GeseemsGeseemsbuttekGeseemsfraGeseemsmannGesëff(s)GeséissgeschwooptGesellGeselle(n)-GesellenhausGeselleveräingeselleggesellerchesGesellscha(a)ftGesellscha(a)ftergeséngenGeséngenenGesenkGesëndelGesënnGesënnerdëschGesënnerkichenGesënn(er)maartGesënnerstuffGesënnonggesënntGesëschter, GesëschterkandgesënterlechgesënterlechGesetzGesetzkrällengesetzlechgesetzméisseggesetzwiddreggesichertGesiichtGesiimsgesinngesintertGesippsGesocksgesondGesondhät, -heetGespan(n)GespärGespärGespënn(s)GespenstGesponnGespréichgespréicheg, gespréich(er)lechgesprenkelech, gesprenzelech, gesprënselech, gesprinselech(t), gesprinseltgestalltGestaltGestankGestäids, Gestéids, GestaidsGeställsgestännegGestéissGestellGestellscheierGesteng(s)gestempeltGestillsgestilltgestimm, gestimgestiw(w)eltgestoënGestraissgestrengGetapaaschsgetracktgetrauenGeträipsgetreischGetreischgetréischtgetupptGewadder(s)gewafeltGewaltgewalteggewaltsamGewanBongeschgewanGewanewäinGewanewéngertgewannenGewarrelsGewächsgewäerdeggewäerdenGewännerGewässergewéin(ek)lechGewellGewëllefgewëllegGewëllegkät, -keetGewëlleks | Geseems (lok. Geséims, Gesiims, Gesims) N.: «Sämereien»; Zussetz.: Geseemsbuttek M.; -fra F.; -mann M.
Gesëff(s) N.: 1) «schlechtes Getränk»; 2) «anhaltendes Trinken».
Geséiss N.: 1) «Sitzfläche der Hose» — d'Mamm setzt dem Bouf en neit G. an d'Box; 2) erweitert: «Hose» in der Ra.: Baartelméis hëlt dem Bauer de Kéis an dem Schéifer d'lénge G.
geschwoopt Verbadj.: «hochkantig gestellt» (Maurerspr., von Steinen) — g. Steng gi rësseg an bliederen of.
Gesell (Echt.: Geseel) M.: 1) «Gefährte» — in dieser Bed. nur noch in der Ra.: zu Gesellen — zou Gesell spillen; 2) «Handwerksgeselle»; 3) «Kerl, Bursche» — e feine, léiwe, proppere G. (oft pejor.).
Geselle(n)- -haus N. = Bitz (s. d.).; -veräin M.: 1) «Vereinigung katholischer Handwerksgesellen» - bezeichnet auch deren Sitz (statt des vor.); 2) «mit unzulänglichen Mitteln unternommene Theateraufführung» — da's dee rengste G.
geselleg Adj.: «gesellig».
gesellerches Adv.: «in Gesellschaft, zusammen».
Gesellscha(a)ft (lok. bes. Osten -schoft) F.: «Gesellschaft», und zwar: 1) «zwanglose Zusammenkunft» — mer haten eng lëschteg G. — mir waren a lëschteger G. — dat mécht een nët a G. — an d'G. goën; 2) «Vereinigung zu einem bestimmten Zweck»; 3) «soziale Klasse» — immer mit dem Zusatz: gutt, besser (dafür unter Umständen iron.: bessere Pak); 4) «Umgang, Begleitung» — da's keng gutt G. fir dech — mat deem Typ do bas d'a schlechter G. — mir sin a gudder G. — ech halen em G. — stéier mech nët, wann ech a G. sin — bisw. dafür iron.: Gesellfascht.
Gesellscha(a)fter M.: «Gesellschafter» — 't as e gudde G. (er weiß zu unterhalten) — cf. auch: Associé.
geséngen Adj.: «sehend» — ech si g. (ich merke wohl, was vorgeht) — auch in der adverbialen Ra.: (zu) geséngener Aën (Osten: geséiner Auen) sonst lokal auch (ze) gesinn(s)er oder gesinns der Aën — selten: ze gesinneran (mit kurzem a, gesprochen wie ein Wort) — substantivisch: Geséngenen M.: «Sehender» (im Ggs. zum Blinden — urspr. nur vom Pferd) — en huet de G. fir de Blanne vertosch (er hat schlechte Geschäfte gemacht, ist vom Regen in die Traufe gekommen) — span de G. an d'Hand (rechts) an dee Blannen vun der Hand (links) [Bd. 2, S. 38] — du wëlls dach kee G. un der Nues erëm féieren — übtr.: da's där Geséngener keen (kein besonders Kluger).
Gesenk N.: «Einsatz am Amboß, Hohlstempel».
Gesëndel (alt Gesandel) N.: «Gesindel» — dafür gew. Pak.
Gesënn (häufig im Pl. Gesënner gebr., Gesënn aber auch im Pl.) N.: «Gesinde, Dienstboten».
Gesënnerdësch M.: «Gesindetisch» (an dem auch die Tagelöhner — gewöhnlich auch sonntags — aßen).
Gesënnerkichen F.: «Gesindeküche».
Gesënn(er)maart M.: «Gesindemarkt» (cf. Dangmaart).
Gesënnerstuff F.: «Gesindestube» (in bessern Bauernhöfen, Schlössern u. ä.).
Gesënnong F.: «Gesinnung».
gesënnt s. gesannt.
Gesëschter, Gesëschterkand — die entsprechenden westlux. Varianten zu Geschwëster (s. d.).
gesënterlech I Adj.: «langsam» (nur belegt in Wb. 06).
gesënterlech II Adj.: «sonderlich, apart».
Gesetz (im Osten, bes. sub 2 zum Teil Gesez — Pl. -er) N.: «Gesetz», und zwar: 1) «schriftlich niedergelegtes Recht, gesetzliche Vorschrift» — as dat (e) G.? (muß das sein?) — G. as G. — ech kenne méng Gesetzer — du hues mir keng Gesetzer ze maachen — d'Gesetzer hu wuesse Nuesen — wat méi G., wat wéineger Recht — bei ons mécht d'Fra d'G. — dem G. no (nom G.) hues de recht — da's géint all G. — hien as dem G. ze staark (er kennt alle Auslegungen der Gesetze und kommt immer ungestraft davon); 2) «Absatz im Rosenkranzgebet»; dazu: Gesetzkrällen Pl. F.: «die dickeren Perlen des Rosenkranzes, die die zehn kleineren, d. h. ein Gesetz, voneinander trennen».
gesetzlech Adj.: «gesetzlich».
gesetzméisseg Adj.: «gesetzmäßig, dem Gesetz entsprechend» — 't as g. erofgaang (nicht so streng wie etwa: streng nom Gesetz).
gesetzwiddreg Adj. «gesetzwidrig» = géint d'G.
gesichert Verbadj.: «versprochen» — üblicher Ausdruck auf dem Areler Niklosmaart, am 1. Donnerstag im Dezember.
Gesiicht (Nösl. und Süden Gesit) N.: 1) «Sehvermögen» — en huet d'G. verluer — en as nach gutt vu G. — en huet nach säin éischt G. (= séng éischt Aën); 2) «das Sehen» — en as mer nach nët ze G. komm — ech hun en nach nët ze G. kritt — op ischt G. (beim ersten Anblick — Echt).; 3) «Antlitz» (Pl. -er, Mosel -en und -er) Dim.: -(el)chen — Mosel: e Gesiit(el)chen ewéi eng Tiitchen (spitz, schmal, mager) — en as midd am G. (betrunken) — e laacht mam ganze G. (a mat der Nues extra — ein freudig strahlendes Gesicht) — dat soën ech him riicht an d'G., a säi G. (geradeheraus, ohne Umschweife) — dee mat sechs Gesiichter (charakterloser Mensch, scheinheiliger Heuchler) — e léit engem an d'G. — ech loosse mer nët vun dir an d'G. hauchen (ich lasse mir nicht das Mindeste von dir gefallen) — d'G. kann nët léien (er hat die Familienzüge); Vergleiche: en huet e G. ewéi eng hallef Gewan, e Muerge Land (sehr breit), ewéi e Wafeleisen, eng Pankuchspan, eng Broutschéiss, eng Seibecken, wéi wann der Deiwel Ierbëssen drop gedresch(t) hätt (pockennarbig), ewéi e gebeetschte Kanneraasch (niedergeschlagen, auch rot), ewéi eng Buedstiffchen esou breet, ewéi e Pollackenoosch, ewéi e Schiecher um Kräiz, en Oosch mat Oueren (Vollmondgesicht, rund, dick, ohne Ausdruck) — e bollt Gesiicht (cf. boll, bolleg); 4) iron. für: «Person» — dir elle Gesiichter! (oft spaßh.) — du frecht G.!; 5) «Gesichtsausdruck, Grimasse» — en huet kee gutt G. — e mécht (schneit) e G. ewéi en Dëppe voller (gequellt) Deiwelen, ewéi aacht Deeg Reen (Wb. 06 ewéi wann et siwen Deeg Reen géif), ewéi wann een em e Kand erbass hätt - ewéi wa séng Sënnen him leed wiren, wéi wann d'Hénger em d'Brout geholl hätten — e mécht mer schon déi ganz Zäit Gesiichter — wat deen engem Gesiichter mécht! (unfreundliche Miene) — e mécht e G. ewéi e Bock, dee Bratzele frësst (erstaunt) — e schneit Gesiichter, ielelaang (Zeichen großer Enttäuschung) — e mécht e G. ewéi en Essegfaass (saure Miene), ewéi eng Prisongsdir (streng, ablehnend), ewéi de Botter an der Sonn (strahlend), ewéi e Baartmesser (dornig), ewéi wann een him an d'Box gemat hätt (traurig); 6) spaßh.: «Hinterteil» — ech sprangen der mam hënneschte G. an d'Zänn (vun elauter Roserei); 7) «Maske» — wie: Bok(egesiicht); 8) verallgemeinert: «die obere, sichtbare, [Bd. 2, S. 39] vordere Seite» (etwa: «Bildseite einer Druckform» — wann d'Form fällt, da fällt se ëmmer op d'G., auch: op d'Schnëss; «bestrichene Seite eines Butterbrots» — ech hun ëmmer Pech, d'Schmier fällt mer all Kéier op d'Gesiicht).
Gesiims N.: «Gesims» — dafür meist Corniche.
gesinn (Ostlux.: geséin, séin — Ind. Präs.: ech gesinn, Ostlux. (ge)séin, Nordsöl. see — du gesäis, Nordösl. geséks; hie gesäit, Nösl. gesékt, Stadtlux.: geseis, geseit — dir gesitt, Ostlux. (ge)séit, Nösl. -sékt — Ind. Prät. gesouch, lok. gesuch (-x, -ç) Konj. Prät.: (ge)séich, lok. gesich — Imper.: geséi, gesäi (s. d.), geséch, geséngen — Part. Prät.: gesinn, Nlux. geseen, Ostlux. (ge)séin, Mosel: gesin (lang), lok. veraltet geséngen — dies auch als Part. Präs. — cf. geséngen) trans. Verb.: «sehen» — dat gesich(t) ich gäier (iron. oder auch drohend — Echt.) — ech kennen et vu gesinns — wat ee vu gesi kennen nennt, ähnlich auch: vun ze g. — dat musse mer emol g. (geséngen), sot de Blannen — zwéi g. méi ewéi een — dee gesäit méi wäit an d'Waasser ewéi s du driwwer — 't gesäit ee méi wäit iwwer d'Waasser ewéi dran — dat do gesi mer nach — e gesäit nët méi wäit ewéi séng Nues — dass een Iech emol erëm gesäit! — den dat nët gesinn huet, deen huet näischt gesinn (früher vom Kölner Dom) — ech si gesi gin (man hat mich gesehen, erwischt) - gesäis de (wuel)! — do gesäis de! (mat déngen Dommheten) — mer g. eis jo nach — Wéi geet et? Ma, wéi der gesitt — 't wor en Niwwel, 't huet een d'Hand nët vrun den Aë gesinn — ech gesi schwaarz — ech geséich dech gär (z. B.: bei där Aarbecht, oder etwa am Frack an am Zylinder) - gesäis d'emol! (siehst du, so mußte es kommen!) — hues de schon esou eppes gesinn! oder: dat hun ech mäi Liewen nach nët gesinn! — hie gesäit mam rietsen A an déi lénks Jhillistäsch (schielt) — 't gesäit ee villes wat een nët kafe kann, och wann een d'Täsche voll Daleren hätt — du wäers gesinn (wie recht hat, wéi recht ech hat) — lok. Osten: mer sichten et schuns (würden darnach schauen) — du gesäis d'Männercher (oder einfach: se — du hast Halluzinationen) — wéini gesinn ech mäi Buch erëm? — drohend: da gesäis d'emol eppes.
gesintert Verbadj.: «miteinander verklebt, aneinanderhaftend» — cf. Sënter II.
Gesipps N.: «Brut, Sippschaft» (cf. dagegen auch sippen).
Gesocks N.: «Gesäuge» — en as mam ganze G. komm (mit Kind und Kegel) — so belegt in Stadtgrund. | |