LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Gespréich bis Gewächs (Bd. 2, Sp. 40a bis 41b)
 
Gespréich (lok. Ostrand Gesprich) N.: 1) «Gespräch, Unterhaltung, Zwiesprache» — du hate se hiirt boërt G. mateneen — si koume mateneen an d'G. — hie kann engem G. halen — 't as vill G. am Béier (das Biertrinken macht gesprächig); 2) «Gesprächsstoff» — hie kennt keen anert G.; 3) «Gerede» — je je, wat e G.! — wat domm (kannereg, Fraleits-) Gespréich(er) dazu die Zussetz.: Muergesgespréicher (dumme Gespräche) — ech kéim an de Leit hiirt G.; 4) «Gerücht, üble Nachrede» — hal op, soss kënns de nach an d'G. — 't as e G. am Duerf wéi wann — elo huet e sech e schéint G. gemat.
 
gespréicheg, gespréich(er)lech (lok. Osten -sprichig) Adj.: 1) aktiv: «mitteilsam»; 2) (nur in der Form gespréichlech) passiv: «worüber gesprochen werden kann».
 
gesprenkelech, gesprenzelech, gesprënselech, gesprinselech(t), gesprinselt Adj.: «buntfarbig, gesprenkelt, gefleckt» — dafür lok. auch brob(r)enzelech.
 
gestallt Verbadj.: «gestellt» in der Ra.: gutt, schlecht g. (wohlhabend, nicht wohlhabend) — zimlech gestallte Leit (ziemlich wohlhabende Leute) — im übrigen s. stellen.
 
Gestalt (lok. phV. cf. Ltb. 3) F.: «Gestalt» — wat traureg Gestalten — adverbial: däergestalt, älter däer G. a Moossen.
 
Gestank (lok. phV. cf. Ltb. 5) M.: 1) «Gestank» — de G. fir den Dank (Kritik statt Dankesworte) — besser waarme G. ewéi elauter kale Blank (kalte, lichte Fläche — zu blank Adj.) — dat gët dem Dreck eréischt de G. (das macht das Maß voll); 2) übtr.: «Stänkerei, Zank» — 't as näischt ewéi G. an där Familjen.
 
Gestäids, Gestéids, Gestaids N.: «Gestäude, Wildnis» — géi bei der Deiwel an d'G.
 
Geställs N.: «Stallungen».
 
gestänneg Adj.: «geständig» — en as g. — in der Gerichtsspr. häufig sogar en huet e Geständnes ofgeluegt, et agestan(en) — Anlehnung an die hd. Gerichtssprache.
 
Gestéiss N.: 1) «Stoßen, Drängen»; 2) «Gestoßenes» (etwa: eingestampftes Obst zur Branntweingewinnung).
 
Gestell N.: 1) «Gestell» — übtr.: wat e laangt G. (lang aufgeschossene Gestalt); 2) «Stellage» — huel en neit Glas Gebääss vum G.; 3) «Gabeldeichsel» — 't as e Päerd fir an d'G. übtr.: elo kënns (gees) de geschwënn an d'G. — e geet gutt am G. (arbeitet tüchtig, willig) — déi gi gutt am G. (von einem Ehepaar, die immer übereinstimmen).
 
Gestellscheier F.: «Schuppen zum Einstellen der Wagen» (Wb. 06).
 
Gesteng(s) N.: «(grobes) Gestein».
 
gestempelt Adj.: «-beinig» in Verbindung mit einem bestimmenden Adverb: dachseg, kromm, kuurz, schlecht, staark . . . g. — im übrigen s. stempelen.
 
Gestills N.: «Gestühl».
 
gestillt Verbadj.: «mit einem Stiel versehen» — de Biesem, den Hummer . . . as gutt g.
 
gestimm, gestim Adj.: «ruhig» — méi g. Kanner! (sagt man zu lärmenden Kindern — Echt.).
 
gestiw(w)elt Verbadj.: «gut ausgerüstet» (in puncto Kleidung, Körper, Finanzen, Intelligenz usw.) — Echt.: gestiwelte Koader (Luftikus, der den Frauen zu imponieren sucht) — deen as gutt g. (er verfügt über die nötigen Mittel — auch übtr.) — hien as gutt g. hätt en nach en uerdëntlecht Puer Schong (er hat die Mittel, leistet sich indes nicht das Notwendige aus Geiz).
 
gestoën Verb.: 1) trans.: «gestehen, zugeben»; 2) intr.: «einverstanden sein mit» — äich gestin nët dodran (ich bin damit nicht einverstanden); 3) intr.: «Bestand haben» — eist Haus kann nët esou g. — ech kann nët bei dene Leide g. — s. bestoen.
 
Gestraiss N.: «Gesträuch, Bündel Zweige».
 
gestreng Adj.: «gestreng» — s. Äishelleg, dräi. [Bd. 2, S. 41]
 
Getapaaschs N.: «Lärm» — s. Spëtakel (zu frz. tapage).
 
getrackt Adj.: «närrisch» (Wb. 06).
 
getrauen refl. Verb.: «sich getrauen, wagen» — ech getraue mer (ës) nët (daneben auch: mech) — ich hätt mer es nët getrockt (Nösl.) — deen do getraut sech näischt.
 
Geträips N.: «Gedärm» — ech räissen der all G. aus dem Leif!
 
getreisch Adj.: «getreu, treuherzig» —e kuckt esou g. dran — eng g. Séil vun engem Hond — dazu das Adv.: getreilech — s. treisch.
 
Getreisch (lok. Geträisch) N.: «Gesträuch».
 
getréischt Adj.: 1) «getrost» (im übrigen s. tréischten); 2) «bei Trost, bei Sinnen» — bas de g.? 3) = Gott tréischt «verstorben» — mäi Papp g. huet ëmmer gesot — Mäin Aneleis getristen (Echt.).
 
getuppt lok. auch: getouft, getufft Verbadj.: «lauwarm» — getuppt Waasser — s. tuppen, taupech, woodlech.
 
Gewadder(s) N.: «Gewatschel» (s. watschelen).
 
gewafelt Adj.: «gewaffelt, mit waffelförmigem Auf- oder Überdruck, mit eingeprägtem Waffelmuster».
 
Gewalt (lok. phV. cf. Ltb. 3) F.: 1) «Kraftanstrengung, Kraftaufwand» (in dieser Bed. im Gutland häufiger Force) — G. geet iwwer alles — G. brécht Eisen — ech hu misse G. gebrauche fir an d'Haus ze kommen — mat G. (mit großem Kraftaufwand); 2) «Beherrschung, Selbstbeherrschung» — ech hu mer misse G. undun, fir de Mond ze halen, fir ëm keng ze fachen (ich habe mich mit Mühe bezwungen) —en hat sech nët méi an der G. (war unbeherrscht) — en hat d'G. iwwer säi Won verluer — 't as mer aus der G. (ich kann nicht ordentlich arbeiten); 3) «Zwang» — ech hu mer misse G. undun, fir den Téi erofzekréien — e wollt sech G. undun (er wollte Hand an sich legen) — dazu die adverbiale Ra.: mat (aller) G. (durchaus, unbedingt — dafür auch: parforce); 4) «große Menge» — wat haten déi eng G. Huewer an deem Stéck.
 
gewalteg Adj.: «gewaltig, übergroß» (häufig in Übertreibungen) manchmal adverbial gebr. — s. al, ellen.
 
gewaltsam Adv.: «mit Gewalt» — en as g. em d'Liewe komm.
 
Gewan (lok. phV. Norden Gewann) F.: «Gemarkung, Feld» (= Akerland, wou d'Wënneche gezillt gin) — eng ganz G. voll päifen (= mat eppes fäl goën) — de Wiseflouer, d'G. an de Bësch maachen de Bann aus — zur Zeit der Dreifelderwirtschaft zerfiel die G. in drei Teile: Broochgewan (Brachland oder Feldfutter, Hackfrüchte), Fruuchtgewan (Weizen und Korn), Lenzgewan (Hafer und Gerste, Hülsenfrüchte) — gelegentl. in Hausnamen: de Gewaner Néckel — a Gewaner (Haus am Dorfrand) — d'ganz G. konnt et héiere, wéi se sech vernannt hun (alle auf dem Feld Arbeitenden); dazu der ON. Bongeschgewan (Bonneweg-Nord, bei Luxemburg).
 
Gewanewäin M.: «Wein aus minderen Lagen».
 
Gewanewéngert M.: «Weinberge auf der Hochfläche» (im Gegensatz zu Bänke-, Buedemwangert, Iewent s. d.).
 
gewannen (Ind. Präs.: du gewënns, hie gewënnt — Part. Prät.: gewonn, Norden: gewonnen — Konj. Prät. Nösl.: ich gewënn) dafür sehr häufig auch das Simplex wannen trans./intr. Verb.: «gewinnen» — mir si (oder hu) gewonn — mir sin op der gewonnener Säit (u. a.: die größte Schwierigkeit ist überwunden) — mir sin um Wannen (unsere Partei siegt fortwährend) — wivill hues de gewonn? — wie gewënnt d'Etapp? — hie gewënnt, wann een e besser kennt (man lernt ihn erst richtig schätzen, wenn man näheren Umgang mit ihm hat) — wie gewënnt? spaßh. Antwort: deen nët spillt — 't as näischt derbei gewonn — mengs d'ech hätt méng Féiss an der Lotterie gewonn? (wenn jem. einen drauf tritt).
 
Gewarrels N.: «wulstförmiger Auswuchs» (bei Holz und Fleisch).
 
Gewächs (Pl. Gewächser — Ösling Gewjääss) N.: «Gewächs» (nur in der med. Bed. tumor, bes. im Unterleib).

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut