LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Capote bis Kappwéi (Bd. 2, Sp. 285b bis 290a)
 
Capote (wie frz.) F.: 1) «Soldatenmantel»; 2) «Kondom» — in dieser Bed. häufiger das Dim.: Kapëttchen F.; 3) «Frauenhut von besonderer Form, mit zwei Bändern, die unter dem Kinn verknotet wurden»; Zussetz.: Capotenhittchen M.
 
kapott (lok. Ostrand, um Echt. kabott) Adj.: 1) «entzwei, zerbrochen» — en huet säi Spillgezei k. gemat — säin Auto as k. (gaang) — 't as eppes k. drun — e kritt alles k.; 2) «todmüde, wie gerädert» — dee leschte Stouss Wee huet mech k. gemat — hie mécht séng Leit, Aarbechter k. — maach dech dach nët k. — ech si k. (erledigt); 3) «verendet (von Tieren)» — abschätzig auch von Menschen — en huet sech k. gesoff (geschafft) — du wäers frou, wann ech k. wäer; 4) = kapores sub 2; in manchen Kreisen gilt das Wort ebenso wie futti, futsch als unfein — in allen Bed. selten attributiv gebr., etwa: e kapotte(ne) Stull — e kapotten Hond — (cf. vreckt I/S. 411).
 
Caporal M. meist dafür Kaperol (s. d.).
 
Kapp (lok. phV. des Tonvokals cf. Ltb. 33, Echt.: kOOp — Pl. Käpp, Dim. Käppchen, s. d. — phV. des Tonvokals [Bd. 2, S. 286] von Pl. und Dim. cf. Ltb. 40) M.: 1) «Kopf» als Körperteil von Mensch u. Tier — Form, Härte des Kopfes: en décke Kapp (Déckkapp, Waasserkapp) — en haarde Kapp (wofür im übtr. Sinn: Kauzekapp «eigensinnig» — cf. sub 2/d) — in beiden Fällen gelten die Vergl.: e K. wéi en Uess (Ochs), e Far, e Widder, e Stéier, eng Holzhä (alle diese Vergleiche auch in übtr. Bed. wie sub 2/d: eigensinnig, störrisch, verstockt — wofür auch Klatzkapp) — e K. wéi eng Keleklatz (runder, glattgeschorener Kopf) — e K. wéi mam Beile gehaën (vierschrötig — wofür lok. Schabaudiskapp) — e K. 't kënnt ee Steng drop klappen, 't kënnt ee Bounestaachen drop spëtzen — e wäisse (hellblond oder ergraut), groe, plakege K. (Plakapp) — der Kopf u. seine Teile: ma hues de da keng Aën am K.? (siehst du denn nicht? auch übtr.: bist du so blind, dumm?) — dee gonnt engem keen A am K. — en huet sech d'Aën aus dem K. gedréckt, gekuckt, gekrasch — en hat d'Aë baussent dem K. stoën (bei Schrecken, Anstrengung, Krankheit, Trunkenheit, Trauer) — scherzhafte Drohung zu Kindern: ech setzen der de K. tëschent d'Oueren (wann dat nach eng Kéier virkënnt, da kriss de de K. tëschent déi zwee Ouere gesat) — e schwätzt engem en Ouer vum K. (er liegt einem andauernd in den Ohren, etwa mit einem Anliegen; von einem Schwatzhaften: e schnësst Iech en Ouer vum K.) — en huet méi Scholde wéi Hoer um K. — deem wiisst de K. duurch d'Hoër (er hat eine Glatze) — Echt.: kän Houer op 'm Koap kränken ich him (Du) — ech hu mech Hals iwwer K. getommelt (gelegtl. auch: iwwer Kapp/Kopp an Hals, iwwer K. an Aasch oder K. iwwer Aasch Hals über Kopf, auch: kopfüber, dafür in Echt.: iwer Koap an Oosch ewee) — der Kopf und andere Körperteile: en huet de K. op de Schëllere sëtzen (er hat einen kurzen Hals; auch: en huet keen Hals) — en zéit de K. tëschent d'Schëlleren — ech war esou naass, ech hu mech misse vu K. bis zu Féissen (oder Fouss) anescht undoën (oder changéieren) — ähnlich heißt es im Kindergebet: Owes wann ech schlofe gin, Véierzéng Engelen em mech stin, zwéin zu Kapp, zwéin zu Féiss(en), usw. (cf. I/265) — déi Saach huet K. a Fouss (die Sache ist vernünftig, wohl