| Gubbel(t)chen (Pl. -iën, -cher) M.: 1) meist «becherartige Henkeltasse» — hatt kann nët ouni séng sechs Gubbelië schlofe goen (sechs Tassen Kaffee); 2) gelegtl. «Becher» (der Bed. im Frz. entsprechend); 3) lok. «Schüsselchen» — dazu die Zussetz.: Gubbeltaass F.; 4) Gubbli spaßh. für Couplet «Strophe eines Liedes».
gobéieren Verb.: 1) trans. nur übtr.: «kritiklos hinnehmen»; 2) refl.: «von sich eine hohe Meinung haben».
Gobbo M.: «einfältiger Mensch».
Goddo, Godi F.: 1) «Großmutter» (cf. Gued); 2) «alte Frau».
Godrong, Godderong M.: «Teer» — neuerdings auch wie frz. goudron — (s. Diert).
god(de)ronnéieren trans. Verb.: «teeren» (auch: goudronnéieren).
Godet (wie frz. aber Ton: 1, Pl. Godeën) F.: «nach oben verjüngter, trapezförmiger Bestandteil des glockig fallenden Rockes» — de Rack as a Godeë geschnidden — de Rack fällt a Godeën (cf. Géier).
go(e)n (lok. Westen gouen, Anlaut im nördlichsten Ösling bisw. -j; Ind. Präs.: ech, mir, si gin, Südwesten lang gesprochen, du gäs/gees, Südosten gääsch(d)e und dou gääsch — cf. Bruch, Grundlegung, Karte 45/E —, hie gät/geet; Ind. Prät.: go(u)ng, lok. Ostrand gu(u)ng; Konj. Prät.: gé(i)ng, lok. Ostrand gi(i)ng; Imperativ: géi, Ostrand gi — cf. op. cit. Karte 35/F —, Westen goi — op cit. Karte 37/M —, Nordösl. gank — op. cit. Karte 43/C, H; Part. Prät.: ga(a)ng(en), Nordösl. gange) intr. Verb.: «gehen»; 1) im urspr. Sinn: «schreiten» — Raa.: géi méi lues! — e geet do wéi wann en en Ee hannen hätt — mir gin zu Fouss — e geet derduerch wéi e Postpäerd — e geet ewéi de Schlek iwwert d'Brooch (langsam) — op deem Pavé geet ee wéi op Äer, aber auch: e gät ewéi op Äer (vorsichtig) — ech gin ewéi op Brennesselen, Dëschtelen, gliddeg Kuelen (sehr ungeduldig) — wéi op gliese Pantëffelcher (sehr zimperlich) — hei geet et sech schlecht — e geet op de Spëtzten, op den hënneschte Been (er ist hochmütig) — ech sin däers Goës midd — hie geet gemälleg säi Piedchen, aber auch: géi däi Pad/Piedchen (unwillig, wenn man sich einer Sache entledigt hat) — abweisend: géi a looss der een zu Nouspelt baken (... a looss der d'Féiss splécken u. ä.) — ech si gaang wéi Zäerde Mäerten no Veianen (ich habe einen unnützen Gang gemacht — cf. Metzleschgank) — e geet ewéi en Edem (er gehorcht ohne zu murren) — e geet an de Buedem, mat der Nues iwwert de Buedem (vornübergeneigt) — e geet an de Knéien (mit gebeugten Knien; anders aber: an d'Knéien, an d'Getten — cf. sub 2) — hie pisst iwwert dem Goën (übereilig) — ech konnt nët méi g. an nët méi stoen — hie geet eng Grimmel schlamm — hie geet nët riicht op de Been — e geet daper drop lass — looss e g. en huet der näischt gedoen (lasse ihn unbehelligt seines Weges ziehen) aber auch einfach: looss goen! (laß los); Spww.: Looss g. wat geet, looss stoe wat steet, da gët der näischt leed — Wat nët g. wëllt, looss stoen! — Besser schlecht gefuer ewéi gutt gaang (je nach Bedarf auch umgedreht gebraucht, anders: besser schlecht geridden wéi houfreg gaangen); 2) «sich fortbewegen zu einem besonderen Zweck» meist in Verbindung mit einer näheren Bestimmung (meist einer Richtungsbezeichnung od. einem Infinitiv) — ech gi bis aus, an d'Stad, op Hamm, op d'Gare, op den Zuch, op d'Kiirmes, an de Kino usw. — a wuer geet et (oder d'Rees) dann hin? — géi deem aus dem Wee — dat anert Joer geet en an d'Schoul (nächstes Jahr wird er schulpflichtig) — dagegen: e geet op d'Schoul (= e geet virun, weider, léieren «er besucht eine höhere Schule, Universität») — e geet fir Dokter (er studiert Medizin) — ech gin op d'Aarbecht, de Büro, d'Fabrek, den Handel, de Maart, de Minett, d'Schmelz usw. — e geet op de Kascht (lass) — e geet bei de Meeschter (in die Lehre) — e geet mat der Këscht um Bockel (hausieren) — op d'Walz — ech gi guer nët méi eraus, ënnert d'Leit — hatt geet all Sondes bei den Danz — d'Kanner gi liichten (cf. Liichtebengelchen) — e muss stempele g. (eine Arbeitslosenunterstützung in Empfang nehmen) — elo gi mer een huelen — e geet bëschen (s. d.) — 't as fir hääschen ze goen (an den [Bd. 2, S. 66] Bettelstab zu kommen) — e geet op d'Juegd, op d'Lauer (wildern), op de Bock (den Bock jagen), op den Hiecht (den Hecht angeln) — hatt geet op den Termäin (Rendez-vous) — hatt geet op de Stréch (von einer Prostituierten) — hie geet friem, niewelaanscht (er begeht Ehebruch) — e geet bei d'Medercher — ech gin nach mat dénger Läich (ich werde dich überleben) — e geet mat der Häerd — hie geet (zéit) mat Schmatts Sisi (freit um sie; aber auch: verkehrt mit ihr) — du as en an d'(héi) Luucht gaang (erschrocken — aufgebraust) — hie géing fir séng Iddi an d'Graf — du gees geschwënn an de Gins (stirbst) aber auch: ad patres, kappen (cf. auch sub 5) — e geet an d'Knéien, d'Getten (er hat einen Schwächeanfall) — e geet op de Cabinet, op d'Dëppen, op d'Hais-chen, zu Stull, aber auch einfach: ech si schon dräi Deeg nët gaang, dovu geet ee gutt und unpersönlich: et geet hannenewech, 't as an d'Bett, d'Box, de Kalzong gaang — 't as mer eppes niewelaanscht gaang (auch: an d'Vaderonserlächelchen, an déi verkéiert Strass) — de Reen geet bei d'Gromperen (der Regen ist so stark, daß er bis zu den Wurzeln der Kartoffeln dringt) — den Niwwel geet an d'Luucht (der Nebel steigt) — alles geet fleten — da ging dat Déngen queesch (R.) — e geet mat hinnen duerch déck an dënn (hat sich der Partei verschrieben) — dat do geet ze wäit — 't geet op Mechelen (neuerdings: Méchela «Michelau», weil «Mecheln», vor 1795 der Sitz der höchsten Gerichtsinstanz der 12 ndl. Provinzen, nicht mehr verstanden wird) — d'Framënsch as an d'Waasser gaangen — 't geet op Doud a Liewen (es geht ums Leben) — auf die Frage: War et de Jhang? erfolgt die Antwort: ech hun en emol fir dee goe losst (gelosst) (ich habe angenommen, er sei betreffende Person) — Wuer geet dee Wee? Bei eis gin d'Weën nët, awer d'Mënschen, sot den Ellespil — e gung sich drop erhänken (R.); 3) «fortgehen» — da looss(e) mer g.! — ma géi dach nëmmen! (verschwinde! laß mich ungeschoren!) — géi mer aus de Féiss(en), aus der Luucht, bei der Deiwel! — gees de huss! — ech konnt soe wat ech wollt, en as einfach nët gaang — géi dénger Wee (dénges Wees), hei as fir dech näischt ze géissen — géi heem, bei d'(déng) Mamm! — eis Mod (Dienstmagd) geet fir den éischten — dazu in übtr. Bed.: ma géi (du) mer ewech! (bekräftigend in die Rede eingeschoben) — (a) wann s de nët gees! (zweifelnd, abweisend, unwillig) — dafür im Südosten: wann sch (d)e nët gääsch! — ech hoffen, dovu geet näischt fort vun hei (= 't gët näischt virunerzielt) — gees de goen! (weg mit dir!); 4) «sich in einem Zustand befinden, auftreten» — ech géing nët esou g. (würde mich nicht so in der Öffentlichkeit zeigen) — hie geet am Schnëppel an am héijen Hutt — hatt geet mat enger Tromm (von einer Schwangeren, bes. einem verführten Mädchen) — ech sin ze laang (dermat) gaangen (ich habe die Krankheit zu lange nicht behandeln lassen) — auch unpersönlich: 't goung haart erof, haart op haart, héich hier u. ä.; 5) «in einen Zustand geraten» — etwa wie «werden» (mit einem Prädikatsnomen oder einer Umstandsbestimmung) — e geet futti, vreckt (von Sachen) kabaures, kapores, hëmmescht (von Tieren) — (cf. auch sub 2) — dat geet nët méi hannescht (in Ordnung) — méng Auer as verluer gaang — méng Auer gung verluer — d'Saach geet an d'Rei — d'Saach geet schif, an d'Bréch — dobäi gin ech zegrond — auch unpersönlich: elo geet et lass — 't geet biergof mat em — refl.: e léisst sech g.; 6) «vonstattengehen, zugehen, sich zutragen» Vergleiche: dat geet ewéi eng Auer, de Blëtz, eng Kugel, d'Kugel aus der Flënt, geseent Liicht, d'Mëtsch am Buttek, Papier musique, a Piwo, op Ruletten, an (un) der Schnéierchen, mat Spaut — ewéi geleckt, gepaff, gesongen, geschmiert, gewënscht — 't geet em gutt vun Hand — 't geet nët méi schlëmm wéi nom Doud an d'Häll — et geet wéi op Mates hirer Hochzäit (wéi kee Kabes méi do war, du war och kee Fleesch méi do — Armeleutehochzeit) — 't geet nët méi laang — 't geet nët méi mat mir — elo geet et nët méi weider — 't geet nët viru mat der Aarbecht — d'Geschäft geet gut — déi Artikele gin (zéien) nët méi — esou laang wéi et geet as et och gutt — 't geet nun eemol nët aneschter — 't as gaange wéi et da geet — 't as gaange bis et duer gaangen as (bis et nët méi gaangen as — an dou war et zou Enn); 7) «sich bewegen, funktionieren» — kuck emol, wéi déi Aë gin — säi Mond geet ewéi eng Millen — lauschter emol, wéi säin Otem (Bols, Häerz) [Bd. 2, S. 67] geet — d'Maschin geet — d'Schell geet (es klingelt; aber auch: die Klingel ist in Ordnung) — d'Schlass geet schwéier — en as do, esou bal nëmmen eng Kläckelche geet — 't geet nët méi, näischt geet mäi — im besonderen (je nach dem Subjekt): d'Äis geet (Eisgang) — d'Drauwe gin (an de Wäin) — d'Fësch gin haut guer nët (beißen nicht an) — d'Lou geet ewéi eng Widd (die Rinde löst sich leicht, wie eine Weide) — déi Mënz geet nët hei (auch übtr.) — déi Tricke gin nët (zéien nët) — d'Kar geet an d'Éien, de Weess aus de Boxen, d'Huewer an d'Haachen (die verschiedenen Getreidearten bilden Ähren); 8) «sich schicken, passen» — deen Hutt geet der gutt — dat geet him wéi der Kou de Suedel — dat geet mer — dat géing dir esou, fir de ganzen Dag um faule Réck ze leien — wann dat géing! — dat do geet nun awer nët — 't kann nët esou weider goën — geet eppes nët? — 't geet nët datt s du näischt schaffe wëlls — dat geet fir eng Zäit; 9) «sich ausdehnen, reichen» (räumlich und zeitlich) — eise Gaart geet vun der Strooss bis bei d'Uelzecht — sou geet dat scho joerelaang — dat geet vu muerges fréi bis owes spéit — 't gung schons haart un d'Nuecht; 10) unpersönlich, vom menschlichen Befinden — wéi geet et (dann)? — 't geet (alt, alt esou, op zwä Been — gutt, schlecht) — wann et besser géing, da wier et kaum nach auszehalen — mir dun et g. — wéi et denen aarme Leide geet — 't geet em ze gutt — looss der et gutt goen — wéi geet et mat der Gesondheet, mam Fouss, mat déngem Papp? —sou gung et mam Kanéngchen (R.); 11) expletiv (bisw. mit der Nebenbedeutung eines Futurums) — wie geet da léien? — du wärs dach nët léie g! — elo gi mer g. — gäs de scho g.? (willst du schon aufbrechen?) — wat geet een do machen? — hie wier amstand, e géing dech iwerall beschäisse goen — gi mer nët ausgelaacht gin? (wird man uns nicht auslachen?); 12) in mannigfacher lockerer Verbindung mit Präpositionen und Adverbien — z. B.: bäi: renn nët esou, soss gees de nach bäi (mit dem Auto z. B.); duer: en as op en duer gaang, wéi wann en e wëllt andun; duurch: e geet nët duurch déi Dir; fir: et geet fir de Su, fir d'Éier, fir de Glaf, fir d'Land — fir wivill geet et? (wie hoch ist der Einsatz?) — 't geet engem fir d'Kuuscht (man verliert das tägliche Brot, das Einkommen) — elo geet et der fir de Fierzel (jetzt mußt du sterben) — 't mengt än, 't géing fir eng (gëlle) Kou; géint: dat geet mer géint de Stréch (widder d'Gemitt); iwwer: 1) et geet näischt iwwert eng gutt Zopp — spaßhaft: 't geet näischt driwwer wat drënner as — dat geet him iwwert d'Huttschnouer - dat geet awer iwwer all Mooss; 2) geet d'Haus och mat iwwer? (wird das Haus auch mitversteigert?); op: wivill Äppel gin op e Pond? (wieviel Äpfel machen ein Pfund aus?) — mäi ganzt Verméige geet drop — e geet op e bëllegt Haische lass (er sucht ein billiges Haus zu erwerben) — dat geet engem op d'Nerven — e geet drop lass ewéi déi Wëll op d'Bananen — e geet an deem Haus op an zou (verkehrt dort regelmäßig); un: e wollt u mech g. (wollte mich angreifen) — séng Wierder sin u mech gaangen (haben mich ergriffen) — de Wäi geet un dech (steigt dir in den Kopf) — e geet nët drun (er tut es nicht) — beim Spiel: mer gin drun (= se kréien eis drun «wir sind verloren») — e geet mir nëmme bis un d'Schëller;— andere feste und unfeste Verbindungen s. unter den betreffenden Präpositionen; 13) als Hilfsverb zur Bildung des Konjunktivs des Präteritums, im Sinne von «werden» — ech géing dat nët maachen — hie mengt, ech géing him alles gläwen usw. — cf. auch zu diesem Gebrauch gin und dun.
Goal (go:l, go·l, Pl. -en, -er) M.: «Fußballtor».
Gof (Pl. Gowen) F.: «Gabe» — cf. gëflech.
Gofouss M.: «kriechender Hahnenfuß, Ranunculus repens» (s. Pëlpes).
Gok(es) M.: «Gauch, Dummkopf» — die Einwohner von Sierck heißen im Volksmund di Siercker Goken (bisw. auch Koken) — cf. dagegen auch Gakes.
gokelen intr. Verb.: «gaukeln, spaßen».
Gokeler M.: «Gaukler, Spaßmacher» — dazu das Fem. Gokelesch, und die Abl. Gokelerei F.
Gold (Westen Goold, Gould) N.: «Gold» — Spww.: 't as nët alles G. wat blénkt (gelegtl. Zus.: an nët alles Dreck wat sténkt — anders: nët alles wat glënnert as G.) — laascht d'G. gefloss, nët vill dervu genoss (schlecht vergoldet) — Pafendaller G. (Kupfer, [Bd. 2, S. 68] Tand) — Trompette Gold (deutsche Vergoldung, für die, je nach dem Preis, neben hohen auch niedrigere Karatsätze zugestanden sind) — Raa.: dat as G. wäert — deen as esou gutt ewéi (eng Staang) G. — giel, trei ewéi G. — Arten: gielt, rout, wäisst G. — 't as vu(n elauter) G., dagegen (mit dem Ton auf vu) : 't as vu Gold (weit davon entfernt, Gold zu sein = 't as wäit vu G.) — ech wëllt et nët, a wann et den Aasch a G. gezappt hätt.
Gold- -aarbechter F.: «Goldarbeiter»; -ammer F. (nur lok. Echt.) in der Ra.: fru wi en G. (wobei wohl an das Gold der ersten Silbe angespielt wird) — cf. dagegen Gielemännchen; -apel M.: meist dafür -parmäin M. (s. d.); -bierg M.: «Goldberg» — häufig als Flurn. (so z. B. bei Kehlen, Weinberglage bei Stadtbredimus); -blietchen N.: «Goldblättchen», früher gewissen Arzneiflüssigkeiten zugesetzt; -blumm F.: «gelbweißes Ruhrkraut»; -buttik M.: «Goldwarengeschäft» — 't huet erëm de ganze G. u sech (von einem Dorfmädchen, das seinen ganzen Schmuck trägt); -faarf F.: «goldähnliche Farbe»; -fanger M.: «Ringfinger» — andere Namen dafür sub Fanger (T. I/S. 302, 2. Kol.); -feier N. = Geldfeier (s. d.); -fësch M.: 1) «Goldfisch»; 2) «reiches Mädchen» — hien huet de G. gefaang (hat ein reiches Mädchen heimgeführt); -villchen, -käppchen M.: «Distelfink, Carduelis» (auch dafür: -schmatt, Dëschteldiitchen, -villchen); -fra, -frächen F.: der Sage nach schatzhütende, in die Goldkaul verwünschte Schlangenjungfrau; -fralä, (-lee) F.: «Felsen bei Consdorf» (cf. Lä, Lee); hier hält sich nach der Sage eine goldspinnende Fee auf; -frang M.: «Goldfranken»; -giel (golde-, golte-) Adj.: «goldgelb»; -griecht, -grouf, -kaul F.: 1) «Goldgrube» — häufig als Flurn., wohl meist in Verbindung mit sporadischen Schwefelkiesvorkommen, lok. Sagen zufolge Aufenthaltsort der Goldfra (s. d.); 2) «gutgehendes Geschäft» (in dieser Bed. nur -grouf); -int F.: «Gänsesäger, Mergus merganser» (Vogel); -käppchen M.: «Distelfink»; -koup M.: «Goldhaufen» — ech wëllt, e séiz op engem G. (Verwünschung eines Geizigen, Geldgierigen) — datt s de nëmmen op e G. fléigs (ähnlich — auch zu Sachen, die einem aus der Hand fallen); -kummer F.: «Schatzkammer» — z. B.: dem Grof Sigfrid séng G.; | |