LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Frëndchen bis Friichtchen (Bd. 1, Sp. 413b bis 415b)
 
Frëndchen M., Dim. zu Frënd: 1) «Freundchen» — 't as kee bessere F. wéi den egene Mëndchen (Dicks: 't as keen neëre F. — sonst auch geläufig: Méi no as kee F.); 2) wie Frënd sub 2.
 
frëndlech, frënte(r)lech Adj.: «freundlich» — eng f. Kuck — frëndlecht Wieder — en as an der leschter Zäit esou f., ech mengen, e brauch Suën — schreif em e frënterleche Bréif, awer e kréig näischt — ech krut nach kee frëndlecht Wuert, datt ech hei sin — f. Fuerwen — f. tapisséiert.
 
Frëndlechkät, -keet F.: «Freundlichkeit» — si waren aller F. voll oder d'F. selwer, eng F. an elauter (überfreundlich).
 
Frëndschaft, -schëft (veralt.: -schoft) F.: 1) «Freundschaft» — 't as aus mat der F. oder d'F. as aus — mir hale F. mat hinnen — F. hin, F. hier, bleif mer vum Kiischtebam erof! (kümmere dich nicht um meine Frau) — sou wäit geet eis F. nët — d'F. as an d'Bréch gaangen; 2) «Gesamtheit der Freunde» — en hat séng ganz F. invitéiert; 3) «Verwandtschaft und Nachbarschaft» (cf. Frënd sub 3) — an deem Haus sin ech déck F., ech sin awer nach ni op d'Kiermes geruff gin (spaßh.: ich schulde dem Notar viel).
 
frère et compagnon (Ton: 1) präd. Adj.: «innig befreundet» (auch mit pejor. Nebensinn: «zum Zwecke, andere auszubeuten») — si si f. mateneen — ähnlich: en as Frère Jacques mat him.
 
frësch Adj./Adv.: 1) «frisch» — f. Äer — f. Flääsch (Fleisch aus der Metzgerei) — f. ugeschiert (neu eingekleidet) — f. beschloen (neue Schuhe) — f. ugestrach (frisch gestrichen) — f. Waasser (= fléisse Waasser — fließendes Wasser) — f. geschluecht a f. gebak an nach an der Mull, këss mer hannen (sou soën déi arem Leit, wa s'e bësselche besser eraus sin) — f. ewéi e Fësch — frësche Kallek (ungelöschter Kalk) — eng f. Faarf — e frëschen Teint — en as erëm f. a monter — ech gi f. Loft schäffen; 2) «kühl» — 't as den Owend méi f. — 't gët engem f. heibaussen — eng f. Loft — ech hun en an d'f. Loft geschéckt (hinausgeworfen) — en huet mech f. empfaang; 3) «frischmelkend» — eng f. Kou, Geess — d'Kou as f. — Mosel: f. ewi en mees Gääss (iron.); 4) adverbial: «gerade erst» — f. bestuet — f. vum Militär — f. ukomm — f. raséiert — f. gebeicht [Bd. 1, S. 414] (der Ehemann nach einer Gardinenpredigt).
 
frëschéieren Verb.: 1) trans: «erfrischen, erneuern, frisch machen» — d'Kanéngercher gi frëschéiert (bekommen frische Streu); 2) trans./refl.: «frische Wäsche anlegen» — en huet esou geschwäässt, ech hun en zwämol an der Nuecht misse f. — komm, mer f. eis emol (wir kehren in ein Wirtshaus ein).
 
Frëschhät, -heet F.: «Frische» (Wb. 06);
 
Vresinn N. = lok. Var. zu Versinn (s. d.). -frësser M.: «Fresser» in Zussetz. wie: Äächefrësser (Maikäfer), Häerz-, Kabes-, Koze-, Wisefrësser (s. d.), dazu das F.: -frëssesch.
 
Frett F.: «Eisenband um die Nabe» (frz. frette).
 
Frettchen M.: «Frettchen», dafür auch: Furet (aus dem Frz.).
 
Fricot (Ton: 1) M.: 1) «Essen, Gericht» (meist pejor., etwa «Eintopf» — cf. auch: Frikassee), aber auch: e gudde F. (Leibspeise) — Ga.: du bezills de Wäin an ech bezuelen de F.; 2) «Gerümpel» — huel de ganze F. (cf. Bibelot).
 
Fridd(en) (lok. Frid) M.: «Friede» — Spw.: Däi Wëlle mäi Fridd — Raa.: em des Fridds (des léiwe Friddens) wëllen — wat mécht een nët fir de F. am Haus (am Stot) — loos mech a(m) (auch: mat) F. (auch: zefridden) — looss em säi F. (beschwichtigend oder ironisch) — em Fridd liewes (oder biddes) wëll(en)! — gëf dach Fridd — mer kréie kee Fridd esou laang wéi deen am Duerf (am Haus) as — du hun ech awer Fridde gebueden — ech kommen nët a mäi F. (ich kann es nicht fassen) — ech loossen em kee F. bis ech dat hun — dee léiwe Fridd!
 
Friddensapostel M.: 1) «beschwichtigender Mensch, der überall versöhnend einzugreifen sucht»; 2) iron.: «Hasenfuß».
 
Friddensgeriicht N.: «Kantonal-, Friedensgericht, unterste gerichtliche Instanz» (dafür im Westen: Jhust).
 
Friddensriichter M.: «Friedensrichter».
 
Fridderech männl. Vorn.: «Friedrich» — erscheint als Frid, Fri(i)dchen, Fritz(chen), Fruttes (dies besonders für einen Fritz, wenn er in die Lümmelsjahre kommt) Fréiz (kommt auch als Hausname vor) — Ra.: dat passt ewéi Aasch op F. (gar nicht).
 
friddlech, fritterlech Adj.: «friedlich» — ma séi dach méi f.!
 
frieden, frëdden (lok. phV.: nördl. u. östl. Gutland /fre:dən, Ösl. /frjεdən — Part. Praet.: gefrueden mit den phV. entsprechend Ltb. 37, sowie gefrëtt, gefrott, -dden — Praet. im Nösl.: ich frott) trans. Verb.: 1) «berühren, fühlen, abtasten» (auch übtr.) — hei, frëtt emol (fühl einmal) - e friet an e fréckelt fir eppes hannert mer erauszekréien — mat Froë vermécht een näischt, ower mat F. (gelegentl. spaßh.: mat F. vermécht een näischt, sot d'Meedchen, awer och nët mat Froën, — et hätt gär e Mann gehat) mir mussen emol un em f. (forschen) fir et gewuer ze gin — elo kriss de den Duckes, Däässem, de Pup(p)es gefrueden — den Dokter huet mer de Bols gefrueden, auch übtr.: e kritt de Bols gefrueden (er wird zur Rede gestellt) — d'Drauwe loossen sech f. (= fänken un ze mëllen — die Trauben gehen in den Wein); 2) refl.: «sich fühlen» — ech f. mech nët méi vun Äifer, vru Péng, Roserei — elo f. se sech (sie werden selbstbewußt — dafür auch: se fillen sech) — auch: fried emol dee Stofft hei, e friet sech mockeleg (un).
 
friem (lok. phV.: nördl. Gutland fre:m, Osten um Echt. frim, Ösling frjεm) Adj.: 1) «fremd» (auch substantivisch) — de Frieme gebiert d'Éier (kënnt d'Éier zou) — mer hu f. Leit (Gäste) am Haus — e schafft mat elauter f. Leit (oder frieme Leiden — Dienstboten, Tagelöhner) — 't as een op déi f. Leit ugewisen — en huet e Frieme bei sech (er ist angeheitert — cf. eleng) — ausweichend: 't war e Friemen, 't war kee vun hei — e geet f. (von einem untreuen Ehemann); 2) «ausländisch, auswärtig» — frieme Botter, Wäin usw. — iron.: e friemen Étranger (bes. auf die vorwitzige Frage: wien as et?); 3) «ungewohnt, seltsam» — ech hat esou e friemt Gefill — en as ewell eng Zäit laang esou f. — 't waren elauter f. Gesiichter — 't gouf elauter f. Speisen a friemt Gedrénks; 4) «befremdet, unbekannt» — d'Kand huet mech esou f. bekuckt — de Béischt as f., en as ganz verschotert — ech si f. an dëser Stad — e kënnt mech esou f. vir.
 
Friemd (lok. phV.: fre:mt, frimt, frεmt, frjεmt) F.: «Fremde» — an der F. gët ee gewuer, wéi gutt et doheem as.
 
Friemebuch N.: «Fremdenbuch» (eines Hotels).
 
Friemekummer F., Friemenzëmmer N.: «Fremdenzimmer». [Bd. 1, S. 415]
 
Friemepolizei (-police) F.: «Fremdenpolizei».
 
Friess (lok. phV. cf. friessen) F.: «reichliches Essen, Gelage» — d'Stodenten halen eng F. (of) — Mosel: eng fonte Fräess (gefundenes Fressen).
 
Friess-: -deiwel M.: «großer Esser»; -glas N.: «Freßglas der Vögel»; -mokel M.: «großer Esser»; -pak M.: «Lebensmittelpaket»; -panz F.: «Fresser» (auch Froosspanz); -sak M.: «großer Esser».
 
Friessecht F.: 1) = Friess; 2) «was bei einer Fütterung vom Vieh gefressen wird, ein Trog voll».
 
Friesseféiwer N.: «unbändiger Appetit» (meist gepaart mit Faulheit) — en huet d'Leiekränkt an d'Friesseféiwer.
 
Friessen N.: «Fressen, Fraß» (zunächst für Schweine, Hunde, dann auch auf minderwertige menschliche Nahrung übtr.) — da's e fierdegt (fonte) F. (gefundenes Fressen) — wat krute mer do e F. virgesat — dazu die Zussetz.: Honds-, Schwéngsfriessen (cf. auch Friess).
 
friessen (lok. phV.: nördl. u. östl. Gutland /fre:sən, Westen, Nösl., Süden /frε:sən — du frëss, hie frësst, Süden frëscht — Part. Praet.: gefriess u. entspr. Var., gelegtl. spaßh.: gefross — Konj. Praet.: ech fréiss, frëss, friss, Ind. Praet. seltener, alt frouss, Nösl. fruss) trans./intr. Verb.: 1) «fressen, übermäßig essen» — Spww.: F. a saufe mécht räich Dokteren (cf. auch Bauer); Raa.: hie frësst ewéi e gepant (gepfändetes) Päerd, eng Kou, e Wollef — e frësst, datt en an enger Säit opgeet (bascht) — en hätt Schongneel (Schuhnägel) gefriess — e fréiss säin egenen Dreck (so geizig ist er) — d'Kaz huet d'Maus mat Haut an Hoer gefriess — ech kënnt dech f. (aus lauter Liebe) — d'Këndche war fir ze f. — en hätt mech aus Haus an Haff gefriess — friess d'Zalättchen, de Pobeier mat! — ech hun nach kee gefriess (du hast keinen Grund, mich zu fürchten) — géi bei de Monni, e frësst dech nët — du hues bal gemengt, e géing mech (wëlle) f. — e frësst säi Wuert (ist wortbrüchig) — en huet Geld ze f. — muss du mer d'Hierz da f., offriessen? — ech fréiss (frëss) nach Beem (so stark fühle ich mich noch); 2) «zersetzen, sich ausdehnen» — d'Wonn frësst weider, an, no, ëm sech (die Wunde dehnt sich ulzerös aus) — d'Glänner as vum Rascht gefriess (zerfriess).
 
Frigo, Frigidaire M.: «Kühlschrank».
 
Friichtchen F.: «Früchtchen» (übtr.) — dat sin esou Friichtercher — dafür in der Schulspr. auch: Fruit sec M.

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut