| Hauscht (Pl. Häischt) M.: «Heuhaufen» — en H. Hä (cf. dagegen: Happ, Kaascht) — heute zeigen sich Ansätze, das gemähte Gras auf Béck (Sg. Bock «Heureuter») zu setzen.
hauschteg Adj.: «erzürnt, gallig aufgelegt».
hausch(t)en (lok. häisch(t)en, heeschen) intr./trans. Verb.: «auf Haufen bringen» — mar ka(nn d'Hee) gehauscht gin — dafür meist: opmaachen (s. happen).
hauséieren intr. Verb.: «hausieren» — e geet erëm mat sénge gudde Réit h.
Hauséier(er) M., Hauséi(er)esch F.: «Hausierer(in)» (Gängeler); dazu die Komp.: Hauséierhandel M., -schäin M., -wiesen N.
hausen intr. Verb.: 1) «hausen, ansässig sein» (meist pejor.) — 't as eng Schan, wéi déi do h. — si h. ewéi d'Zigeiner, d'Biischtebënner, d'Hiertercheskréimer, déi Wëll; 2) «wirtschaften, haushalten» — 't weess nët ze h., a säi Mann verdéngt awer vill Geld; 3) «wüten, zerstören» — wéi hun d'Schwäin am Gaart gehaust — wat huet dee Kärel a méngen Zigare gehaust (was hat der Kerl viele von meinen Zigarren weggeraucht) — d'Gripp huet dëst Joer elle gehaust; 4) «ein außereheliches Verhältnis unterhalten» — déi h. schon zënter Joer an Dag zesummen (dafür auch: hamperen) — dazu die Abl.: Hausecht, -icht F. — wanns de déi H. gesichs! (wenn du sähest, wie die hausen — immer pej.).
Hausse (hos, ho:s) F.: 1) «Preissteigerung» — 't as eng H. op der Bourse, an der Fruucht — Gegs. dazu: Baisse (wie frz.) F.: «Preissenkung», 2) «Unterlage, Erhöhungsstück» (beim Schuh) «Leistenauflage», in dieser Bed. auch: Hoosch.
Hausse-col † (Ga.) M.: «Ringkragen der Infanterieoffiziere».
haut (s. Ltb. 75) Adv.: «heute, heutzutage» — en as nët vun h. a gëscht (er ist schon bejahrt — gelegtl. spaßh. Zus.: soss krit e mar eréischt dräi Deeg) — kënns de nët h., da kënns d'alt mar (Echt.: haut äs, moar äs) — e lieft vun haut op mar — 't ka vun haut op mar en Enn sin — dat geschitt awer nach h. a mar nët (noch sobald nicht) — h. de muergen, de mëtteg, den owend — h. (iwwer oder an) aacht Deeg — h. iwwert d'Joer — h. vrun engem Mount; Spww.: H. as nët gëscht (die Zeiten, Umstände haben sich geändert) — Besser (léiwer) h. ewéi muer — h. gejuxt a muer geschluckst.
hautdes-, haut(e)ges-, haitegesdaags Adv.: «heutzutage» (wofür auch einfach haut).
Haut (s. Ltb. 78 — Pl. Hait, Ösl. Heckt) F.: 1) «Haut» — Vergleiche: eng H. ewéi Zertäin, Seid (zart) — eng H. ewéi Lieder (zäh), en Elefant (rauh) — Spw.: D'H. as méi no wéi d'Hiem (jeder ist sich selbst der Nächste) — Raa.: Mat H. an Hoer — elo sin ech an déi H. geschloff, an 't gët nët anescht gemat (dieser mein Entschluß ist unabänderlich — Echt. dagegen: äich säin och schuns an déi H. geschlofft «ich war auch schon in dieser mißlichen Lage») — d'Meedchen as gutt, ma 't huet d'H. voller Lächer (arm, anderswo: unmoralisch) — 't as fir aus der H. ze fueren — dee léisst sech d'H. iwwer d'Oueren (de Kapp) zéien — e stécht a kenger gudder H. (ungesund) — déi Kéier koume mer nach mat heler (heleger) H. dervun — ech wëllt nët a sénger H. stiechen (ich möchte nicht an seiner Stelle sein) — 't geet fir d'H. (es geht ans Leben) — en as nëmme méi H. a Schank (bisw.: H. iwwer H., H. iwwer Schank) — looss et nëmme renen, 't geet nët weider (oder nëmme) bis op d'H. — (bis) op d'H. naass (ganz durchnäßt) — du bas de Beschten, deen an dénger H. stécht — schéck dech, soss kriss de d'H. emol ersielt (iwwer de Kapp gezunn); 2) Gerberei: eng H. Lieder (die ganze gegerbte Haut) — amerikanesch Hait (aus Amerika eingeführte Felle) — Gegs.: réi H. (ungegerbtes Fell) — d'Hait gi geschuer (das Unterhautgewebe wird von den Häuten geschabt); 3) dermatol.: «großlamellöse Schuppe, Pseudomembran» (dies häuf. im Dim.: Haitchen, Pl. Haidercher, Haitercher) — haart H. (verdickte, schuppende Haut); 4) «dünne, bisw. biegsame Oberflächenschicht auf Flüssigkeiten» — wann d'Uelegfaarf verdréchent, da kënnt eng H. drop, bei der Milch heißt diese Haut auch: Flom, Schmant, [Bd. 2, S. 124] Ram, beim Wein: Pant, Konen; 5) «Mensch» (mit einem Anflug von Sanftmut, Gemütlichkeit) — da's eng brav, gedëlleg, gutt, liddereg, trei . . . H. — auch pejor.: eng ellen, ongetrei H.
Haut- / haut- -ausfuer M., -ausschlag M.: «Hautausschlag»; -iwwel N.: «bösartige Hautkrankheit»; -krankheet F.: «Hautkrankheit» (mit Betonung auf -krank-: Erkrankung der Haut allein, im Gegs. zu denjenigen Veränderungen der Haut, wo diese giftige Säfte aus dem Innern abscheidet); -naass Adj.: «ganz durchnäßt» neben: klätsch-, plätschnaass — auch: naass (bis) op d'Haut; -sat Adj.: «sattgegessen».
Haut- (in Entlehnungen aus dem Frz;. Ton: 1) -bois M.: «Oboe»; -fourneau (Ton: 2) M.: «Hochofen»; -goût M.: s. Goût sub 2; -parleur (wie frz. — Ton: 2) M.: «Lautsprecher» — gelegtl. auch übtr. für «Vielsprecher» — etwa: mäin H. (meine Ehegattin).
Haute- (aus dem Frz.) -couture F.: «elegante Damenschneiderei»; -volée F.: «vornehme, vornehm tuende Gesellschaft» — oft iron., etwa: bessere Pak, Päckelches Pak (bei Ga. noch: «vornehmste Adelsgesellschaft») — spaßh.: -volaille.
Hautes nouveautés (gespr. /ho:təs nu/vo:təs) Pl. F.: «übertriebene Eleganz» (spaßh.).
Hauwe(n)- -band M.: «Haubenband»; -frächen (Echt.: -fraachen) F.: «Haubenmacherin»; -kapp M.: 1) «Haubenstock der Modistin» (in dieser Bed. auch: -stack); 2) übtr.: «Vogelscheuche, einfältiges Frauenzimmer»; -léierchen F.: «Haubenlerche» — auch: Glacis-, kaupeg Léierchen; -lued F.: «Hutschachtel»; -lutert M.: «Haubenlerche»; -rä(e)r M.: «Rallenreiher, Ardeola ralloides» — s. kaupege Rär; | |