erwogen) — waarm Féiss, e kale K. (s. sub 2/c) — si sin ee K. an een Aasch mateneen (außergewöhnlich befreundet) — dat huet kee K. a kee Schwanz (formlos, sinnlos) — die Kopfbedeckung: en huet den Hutt ëmmer wënsch um K. sëtzen — e kritt den Hutt nët vum K. — e leeft ëmmer mam blousse, plakege K. dorëmmer (plakeg und plakapp auch «kahl» — s. oben) ähnlich: schuerkapp (geschorenen Kopfes aber auch: ohne Kopfbedeckung) — 't as besser den Hutt verluer wéi de K. — die Haartracht: e K. wéi e Kéiseker (struppig wie ein Igel) — e K. wéi e Wëllen (wie ein Wilder) — e K. wéi eng geschueren Eil (Bubikopf) — kuck emol, wat hun ech e K., sot d'Fra, mat esou engem K. kann ech nët ënnert d'Leit goën — Haltung, Bewegung des Kopfes: de K. dréien (a kéieren), rëselen, héich halen, riicht (gerade), kromm (schief) halen, hänke loossen, an de Buedem stiechen — si strecken d'Käpp zesummen (beraten, besprechen) — mam K. wénken, weisen — a wann s de dech géings op de K. (meist: op d'Kopp) stellen, du briechts et nët fäerdeg — d'Kanner stin um K. (ganz ausgelassen) — d'Welt steet um K. (alles ist verkehrt, grundlegend verändert) — Echt.: e leet de Koap voan äner Säit op di (zur) aner (er spielt den Scheinheiligen) — Eigenschaften, Empfinden des Kopfes: e krut e roude K. (vor Anstrengung, Aufregung, Scham, Trunkenheit, Zorn) — d'Blutt as em an de K. gelaf — ech hun de K. wéi (oder ech hu Kappwéi) auch ohne Adj.: en huet e K. kritt — de K. geet mer ronderëm (ich bin trunken) — et dréit mer (alles) am K., 't geet mer alles am K. ronderëm — ech hun en décke K., de K. déck, e K. ewéi e Faass (Katzenjammer) — en huet e Lach am K. (gelegtl. heißt es auch: e schwätzt engem e Lach an de K.), auch übtr.: lo hu mer d'Lach am K. (jetzt müssen wir die Folgen tragen) — en huet e schwéiere K. (Kopfschmerzen, Katzenjammer; aber auch, um jem. zu tadeln, der unmanierlich den Kopf auf die Hände stützt) — dréis (packs) de de K. nët méi (zu Kindern, die den Kopf stützen) — et brommt mer am K. wéi an enger Beienheip — d'Krankheet as em an de K. geschloen (cf. aber auch sub 2/d) — ech hun ewéi e Bei, e Päerderchesspill am K. (Schwindelanfälle, Ohrensausen) — ech hun de K. esou wéi, ech mengen, e géing mer ausernee fueren (baschten) — en huet Bläi am K. — [Bd. 2, S. 287] Schläge: wann dat do nët gläich ophéiert, da gët et eng an (widdert) de K. (häufiger: an d'Akaul, an d'Hauf u. ähnliche Metonymien) — zu dem Kleinkind, indem man dessen Hände leicht gegen dessen Kopf schlägt: schlo de béise Käppi — si krute sech mat de Käpp — ech schloen en op de K., datt e plattféisseg gët — 't soll een d'Kanner nët an (op) de K. schlöen, si kënnten eppes behalen — wann der nët gaangs roueg sidd, da gët et Kläpp an d'Käpp — si hu sech d'Käpp zerschloën, bluddeg geschloën — schéck dech, soss huelen ech dech mam K. (ähnlich: mam Haals, Schlawittchen, Schlapp u. andere Metonymien) — übtr.: si danzen em um K. erëm (er muß sich alles von ihnen gefallen lassen) — ech hun em de K. gewäsch (habe ihm ernste Vorwürfe gemacht) ähnlich: ech hun em de K. tëschent d'Ouere gesat — Echt.: ech schlin der de Koap a Mijhelen (drohend) — schlo en nët an de K., d'Seemiel (de Krësch) kënnt kommen (oder soss kréie mer eng Iwwerschwemmong) — Wachstum: séng Kanner sin em iwwert de K. gewuess (seine Kinder sind größer geworden als er; auch übtr.: seine Kinder lassen sich nichts mehr von ihm vorschreiben, sind ihm geistig überlegen), ähnlich: si sprangen em iwwert de Kapp, danzen him um K. (erëm) — en as e (ganze, gudde) K. méi grouss (héich) ewéi ech — en as dräi Käpp (auch: Kapp) méi héich ewéi säi Bridderchen — hien ësst mir d'Zopp vum K. (er ist größer als ich, auch übtr.: klüger, pfiffiger) — e stéisst (kënnt) mam K. uewe widder — pass op, tucks der de K. nët (diese Raa. auch in übtr. Bed. zu 2/d) — d'Aarbecht as mer iwwer de K. gewuess (ich komme der Arbeit nicht mehr nach); Folklore: ein Berdorfer, der einem kopflosen Geist zurief: hee Alen, du wäers nach gutt fir Dill ze droen (cf. sub 2/a), wurde von diesem geohrfeigt (GREDT 722,2); — bildliche Raa.: en huet mer de K. voll getuddelt — si hun em d'Haus iwwer dem Kapp ugestach — ech loosse mer op de Féiss danzen, awer nët um K. (ich lasse nicht derart mit mir umspringen) — si hun d'Hänn um (iwwert dem) K. zesummegeschloën (sie waren baß erstaunt) — Verzweiflung: 't as fir mam Kapp duurch eng Scheierpaart ze rennen, fir mam K. duurch d'Mauer ze lafen, fir mam K. an eng Auberge (/o:bεrS), oder: en(g) Hotel ze lafen, fir sech de K. mat Weiden zouzebannen — en huet mer et op de K. zou behaapt (beteuert) — en huet et am K. ausgerechent — wat huet deen Tricken am K.! — en huet soss näischt am K. wéi den Amusement (er denkt nur an Unterhaltung — cf. sub 2/b) — e schafft mam K. (spaßh. Zus.: wéi d'Uessen) — e léiss sech fir en décke Su honnert Bounestaachen um K. spëtzen (gewinnsüchtig) — 't as näischt géint siwenzeg, do sin d'Käpp ewechgeflunn (Anspielung auf den Krieg 1870), ähnlich: du sin d'Leit ouni Käpp gelaf (zum Trost) bisw.: si hun de K. ënnert den Aarm geholl; 2) in vielen Raa. wird mit dem Worte nicht mehr die Vorstellung des Körperteils verbunden, sondern ganz allgem. der geistig-seelische Teil des Menschen oder zumindest dessen Sitz gemeint, und zwar: a) das Leben schlechthin: dat huet en de K. kascht — hie muss derbäi sin, a wann et fir de K. géing — 't geet fir de K. (der Kopf steht auf dem Spiel) — hie léiss sech de K. erofschneide fir hien — aus mittelalterlicher Vorstellung von Hinrichtung und Folter stammt auch die Ra.: e léisst sech d'Haut iwwert de K. zéien (läßt sich alles gefallen), si hun en e K. méi kuurz gemat (hingerichtet) — Männchen, du setzs däi K. op (an) d'Spill (du spills mat déngem K.) — auf die Feststellung: en huet de K. verluer, en huet kee K. méi (er hat seinen Kopf verwirkt), erfolgt allerdings gerne die spaßh. Schlußfolgerung: dann as en nach gutt fir Dill ze droen (mit spaßh. Rückkehr ins Konkrete) — hien hält de K. duer (trägt die Verantwortung — cf. auch sub 2/d) — si hun e Präis op säi K. gesat — dofir as mir mäi K. ze léif — ech wette mäi K.; b) Intellekt (Verstand, Gedächtnis): en huet sech de K. zerbrach (lange nachgedacht) — en huet kee K. (keine Überlegung) — e schwätzt iwwer d'Käpp ewech (zu gelehrt) — en huet méi am K. wéi an der Täsch (er ist mehr gescheit — auch dünkelhaft — als reich; sein Wissen hat ihm wenig eingebracht) — an zwéi Käpp as méi wéi an engem (zwei wissen mehr als einer) — en huet de K. ënnert dem Aarm, wéi den hellegen Dëni (gedankenlos, dumm) — en huet e gudde K. (er ist begabt; dazu der spaßh. Zusatz, mit Rückkehr ins Konkrete: 't as nëmme schued, datt e muss faulen — oder, spöttisch: e gudde K. fir Lais ze zillen) — wat een nët am K. huet, dat [Bd. 2, S. 288] muss een an de Been hun (man muß sich beizeiten besinnen, seine Gedanken beisammen haben, um sich nachträglich doppelte Mühe zu sparen) — en huet méi an de Been ewéi am K. (dummer Sportler) — en as (wéi) aus dem K. (Echt.: ous Koap — ähnlich wie: aus dem Hais-chen er ist irrsinnig, hat den Verstand verloren) — en as ëm de K. (komm — wie d. vor.) — ma, hues de dann e Briet vrum K.? (verstehst du denn gar nichts?) — dat muss der dach däi klore K. soën — behal dach däi klore K.! — en huet de K. (die Fassung) verluer — ech weess nët, wou ech de K. stoen hun (ich bin verwirrt, weiß mir keinen Rat) — wou has de deemols däi K.? — en huet Huwwelspéin, Krësch (Kleie), Seemiel, Stréi, näischt am K. (dumm) — dat as mer duurch de K. gaangen (ich habe es vergessen) — dagegen: looss der et emol duurch de K. goën (überlege es einmal) — dat kënnt mer nët aus dem K. (ich muß immer daran denken) — dofir as dir de K. ze fréi zougewuess (das verstehst du nicht) — ma bas de dann op de K. gefall? (verstehst du nicht?) — 't muss een e klore K. behalen — hien huet en helle K. (häufiger: Käppchen) — e schwätzt, zeechent aus dem K. (aus dem Stegreif) — dat wëllt nët a mäi K. eran (wëllt mer nët an de K. — das verstehe ich nicht); c) Gemüt (Stimmung, Neigung): De K. kal an d'Féiss warem mécht de beschten Dokter arem — ähnlich: waarm Féiss, e kale K. maachen een zum alen Dapp — si hun e widder de K. gestouss (haben ihn beleidigt, übergangen) — en huet dem Meedchen de K. verdréit — lee der doeriwwer de (däi) K. a Rou (mache dir darüber keine Sorgen) — looss de K. nët hänken — hal de K. héich oder einfach: K. héich! (gib die Hoffnung nicht auf!) — hien huet em de Geck an de K. gesat — Echt.: si säin ä Koap an än Sill mateneen (eines Geistes, sehr befreundet) — ech hun haut de K. nët drop stoën (bin nicht in der rechten Stimmung); d) Wille (Persönlichkeit, Eigenwille, Stolz): 't kann een nët all Käpp ënnert een Hutt bréngen (die Meinungen sind verschieden) — mat deem séngem K. kënnt ee Péil an de Buedem schloen (er ist starrsinnig — s. auch sub 1: haarde K.) — hie setzt ëmmer säi K. duurch (er setzt seinen Willen durch) — Wat deen nët am K. huet, dat huet en och nët am Aasch (wenn er nicht will, so helfen nicht einmal Prügel) — ähnlich: wat deen am K. huet, dat huet en och am Hënner — en huet säi K. (er ist eigensinnig) — wann hien e K. huet, ech hun och een (ich werde seinem Eigensinn die Stirn bieten) — en huet sech et nun eemol an de K. gesat (er hat es sich fest vorgenommen; er ist von der fixen Idee beseelt) — e muss séngem K. follechen (no fueren) — de Bouf weist (engem) de K. (handelt nicht nach unserem Wunsche, trotzt) — dat muss de der aus dem K. schloen (darauf mußt du verzichten; du mußt den Gedanken aufgeben) — e rennt mam K. widdert d'Mauer, e geet mam K. duurch eng Mauer (er läßt sich nichts sagen) — Echt.: 't muss ëmmer seims Koap (sonst: séngem K.) no goën — Echt.: d'Kand as schuns seines Koaps (das Kind hat schon seinen eigenen Willen) — en huet séngem Papp säi K. (den Charakter seines Vaters) — en huet e Fuerz am K. (er ist hochmütig, hat eine fixe Idee) — hien hält engem de K. (gibt nicht nach) — en huet vill am K. (er ist stolz, eingebildet — aber auch zu 2/b: er weiß viel, ist intelligent — spaßh. Zus.: a wann et och Stréi as) — en dréit de K. héich (er ist stolz) übertrieben: en dréit de K. esou héich, 't reent em an d'Nueslächer — Dro de K. nët ze héich, da stéiss de nët un — 't as em an de K. geschloën (er ist stolz darüber, überheblich) — ech ka mäi K. héich halen wou s du däi muss bécken (ich bin immer redlich gewesen, was bei dir nicht der Fall gewesen); 3) «Individuum, einzelnes Stück» in Zahlangaben — mer kruten eng Koppel Wiirschtercher an eng Fläsch Béier op de K. — dat mécht honnert Frang op de K. (bisw. auch: pro K.) — bes., der Bed. sub 2/b entsprechend: da's e K.! — hätte si méi Käpp an der Chaber! (mit offenkundiger Anspielung auf die Bedeutung sub 2/b); 4) «Kopfseite der Münze» (auf der das Kopfbild des Fürsten eingeprägt ist, aber auch: auf der sich das Wappenbild oder sonst eine bildliche Darstellung, etwa der Stahlarbeiter auf den luxemburgischen Frankenstücken, befindet) — beim Loswerfen heißt es: K. oder Mënz? — das Resultat wird dann festgestellt mit den Worten: 't as K. oder 't as Mënz — ech (mir) hu K. — seltener heißt es: K. a (oder) Pill (cf. frz. pile ou face), ähnlich: Kräiz a (oder) Mënz (auf dem früheren lux. Sol war ein Kreuz) — de schwaarze K. (erste lux. Briefmarke [Bd. 2, S. 289] von zwei Sous), de roude K. (Briefmarke von einem Silbergroschen — Emission 1852, mit dem Kopfbild Wilhelms III, König der Niederlande u. Großh. von Luxbg.); 5) «oberste Seite, Hauptseite» (etwa des Tisches, einer Druckseite, eines Bildes, eines Wandspiegels) — de Grousspapp kënnt op de K. vum Dësch sëtzen — de K. vum Bett kënnt widder d'Mauer stoën — in dieser Bed. auch das Komp.: Kappsäit; 6) bisw.: «Oberhaupt» — de K. vun der Gemeng — déi bescht Käpp aus der Gemeng (cf. auch sub 3); 7) «höchster Teil, Spitze eines Körperteils» — ech hu mer de K. vum Fanger opgerass (in dieser Bed. häufiger: Këppchen) — obszön: en huet sech d'Haut iwwert de K. gezunn (cf. Äächel, Eechel I/51 sub B); 8) «höchster Teil, hervorragender Teil eines Gerätes, Gegenstandes» — etwa: a) beim Faß: Zarge, Kimme, Teil oberhalb des Gargels, die Daubenenden; b) Kopf des Nagels, der Stecknadel: en huet den Nol op de K. geroden (er hat genau das Richtige getroffen) — Maßangabe: esou déck (emol nët esou déck) wéi de K. vun enger Spéngel (wéi e Spéngelskapp); c) Brause der Gießkanne; d) Tonabnehmer des Plattenspielers; e) Pfeifenkopf; 9) Kopfbildung des Gemüses (Kohl, Salat, Sellerie) — ech weess nët, eis Zalot mécht dëst Joer keng Käpp — e Kapp Knuewelek (Knoblauchkopf; Teil davon: eng Zéif Knuewelek); 10) nur im Pl.: «Samenkapsel des Flachses»; Abgrenzung gegen Synonyma: Hät, Heet (II/139) ist in der ursprünglichen Bed. (sub 1 und 2) weitgehend veraltet und nur noch in sprichwörtlichen Raa. lebendig, sub 9/10 ist es allerdings mindest so gebräuchlich als Kapp — das Fem. Kopp (eigtl. «Kuppe») wird, besonders in spaßhafter, burschikoser Sprache in vielen Verwendungen sub 1 und 2 gebraucht, darüber hinaus bezeichnet es vor allem Erhebungen im Gelände (und trifft sich hier mit dem hd. «Koppe») — spaßhafte Bezeichnungen des Kopfes (sub 1) sind: Baus, Bomm, Deckel, Dunn, Hauf, Hummer, Kalbass, Klatz, Päifendeckel, Rommel, Schierbel, Tetes (Teti — beide auch: -ä-).
 
Kapp- (wenn nicht anders angegeben, Ton: 1) -aarbecht F.: «intellektuelle Arbeit» — K. as schwéier, dat gesäit een um Uess (spaßh. Verkehrung ins Konkrete) — cf. auch -ball; -aarbechter M.: «intellektueller Arbeiter»; -auer F.: «Fähigkeit, ohne Zuhilfenahme einer Uhr die Zeit abzuschätzen» — méng K. léisst mech nët am Plang — bes.: «Fähigkeit des vorsätzlichen Erwachens»; -ball M.: «Wegstoßen des Fußballs mit dem Kopf» — eise Läfer huet hinnen e schéine K. an d'Këscht gesat — in diesem Zusammenhang redet der Sportjargon gelegtl. von Kappaarbecht; -biischt F.: 1) «Bürste, Besen mit rundem Kopf und meist längeren Haaren» — cf. etwa: Spannekapp; 2) «Haarbürste» — dafür häufiger: Hoerbiischt; -brieches N.: «Kopfzerbrechen, Nachdenken, Sorgen» — maach der doriwwer kee K. — do hëlleft kee Geld a kee K. — cf. auch: -krazes; -briet M.: «Kopfende des Bettes» — dafür meist -enn, -stéck; -dau F.: «Stirnjoch der Zugtiere» — dafür auch: -holz; -duch N.: «Kopfbinde» (vor allem bei Verletzungen) — das Kopftuch als Bekleidungsstück heißt heute eher: Fischi (I/365), Cape, Këpp oder Schal; Ga. übersetzt allerdings noch: Kappdoch «das Achseltuch»; -éig(t) F.: «Scharegge» — ähnlich: Kapplou (nach dem Namen des Erfinders Kapp aus Osweiler); -enn N.: «Ende, wo der Kopf hinkommt, Hauptende» (cf. auch -säit, -stéck und Kapp sub 5); -filet (Druckerspr.) M.: «Kopfzeile»; -geld N.: «Kopfsteuer» — im Echternacher Hämelmausléid (s. d. II/132 sub Hämeldéier) heißt es: wääss näist voa Koapgeld a voa Steieren; -häl, -heel M.: «Garten-, Feldhacke bestehend aus einer einzigen Klinge» — im Ggs. zu Kaascht (s. d.); -här (Ösling und sonst auch: Kopp-) M.: «Anführer» (veraltet) — Nordösling: al Lekt frojen emol: wä wor da Kopphär, wann d'Konner klabbere jungen (alte Leute fragen gelegentlich: wer war denn der Anführer, wenn die Kinder in der Karwoche klibberen — s. d. — gingen) — Neologismus der Rundfunkkommentare: d'Kapphäre sëtzen zu Moskau, Washington (die politischen Drahtzieher) — Echt.: e war bäi dene Kopphäier (er war sehr angesehen bei ihnen) — Kand as K. am Haus; -hoër N.: «Kopfhaar, Haupthaar»; [Bd. 2, S. 290] -holz N.: «Stirnjoch bei Ochsen und Kühen» (veraltet) — älter dafür: -dau; -huwwel M.: «Rundhobel des Küfers» — auch: Ronnhuwwel; -këssen (-këssem) (Ton: 2) N.: «Kopfkissen» — (im Ggs. zum grousse/laange Këssen) — Ga. bringt das, offenbar dem Hd. nachgebildete, Sprichwort: E gutt Gewëssen as dat bescht Kappkëssen (von Wb. 06 nicht übernommen) — statt dessen hört man gelegtl. ein gutes Gewissen an en décke Portmonni (wobei der Schluß zu ergänzen bleibt); -krazes N.: «Kopfzerbrechen» — 't huet vill K. kascht — oft: Kappbrieches (s. d.) a Kappkrazes; -noss F.: «Schlag auf den Kopf» — en huet Kappnëss kritt — häufig genügt das Simplex: schéck dech, soss gët et eng Noss; -rechnen N.: «Kopfrechnen»; -rous F.: «Rotlauf, Rose» (auch: Bloderrous; med. Erysipel); -säit F.: «Seite, wo der Kopf hinkommt, Hauptseite, Ehrenplatz (an der Tafel)»; cf. auch -enn und -stéck; -säl, -seel N.: «Bugseil» (Schifffahrt — von der Bugspitze zum Mast führend, daran wurde das Schiffsseil befestigt, an das die Halfenpferde angeschirrt wurden); -spronk M.: «Kopfsprung»; -statioun F.: «End-, Ausgangsstation» (im Gegs. zur Durchgangsstation); -stänneg Adj.: = käppesch (s. d.); -stéck N.: 1) «Stück Fleisch vom Kopf» (vor allem beim Schwein); 2) «Kopfgeschirr des Pferdes, Halfter»; 3) = -enn — die andern entsprechenden Teile des Bettes: d'Fouss-, d'Säitestécker; 4) nur im Pl. -stécker: «Schwierigkeiten, Streitigkeiten, Hiebe» — ech fäerten, dat elo gët Kappstécker; -steier F.: = -geld; -stëmm F.: «Kopf-, Fistelstimme»; -waasser N.: «Wasser, das durch ein Hemmnis gestaut ist»; -wéi M./N.: «Kopfschmerz(en)» — ausnahmsweise dafür:

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut