GlannertGlanneschGlanzGlanzlouGlanzzäitGlasGlas-GlasbléiserGlasburenGlasfabrekGlashausGlaspobeierGlasschneiderglaseg, glaassegglaséierenGlaserGlasettGlasurglatGlatheetglate FuurzGlatzglatschegGlaubegottvatterGlausglausengläässlech, gleesslechGläässner, GleessnergläichGläichGläichgläich-Gläich-gläichfallsgläichvillGläichgewiichtgläichjäreggläichméissegGläichméissegkeetgläichzeideggläichengläichensgläicher-gläicherhandgläichermoossengläicherweisGläichnesGläichtglänzengläweg, glewegglääflech, gleeflechgläwen, glewenGlécht, GläichtGléckgléckengléck(e)lechglécklecherweisGlécks--fra, frächenGlécksvullGléckshandGléckshaufGléckskandGléckskapGlécksradGléckszeechengléckséilegGléckséilegkät,- keetGledergled(er)engledenGléis, GleisGe-Gleis(er)gleis(er)englënnerenglënneregGlënnerGlëtschglëtsch(er)egglëtschenGlëtzGlëtzglëtzenglëtz(er)englicherän, -eenGliddGlidd-GliddkrautGliddmoossenGliddschoftGliddwaasserGlidder-GliddergiichtGlidderkrankhätGlidderheetgliddegGlies-chengliesenGliese- | Glannert M.: «Ährenleser».
Glannesch F.: «Ährenleserin».
Glanz M.: «Glanz» — déi Wichs mécht kä G. — en as mat G. aus der Chamber geflunn — e gouf mat G. erausspëdéiert — en as mat G. am Examen duerchgefall.
Glanzlou F.: «Silberrinde» (Gerberei).
Glanzzäit F.: «Glanzzeit» — séng G. as eriwwer.
Glas (Pl. Glieser, Nordgutl. Gleser, Nordösl. Gläser, Glaser, Dim. Glieschen, Glees-chen, Glääs-chen, Gliessen, Esch an der Alzette: Gläässen) N.: «Glas» — 1) als Materie — dat brécht ewéi G. — sprock (spröde, zerbrechlich) ewéi G. — looss dech a G. amaachen (zu einem Überempfindlichen) — du bas nët aus G., zéi dech (du machst mir Schatten) — ënner G. — du kriss eng iwwert de Brëll, dass d'G. der brécht (auch zu jem., der keine Brille trägt) — mir man e G. op dat Bild — en huet ewéi G. am Leif (jähzornig); 2) als Gefäß — e G. Béier, Mëllech, Wäin usw. — im Plur.: zwee Glieser Gebeess, aber zwee Glas Wäin — en huet ze déif an d'G. gekuckt, en huet e G. zevill, en huet e G. iwwer den Duuscht gedronk (er ist betrunken) — en huet e G. am Schniewel (er trachtet nach einem Glas Bier, Wein, Schnaps . . .); 3) im bes.: «Fernglas»; 4) beim Kinderspiel: mäin eent, zwee, dräi G. (Ruf beim Versteckspiel: drei Finger werden dabei angefeuchtet und gespreizt in die Luft gestreckt; solange sie nicht trocken sind, darf der Betreffende nicht abgeschlagen werden — anderswo dagegen: Glas! du bas! = «du bist getroffen, dran»).
Glas- -bléiser M.: «Glasbläser» — en huet en Duuscht ewéi e G.; -buren (Ton: 1, gelegtl. 2) Waldname: südwestl. Teil des Grünewaldes; -fabrek F.: 1) «Glasfabrik»; 2) «Wirtshaus» — du schaffs an der G. ma soss néiërens! (bist immer im Wirtshaus); [Bd. 2, S. 61] -haus N.: «Treibhaus» — meist dafür Serre (aus dem Frz. — s. d.); -pobeier M.: «Schmirgelpapier»; -schneider M.: «Diamant oder sonstiges Werkzeug zum Glasschneiden».
glaseg, glaasseg (lok. glieseg, Nordösl. glaserig) Adj.: 1) «verhärtet, seifig» (von alten Kartoffeln); 2) «schlüpfrig» — e glasege Wee.
glaséieren trans. Verb.: «glasieren».
Glaser (Nösl. Gläsermécher) M.: «Glasarbeiter» — zéich dich aus der Luut, däi Papp wor kär G. (Nösl.).
Glasett Name eines Stadtteiles von Remich (älter Glashëtt).
Glasur F.: «Glasur».
glat (lok. Vianden gleet) Adj.: 1) «glatt» — g. ewéi e Spigel, eng Frell, en Éil, en Atter, e Schier (Schermaus), en Nonnebauch, e Kanneraasch — ech hun e glaten Daler derfir kritt (einen blanken Taler); 2) übtr.: «abgefeimt, aalglatt» — g. ewéi en Éil; 3) verallgemeinert: «unredlich» — du bas mer er Glaten — von Sachen: «anrüchig» — da's mer eng g. (Geschicht); 4) adverbial gebr.: a) «ganz, durchaus» — g. (ganz) a guer nët (gar nicht) — da's g. nët wouer — g. näischt — wéi ech em dat gesot hun, du war et g. gefeelt — du bas g. verluer — g. ewech gelunn — 't as mer haut glat nët gemengt (bin gar nicht gut weder zur Arbeit noch zum Spaß aufgelegt); b) «leicht, ohne Schwierigkeit» — 't as g. (erof)gaang — g. ewech — sou glaterdéngs geet dat dann och nach nët; c) «genau» — 't geet g. op (beim Verrechnen, bes. beim Spiel; auch: elo si mer g.) — dazu die Steigerung: glateg (sehr glatt, schlüpfrig); die Abltg. Glatheet F., sowie in der Buchdruckerspr.: glate Fuurz M.: «glatter Werk- od. Zeitungssatz, Setzmaschinenfutter».
Glatz F.: «Glatze» — meist: plakeg Kopp, se geet bäi den Hënner zeruuchten.
glatscheg = glëtscheg (s. d.).
Glaubegottvatter M.: «nikäo-konstantinopolitanisches Glaubensbekenntnis».
Glaus (lok. Südwesten) F.: «Eisbahn».
glausen intr. Verb.: «auf der Eisbahn ohne Schlittschuhe gleiten» — s. glederen.
gläässlech, gleesslech Adj.: «gleißnerisch».
Gläässner, Gleessner M.: «Gleißner».
gläich Adj.: 1) «übereinstimmend» — dat bleift sech g. — mir si g. (gleichgestellt) — g. bei g. (bei Heiraten) ähnlich: gläiche Véi leckt sech gär — mer schloen eis g. (beim Handel, Spiel usw.: wir einigen uns auf gleiche Teile) — elo si mer g. (häufiger Zusatz: war mer d'Nuesen nach ewech hätten) —auch adverbial: wa mer eis g. gespillt hun, dann hale mer op — g. dälen (zu gleichen Teilen teilen) — 't war g. op g. (die Gegner hielten sich die Waage) — d'Rechnong geet g. op (geht glatt auf) — si si gläich(e) staark; 2) «eben» — um gläiche Buedem, op gläicher Äerd — — déi al Kar bleift op gläiche(m) Land halen — e schafft näischt, awer en hält de Ruecht gläich (er ißt viel) — dee spréngt mat gläiche Féiss an d'Waasser (von einem mutwilligen Knaben) — ech ka mat gläiche Féiss iwwer déi Heck sprangen (meist ohne Anlauf) — 't geet ee gläiche(s) Fouss an d'Haus (der Eingang liegt zu ebener Erde); 3) als Zeitbestimmung (adverbial): «sofort» — komm g. heem! — dajee bis g.! — ech soën der g. wat gelift (ich werde dir gleich heimleuchten) — 't gët g. Nuecht — g. Wuer, g. Geld (sofort bei der Lieferung zu zahlen); 4) in der Ra.: fir g. leie loossen «als unwichtig abtun» (cf. gläichvill).
Gläich I M.: «Ähnlichkeit» — säi G. as krepéiert (so schlecht, wie er ist, gibt es keinen mehr) — vu (zu) kengem G. (eraus — unvergleichlich) — et war eng Aarbecht sonner G. (sonnergläichen) — si wossten nët wuer se de G. sollten hindonken (sie wußten anfänglich nicht, wer er sei) — en huet op der Bor nach säi schéine G. (er gleicht sich noch auf der Bahre — cf. Verglach) — 't as kee G. ewéi ënnerdéngeg dee gin as — dee sicht säi Gläich a fënnef Länner — do as de G. dervu fort (so was gibt's nicht mehr).
Gläich II M.: 1) «Kettenglied»; 2) «mittlerer Teil der Schuhsohle».
gläich-/Gläich- -falls Adv.: «ebenfalls» — merci g.! -vill, meistens gläichevill Adj.: «wertlos, gleichgültig» — et muss een esou Geschichte fir g. leie loossen — Echt.: ich hoan et esu gläichevill gesot («nur so» — ohne besonders Gewicht darauf zu legen) s. firquaams; [Bd. 2, S. 62] -gewiicht N.: «Gleichgewicht» (auch moralisch) — et kënnt een nët méi a säi G. — en hält d'G. nët méi (ist angeheitert); -järeg Adj.: «gleichaltrig» (Wb. 06); -méisseg Adj.: «gleichmäßig»; -méissegkeet F.: «Gleichmäßigkeit»; -zeideg Adj.: «gleichzeitig» (Wb. 06) — dafür neuerdings lieber gläichzäiteg.
gläichen (Part. Prät. geglach) intr. Verb.: 1) «ähneln» — e gläicht em ewéi eng Drëps Waasser där aner(er) — auch einfach: wéi eng Drëps Waasser — si g. sech wéi duer gespaut, geschass, wéi aus dem Gesiicht eraus geschnidden — wiem gläicht en dann? 't as alt een ewéi se zum Duerf ausgin, vu vir gläicht e séngem Papp a vun hannen der ganzer Welt — dat gläicht dir, du Hännes (das sieht dir ähnlich) — e gläicht sech nët um Portrait (das Porträt sieht ihm nicht ähnlich) — e gläicht sech nët méi (meist pejor.) — e gläicht dës (dees) nët (er ist dazu nicht fähig, er sieht nicht danach aus) — 't muss een de Leide g. (zu jem., der keinen Wert auf sein Äußeres legt); 2) in der Sprache der Amerikaluxemburger (Anlehnung an engl. to like): «gern haben» — ech g. dat (das mag ich gern).
gläichens Präp.: «auf gleicher Höhe mit» — g. dem Buedem, dem Wee, der Äerd — en huet d'Hoer g. der Schwaart geschnidden (ewech) — d'Dëppen war g. dem Rand voll. | |