LWB Luxemburger Wörterbuch
 
gräifen bis Gréif- (Bd. 2, Sp. 76a bis 77b)
 
gräifen (Part. Prät. gegraff) Verb.: A. trans.: «greifen, packen» — ech kréien et nët ze g. (es ist nicht handgreiflich, übtr.: schwierig zu verstehen) — ech mengen, ech kënnt den Numm g. — se g. sech (fassen sich zum Tanz) — deen do kriss de nët ze g. (gibt sich keine Blöße) — ech kann et mat den Hänn(e) g. dass . . . (es liegt auf der Hand) — dat as aus der Loft gegraff — en huet eng falsch Nout gegraff (beim Musizieren); B. intr.: 1) «greifen nach» — do soll ee mat béiden Hänn derno g. (günstige Gelegenheit) — e gräift em alt hei ans do ënnert d'Äerm — en huet ellen derlaanscht gegraff — ech hun an eppes Fiichtes gegraff; 2) «wirksam sein» — d'Faarf, Saleft, Schnéikette, Schrauf gräift nët — bei deem gräift näischt wéi all Dag Streech — dat gräift nët bei mir — déi Kéier huet et gegraff (eine Ermahnung, Rüge, Strafe) — däi Gekrëscht gräift nët bei mir; 3) mit ëm sech: «sich ausbreiten, zunehmen» — den Houfert gräift ëmmer méi ëm sech — wann dat bis ëm sech gräift, gët een et nët méi Meeschter.
 
Gräifer(kran) M. wie hd. — Neol. aus dem Hd.
 
Gräin männl. Vorn.: «Quirinus» — bes. vom Heiligen: Zënt Gräin — dazu die Hausn.: Grein, Krein(s).
 
Gräins- -bloderen Pl. F.: «Blattern» — geheilt durch Wasser aus dem Gräinsbur; -bur M.: «Quirinusbrunnen», nahe der Gräinskapell; -kapell (Ton: meist 3) F.: «altes, in den Felsen gehauenes Heiligtum im Petrustal ënnescht Pietres, in Stadtluxemburg»; -kiirmes F.: «kleine Kirmes von Stadtgrund»; -waasser N.: «gesegnetes Wasser aus dem Gräinsbur» — (s. -bloderen).
 
gräis, greis Adj.: 1) «grau» — séng Hoer si gräis, aber eher: en huet greis Hoer — g. an nach nët weis — de ganzen Dall war g. vu Bromä; 2) «getrübt» — d'Waasser, d'Sauer as g.
 
Gräisch ON.: «Greisch» — Gem. Simmern, Kant. Capellen — 306; elo geet et wéi zu G. an der Kiirch, do huet eng al Fra de Credo gesongen (anders: do as eng al Fra affere gaangen, an se hat de Mann op dem Réck).
 
gräisslech, -lich Adj.: 1) «häßlich» — g. ewéi eng Doudsënn, eng Mouk — du gräissleche Kärel, du g. Gestalt (iron.; gelegtl. auch moralisch) Antwort darauf: du bas och där Schéinster keen — so keng esou g. Wierder! — eng g. Fra leeft engem nët fort — schneid keng esou G.! — déi gräisslechst Déier sin dacks déi nëtzlechst — du gräisslecht Gesiicht!; 2) «verwerflich, abscheulich, häßlich» — 't as g. engem esou an d'Gesiicht ze léien — du hues dech g. beholl; dazu die Abl.: Gräisslechkeet F.: «Häßlichkeit» — wann d'G. sange géif (scil.: dann hätte mer de schéinste Concert).
 
gräppen, grëppen trans. Verb.: «Flachs, Hanf in Büschel zusammendrehen, um sie auf die Darre zu legen» — cf. Grapp sub 3.
 
Grätsch F.: s. Graatsch u. Krätsch.
 
grätschen, grëtschen intr. Verb.: «knirschen» — op den Zänn g. (bes. vom Pferd, aber auch allgem. etwa als Zeichen der Wut) — cf. graatschen.
 
gräwen, grewen I (gräen, greën Stadtlux. gréiwen, Ostrand grA:iən, Echt. bisw. kr-) trans. Verb.: 1) «aussieden»; 2) «mit Speck zubereiten» — gegrääft Gromperen — cf. das Subst.: Gréif; dazu die Zussetz.: Grä(f)- pan (Greef-, Echt. Gra:i-) F.: «kleiner, hochrandiger Auslaßtiegel» — s. Digel.
 
Gräz, Greez M. = Gräzert (s. d.) — s. Bamgräz.
 
gräwen, grewen II (Ga.) trans. Verb.: «erwischen, wegstehlen».
 
gräzeg, grezeg Adj.: «muffig» (Geruch und Geschmack) — s. auch grogräzeg.
 
gräzen, grezen intr. Verb.: «muffig riechen, schmecken» — dat Faass greezt, 't kënnt än nët emol Viz dran dongen.
 
Gräzert, Grezert M.: 1) «muffiger Geruch, Geschmack»; 2) «Faß-, Stöpselgeschmack» — de Wäin huet e G.; 3) «habsüchtiger, äußerlich vernachlässigter Mensch».
 
Grä(t)zen, Grëtzen (lok. Ösl.) Pl. M. gelegtl. auch Sg. F. Grätz: 1) «kleine Zweige»; 2) «Faschine»; 3) «Stützreiser, [Bd. 2, S. 77] die zu Bohnen und Erbsen gestellt werden» — géi G. siche fir d'Feier unzefänken, fir e Biesem ze man.
 
grä(t)zen trans. Verb.: 1) «mit einer Rute schlagen, Spießruten laufen lassen» — e gouf gegrätzt; 2) «Bohnen, Erbsen mit Reisern stützen» — sonst dafür auch: reiseren — s. auch Schmanken, Reisercher.
 
Greechen M.: 1) «heuriger Wein» — sobald der folgende Jahrgang gekeltert ist, heißt dieser: G. u. der frühere wird nunmehr alen (alter Wein) genannt (das Wort ist im Begriff einen pejor. Nbsinn zu bekommen); Ra.: Wi mécht de G. sech? (wie entwickelt der neue Wein sich?) — mer kommen emol de G. schmaachen (leise Anfrage bei Brautwerbung); 2) «graues Tuch» (nach Wb. 06 in Wiltz belegt).
 
Grefer, Grep(er) M.: 1) «Weberknecht» (Art Spinne) — s. Léngewiewer; 2) oft für «Kohlschnake» — cf. auch Hippebeen.
 
Grëff (lok. dafür Graff — Pl. Grëff, Grëffer) M.: «Griff», und zwar: 1) «Handlung des Greifens» — en huet e G. an d'Caisse gedoën — mat engem G. hat ech e gepaakt — dat war e gudde G. — en hat e falsche G. gemat — et behält ee kee G. — dat spiert een um G. — beim Nußhändler: fënnef Grëff sin en halleft Honnert Nëss (er greift automatisch 5 Nüsse mit einer Hand); 2) «Fertigkeit» — en huet et am G. fir een an Amen a Jo ze raséieren — auch auf intellektuelle Fertigkeit bezogen: hien huet et am G. fir een eranzelëen — do as näischt ze fréckelen, dat muss een am G. hun — eppes nët méi am Grëff, Graff hun (keine Übung mehr haben bei etwas); 3) «Handhabe» (allgem. «zum Gräifen sub A und B bestimmter Gerätteil an Fenstern, Türen, Werkzeugen, Gefäßen usw.») — de G. as mer entfuer — de G. as lass; 4) Flurn.: de gëlle G. (so z. B. bei Eich).
 
Greffe I (meist wie frz., aber Wb. 06: grəf) M.: «Gerichtskanzlei» — op de G. goën — dazu: Greffier, Grëffchen M.: «Gerichtsschreiber».
 
Greffe II (allg. wie frz., aber Wb. 06: grəf M.) F.: «Pfropfreis», dazu das trans. Verb.: greffen «propfen» — s. Gamm.
 
Gregor männl. Vorn.: «Gregor» — erscheint als: Giärrjen, Grég, Gré(n)- gor, Gori, Grégoire, Grigor.
 
Gréich, neuerdings Griich M.: 1) «Grieche»; 2) Pennälerspr.: «Angehöriger der griechisch-lateinischen Sektion am Athenäum» (zur lautl. Entwicklung cf. Bruch, Grundleg. III/25).
 
gréikesch, grekesch, grikesch, neuerdings griichesch, Adj.: «griechisch».
 
Gréidel, Grid(d)el, Gréidi weiblicher Vorn.: «Gretel» — zu Gréit (s. d.); als N. in der Ra.: 't kënnt elo wéi d'G. am Hierscht (aufgedonnert, ohne Geschmack angezogen) — déi preisesch Gréidelen — Kinderreim: G. Paschtéidel, am Uewe gebak, Mamm kommt schmaacht, Wéi gutt as dat (ähnlich: Gréitchen, Paschtéitchen ... wéi krupst dat!) — auch: Gréidelchen, Gréideli, Grutt(zel).
 
Gréif (Pl. Gréiwen) M.: 1) «Speckwürfel» (roh oder ausgelassen) — Schneid en décke G. a mäi Sak! häufig in Heischeliedern (cf. Fuesentsbrot) — e vergeet wéi de G. an der Pan (er magert zusehends ab) — bäi jidder Stäerzel e G. — e geheit e G. no enger Säit Speck (er möchte um geringen Einsatz viel gewinnen) — e léisst sech d'Gréiwe vun der Zopp huelen oder e verkääft sech d'Gréiwe vun der Zopp (er gibt seine Vorteile preis) — spaßh. (cf. auch sub 3): en as sénger Mamm un d'Gréiwe gaangen oder en huet e G. laaschtgestach (er hat Ausschläge um den Mund); dazu lok. das Verb.: gréiwen, wie gräwen, grewen I; Folkl.: «Maacht, dass der gegréift sid, bis ech erëm sin», sot d'Hex, wéi se Gréiwen ausgeloosst huet, do as se e Fouermann mat séngem Gespann an engem Fudder Hee an d'Musel stousse gaang; 2) «geringe Quantität» — nëmmen (e Kärel wéi) e G. — en aarme G. (cf. auch Gif) — hier mat deem Gréifchen! (wenn es auch nur wenig ist); 3) «Ausschlag, bes. am Mund, Mundkruste» — en huet de Mond, d'Gesiicht voller Gréiwen (cf. Roff).
 
Gréif-/Gréiwen-

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut