LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Gesiicht bis Getreisch (Bd. 2, Sp. 38a bis 41a)
 
Gesiicht (Nösl. und Süden Gesit) N.: 1) «Sehvermögen» — en huet d'G. verluer — en as nach gutt vu G. — en huet nach säin éischt G. (= séng éischt Aën); 2) «das Sehen» — en as mer nach nët ze G. komm — ech hun en nach nët ze G. kritt — op ischt G. (beim ersten Anblick — Echt).; 3) «Antlitz» (Pl. -er, Mosel -en und -er) Dim.: -(el)chen — Mosel: e Gesiit(el)chen ewéi eng Tiitchen (spitz, schmal, mager) — en as midd am G. (betrunken) — e laacht mam ganze G. (a mat der Nues extra — ein freudig strahlendes Gesicht) — dat soën ech him riicht an d'G., a säi G. (geradeheraus, ohne Umschweife) — dee mat sechs Gesiichter (charakterloser Mensch, scheinheiliger Heuchler) — e léit engem an d'G. — ech loosse mer nët vun dir an d'G. hauchen (ich lasse mir nicht das Mindeste von dir gefallen) — d'G. kann nët léien (er hat die Familienzüge); Vergleiche: en huet e G. ewéi eng hallef Gewan, e Muerge Land (sehr breit), ewéi e Wafeleisen, eng Pankuchspan, eng Broutschéiss, eng Seibecken, wéi wann der Deiwel Ierbëssen drop gedresch(t) hätt (pockennarbig), ewéi e gebeetschte Kanneraasch (niedergeschlagen, auch rot), ewéi eng Buedstiffchen esou breet, ewéi e Pollackenoosch, ewéi e Schiecher um Kräiz, en Oosch mat Oueren (Vollmondgesicht, rund, dick, ohne Ausdruck) — e bollt Gesiicht (cf. boll, bolleg); 4) iron. für: «Person» — dir elle Gesiichter! (oft spaßh.) — du frecht G.!; 5) «Gesichtsausdruck, Grimasse» — en huet kee gutt G. — e mécht (schneit) e G. ewéi en Dëppe voller (gequellt) Deiwelen, ewéi aacht Deeg Reen (Wb. 06 ewéi wann et siwen Deeg Reen géif), ewéi wann een em e Kand erbass hätt - ewéi wa séng Sënnen him leed wiren, wéi wann d'Hénger em d'Brout geholl hätten — e mécht mer schon déi ganz Zäit Gesiichter — wat deen engem Gesiichter mécht! (unfreundliche Miene) — e mécht e G. ewéi e Bock, dee Bratzele frësst (erstaunt) — e schneit Gesiichter, ielelaang (Zeichen großer Enttäuschung) — e mécht e G. ewéi en Essegfaass (saure Miene), ewéi eng Prisongsdir (streng, ablehnend), ewéi de Botter an der Sonn (strahlend), ewéi e Baartmesser (dornig), ewéi wann een him an d'Box gemat hätt (traurig); 6) spaßh.: «Hinterteil» — ech sprangen der mam hënneschte G. an d'Zänn (vun elauter Roserei); 7) «Maske» — wie: Bok(egesiicht); 8) verallgemeinert: «die obere, sichtbare, [Bd. 2, S. 39] vordere Seite» (etwa: «Bildseite einer Druckform» — wann d'Form fällt, da fällt se ëmmer op d'G., auch: op d'Schnëss; «bestrichene Seite eines Butterbrots» — ech hun ëmmer Pech, d'Schmier fällt mer all Kéier op d'Gesiicht).
 
Gesiims N.: «Gesims» — dafür meist Corniche.
 
gesinn (Ostlux.: geséin, séin — Ind. Präs.: ech gesinn, Ostlux. (ge)séin, Nordsöl. see — du gesäis, Nordösl. geséks; hie gesäit, Nösl. gesékt, Stadtlux.: geseis, geseit — dir gesitt, Ostlux. (ge)séit, Nösl. -sékt — Ind. Prät. gesouch, lok. gesuch (-x, -ç) Konj. Prät.: (ge)séich, lok. gesich — Imper.: geséi, gesäi (s. d.), geséch, geséngen — Part. Prät.: gesinn, Nlux. geseen, Ostlux. (ge)séin, Mosel: gesin (lang), lok. veraltet geséngen — dies auch als Part. Präs. — cf. geséngen) trans. Verb.: «sehen» — dat gesich(t) ich gäier (iron. oder auch drohend — Echt.) — ech kennen et vu gesinns — wat ee vu gesi kennen nennt, ähnlich auch: vun ze g. — dat musse mer emol g. (geséngen), sot de Blannen — zwéi g. méi ewéi een — dee gesäit méi wäit an d'Waasser ewéi s du driwwer — 't gesäit ee méi wäit iwwer d'Waasser ewéi dran — dat do gesi mer nach — e gesäit nët méi wäit ewéi séng Nues — dass een Iech emol erëm gesäit! — den dat nët gesinn huet, deen huet näischt gesinn (früher vom Kölner Dom) — ech si gesi gin (man hat mich gesehen, erwischt) - gesäis de (wuel)! — do gesäis de! (mat déngen Dommheten) — mer g. eis jo nach — Wéi geet et? Ma, wéi der gesitt — 't wor en Niwwel, 't huet een d'Hand nët vrun den Aë gesinn — ech gesi schwaarz — ech geséich dech gär (z. B.: bei där Aarbecht, oder etwa am Frack an am Zylinder) - gesäis d'emol! (siehst du, so mußte es kommen!) — hues de schon esou eppes gesinn! oder: dat hun ech mäi Liewen nach nët gesinn! — hie gesäit mam rietsen A an déi lénks Jhillistäsch (schielt) — 't gesäit ee villes wat een nët kafe kann, och wann een d'Täsche voll Daleren hätt — du wäers gesinn (wie recht hat, wéi recht ech hat) — lok. Osten: mer sichten et schuns (würden darnach schauen) — du gesäis d'Männercher (oder einfach: se — du hast Halluzinationen) — wéini gesinn ech mäi Buch erëm? — drohend: da gesäis d'emol eppes.
 
gesintert Verbadj.: «miteinander verklebt, aneinanderhaftend» — cf. Sënter II.
 
Gesipps N.: «Brut, Sippschaft» (cf. dagegen auch sippen).
 
Gesocks N.: «Gesäuge» — en as mam ganze G. komm (mit Kind und Kegel) — so belegt in Stadtgrund.
 
gesond (Westen/zo:nt, gə/zo:unt, gə/zõ:nt, Pl. lok/zon:) Adj.: 1) «gesund» — g. a monter — wuel a g. — g. ewéi e Fësch am Waasser, ewéi e Knapp — e gesonte Knuet, Pätter, Dapp (ein gesunder Kerl) — en as gesonnes (gesontes) Leifs gestuerwen (plötzlich) — en huet eng g. Faarf (gesundes Aussehen) — e gesonten (neben geseenten) Appetitt, Schlof usw. — spuer dech g.! (laß es dir wohl ergehen, lebe wohl!) — sief frou, dass de nach déng g. Glidder hues — eng g. Familjen, g. Blutt — dee g. as soll nët kloen — eis Kanner si g., si fuerzen iwwert dem Goën; — Folklor.: g. bieden (das Gesundbeten ist vielfach neuen Datums; es besteht darin, einer Krankheit durch Suggestion, deren äußeres Zeichen Gebetsformeln, Bibellektüre sind, ohne Arznei beizukommen); 2) «der Gesundheit zuträglich» — dat as deem gesond, ma e räpst dervun (er wird die unangenehmen Folgen verspüren) — ee loossen as nët schéin, ma g.; 3) «zutreffend, richtig, nützlich, in Ordnung» — dat as em g. (das schadet ihm nichts) — en huet g. Iddiën am Kapp — iron.: en huet eng G. am Kessel (an de Been) (er ist ordentlich betrunken) — übtr.: déi (diese Firma) si g. (kapitalkräftig) — de gesonte (gesonne) Mënscheverstand muss engem dat soën.
 
Gesondhät, -heet F.: «Gesundheit» — en huet keng (gutt) G. en as nët gutt vu G. — Wou feelt et? Un der G. — ech drénken op är G. — G.! (zum Wohlsein! — besonders zu jem., der nieste, s. Prost) — en huet eng G. vu Stol an Eisen.
 
Gespan(n) (lok. Westen/SpO:n, gə- /SpÕ:n, gə/SpA:un) Pl. Gespänner (Nebenform im Sg. auch Gespänn) N.: 1) «Gespann, Fuhrwerk mit Gespann» — e géing gär e ganzt G. op mech rullen (er möchte mich erwürgen, vor Zorn, Empörung usw.) — übtr.: e koppegt G. (ungleiches Paar); 2) «Gebund hölzerner Faßreifen»; 3) Buchdruckerspr.: «Kollege, der in derselben Gasse aus Setzerregalen arbeitet» — dafür auch: Aaschgespan (cf. Gaass sub 4). [Bd. 2, S. 40]
 
Gespär (lok. veraltet Gespier, Nösl. Gespiärr, Gespiärrer) I N.: «Gebälke, Dachsparren, Dachstuhl» — 't as nët richteg bei deem am G. (übtr.).
 
Gespär II N.: «Sperrung, Hemmvorrichtung» (an Wagen) — cf. auch das Komp.: Häerzgespär.
 
Gespënn(s) N.: «Gespinst, Gesponnenes».
 
Gespenst (lok. phV. im Westen Gespäenz) N.: «Gespenst» — du gesäis awer eraus ewéi e G. — e gesäit Gespenster — meng s d'ech géif u Gespenster glewen? — Echt.: mäi Gespënst (mein Ehegespons — iron.).
 
Gesponn (Pl. Gespënner) N.: «Gewände einer Tür».
 
Gespréich (lok. Ostrand Gesprich) N.: 1) «Gespräch, Unterhaltung, Zwiesprache» — du hate se hiirt boërt G. mateneen — si koume mateneen an d'G. — hie kann engem G. halen — 't as vill G. am Béier (das Biertrinken macht gesprächig); 2) «Gesprächsstoff» — hie kennt keen anert G.; 3) «Gerede» — je je, wat e G.! — wat domm (kannereg, Fraleits-) Gespréich(er) dazu die Zussetz.: Muergesgespréicher (dumme Gespräche) — ech kéim an de Leit hiirt G.; 4) «Gerücht, üble Nachrede» — hal op, soss kënns de nach an d'G. — 't as e G. am Duerf wéi wann — elo huet e sech e schéint G. gemat.
 
gespréicheg, gespréich(er)lech (lok. Osten -sprichig) Adj.: 1) aktiv: «mitteilsam»; 2) (nur in der Form gespréichlech) passiv: «worüber gesprochen werden kann».
 
gesprenkelech, gesprenzelech, gesprënselech, gesprinselech(t), gesprinselt Adj.: «buntfarbig, gesprenkelt, gefleckt» — dafür lok. auch brob(r)enzelech.
 
gestallt Verbadj.: «gestellt» in der Ra.: gutt, schlecht g. (wohlhabend, nicht wohlhabend) — zimlech gestallte Leit (ziemlich wohlhabende Leute) — im übrigen s. stellen.
 
Gestalt (lok. phV. cf. Ltb. 3) F.: «Gestalt» — wat traureg Gestalten — adverbial: däergestalt, älter däer G. a Moossen.
 
Gestank (lok. phV. cf. Ltb. 5) M.: 1) «Gestank» — de G. fir den Dank (Kritik statt Dankesworte) — besser waarme G. ewéi elauter kale Blank (kalte, lichte Fläche — zu blank Adj.) — dat gët dem Dreck eréischt de G. (das macht das Maß voll); 2) übtr.: «Stänkerei, Zank» — 't as näischt ewéi G. an där Familjen.
 
Gestäids, Gestéids, Gestaids N.: «Gestäude, Wildnis» — géi bei der Deiwel an d'G.
 
Geställs N.: «Stallungen».
 
gestänneg Adj.: «geständig» — en as g. — in der Gerichtsspr. häufig sogar en huet e Geständnes ofgeluegt, et agestan(en) — Anlehnung an die hd. Gerichtssprache.
 
Gestéiss N.: 1) «Stoßen, Drängen»; 2) «Gestoßenes» (etwa: eingestampftes Obst zur Branntweingewinnung).
 
Gestell N.: 1) «Gestell» — übtr.: wat e laangt G. (lang aufgeschossene Gestalt); 2) «Stellage» — huel en neit Glas Gebääss vum G.; 3) «Gabeldeichsel» — 't as e Päerd fir an d'G. übtr.: elo kënns (gees) de geschwënn an d'G. — e geet gutt am G. (arbeitet tüchtig, willig) — déi gi gutt am G. (von einem Ehepaar, die immer übereinstimmen).
 
Gestellscheier F.: «Schuppen zum Einstellen der Wagen» (Wb. 06).
 
Gesteng(s) N.: «(grobes) Gestein».
 
gestempelt Adj.: «-beinig» in Verbindung mit einem bestimmenden Adverb: dachseg, kromm, kuurz, schlecht, staark . . . g. — im übrigen s. stempelen.
 
Gestills N.: «Gestühl».
 
gestillt Verbadj.: «mit einem Stiel versehen» — de Biesem, den Hummer . . . as gutt g.
 
gestimm, gestim Adj.: «ruhig» — méi g. Kanner! (sagt man zu lärmenden Kindern — Echt.).
 
gestiw(w)elt Verbadj.: «gut ausgerüstet» (in puncto Kleidung, Körper, Finanzen, Intelligenz usw.) — Echt.: gestiwelte Koader (Luftikus, der den Frauen zu imponieren sucht) — deen as gutt g. (er verfügt über die nötigen Mittel — auch übtr.) — hien as gutt g. hätt en nach en uerdëntlecht Puer Schong (er hat die Mittel, leistet sich indes nicht das Notwendige aus Geiz).
 
gestoën Verb.: 1) trans.: «gestehen, zugeben»; 2) intr.: «einverstanden sein mit» — äich gestin nët dodran (ich bin damit nicht einverstanden); 3) intr.: «Bestand haben» — eist Haus kann nët esou g. — ech kann nët bei dene Leide g. — s. bestoen.
 
Gestraiss N.: «Gesträuch, Bündel Zweige».
 
gestreng Adj.: «gestreng» — s. Äishelleg, dräi. [Bd. 2, S. 41]
 
Getapaaschs N.: «Lärm» — s. Spëtakel (zu frz. tapage).
 
getrackt Adj.: «närrisch» (Wb. 06).
 
getrauen refl. Verb.: «sich getrauen, wagen» — ech getraue mer (ës) nët (daneben auch: mech) — ich hätt mer es nët getrockt (Nösl.) — deen do getraut sech näischt.
 
Geträips N.: «Gedärm» — ech räissen der all G. aus dem Leif!
 
getreisch Adj.: «getreu, treuherzig» —e kuckt esou g. dran — eng g. Séil vun engem Hond — dazu das Adv.: getreilech — s. treisch.
 
Getreisch (lok. Geträisch) N.: «Gesträuch».

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut