LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Caleçon bis Camionneur (Bd. 2, Sp. 272a bis 273b)
 
Caleçon (wie frz., aber Ton: 1) M. (Echt. F.): «Männerunterhose» — e laange, e kuurze K. — e K. mat laange, kuurze Been — wéi mer koumen, du wor en nach am K. — zu einem Buben, der raucht, sagt man: hues d'e K. un? (früher dafür ländlich auch: Ënnerbox); Zussetz.: Kalzongsbeen N.: «Bein der Unterhose»; Kalzongsschnouer F.: «Schnur an der Unterhose».
 
Kam, gelegtl. nur im Pl. Kamen (Kollektivum) M.: «Schimmelbelag auf gegorenen Getränken, eingemachten Lebensmitteln» — auf den Ostrand (Mosel-Sauertal) beschränkte aus dem Hd. eingesprengte Variante zu dem auch hier häufigeren Kon(en); dafür auch Pand.
 
Kam, Came (= frz. came; allgem. ka·m gespr., Nordösl. kAm) F.: «Kammzahn» (des Zahnrades) — Nösl.: bei däm Stuss fueren d'Kammen ewä.
 
Kamäin (Nösl. kA/meŋ: — sonstige Var. des Tonvokals cf. Ltb. 67; lok. bisw. Komäin) M.: 1) «(enger) Schornstein, Schlot» — d'Kamäiner dämpen (im bes. auch: die Industrie hat reichliche Arbeit) — de K. as verstoppt — de K. brennt (Kaminbrand) — d'Hëtzt geet all de K. aus — dat kanns d'an de K. schreiwen (fir datt d'Hénger et nët erauskrazen — das kannst du dir merken, aber auch umgekehrt: es ist wertlos, geht mit Rauch gegen Himmel) — si sin am Kazett duurch de K. gaang (im Krematorium verbrannt worden) — gëschter hun ech em et nach laang a breet explizéiert, haut as schon erëm alles duurch de K. (gaang) — gelegtl. Ausruf des Unmuts, der Überraschung: och du mäin, am K. (Refrain aus dem Dicksschen Singspiel De Scholdschäin, dazu der spaßh. Zusatz: do hänke siwen décker Schwäin) — Wb. 06: 't as méi liicht zwéi Kamäiner ze bauen, as wéi ee warem ze halen — de K. zéit gutt, schlecht, nët (der Kamin hat schlechten Durchzug) — 't hummert am K. (das Feuer bullert im Kamin); 2) «offene Feuerstelle im Wohnzimmer» (dafür meist Cheminée — s. d.) — si souze beim K. ze schnadderen; 3) spaßh. für «Nase» — botz däi K.! (putze die Nase); Abgrenzung gegen Synonyma: Schuerstéch bezeichnet ursprünglich den Rauchfang, Cheminée vorzüglich die offene Feuerstelle und den Fabrikschlot.
 
Kamäine- -botzer(t) M.: 1) «Schornsteinfeger» — dafür: Schuerstéchbotzer(t), -fä(e)r; 2) «Rauchschwalbe, Hirundo rustica» — dafür gängiger: Schuerstéchschmuelef (-schmuelber); -briet N.: «Sims um den Rand des Rauchfangs»; -feier N.: 1) «Kaminfeuer» (im offenen Herd); 2) «Kaminbrand».
 
Kamäinslach M.: «Kaminloch» (im Mauerwerk).
 
Kambrik (Ton: 1) M./N.: «feines Linnen» (etwa für Taschentücher — aus Cambrai, fläm. Kamerijk).
 
kameg (meist nur in der ostlux. Var. kamig) Adj.: «schimmelig» — zu Kam. M.
 
Kaméid(é)i, Koméid(é)i M.: 1) nur noch selten in der urspr. Bed. von frz. comédie / dt. Komödie: «öffentliche Schaustellung» — d'Pompieën hu K. gespillt, d'ganzt Duerf war op de Been; 2) «Umstände, Aufhebens, Streit, Unordnung» — maach dach keen esou e K. fir déi Klengegkeet — wat gouf dat e K., wéi ech heemkoum — wann s de dat méchs, Männchen, da gët et K. an der Broutgaass — du krut ech K. mat em — maach weider kee K. mat där Saach, da kënns d'am beschten ewech — këmmer dech nët an (ëm) dee K. — si siche K. (de K. sie suchen Streitgründe) — si haten deen déckste K. (ënnerteneen, mateneen); 3) «Lärm» — 't war ee K. an der Gaass, ech hun d'ganz Nuecht keen A zougedon [Bd. 2, S. 273] — maach dach keen esou e K. wann s de d'Trap eropkënns — dat geet och ouni K. — Pennälerspr.: d'ganz Klass huet K. geschloën — hätte mer dee K. gutt erlaanscht (zu 2 und 3) — K. an d(er) Tut (geschabter Nougat); 4) «Tand, Firlefanz, Trödlerkram» — hal däi K. — wat huet deen e K. feel — pak a mat déngem K., mer kafen näischt — séng Fra hat erëm e K. unhänken (gehäufte, meist falsche Kleinodien) — d'Fraleit hun de K. gär (zu allen 4 Bed.) — fir e puer Su K. (etwas Kram, Naschereien, Spielzeug für wenig Geld); 5) Hüllwort für «(weibl.) Geschlechtsteile, Brüste» — d'Meedche souz do, 't huet een de ganze K. gesin — 't huet de ganze K. gewisen (cf. Geschicht).
 
Kaméid(é)is- -bridder Pl. M.: 1) «Kirmesmusikanten, fahrende Spielleute»; 2) «rauflustiges Volk»; -leit Pl. M.: 1) «fahrende Musikanten, Schauspieler»; 2) «die Fahrenden vom Rummelplatz»; -mécher M.: 1) «(schlechter) Komödiant»; 2) «Mensch mit theatralischen Allüren, der im Leben schauspielert»; 3) «unverträglicher Kerl, Raufbold»; -spiller M.: «(Amateur-) Schauspieler, Darsteller auf der Bühne»; -stéck N.: «Komödie» (von Dicks gebildet); -won M.: «Wohnwagen der fahrenden Komödianten».
 
Kaméil, Kaméildéier (Nordösl., Echt. Kamilldéier, -diër) N.: «Kamel» — Schimpfwort: du K.! — si saufe wéi Kaméiler.
 
Kaméilhoer N.: «Kamelhaar» — e K. fir un d'Aangel — e Mantel aus beschtem, echtem K.; dazu die Komp.: Kaméilhoër(s)schlappen Pl. F.: «Kamelhaarpantoffel»; Kaméilhoër(s)teppech M.
 
Kaméileblumm, gelegtl. auch einfach Kaméilen (lok. -mill-) F.: 1) «Edelkamille, Ormensis nobilis»; 2) «echte Kamille, Matricaria Chamomilla»; Hondskaméileblumm F.: 1) «Feldkamille, Anthemis arvensis»; 2) «stinkende Kamille, Anthemis Cotula»; giel Kaméileblumm F.: «Färberkamille, Anthemis tinctoria»; wëll Kaméileblumm F.: 1) «Feldkamille»; 2) «deutscher Bertram, Achillea Ptarmica».
 
Kaméile(blumme)ntéi M.: «Kamillentee» — dafür bisw. Camomille (wie frz.) — cf. auch Kammiljen, Kanéilen.
 
Camelot (/kAməlo) M.: meist «flegelhafter Mensch» (nur in der Sprache der Gebildeten wie im Frz.: «Straßenhändler»).
 
Camelote (kAmə/lOt) F.: 1) «dichtes, glattgearbeitetes Gewebe aus Angora- oder Schafswolle» (gelegtl. auch aus Seide, Baumwolle, Leinen); 2) «Ramschware» (beide Bed. aus dem Französischen).
 
Camembert (Ton: 1) M.: «fetter Weichkäse» (benannt nach dem Dorf Camembert im Arrondissement Argentan des Departements Orne in Frankreich — neuerdings nach frz. Rezept auch hierzulande hergestellt) — de C. as gutt passéiert — de C. leeft — dee wéi e C. (von Betrunkenen: «mürbe wie ein C.») — bisw. auch: de C. as zeideg.
 
Kamerod, Komerod älter: Komerad (Pl.: Kameroden, Komeroden, Komeraten) 1) «Kamerad, Gespiele, (bes. gleichaltriger), Vertrauter» — mer waren ëmmer (gutt) K. zesummen (hier wird der Sg. fast adjektivisch gebr.) — da's e léiwe K.! (eigtl. und pejor.) — en hat schlecht Komeroden — da bleiwe mer gutt Komeroden — auch von Frauen: si as K. vu ménger Mamm, si souzen zesummen an därselwechter Schoulbänk; 2) (= Guet) «Gegenstück, Gegenpart» (bes. von paarigen Dingen) — ech hun nëmme méi eng Händsch, de K. derzou hun ech verluer; 3) aus der (hochdeutschen) Soldatensprache: Kamerad, Kamerad (mit hochgehobenen Armen) «ich ergebe mich» (etwa beim Spiel gebr.), «ich gebe mich gefangen».
 
Kamerodscha(a)ft, Komerodscha(a)ft F.: 1) «Gesamtheit der Komeroden (sub 1)» — en huet keng gutt K. — d'K. huet e verduerwen; 2) «Kameradschaftlichkeit» — si hun ëmmer gutt K. mateneen (ënnerteneen) gehalen — aus aler K. (ähnlich gebr. wie Frëndschaft I/S. 413, wozu etwa nachzutragen: do hält d'Frëndschaft, d'K. op, ech kënnechen em d'F., d'K.).
 
Camion (/kAmjÕ·) M.: 1) «großes Lastauto» — e ganze C. voll (sehr viel); 2) zur Maßangabe: e C. Gromperen, Kuelen, Kok, Brennholz usw.; dazu die Abl.: Camionnage (-/a·S) M.: «An- und Abfuhr mit Lastauto, Warenbeförderung» — e mécht C. fir d'Eisebunn; Camionneur (wie frz.) M.: «Fuhrunternehmer»;

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut