| Hond (s. Ltb. 45 — die dort vermerkte velarisierte Form hõ·ŋt aus Simmern, älteste Generation, findet sich auf der Karte «Pfund» DSA 62 für Redange und Russange, Dep. Moselle, hart an der lux. Südwestgrenze bestätigt; Pl. Hënn und Honn, im übtr. Sinn das zweite vorgezogen; im Dat. Sg. überlebt noch die ältere Form dem Honn neben neuerem dem Hond — cf. dazu PALGEN, Jahrbuch 1931/32 der Lux. Spges. S. 16 für Echternach, BRUCH, Grdleg. III/5,a und Bull. ling. et ethn. 4/6, S. 50 — Dim. Hëndchen, Pl. Hënnercher, Westen -chen) M.: 1) «Hund» (Rüde und Hündin — für jenen im bes. auch Ridd, für diese auch Mudder, alt Zatz — nur noch als Schimpfwort auf Menschen übtr.) — Spww.: Wann een en H. wëllt doutschloën, da seet een e wier rosen — Engem rosenen Hond rennt een eppes an d'Zänn (Ösl.: wiärft een ent Stéck Brukt dar — sonst auch: geheit een eng Schank duer) — Wien en H. keeft, muss e mat de Fléi huelen ('t muss een den H. mat de Fléi huelen) — Dee sech schumt (betont) ewéi en H., dee lieft (betont) ewéi en Här (Frech wéi en H. lieft wéi en Här) sonst auch: Schei wéi en H. lieft wéi en Här, a schei wéi en Här lieft wéi en H. — Dee mat Honn schlofe geet, steet mat Fléi op — 't gët (nach daneben: 't sin nach) méi Kette wéi rosen Honn (drohend — spaßh. zusätzlich: um Lampertsbierg — hier war früher der Familienname: Ketten besonders häufig) — D'Honn an d'Häre maache keng Dir hannenu sech zou — Rappt engem H. en Hoer aus, da kënnt en Hondshoër erëm — Déi éischt Honn ersääft än, déi zwät verkääft än, an déi drëtt hält än (in übtr. Bed. bes. beim Kartenspiel gebr.: = éischt Gewënner, lescht Verspiller) — Dee mat groussen Honn wëllt pisse goen, muss d'Been héich ophiewen, daher: 't soll een nët mat de groussen Honn pisse goen, und: e géing gär mat dene groussen Honn pissen, an e kritt d'Been nët an d'Luucht (er kommt seinen noblen Passionen nicht nach) — nach dem Hd.: Honn déi bille bäissen nët (auch: dene stëllen Honnen as nët ze trauen) — Deen et maache kann, hält een H., deen et besser kann, hält der zwéin (gelegtl. Zus.: deen et nët maache kann, billt selwer, oder sogar: leet sech ënnert den Dësch a billt selwer) — Wb. 06: Deen den H. nët uecht, uecht (och) den Här nët — En H. bäisst keng Mudder — Jidd H. huet säin Dag (man ist nicht immer in der richtigen Verfassung) — 't stréckt ee keen H. mat Wuuschten un (man soll den Bock nicht zum Gärtner machen) — Déi grouss Honn bäisse sech nët (ënnereneen) — 't fënt een éischter e gréngen H. wéi en éierleche Preiss — All déi Hënn, déi gutt matenee sin, hun ëmmer eppes mateneen ze knacksen — Zwéin Honn un enger Schank man elauter Sträit an Zank — E rosenen H. bäisst iwwerall — 't kënnt een iwwert den H., mä nët iwwert de Schwanz (man strauchelt über Kleinigkeiten, nachdem man alle Schwierigkeiten überwunden hat) — Echt.: En Fra, en H., en Nësserbam, wat der di mi kloapt, wat si gee mi zam (sonst auch: d'Honn, d'Nësser an d'Fraleit musse vum Bengel ze schmaache kréien, ier se zerguttst gin oder ier s'eppes daachen) — Wann den H. sech midd gelaf huet, da läit en alt gutt op enger Mëscht; Verhalten: den H. billt (bellt), grommelt, knoutert/knuert (knurrt), souert/jéimert (winselt), hault/jault (heult — Nösl. auch: jinkst — dazu die Volksweisheit: D'Honn haulen, 't as eng Onrou an der Wier) — den H. huupst (lok.: bellt den Mond an) — den H. melt (meldet den Ankömmling, seltener deet Meléng, [Bd. 2, S. 170] avertéiert) — vom Jagdhund: den H. spiert (verfolgt eine Spur), gët Laut/ brackt/jeet (schlägt an), de schlechten H. gët Virlaut (schlägt verfrüht an), jeet d'Uechterfäert (geht zurück auf der Fährte), de (gudden) H. gët Standlaut (meldet, daß das Wild liegt), deet op (treibt das Wild auf, auch huet op), steet d'Hénger, den Hues am Läer (steht fest vor einem Hühnervolk, einem Hasen), apportéiert, huet (keen) Appell (Temperament, gehorcht, gehorcht nicht) — sonstiges: den H. hach(el)t (keucht mit aus dem Mund hängender Zunge), as läfeg (brünstig), daher gelegtl. der Vergleich: wéi e läfegen H. — Vergleiche: krank, midd, gehäit . . . ewéi en H. (verstärkt: e Klautcheshond) — be- kannt ewéi e gefleckten (wéi e gréngen, gepierpelten, wéi Jouschten hiren) H. (allen bekannt, nicht von der vorteilhaften Seite) — si verdroë sech wéi H. a Kaz (wéi Kazen an Honn) — en as drun ewéi den H. an der Kar (er ist sehr mit Arbeit überlastet) — e lieft (en huet e Liewen) ewéi e(n) (jongen) H. ouni Fléi — et huet esou laang gedauert wéi d'Honn sech zerbäissen (auch: esou séier wéi d'Honn sech zerbäissen) — e mécht eng schlamm Säit (e kuckt zur Säit) ewéi en H., deen op d'Kiirmes geet, anders: wéi en H., deen op d'Kiirmes geet (beflissen, froh) — e gouf opgeholl wéi (d)en H. am Kelespill, kürzer: e war H. am Kelespill — en huet sech gestallt ewéi e rosenen, widdegen H. — e schéckt sech wéi den Hond an d'Kar (widerwillig) — de Som kënnt ewéi d'Hoer um Honn — Raa.: en H. géif sénger Mudder et nët (nët mat dervun — so gut ist es) — hien huet dem H. den Dësch gedeckt (der Hemdzipfel hängt zur Hose heraus) — dat läit dem Honn hannen, e wunnt om (dem) Hond hannen (der Ort liegt sehr weit entfernt), auch: dem Honn am Aasch — auch: dat daagt dem Honn am Aasch näischt — laf dem Honn (leck den Hond) hannen (mit dem Zus. begründet: dat as widder op der Welt nach dervun) — sonst auch: géi dem Hond an den Aasch (dem Honn hannen), da bas de an der Flääschkummer, oder: wäers de dem Honn am Aasch, da wäers de nët op der Welt an nët dervun (alles Verwünschungen, Fluchwörter) — en as mat allen Honne (archaische Dativform der Mehrzahl) gehetzt (er ist arg im Gedränge, aber auch: er hat viel Erfahrung) — schlofen (schlafende) Honn léisst een a Rou — si strécken hiren H. nët mat Zoossiss(en) un (geizige Leute) — 't héil keen H. e Stéck Brout vun em (oder: 't géif keen H. méi laanscht e pissen) — gelegtl. auch: d'Honn lafen em no (so verkommen ist er), daher: d'Honn léife (léiwe) mer jo no (angebl. von jem., der Hundefleisch gegessen hat, cf. Hondsjhang — ich wäre auffällig damit) — en aneren H. an d'Rad (Spruch der Nagelschmiede: wir wechseln den Arbeiter, die Arbeit) — 't as e Wieder, 't géif ee keen H. erausjoën (fir keen H. erauszejoën) — en as op den H. komm, op (d)em H., um H. (er ist in traurigen Umständen, ohne Geld, heruntergekommen) — wie geet mat, de rosenen H. ustrécken (gefährliches Unternehmen) — do soën H. a Wollef sech gudden Nuecht — mengs de, ech wär däin H.? (ich müßte dir alles zu Gefallen tun) — Folklore: wann d'Hënn Gras friessen, da gët et geschwë Reen — Hexenspr.: déi Duelemer Honn billen (die Dalheimer Glocken läuten) — auf die müßige Frage wuer gees de? wird geantwortet: ech gin den H. hänken (Zus.: komm gees de mat, dann dréi(t)s de d'Seel, d'Leder) — ein Waldteil des Grünewaldes heißt: um Hond gehaangener (cf. dazu HESS, in Vjbl. 6, S. 116) — Fastnachtslied: Hongereg (ter), as den H., a wann den H. nët hongereg as, dann as en nët gesond; 2) Schimpfwort für Buben: gees d'erëm, du H.! — du dommen (krommen) H., du rouden H., du falschen, feigen, houeren, schielen H.; 3) in mannigfacher dinglicher Übtr.: a. «Doppelzange» (Werkzeug des Schusters zum Montieren von Schäften aus schwerem Leder) — dafür auch das Dim. Hëndchen; b. «Hemmvorrichtung» (ein an der Hinterachse des Wagens befestigter Pfahl, dessen zugespitztes Ende in die Erde gerammt wird, um das Zurückrollen auf abschüssiger Strecke zu verhindern); c. «kleiner Förderwagen» (Bergbau); d. Steinbruch, Bergbau, wenn der Bohrer von der urspr. Richtung abgewichen ist, heißt es: 't as en H. (e Wollef) dran.
Hond- / hond- -friem (auch honds-) Adj.: «ganz fremd» — ech koum h. an dat Duerf — da's en Hondfriemen; -gouereg, -moër Adj.: «mager wie ein (halb)verhungerter Hund»; -haus N.: «herrschaftlicher Hundezwinger» (früher zwischen Clausen u. Pfaffenthal — heute nur noch Ortsbezeichnung); [Bd. 2, S. 171] -midd Adj.: «hundemüde» (auch: honds-); -trei Adj.: «treu, ergeben wie ein Hund».
Honds- / honds- -aarbecht F.: «beschwerliche, lästige, erniedrigende Arbeit»; -aasch M.: 1) «Frucht der deutschen Mispel, Mespilus germanica» — s. Héispel; 2) «Mispelbaum»; 3) erweitert: «verkümmerter Apfel, verkümmerte Birne»; -ääss, -eess F.: «Pustel» (die Blut und Eiter entleert); -baatsch F.: «Hundepeitsche» — e kritt d'H. (er wird geprügelt, übtr.: kurz abgefertigt) — en hält d'H. prett (herrschsüchtiger Charakter); -bass M.: «Hundebiß» — wann den H. em Oombësser (wenn er Aas angebissen) as, dann heelt den H. schlecht; -beidel M.: «Schimpfname»; -billet (-/bilje) M.: «Hundefahrschein»; -biskuitt, -bisewitt F.: 1) «Hundekot» — Hondsbisewitten och! (mitnichten); 2) «Hundekuchen» (Hundefutter) — das Simplex Bisewitt (I/114) wird bisw. als Lockruf an den Hund gerichtet, damit er fressen komme; -blumm F.: verschiedene Pflanzennamen, etwa: 1) «Margaretenblume, Chrysanthemum Leucanthemum»; 2) «Buschwindrose, Anemone silvestris» — dafür auch: -rous; 3) «Hundsgleiße, Aethusa cynapium» — auch: -péiterséileg; 4) «Wilde Kamille, Anthemis arvensis» — auch: Hondskaméileblumm; -deeg Pl. M.: «Hundstage» (25. Juli — 25. August) — Spw.: An den H. huet et nach ni gefruer; -dëschtel F.: «stengellose Kratzdistel, Cirsium acaule»; -doud M.: «gemeine Schwalbenwurz, Cynanchum off.» — auch: -wierger; -dreck M.: «Hundekot» — en H. och! (abweisend) — en huet erausgesi wéi wann e géif Hondsdrecker rafe goën (früher diente der Hundekot bei der Handschuhlederbearbeitung); -éislek M./N.: «nördlichster, unwirtlichster Teil des Öslings» — ech wäerd scho suergen, dass d'an d'H. versat gës (drohend, zu einem unwillfährigen Beamten) — wou läit dat? o, do uewen am H.; -veioul F.: -«geruchloses Waldveilchen, Viola canina» — auch: Bëschviéilchen (s. d. I. S. 134); -fett Adj.: «Hundefett» — H. gët vu longekrank Leit ageholl (Volksheilmittel); -fëttesch Adj.: «hundsföttisch» — dat as h. — en as h. (op eng h. Aart a Weis) em d'Liewe komm; -fott F./M.: 1) «etwas Niedriges, Gemeines» — en huet mech aus der H. gezunn — en as kän H. wäert, ähnlich: der Deiwel an eng H. — e Mann, e Wuert oder eng H. — esou en H., dee säi Wuert frësst! — Hondsfotten och! (abweisend); 2) nur M.: «nichtsnutziger Mensch»; 3) abgeschwächt: «geringe Menge, Unwesentliches» — da's eng H. (= esouvill wéi näischt, e klengen Dreckelchen); -friem Adj.: neben hond- (s. d.); -friessen N., -frooss M.: 1) «Hundefrass»; 2) «schlechtes Essen»; -gebake Biren Pl. F. in der abweisenden Ra.: hondsgebake Biren och!; -gefier, -gespan(n) N.: «Hundegespann» — fréier koum den Dëppegéissert (de Mëllechmann, de Schéierschlëffer, de Lompekréimer . . .) mam H.; -gemeng Adj.: «hundsgemein»; dazu die Abl.: -gemenghät F.; -genoden Pl. F.: «Bauchwinde», in der Ra.: maach der eng Porrettenzopp, da fueren all H. ewech (cf. affen); -gléck N.: «unverdientes, außerordentliches Glück» — cf. auch: Sau-, Schwéngs-, Houerechance, -gléck; -gras N., -wues M.: «feines Gras» (Unkraut, bes. im Klee) entweder «Dactylis glomerata» oder auch ge- legtl.: «Agropyrum repens» — wofür auch: U-, Dunngras, Quatten; -hais-chen N.: 1) «Hundehütte»; 2) lok. «Dachluke» — s. Huelkäik; -hoër N. «Hundehaar» (cf. Hond sub 1 Spww.); -galopp M. in der Ra.: am H. = hell ewech (s. d.); -iddi F.: «schlechter Einfall, Vorschlag» — Honds-/honds- wird, wie hier häufig als abschätziges Präfix gebr. (cf. etwa Hämmels-); | |