LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Gléck bis Gliddergiicht (Bd. 2, Sp. 62b bis 63b)
 
Gléck N.: «Glück» — Spww.: Dee G. huet, (dee) féiert d'Braut an d'Kiirch (wie méi G. huet, dee geet mat er schlofen — dee féiert se heem) — G. mat de Päerden an Ongléck mat de Fraën (Fraleit) mécht dack e räiche Mann — G. am Spill, Ongléck an der Léift — D'G. läit am Geschéck — umgekehrt: D'G. kënnt nit ëmmer vum Geschéck (westlux.) - Du. (Echt).: Ween an der Welt säi G. wëllt maachen, dee muss mat de Leide kräischen a laachen (= de Mantel nom Wand hänken) — D'G. geet dem Soff no (anders: wat méi versoffen, wat méi G.) — E Pond, Léitche G. bréngt dack méi an (as méi wäert), wéi e Pond Verstand — Deem d'G. gutt wëllt, dee kann de Fanger am Botter (Aasch, an der Nues, an der Jhillistäsch) briechen; — Ra.: 't soll der kee G. bréngen (Verwünschung) — vill G. am neie Joer! (Neujahrsglückwunschformel) — 't wor der däi G., dass ech driwwer komm sin — deen hat méi G. ewéi Recht (Verstand) — d'G. as em an de Schouss gefall — deen huet G.: deem kaalwen d'Ochsen (um Späicher) oder: wann et Gold reent, dann huet en den Hutt verkéiert op — du kanns vu G. schwätzen — 't war nach e G. beim Ongléck — deen hat ewell allerhand G. (auch Unglück) am Liewen — elo kanns de däi G. maachen (benutze die günstige Gelegenheit) — probéier däi G.! (etwa bei der Lotterie) — op gutt G. — zum G. hat ech nach e puer Su an der Täsch — wat e G.! — e G. datt en dat nët wosst! [Bd. 2, S. 63] — d'G. huet kän Alter — cf. auch Chance.
 
glécken intr. Verb.: «glücken» — 't as em déi Kéier nët gegléckt — ech hun eppes am Schna, wann dat mer gléckt — dafür sonst lieber: an d'Rei goën, duerschloën u. ä.
 
gléck(e)lech Adj.: «glücklich» — deen huet eng g. Hand — du kënns nach e Meedche g. maachen (oft iron.) — dat wore g. Zäiten — ech hat e gléckleche Moment geroden (getraff) — géif Gott em eng g. Stonn, dass en erléist wier!
 
glécklecherweis Adv.: «glücklicherweise».
 
Glécks- -fra, frächen F.: «gütige Fee» (im Märchen); -vull M.: «Glückspilz»; -hand F.: «glückliche Hand»; -hauf F.: «Schafhaut, Helm des neugeborenen Kindes» — en as mat enger G. op d'Welt komm (frz.: il est né coiffé); -kand N.: «Sonntagskind» (cf. Gëlleguetskand); -kap F.: «Glückskappe» in der Ra.: eng G. op hun (etwa beim Spiel auffällig viel Glück haben); -rad N.: «Glücksrad» (einer Lotterie); -zeechen N.: «glückliche Vorbedeutung».
 
gléckséileg Adj.: 1) «glückselig» — gängige Wunschformel: ech wënschen iech vill Gléck am neie Joer, laang ze liewen a g. ze stierwen; 2) «überglücklich» — e war g. wéi en déi Nouvelle krut; 3) spaßh. übtr.: «betrunken»; dazu die Abl.: Gléckséilegkät,- keet F.
 
Gleder (lok.) F.: «Eisbahn».
 
gled(er)en, Osten auch gläden intr. Verb.: «gleiten» (und zwar allg. nur im Osten, etwa in Vianden belegt — sonst im bes.: «auf der Eisbahn gleiten» — wie glëtschen, s. d.) — cf. im allg. rëtschen.
 
gleden (lok. Osten) trans. Verb.: «glätten».
 
Gléis, Gleis s. sub Ge-.
 
Gleis(er) (nördl. Gutland) F.: «Eisbahn» — op der G. goën (auf der Eisbahn gleiten) — s. Glëtsch.
 
gleis(er)en intr. Verb.: «auf der Eisbahn ohne Schlittschuhe gleiten».
 
glënneren (Echt.: gleeneren) intr. Verb.: 1) «glänzen» — e glënnert vu Fräd, vu Fett iwwer d'ganz Gesiicht; 2) übtr.: «betrunken sein» — dazu das Adj.: glënnereg «glänzend» — Glënner M. — d'ganz Gewan war ä G. (Glanz der im Schnee von der Sonne bestrahlten Flur) — eng Glënnernues (Trinkernase).
 
Glëtsch F.: «Gleit-, Eisbahn» — dafür lok. Rosport: Gluutsch.
 
glëtsch(er)eg Adj.: 1) «glatt, schlüpfrig» — lok. auch: glatscheg, glätscheg; 2) bisw. übtr.: «anstößig».
 
glëtschen intr. Verb.: 1) «gleiten» — et kënnt ee liicht un d'G. — en as op dem glate Buedem ausgeglëtscht; 2) lok.: «auf der Eisbahn ohne Schlittschuhe gleiten» — dafür lok. auch: glitschen, Rosport gluutschen.
 
Glëtz M.: «Glatteis, Eisregen» — 't fällt G. (es regnet und gefriert sofort) — auch: Glëtzäis.
 
Glëtz F.: lok. Var. für Glëtsch (s. d.) — dafür lok. auch: Gliks (Ösl.), Glinz.
 
glëtzen intr. Verb. = glëtschen sub 2 — dafür lok. gliksen (Ösl.), glinsen, glinzen, glisen.
 
glëtz(er)en intr. Verb.: «funkeln, glitzern» — de Schnéi glëtzert.
 
glicherän, -een, (lok. glichwidder-) Pron.: «ein jeder, jedweder, jeglicher», — si daachen g. näischt (sie taugen alle nichts — Mosel).
 
Glidd (lok. Glid) N.: 1) «Glied» — ech hun all G. wéi — e spiert et nach an alle Glidder — en huet et an alle Glidder (er hat eine starke Erkältung) — de Schreck as em an d'Glidder gefuer, stécht em nach an de Glidder — ech hun (spieren) de Reen an de Glidder — méng Glidder sin ewéi gebrach, 't gët aner Wieder — ech ka kee G. méi réieren — sief frou dass de déng gesond, oder grued Glidder nach hues — spuer der déng gesond Glidder (oder déng Glidder gesond) — en huet d'Glidder ausernän vu lauter Schaffen — e falscht G. (offenes Kettenglied — dafür auch: Noutrank); 2) «männliches Glied»; 3) «Stück der Rebe zwischen zwei Knospen»; 4) «Stirnreihe» — si kommen do a Rei a G.
 
Glidd- -kraut N.: «gemeines Labkraut»; -moossen nur Plur.: «Gliedmaßen»; -schoft (lok. Echt.) F.: «Sippschaft» (verächtlich); -waasser N.: «Gliedwasser».
 
Glidder- -giicht F.: «Gelenkrheuma»;

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut