hues d'et ewell scho v.? — ON.: beim vreckten Hénkel (sehr arme Gegend, Niederlassung).
 
Fred(di) männl. Vorn.: Var. zu Alfred und Ferdinand (s. d.).
 
fréi (phV. cf. Ltb. 69) Adj.: «früh, frühzeitig»; Spww.: F. op ze ston dat mécht den Dag laang — Dee f. opsteet, deem säi Gutt vergeet (oder: dee säi Gutt verdeet) dee laang läit, dee gët es och (alt) quäit — F. Sot, keng Gerot; Raa.: t' as keng Stonn em ze f. (a kee Maufel ze déck — er arbeitet früh und ißt entsprechend viel) — eng f. Zort Uebst — en huet ëmmer f. genuch (gute Zeit) — 't as nach f. am Dag, am Joer, am Muergen — den Zuch kënnt em ëmmer ze f. — d'Saach krut e fréit Enn — dat do war ze f. — du wars ze f. (do — überstürzt, voreilig) — ech war ze f. (ich war zu früh auf dem Markt oder bei meiner Arbeit) — en as ze f. gestuerwen (auch iron.) — fir e Bauer eranzeleë muss de f. opstoën — e fréie Muerge passéiert et dir och — f. op a spéit nidder.
 
Fréi(t) (Echt.: Fréicht, Norden: Fricht lok. Frikt) F.: «Frühe» — en huet sech an aller F. op d'Bee gemat (cf. auch: Härgotts-, Päerdsfréi).
 
Fréi- / fréi- : -apel M.: «frühreifer Apfel» auch: Aaschtapel; -bir F.: «frühreife Birne», übtr. in der Ra.: muer gët et Fréibiren (morgen müssen wir früh aufstehen); -gebuert F.: «Frühgeburt»; -joer N.: «Frühjahr» (s. auch: Auschelt, Fréilénk, Lenz) — e spiert d'F. (ihn sticht der Hafer) — d'F. fréi eraus an den Hierscht fréi eran (Bauernspruch für das Weidevieh); -joerzeg Adj.: «lenzlich»; -joerzen unpers. Verb.: «lenzen»; -léng, -lénk M.: 1) «Frühling»; 2) «April» — s. Gecksmount; -mass, -mëss F.: «Frühmesse» — hien deet d'Vesper vrun der F. (er faßt die Angelegenheit verkehrt an); -mësser M.: «Geistlicher, der die Frühmesse liest» (früher ein spezielles Amt); -muer(g)es Adv.: «frühmorgens»; -op M.: «Frühaufsteher» — Dee F. heescht, behält den Numm, a wann en em de (Glueder-, Schlueder-)Mëtteg opstéing (ähnlich: Wien den Numm F. huet, dee behält en . . .), oft wird der erste Satzteil allein zitiert; -uebst N.: «Frühobst», wofür gew. zäitlech Uebst; -zeideg Adj.: «frühreif»; -zort F.: «Frühsorte aller Obstarten».
 
Freideg (lok. phV. s. Ltb. 65, Bruch, Grdleg., Karte 47/I, N) M.: «Freitag» — e kennt kee Sondeg a kee F. (keine Spur von Religion) — Wéi de F. et wëllt, sou fänkt den Donneschdeg et un, ähnlich: Wat de F. wëllt hun, dat fänkt den Donneschdeg un (ähnlich: Wat de Sonndeg wëllt hun, fänkt de F. schon un) — mir maachen haut F. (= fäschtlech s. d.). — den hongrege F. — de F. as wënnerlech (sënnerlech) [Bd. 1, S. 412] — F., streck déng Nues an de Buedem (Aasch), da gët se zeideg — ech iessen de F. nët mat (sagt einer, der sich nicht an das Abstinenzgebot kehrt) — Mosel: F., Bräideg (Breitag).
 
freides Adv. «freitags» — an 't war och nach f. — wie f. op d'Welt kënnt, gët ongglécklech — Wie f. laacht, deem säi Sonndest kraacht — d'Medercher solle f. nët päifen, d'Muttergottes kräischt soss.
 
Freidesbesserigen F. «Besserung, die am Freitag eintritt» — Echt.: en F. heelt nët oan.
 
Freideskascht M.: «fleischlose Kost».
 
Freideswieder N.: «Freitagswetter» in der Ra.: F., Sonndeswieder (auch: F., Wieder fir eng ganz Woch).
 
freien (Part. Praet. neben gefreit häufig gefriën, lok. Osten u. Norden gefrijen, gefreicht) trans/intr. Verb.: 1) «freien» — Spww.: Jonge, git f., amplaz hannert dem Uewen (an der Tak) ze leien (Dicks) — Wie f. geet, sief gutt gekleet (Dicks) — An engem Schaltjoër kënnen d'Medercher f. goën — d'F. huet näischt ze bedeien, awer d'Kreien (ähnlich: Gefreit as nach laang nët gekreit (statt kritt), oder: D'F. as näischt, awer d'Kreien) — Fréi gefreit, sele bereit (jung gefreit hat nie gereut) ähnlich: Spéit gefreit, dack bereit — Beim F. a beim Päerdshandel hääscht et d'Aën opdun; — Raa.: e geet f. wou nëmmen eng Dir opsteet — si f. déck (fest) mateneen bisw.: uneneen — e freit e Meedchen aus engem gudden Haus — dee freit sech dout — Echt.: äich hoa mer e gefriën an dau hoas e geholl — hie freit mat alle Meedercher — e gät iwerall f. wou eng déck Mëschtekaul vrum Haus as (er möchte nur ein reiches Bauernmädchen heiraten); 2) «sehnsüchtig begehren» — en huet ewell laang un engem Auto gefriën — auch iron.: ech mengen, du freis un enger Ouerfei.
 
Freier M.: «Werber, Freiersmann» — Spww.: F. a Männer as zwäerlä — A wann e F. eng Freiesch huet, da wier e gier mat hier bestuet (Dicks); Raa.: d'Freiere sin am Haus (iron.: Spinngewebe im Wohnzimmer) — de F. denkt un dech (wenn das Schürzenband sich lockert) — 't huet u jiddfer Fanger e F. hänken (oder: kludderen) — den éiwege F. — hatt huet ewell e richtige F. (fir eescht); — Brauchtum: wann de F. d'Geleënhät kucke kënnt, sicht en den Dëschstempel tëschent d'Bän ze kréien, da gët hie Määschter am Haus — d'Freieren aus friemen Dierfer gi gestëpst (well de Rousegaart as fir d'Jonge vum Duerf) — Kinder meinen, das Knacken der Finger in den Gelenken bedeute die Zahl der Freier oder Freieschen.
 
Freierei F.: «Werbung, Liebelei» — bei der F. as vill Geheierei — 't as eng Kannerfreierei (Stodentefreierei) — oft tadelnd: déi F. muss ophéieren (dauert ewell vill ze laang) — s. Gefrei(t)s.
 
fréier Adv.: «früher, ehemals» — ech kennen en nach vu f. (hier).
 
fréieren (Part. Praet.: gefruer cf. dazu Ltb. 33), Ösling: et frurr (es fror, selten), intr. Verb.: 1) «frieren» — 't huet hënt gefruer — 't as schankenhaart gefruer — hënt fréiert et tëscht Mann a Fra (es wird sehr kalt sein) ähnl. in Echt.: hënt fréiert Motzen Esel - 't as esou kal, d'Schnuddele f. engem an der Nues — 't fréiert (wenn man beim Suchen sehr weit vom gesuchten Gegenstand entfernt ist — s. brennen sub 4) — bas de gefruer? (hast du kein Geld mehr?) — Wetterregel: Wann et viru Mäertesdag fréiert, datt et eng Gäns dréit, da gët et keen haarde Wanter; 2) «Frostbeulen bekommen» — gefrueren Hänn (mit Frostbeulen bedeckte Hände) — gefrueren Haut (Frostbeule) — übtr.: ech sëtzen hei wéi e gefruerene Fochs (wenn man beim Kartenspiel andauernd verliert); 3) «frösteln, Schüttelfrost haben» — e fréiert am Bett.
 
Fréierkeelt F.: «Frierkälte».
 
Freiesch F.: «Mädchen, um dessen Hand ein Bursche anhält», dann auch lediglich: «Freundin, (vorübergehend) Geliebte» — volkstümliche Lieder: Ech hat emol eng F., oho, dat war eng (ong)geheiesch, oho — Ech hat emol eng F., déi hat e kromme Fouss, et geheit mech all mäi Liewen, dass ech se huele mouss (dem Blannen Theis zugeschrieben); Spww.: Fir d'F. as dem Freier näischt ze schéin an näischt ze deier; Raa.: huet d'F. geschriwwen? (wenn jem. einen eben erhaltenen Brief eiligst zu lesen beginnt) — méng al Freiesch(en) «frühere Liebschaft(en)».
 
Freieschsuelen Pl. F.: «Freiersfüße» in der Ra.: e geet op F.
 
fréilech Adj.: «fröhlich» (so nur Wb. 06 und gelegentlich in Gedichten, etwa von Lentz), bisw.: eng f. Natur (Frohnatur) — Dicks: f. ewéi e Poufank; dafür eher: frädeg, frou.
 
fréinen (lok. Osten frinnen, Nösl. fringen, Part. Praet. gefrount, lok. gefrunnt, [Bd. 1, S. 413] gefrungt) intr. Verb.: 1) «Fronarbeit tun» (cf. Froun); 2) gelegentlich übtr.: «sich hingeben, frönen» — e fréint dem Dronk (wofür sonst meist: e geet dem Soff no).
 
Fréiner M.: «Fröner» — Hausname: a Fréiner, Fréinesch.
 
Fréineraarbecht F.: 1) «Pflichtarbeit für den Herrn, später für die Gemeinde»; 2) «schlechte Arbeit».
 
Fréinergaass F.: «Frongasse».
 
Fréine(r)kräiz N.: «Grenzkreuz einer Herrschaft» — en huet e Gesiicht ewéi e F. (verwitterte Züge) — auch: Frounekräiz.
 
Fréin(er)land N.: «Fronacker».
 
Fréiséng (lok. Fréisen) ON.: «Frisingen» — Gem. Frisingen, Kant. Esch — 525.

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut