LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Gläichgewiicht bis glënneren (Bd. 2, Sp. 62a bis 63a)
 
-gewiicht N.: «Gleichgewicht» (auch moralisch) — et kënnt een nët méi a säi G. — en hält d'G. nët méi (ist angeheitert); -järeg Adj.: «gleichaltrig» (Wb. 06); -méisseg Adj.: «gleichmäßig»; -méissegkeet F.: «Gleichmäßigkeit»; -zeideg Adj.: «gleichzeitig» (Wb. 06) — dafür neuerdings lieber gläichzäiteg.
 
gläichen (Part. Prät. geglach) intr. Verb.: 1) «ähneln» — e gläicht em ewéi eng Drëps Waasser där aner(er) — auch einfach: wéi eng Drëps Waasser — si g. sech wéi duer gespaut, geschass, wéi aus dem Gesiicht eraus geschnidden — wiem gläicht en dann? 't as alt een ewéi se zum Duerf ausgin, vu vir gläicht e séngem Papp a vun hannen der ganzer Welt — dat gläicht dir, du Hännes (das sieht dir ähnlich) — e gläicht sech nët um Portrait (das Porträt sieht ihm nicht ähnlich) — e gläicht sech nët méi (meist pejor.) — e gläicht dës (dees) nët (er ist dazu nicht fähig, er sieht nicht danach aus) — 't muss een de Leide g. (zu jem., der keinen Wert auf sein Äußeres legt); 2) in der Sprache der Amerikaluxemburger (Anlehnung an engl. to like): «gern haben» — ech g. dat (das mag ich gern).
 
gläichens Präp.: «auf gleicher Höhe mit» — g. dem Buedem, dem Wee, der Äerd — en huet d'Hoer g. der Schwaart geschnidden (ewech) — d'Dëppen war g. dem Rand voll.
 
gläicher- -hand Adv.: «gleichmäßig, ebenmäßig» — d'Fruucht steet g. schéin; -moossen Adv.: «gleichermaßen»; -weis Adv.: «gleicherweise».
 
Gläichnes N.: «Gleichnis» — dafür lok. auch: Vergläichnes — si hun a (Ver)Gläichnësser geschwat.
 
Gläicht F. Var. zu Glécht (s. d.).
 
glänzen intr. Verb.: wie hd. — Echt.: glënzen.
 
gläweg, gleweg Adj.: 1) «gläubig»; 2) «vertrauensvoll» — en huet mech esou g. ugekuckt; 3) «glaubhaft» — dafür Wb. 06: glääflech, gleeflech — dat as jo bal nët gleweg (beinahe nicht zu glauben); 4) «fruchtbar» — glewege Buedem (gutes Erdreich, in dem alles gedeiht).
 
gläwen, glewen (Nordösl. gléiwen — Part. Prät.: gemeinlux.: gegleeft, nordlux. gegléift, bisw. geglouft, -gloft) trans. Verb.: «glauben» (nie in der Bed. «meinen») — dat gleefs de selwer nët — dat gleeft de Papp (beteuernd, bestätigend) — wann s d'et nët wëlls g., da muss de kucke goën (da looss et stoen) — gleefs dou nach un den Nikleeschen? (bist du aber naïv!) — du kanns jiderengem g., mä trau kengem — gleef mer ës! (beteuernd und drohend) — dat kanns de g. wann s de wëlls (dat ka g. wie wëllt) — du kanns et fräi g. — ech g. et léiwer wéi dass ech kucke gin — e gleeft u keen Himmel a keng Häll — übtr.: en huet missen dru g. (er kam nicht daran vorbei; er ging daran zugrunde; er mußte sterben) — dat as ze g. (das ist glaubhaft — neg.: dat as nët ze g. — cf. gläweg sub 3) — ech gleef wuel (es dürfte möglich sein).
 
Glécht, Gläicht F.: «Ebene» — wa mer emol op der G. sin, da geet et méi liicht — häufig als Flurbezeichnung.
 
Gléck N.: «Glück» — Spww.: Dee G. huet, (dee) féiert d'Braut an d'Kiirch (wie méi G. huet, dee geet mat er schlofen — dee féiert se heem) — G. mat de Päerden an Ongléck mat de Fraën (Fraleit) mécht dack e räiche Mann — G. am Spill, Ongléck an der Léift — D'G. läit am Geschéck — umgekehrt: D'G. kënnt nit ëmmer vum Geschéck (westlux.) - Du. (Echt).: Ween an der Welt säi G. wëllt maachen, dee muss mat de Leide kräischen a laachen (= de Mantel nom Wand hänken) — D'G. geet dem Soff no (anders: wat méi versoffen, wat méi G.) — E Pond, Léitche G. bréngt dack méi an (as méi wäert), wéi e Pond Verstand — Deem d'G. gutt wëllt, dee kann de Fanger am Botter (Aasch, an der Nues, an der Jhillistäsch) briechen; — Ra.: 't soll der kee G. bréngen (Verwünschung) — vill G. am neie Joer! (Neujahrsglückwunschformel) — 't wor der däi G., dass ech driwwer komm sin — deen hat méi G. ewéi Recht (Verstand) — d'G. as em an de Schouss gefall — deen huet G.: deem kaalwen d'Ochsen (um Späicher) oder: wann et Gold reent, dann huet en den Hutt verkéiert op — du kanns vu G. schwätzen — 't war nach e G. beim Ongléck — deen hat ewell allerhand G. (auch Unglück) am Liewen — elo kanns de däi G. maachen (benutze die günstige Gelegenheit) — probéier däi G.! (etwa bei der Lotterie) — op gutt G. — zum G. hat ech nach e puer Su an der Täsch — wat e G.! — e G. datt en dat nët wosst! [Bd. 2, S. 63] — d'G. huet kän Alter — cf. auch Chance.
 
glécken intr. Verb.: «glücken» — 't as em déi Kéier nët gegléckt — ech hun eppes am Schna, wann dat mer gléckt — dafür sonst lieber: an d'Rei goën, duerschloën u. ä.
 
gléck(e)lech Adj.: «glücklich» — deen huet eng g. Hand — du kënns nach e Meedche g. maachen (oft iron.) — dat wore g. Zäiten — ech hat e gléckleche Moment geroden (getraff) — géif Gott em eng g. Stonn, dass en erléist wier!
 
glécklecherweis Adv.: «glücklicherweise».
 
Glécks- -fra, frächen F.: «gütige Fee» (im Märchen); -vull M.: «Glückspilz»; -hand F.: «glückliche Hand»; -hauf F.: «Schafhaut, Helm des neugeborenen Kindes» — en as mat enger G. op d'Welt komm (frz.: il est né coiffé); -kand N.: «Sonntagskind» (cf. Gëlleguetskand); -kap F.: «Glückskappe» in der Ra.: eng G. op hun (etwa beim Spiel auffällig viel Glück haben); -rad N.: «Glücksrad» (einer Lotterie); -zeechen N.: «glückliche Vorbedeutung».
 
gléckséileg Adj.: 1) «glückselig» — gängige Wunschformel: ech wënschen iech vill Gléck am neie Joer, laang ze liewen a g. ze stierwen; 2) «überglücklich» — e war g. wéi en déi Nouvelle krut; 3) spaßh. übtr.: «betrunken»; dazu die Abl.: Gléckséilegkät,- keet F.
 
Gleder (lok.) F.: «Eisbahn».
 
gled(er)en, Osten auch gläden intr. Verb.: «gleiten» (und zwar allg. nur im Osten, etwa in Vianden belegt — sonst im bes.: «auf der Eisbahn gleiten» — wie glëtschen, s. d.) — cf. im allg. rëtschen.
 
gleden (lok. Osten) trans. Verb.: «glätten».
 
Gléis, Gleis s. sub Ge-.
 
Gleis(er) (nördl. Gutland) F.: «Eisbahn» — op der G. goën (auf der Eisbahn gleiten) — s. Glëtsch.
 
gleis(er)en intr. Verb.: «auf der Eisbahn ohne Schlittschuhe gleiten».
 
glënneren (Echt.: gleeneren) intr. Verb.: 1) «glänzen» — e glënnert vu Fräd, vu Fett iwwer d'ganz Gesiicht; 2) übtr.: «betrunken sein» — dazu das Adj.:

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut