LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Hä(e)r bis Häerzwéi (Bd. 2, Sp. 128a bis 130a)
 
Hä(e)r (lok.) M.: «Reiher» — etwa in Rosport: déi Fënter Hären (die Reiher des Fënter Waldes) — s. Räer.
 
Häerchen, Heërchen (Echt.: Häierchen) N.: « Härchen» — e fënt iwwerall en H. an der Zopp — nach en H. do war et geschitt (noch ein wenig).
 
häercheskleng, häerchesno Adv.: 1) «haargenau» — en huet mer alles h. (Hoer a Kleng) verzielt; 2) «auf ein Haar» (op en Hoer).
 
Häerd (Stadtlux. Hierd) F.: 1) «Herde» — A jidder H. as e raudegt Schof — Raa.: 't as keng H. mat em ze hidden (sonst meist: 't si keng Schwäi mat em ze hidden «man kommt schlecht aus mit ihm») — d'H. geet aus — de Schwéngert geet, kënnt mat der H., dreift d'H.; 2) «Menge, Ansammlung, große Anzahl» — d'Fra huet eng H. Kanner — wann ech esou al géif wéi méng Mamm, dann hätt ech nach eng H. Joeren ze liewen — en hat eng H. Uursaachen — eng H. Mol (sehr oft) — eng H. Leit; 3) «Mehrzahl, Durchschnitt» — wéi gesäit en aus? O, e geet alt mat der H. mat virun (er sieht aus wie die meisten Menschen) — auch: e geet mat der H. (er tut wie die andern, Durchschnittsmensch).
 
Häerd (Hierd, dies bes. Stadtlux.) M.: «Herd, Feuerstelle» — Wat schléit een Iech ze H. (was kann man Ihnen zum Essen anbieten?) — Echt.: holl e Brand voam Häerd a schlo him en op de Koap!
 
häerden (Stadtlux. hierden, Echt. häierden, Nösl. hjärden) trans. Verb.: 1) «härten» — de Schmatt häert d'Eisen — ech sin ewell gehäert (ich bin abgehärtet, daran gewöhnt); 2) «aushalten» — ech kann d'Péng nët (méi) h. — ech kann en nët h. an nët ausstoen (cf. auch aushäärden) — en as nët ze h. — auch unpers.: 't as nët mat em ze h. (cf. gewäerden).
 
Häert (Stadtlux. Hiert) F.: «Härte».
 
Häerz (Stadtlux. Hierz, Nösl. Herz) N.: 1) «Herz» (als Organ) — die Bewegungen des Herzens: d'H. schléit, klappt, hummert, kluckst, bubbert, buppert, d'Häerz huet em bis an den Hals geschloen — d'H. klappt ewéi e Millebeidel — d'H. as (em) stoe bliwwen, huet ausgesat; die Konstitution des Herzens: en huet e gutt, staarkt, schwaacht, schlecht, schappegt H.; Krankheiten: en huet mam H. ze dun, en huet et um H. (allg.: er hat Herzbeschwerden) — d'H. wëllt nët méi (Herzschwäche); aufs Herz bezogene Zustände: 't gët mer weech em d'H. (es wird mir übel, ich bin einer Schwäche nahe) — d'Kand huet d'H. gespaant (auch als zusges. Subst. aufgefaßt: cf. Häerzgespann — plötzlicher Angstzustand) — d'H. wiisst (heißt es, wenn ein Kind den Schluckauf hat); vom Sterben: en as mat gesonnem H. gestuerwen (ohne eine Krankheit durchgemacht zu haben) — d'H. wëllt nët briechen (schweres Sterben) — d'Waasser as em iwwer d'H. gaang, as em op d'H. geschloen (er starb an Wassersucht); sonstige Raa.: e jäizt sech d'H. aus dem Leif — en huet H. a Séil erëmgin (von gründlichem Erbrechen) — ech räissen em d'Häerz aus dem Leif — en huet d'H. am Leif erkaalt — en as am H. faul (sehr krank; aber auch übtr.) — si géif d'H. aus dem Leif gin — e fäert sech d'H. aus dem Leif — dat huet em d'H. gebrach; 2) «Gemüt» (Herz als Sitz der Gefühle) — allg.: [Bd. 2, S. 129] deen ale Granzert knat, knappt, frësst der Fra d'H. of — en H. ewéi (e) Steen (unerbittlich) — en H. esou mëll wéi Botter — d'H. op der Hand, op der Zong (er verbirgt seine Gefühle schlecht) — en huet mer säin H. ausgeschott (sein Leid klagen) — 't as em näischt un d'Häerz gewuess (er ist freigebig) — 't as mer e Stach duurch d'H. gaang, 't wor mer e Stach duurch d'H. — en huet d'H. op der Sonnesäit (sonniger Charakter) — ech hun et nët iwwer d'H. bruecht — en huet d'H. déck — ech maachen et vun Häerze gäer — 't as em (al, ellen) zu H. gaang — dat koum vum H. — 't as em e Stä vum H. gefall — du hues dach en H. am Leif (habe doch Erbarmen!) — d'H. huet sech engem am Leif emgedréit, wéi een dat gesinn huet — Spw.: Wann d'H. voll as, leeft de Mond iwwer; 3) «Zuneigung, Neigung» — en huet keen H. zu deem Meedchen, zu där Saach — Echt.: än am H. gäier hoan (sonst: an der Sill) — en huet H. wat begiers de — looss däin H. schwätzen — ech hun em et un d'H. geluegt (aber auch iron.: ich habe ihm den Standpunkt klar gemacht) — wann d'H. nët derbäi as . . . .; 4) «Mut» — en huet d'H. no hanne leien (ähnl.: no beim Aasch) — d'H. as em an d'Schong gefall — ech hu mer en H. geholl an him et gesot . . .; 5) «Mittelpunkt, Mitte» — e wunnt am H. vu Paräis — am H. vum Wanter (mitten im Winter) — d'Rommele sin erkaalt bis an d'Häerz (eran) ewech an — d'Mueden hun de Kabes gefriess bis an d'H.; im Webergewerbe: Mitte einer Leinwandrolle (s. Bunsel) — d'Uebst as am H. faul — d'Mamm as d'H. vum Haus; 6) «Herz» beim Kartenspiel, und zwar im Pl.: Häerzer — Häerzer as Tromp — dazu die üblichen Komposita: Häerzerbauer, -kinnek usw.; 7) als Kosewort, bes. in den Dim.formen: Häerzchen, Häerz(el)i, Häerzgebuppelten, Häerzgezockerten, Zockerhäerzchen.
 
Häerz- / häerz- -allerléifst Adj. (meist prädikativ gebr.): «herzallerliebst» — däin Hutt as h. — an deem Hutt kënns de h. (adverbial) — aber auch: du méng häerzallerléifste Grimmelchen!; -bändel oder -beidel M.: «Herzbeutel»; -béxelchen F.: «Büstenhalter» (lok. spaßh. für das gebräuchliche: Soutien — s. d.); -blumm F.: «Sumpfherzblatt» (s. Häreblumm); -blutt, -geblitt N.: «Herzblut» — d'H. as em stoe bliwwen — ech hu mer d'H. erkaalt (allgem. für «Lungenentzündung»); -dill M.: «Brett aus hartem Holz, aus der Mitte des Stammes»; -feler M.: 1) «Herzfehler» (med.); 2) iron.: «Liebelei, Liebchen» — ech wäerd em deen H. schon ausdreiwen; -frësser, -knaër, -knapper, -knappert, -ofknaër, -ofknapper(t) M., (-esch F., neben -kna): «Quälgeist, Nörgeler» (unter Hausmitgliedern, bes. Ehepartnern); -gemaiesch (iron.) N.: «Brustkasten» — ech hu mer d'H. erkaalt; -gesond (neben häerze-) Adj.: «kerngesund»; -gespan(n) N.: 1) bot.: a) «Feldtäschelkraut, Thlaspi arvense»; b) «Wolfsfuß, Lycopus europaeus» — dafür auch: Häerzgespanntkraut; 2) «Spannung, Blähung zwischen den kurzen Rippen» (Kinderkrankheit — bes. nach plötzlichem Schreck auftretend) d'Kanner kréien d'H. wann s'erféieren —in dieser Bed. dafür auch -gespär N.; -getrei Adj.: «treu, ohne Falsch»; -gutt Adj.: «herzensgut»; -haft, -häfteg (weitgehend -säfteg gesprochen u. verstanden) Adj.: «von Herzen kommend, kräftig» — dat Kand huet emol eng h. Laach — en huet h. gelaacht, dropgeschloen, giess — ech hun em eng H. an d'Sabbel gin — bisw. dafür auch: äerzsäfteg (s. äärz- I/53); -holz N.: «hartes Holz, Kernholz»; -kailchen F.: «Magengrube» — ech hat dat Meedchen gär bis an d'H.; -klapp F., -klappefeler M. nach der hd. Medizinerspr. -klappen N.: «Herzklopfen» — ech hun H. krut (Schreck, Anstrengung, Spannung, Aufregung . . .); -kraitchen (auch als Hiirtskraitchen verstanden u. erklärt) N.: «Hirtentäschel, Capsella bursa pastoris» (dafür auch Gänsekäerz), früher vielfach als herzstärkend zu Aufgüssen verwendet; -kränkt (lok. auch Häerze-) F.: 1) «tödliche Krankheit, hitziges Fieber» — im Ösling bes.: «Lungenentzündung»; 2) iron.: «Liebschaft» (cf. -feler) — en huet d'H. (er ist verliebt); -kummer (lok. auch Häerze-) F.: 1) «Herzkammer» — en huet sech d'H. lassgefall; 2) das Dim. an der Häerzkimmerchen «im Innersten des Herzens»; [Bd. 2, S. 130] -lech Adj.: 1) «von Herzen kommend, gut» — si ware ganz h., wéi ech bei se goung — 't deet mer h. (= vun Häerze) leed — en häerzlecht Këndchen; 2) neol. als Adv. gebr.: «sehr» — 't läit em h. wéineg un där ganzer Saach — dazu die Abl.: -lechkät, -keet F.: si waren eng H. an elauter (cf. auch Ääschtlechkät); -oder F.: «Arterie» — 't as em eng H. geplatzt; -schlag M.: «Herzschlag», u. zwar: 1) «Bewegung des Herzens» — 't geet mat em zu Enn, den H. geet nët méi richteg, setzt aus; 2) (Ton: 2) «Schlaganfall» — e krut en H.; -téi M. = Hälriefkraut (s. d.); -trouscht M.: 1) «Herzenstrost»; 2) übtr.: a) «Melisse, Melissa off.»; b) «Melissengeist, Melissenwasser»; c) «großes Glas Branntwein» (eng grouss Drëpp — fir d'Fraën éischter eng Taass schwaarze Kaffi); -waasser N.: 1) «Herzbeutelwassersucht»; 2) «aufstoßende Säfte beim Sodbrennen»; -wéi M. (N.): «Herzweh» (med.) — cf. dagegen Häerzeleed, Häerzewéi:

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut