gedalereg, gedalertgedam, gedamer(t)gedamegGedankenGedankGedankenGedankekëschtGedanksGedasenergedauengedauerengedauerenGedausch(s), Gedosch(s)gedääschterlech, gedääschteregGedäässem(s), Gedeessem(s)GedäbberGedäbberaremGedäbberplougedächenGedäischGedäler, Gedelergedälig, -egGedämmels, GedämmersGedämpsGedämpter, GedëmpterGedär, GedäersGedärem(s)GedeckGedeckelsGedecksGedéiersGedéieschGedéng(el)s, GedéngensGedenkGedenkengedenkengedëlleggedëllenGedenk-GedenkzäächenGedenkziedelGedéngten, GedéngterGedëpp(en)s, GedëppersGedibberGedich(er)sGedichtGediech(t)nesgedigengediichtGediichtsGedimmer(s)gedimmtGedirängelsgedochert, geduchertgedoënGedoës, GedoonsGedoldGedras, Gedräs, GedreesGedrecksGedrécksGedrénksGedriff(s)Gedubbers, Geduddersgedupptgeduucht, gedugen(t)gëedertGeéissgeéissegGefaachGefaangenen, GefaangenerGefaangeschaaftgefaasstGefachsGefackelsgefalenGefalenGefaulenzGefautels, GefuddelsGefällgefällegGefällegkeetGefech(t)sGefees, GefeezgeféierlechGeféierlechkeet, -kätGeféiers, Gefiers, GefuersGefëllsGefëmmsGefengs, GeféngsGefénkelsGefennGefënsels, GefënzelsGefëschsGefëspelsGefessGefessgewierfGefierGefierfsGefillGefisel(s) | gedalereg, gedalert Adj.: = dalereg (s. d.) — 't as e Gedaleregt (von gesunden Kleinkindern).
gedam, gedamer(t) Adj.: «geduldig, zahm, demütig» — mam Alter gët ee méi g. — dafür auch: gedamiddegt (cf. damiddeg).
gedameg Adj.: «dehnbar, biegsam».
Gedanken M., Gedank (dies lok. bisweilen auch F.): 1) «Gedanke» — ech hat nët emol e G. fir dat ze maën (ich dachte nicht daran, das zu tun) — 't as kee G. drun (keineswegs, nicht einmal in Gedanken) — wou bas de mat dénge G.? — wegwerfende Antwort auf hochtrabende Pläne: a Gedanken (du möchtest wohl, aber . . .) - ech krut schlecht Gedanken (ich geriet in Versuchung) — Dir soën ech et an d'Ouer, mäin heemleche Gedank, mir kafen him op der Fouer zu Ruedt dee schéinste Rank [Bd. 2, S. 22] (sagt der verliebte Reiter zu seinem Schimmel) — e ka Gedanke liesen — an huet se drop och keng Gedank (D.); 2) fast aussschl. im Pl. Gedanken: a) «Gedächtnis» — en huet op der Welt keng G. (er ist sehr vergeßlich) — en huet kuurz, stuppeg G. — soll ech der Gedanke maachen? (soll ich deinem Gedächtnis nachhelfen?) — ech hun et nach esou an de Gedanken (ich habe es noch so in Erinnerung) — 't as mer ausser Gedank; cf. auch: Verhalt; b) «Nachdenklichkeit, Überlegung» — en as a Gedanken — Echt. d'Gedanken doun ä kranken; c) «Sorgen» — ech maache mer Gedanken iwwert dat Kand — ech hun zevill Gedanken ze féieren (ich habe zuviel Sorgen); d) «Aufmerksamkeit» — e stellt keng Gedanken op d'Léier; 3) übtr.: «ein wenig» — 't muss nach e G. Salz derbäi kommen (cf. auch Iddi, Supzong); 4) verwurelt Gedanken — cf. verwurelen.
Gedankekëscht F.: «Sitz der Gedanken», in der Ra.: elo hun ech méng G. doheem gelooss (ich weiß nicht mehr, was ich zu tun habe).
Gedanks N.: «umständliches Danken» — 't gët Leit, déi kommen aus em G. nët eraus, 't gët anerer, déi kënnen emol nët merci soën.
Gedasener Pl. F.: «Wurstart» (Wiltz) — cf. Andiljen.
gedauen intr. Verb.: «aushalten» — ech kann hei bei Iech nët méi g. (cf. das folg.).
gedaueren I trans. Verb.: «aushalten, ertragen» — ech kann et eemol nët méi am Haus g. — wann ech dat misst dräi Deeg g., da wir ech geckeg — 't gedauert mech (es ist nicht zum Aushalten).
gedaueren II. intr. Verb.: «Mitleid empfinden mit» — en huet ménger och kee Fatz gedauert (er nahm keine Rücksicht auf mich).
Gedausch(s), Gedosch(s) N.: «Brausen», im bes.: «Ohrensausen».
gedääschterlech, gedääschtereg Adj.: «großtuerisch».
Gedäässem(s), Gedeessem(s) N.: «müßiges Reden und Tun, unnötig lange Erklärung» — Gedun a G.
Gedäbber N.: 1) primitives, fahrbares Gestell, und zwar: a) «leichtes, altmodisches Gefährt»; b) «Vorderkarren beim Pflug»; 2) unfeste, gallertartige Masse, lose zusammenhängende Dinge, im bes.: a) «Eingeweide» — Mosel: Long a Lebber an Aaschgedäbber; b) «stark entwickelte, hängende Frauenbrüste»; c) «männliche Schamteile» — maach de Schwäistall zou, du erkaals der nach (du verléiers nach) d'G.
Gedäbberarem M.: «Arm des Vorderkarrens am Pflug».
Gedäbberplou M.: «Räder-, Karrenpflug».
gedächen intr. Verb.: «gedeihen» — (Vianden — nach Wb. 06).
Gedäisch N.: 1) «Getöse»; 2) «Aufwand».
Gedäler, Gedeler M.: 1) «Anteilhaber» (bes. an einer Erbschaft) — mäi Papp as nach G. um Stackhaus; 2) «Teilnehmer» — auch: Matgedäler — dazu auch: gedälig, -eg Adj. — mer säi g. zu éiser fënnef (wir sind zu fünf beim Teilen — Echt.).
Gedämmels, Gedämmers N.: «Gestampfe, Getrampel, Getrippel» — d'G. vun den Hénger mécht esou vill Schued ewéi dat vun de Kéi.
Gedämps N.: 1) «Rauchen»; 2) zu Damp «Gärteig».
Gedämpter, Gedëmpter Pl. F.: «besonders zubereitete Kartoffeln» (s. dämpen sub 5).
Gedär, Gedäers (Mosel g/dε:əS, Nösl. gə/djεrs) N.: «Dornengestrüpp» — s. Gemäerz.
Gedärem(s) N.: «Gedärm» — en Näischnotz bis an d'G. — d'(h)ënnescht G.
Gedeck (Pl. Gedecker) M.: 1) «Querbalken über Türen und Fenstern» — in dieser Bed. auch Iwwerlo; 2) «Tischtuch mit den dazugehörigen Servietten».
Gedeckels N.: 1) «Abprügeln von Zöglingen»; 2) «viele Deckel» (bes. von Töpfen) — vill Gedeckels an nach kee richtigen (kein passender Topfdeckel).
Gedecks N.: «oberes Bettzeug» — 't schwätzt een nët ënnert dem G. eraus, oder: wat ënner dem G. as, soll drënner bleiwen (man soll keine Privatangelegenheiten ausplaudern) — as e schon aus dem G.? (ist er schon aufgestanden?).
Gedéiers N.: «Ansammlung verschiedener Tiere».
Gedéiesch N.: 1) «Ungeziefer» — d'G. huet d'Muerte geholl z. B.: Äärdfléi, Raupen, Mueden; 2) im bes.: «Insekten der Umgebung, die Bisse verursachen» — (cf. Déier sub 2), b)) — d'G. as uereg, 't gët e Wieder. [Bd. 2, S. 23]
Gedéng(el)s, Gedéngens N.: «Getue, Umstände, zeitraubende Vorbereitungen, Ziererei» — ich hoan däs G. elo genoug (Echt.).
Gedenk M., Gedenken N.: «Erinnerung, Gedächtnis» — zënter Mënsche Gedenken — no méngem Gedenk — da's mäi längst Gedenken (weiter reicht meine Erinnerung nicht) — s. Gedanken.
gedenken unpers. Verb.: «im Gedächtnis haften» — dat gedenkt mer nach laang.
gedëlleg Adj.: «geduldig» — g. ewéi (Zent) Jabb, Jupp (cf. aarm), e Schof, e Lamp — 't gi vill g. Schof an ee Stall — 't as där Gedëlleger keen (er braust allzu leicht auf) — s. gewëlleg.
gedëllen intr. oder refl. Verb.: s. dëllen.
Gedenk- -zäächen N.: 1) «Gedenkzeichen, Andenken»; 2) übtr.: «Narbe» (= Läinzäächen); -ziedel N.: «Denkzettel». | |