| Hänn, Hännes(chen), Hänni, Hänschen (lok. Hänzen, Heenzen) Var. des männl. Vorn. «Johann» — cf. die Leitformen Gehanes, Haans, Jhang.
Hännes M.: 1) cf. d. vor.; 2) «Tölpel» — du brauchs hei nët den H. ze spillen (erauszekéieren, erauszehänken, erauszeloossen).
Häns-chen M.: 1) Hänn; 2) «durch sorgfältiges Rauchen besonders präparierte weiße Tonpfeife» (der Kopf mußte weißgelb bleiben, das Rohr wurde dagegen schwarzbraun gefärbt, kein Speichel durfte ins Rohr eindringen, keine Färbung durch Fingerabdrücke am Rohr entstehen, weshalb es beim Kopf gerne mit Zwirn umwickelt wurde; zahnlose Alte umwickelten auch das Mundstück mit Zwirn) — e raacht en H. (er raucht eine Tonpfeife an); 3) «junger Stier, junger Ochse».
hänselen (lok. Ost. heenselen) trans. Verb.: «verspotten, foppen, reizen».
Häp (hε·p) Var. des männl. Vorn. «Hubert» — s. Haupert. [Bd. 2, S. 136]
Häppchen = Happchen (s. d.).
häppen trans. Verb.: «(die Mahd) auf kleine Haufen bringen» — zu Happ II — de Groum gët gehäppt — s. hauschen.
Här (lok. phV. cf. Ltb. 22) M.: 1) «Dienst-, Brotherr, Arbeitgeber, Meister» — Spww.: Wéi den H. sou d'Geschär (de Kniecht) — H. as H., a Max as Max (dazu im Nösl. der Zus.: a wat H. seet, muss Max man) — Mer musse maachen, dass den H. en H. bleift (resignierter Ausspruch des schuftenden Arbeiters) — 't kann een nët zwéin Hären (zegläich) déngen — Häre Befeel as knechtlech Aarbecht, Kniechtsaarbecht (der Herr befiehlt, der Knecht gehorcht) — Ra.: e spillt den H. (er arbeitet nicht viel, ähnlich: de groussen H.); 2) «Herrscher, Vorstand, Vornehmer, Einflußreicher» — Spww.: Jiddereen as H. a séngem Haus — Déi gestreng Häre regéieren nët laang (im bes. für die Eisheiligen gemeint) — Mat groussen Hären as nët gutt Kiischten iessen, se späizen engem d'Steng an d'Gesiicht — 't as en H. iwwert eis all (cf. sub 7); Raa.: ech wäerd em weise, wien H. (a Meeschter) am Haus as — e markéiert den H., e kéiert den H. eraus (er spielt sich als Herr auf) — ech wëll mäin ägenen H. sin (bleiwen) — iron. für einen dünkelhaften Menschen: dat as och en H. — dat do sin nach kleng Hären — dat as nach kee groussen H. — mam Geld eleng as een nach keen H. (auch Manieren u. Bildung gehören dazu) — Kinderreime: So reiten di Hären, Op hire stolze Päerden, So reiten die Joffren, Mat hire goldene Pantoffelen, Sou kënnt de Bauer hannen no (wenn das Kind auf den Knien eines Erwachsenen reitet, mit den Worten Bo, bo, bo, tripp, trapp, trupp, trupp, trupp wird es umgekippt); 3) «Bezwinger» — en huet säin H. font, do huet e säin H. font (wéi e bis bestuet war) — ech war mäin H. nët méi, wéi ech dat gehéiert hun (konnte mich kaum noch bezwingen) — 't gët een nët H. iwwer d'Ongkraut — e gët sénges Äifer nët H. — 't gët een ës nët H.; 4) Anrede: «Herr» (zunächst höflich, dann aber auch iron. oder mit drohendem Unterton) — mäi léiwen H.! — sot emol, H.! redet man einen gewöhnlichen Mann mit Här an, so mag er spaßh. antworten: wier ech en H.! 5) «Pfarrer» — dann allg. «Geistlicher» — Spww.: Den H. priedegt keng zweemol (an der Houmass — zu jem., der unaufmerksam war und nun wünscht, man solle das Gesagte wiederholen) — Reent et op den H., dann drëpst et op de Koschter — Den H. seent sech fir d'éischt — D'Hären an d'Honn verdéngen hiirt Brout mam Monn — Raa.: du hat ech dem H. an (un) de Frack gegraff — eise stodéiert fir H. — den H. vu Bouneweech (der Pfarrer von B.) dafür auch: den H. Bouneweger — eisen H. (unser Dorfpfarrer, aber auch: unser geistlicher Familienangehöriger) ähnlich: eise Mononk H., den H. Éim — e gët mam (ouni) H. (mat dräi, fënnef Häre) begruewen — se hun den H. geruff (komme gelooss — er liegt am Sterben) ähnlich: en huet des Häre begiert — daher: ech schloen dech, dass de des Häre begiers — d'Kanner gin dem Monni H. klécken — den H. war bei em (er ist mit den Sterbesakramenten versehen worden) — wann ech en H. wär, dann hätt ech eng laang Rei Knäpp — si ware scho beim H. (im Brautexamen) — dir geeschtlech Hären (oft spaßh. als Anrede für Laien gebr.); 6) «Herrgott», bes. in Kraftausdrücken (neben Harr), — H. je(mine) — H. Non (Nun) di Tonnär (Kass, Tripp, Pipp) — mäi Gott a mäin H.!
Här- -affertendag (alt -offertendag, so noch Ga.) M.: «Christi Himmelfahrt» — auch einfach: Affertendag (heute geläufig dafür, unter dem Einfluß der hd. Kirchensprache: Christihimmelfaart (älter auch Christiklammop)); -gott (meist Herr- gespr., gelegtl., bes. im Affekt auch Harr-) M.: 1) «Herrgott, Gott», häufig mit dem Possessivum eiser, onser verbunden — Spww.: Wëllt eiser H. een ernieren, da kann zënt Péiter et nët verwieren — Den H. huet allerhand Kaschtgänger (es gibt viele Menschentypen — häufiger Zus.: awer keen, deen näischt ësst) — Mer sin all eiser H.s Huefmann — Eiser H. mécht dat eent a suergt fir dat anert — 't muss een eiser H. nët an d'Handwierk fuschen (man soll dem Schicksal, der Natur nicht vorgreifen, den Herrgott nicht belehren wollen) — Gidferee fir sech, an eiser H. fer ons all — Den H. as nët esou kriddeleg wéi den Zankt Péiter (man sei nicht päpstlicher als der Papst) — D'Leit maachen d'Kalenneren an eiser H. d'Wieder (der Mensch denkt und Gott lenkt) — Onser H. weess alles. ower d'Affekote wëssen et besser (auch auf eine bestimmte Person bezogen: ower den X. weess alles [Bd. 2, S. 137] besser) — Onser H. weess, wat fer Leit ënnerwee sin (sagt man bei günstigem Reisewetter) — Géif onser H. him d'éiweg Feier, en huet sech ëmmer esou gär gewiermt! — Raa.: en as iwwer hien ewéi den H. iwwer zënt Péiter — H., streck e Been ewech! (Ausruf bei Erstaunen, Ärger) — zënter datt en déi Plaz huet, mengt hien, en hätt den H. mat der décker Zéif (er ist überglücklich oder auch überheblich) — si knabberen dem H. un den Zéiwen erëm (si hun der Däiwel am Leif a spillen d'Phariseier) — déi Quisel biet den H. vum Kräiz erof, huet den H. hannen a vir gekësst (übertriebene äußere Frömmigkeit) — hien as sénger Fra hiren H. — e brauch nët ze soen: H., strof mech (en as schon ongglécklech genuch) — e kennt säin H. nët méi (esou voll as en) — eiser H. soll der verzeie, wat s de do méchs — eiser H. stéi mer (engem) bäi! (Ausruf des Unwillens) — dat weess (nëmmen) eiser H. (kein Mensch weiß Bescheid darüber) — e streckt dem H. d'Zong eraus (er hält seine Ostern nur zum äußeren Schein — cf. auch Härgottsfrësser) — du bas méi domm wéi eiser H. säi Räitpäerd, an dat wor en Iesel — eiser H. as och ewell en ale Mann (zur Erklärung ungünstiger Zeitverhältnisse) — hie léisst eiser H. e gudde Mann sin (er kümmert sich nicht um religiöse Belange) — eiser H. huet mech vergiess (von ganz alten Leuten) — in Kraftausdrücken (cf. Här sub 7): H. (Ton: 2) nët nach (nammol) — H. an du (déi) Welt — du léiw(ech)er H. —Himmel H. Zakrament! — beim Messerspiel (s. Bibabitz) sagen die Buben lok.: H., H. zéi mech op! — die Lerche singt: H. huel mech op! oder Léiwer H., zéi mech op! 2) «Kruzifix» — kaaft Härgotten, der Deiwel as lass — 't as keen Deiwel méi, deen Härgotte keeft, sot de Beforter Simchen (sprichwörtlich gewordener Ausspruch eines bekannten Herrgottschnitzers von der Beforter Heide) — im Nösl. heißen diese Kruzifixe: di knuarrig Härgotter — lok. häufig mit einem Adjektiv der Ortsbezeichnung verbunden: e Gesiicht wéi de Leisénger H. (Westen) — 't kritt keen Enn, 't as eppes wéi de Pefinger H. (Osten: eine große Glasflasche mit Zwetschenbranntwein, stets gefüllt und für Bekannte zu Diensten) — sprock ewéi de Liischberriger H. (Osten: brüchig wie der Liersberger H.); 3) «Hostie» — en huet den H. (bruecht) kritt; 4) von 2 übtr. im Spottnamen: den hëlzen H. (hagerer, unbeholfener Mensch); -gotts (in manchen Kompositis auch Gottes-, s. d.); -affer M.: «Opfer der Kinder am Karfreitag»; -bäertchen M.: 1) «blaue Kreuzblume, Polygala vulgaris» — auch: Kranzblumm; 2) «Spitzbart»; -bettstréi N.: «echtes Labkraut, Galium verum» — auch: Gielt Bettstréi; -blies-chen im Heischelied — s. Blies-chen (spaßh. dafür auch: -blatz); -blumm F.: «Herrgottsblume» in der Kosefloskel: H., da's en Engel; -dabo M.: «erzdummer Mensch»; -déierchen N.: «Marien-, Sonnenkäfer» — in mannigfachen Kinderreimen: H., Fléi an d'Luucht, Déng Dëppercher kachen, Déng Kënnercher kräischen, Däi Päerdche leeft iwwert de Som (Déng Päerdercher lafen an d'Waasser) — Schlußvers auch lok.: fléi aus der Häll an den Himmel — aus Strassen: H., fléi an d'Luucht, Däin Hais-che brennt ganz duerch, Déng Kënnercher kräischen, Déng Maisercher päifen, Déng Dëppercher kachen, Déng Päerdercher sin an der Huewer, Wann de Préiter kënnt, Da gi si gepännt, Fléi du huerteg op, Zum (an den) Himmel op, An d'Luucht, an d'Luucht — fliegt das H., so besteht Aussicht auf schönes Wetter: H., fléi an d'Luucht, Maach, datt et muer schéi Wieder gët — in lokaler Abwandlung statt an d'Luucht, an den Himmel gelegtl. auch: fléi an Holland, sonst auch: fléi op Tréier, da bréngs de mer eng Schappe Béier — Hämelsdéierchen, fléi an d'Luucht, däi Papp as dout, déng Mamm as dout, déng Kënnercher leien am Waasser (Bonneweg) — Synonyma sub Hämelsdéierchen; -feierchen N.: «Herrgottsfeuer» (das am Karsamstag früh von den Meßdienern mit Hilfe von Feuerstein, Stahl u. Zunder (Steen, Feiereisen. Schwamp) gemachte Feuer); -verréider M.: 1) «falscher, hinterlistiger Mensch»; 2) gelegtl. Name des «Eichelhähers» (s. Ma(a)rkollef); -fréi F.: «Tagesanbruch» — mar musse mer an aller H. aus de Fiederen (auch: Päerds-); -fréisser, frësser M.: 1) «starker Esser»; 2) «schlechter Mensch, der oft zur hl. Kommunion geht»; -häerchen N.: «Härchen an den Schläfen» (an denen die Schulkinder vom Pfarrer gezupft werden); -kand N.: 1) = Dabo (s. d.); 2) so nur Wb. 06: «gutes braves Kind»; -kéichen F.: «Marienkäfer»; -këssemchen N.: «Gallapfel der Rosengallwespe» (dafür auch Bluttsëffer) (am Spackelter); [Bd. 2, S. 138] -kréchelchen N.: «Marienkäfer»; -längt F.: 1) «Papierstreifen, der die Körperlänge Christi (die Länge des Hl. Grabes) darstellen soll» (mit Gebeten bedruckt, bei Krankheit aufgelegt); 2) übtr.: «lange Dauer, langwierige Angelegenheit» — du brauchs awer eng H. fir déi Grimmelchen ze schaffen: -männchen M.: «bekannter Hergottsschnitzer von der Beforterheide» — er nagelte Baumäste und -wurzeln kunstreich zu Kruzifixen zusammen — s. Härgott 2); -mäntelchen M.: «gemeiner Sinau, Alchemilla» (lok.: Nännek im Osten — cf. auch: Damantel); -neelchen M.: «Embryo in einer Walnuß»; -rack M.: «der Hl. Rock in Trier» (wofür sonst meist den hellege Rack) — richteg wéi den H. zu Tréier (mit einem leichten Anflug von Zweifel); -schéngchen M.: «Lerchensporn, Corydalis»; -tränteler M.: «langsamer Mensch»; -triwweler M.: «saumseliger Mensch»; -welt F.: in der Ra.: op der (ganzer, léiwer) H. (meist in neg. Feststellungssätzen) — e kennt näischt op der H. — en huet an e weess näischt op der ganzer H. — op der ganzer H. as keen esou Dommen ewéi s du; -läichendag M.: «Fronleichnamsfest» — andere Var. sub Erläichendag — Wéi H. d'Lëtschen diren, sou diirt d'Hee (die gestreuten Lieschgräser); -scha(a)ft (daneben auch kurz: Herr-) F.: 1) «Grundherrschaft» (veraltet) — de Bësch do war der Biissener H.; 2) «Dienstherrschaft» — d'H. as nët do — méng (eis) H.; 3) bes. im Plur.: Herrschaften — als Anrede: a wat drénken déi H? — bonjour, dir H.! — H. nach mol! (Ausruf des Unwillens); -scha(a)ftlech Adj.: «herrschaftlich» — en härschaftlech Haus — iron.: en härschaaftlechen Eefalt (Stutzer).
Häre(n)- (in der Bed. «Pfarrer» daneben auch Zären-; im Gegs. zu Damme(n)- in einer ganzen Reihe von Zussetz. wie: -box, -hiem, -coiffeur, -schneider usw.); | |