| Caporal M. meist dafür Kaperol (s. d.).
Kapp (lok. phV. des Tonvokals cf. Ltb. 33, Echt.: kOOp — Pl. Käpp, Dim. Käppchen, s. d. — phV. des Tonvokals [Bd. 2, S. 286] von Pl. und Dim. cf. Ltb. 40) M.: 1) «Kopf» als Körperteil von Mensch u. Tier — Form, Härte des Kopfes: en décke Kapp (Déckkapp, Waasserkapp) — en haarde Kapp (wofür im übtr. Sinn: Kauzekapp «eigensinnig» — cf. sub 2/d) — in beiden Fällen gelten die Vergl.: e K. wéi en Uess (Ochs), e Far, e Widder, e Stéier, eng Holzhä (alle diese Vergleiche auch in übtr. Bed. wie sub 2/d: eigensinnig, störrisch, verstockt — wofür auch Klatzkapp) — e K. wéi eng Keleklatz (runder, glattgeschorener Kopf) — e K. wéi mam Beile gehaën (vierschrötig — wofür lok. Schabaudiskapp) — e K. 't kënnt ee Steng drop klappen, 't kënnt ee Bounestaachen drop spëtzen — e wäisse (hellblond oder ergraut), groe, plakege K. (Plakapp) — der Kopf u. seine Teile: ma hues de da keng Aën am K.? (siehst du denn nicht? auch übtr.: bist du so blind, dumm?) — dee gonnt engem keen A am K. — en huet sech d'Aën aus dem K. gedréckt, gekuckt, gekrasch — en hat d'Aë baussent dem K. stoën (bei Schrecken, Anstrengung, Krankheit, Trunkenheit, Trauer) — scherzhafte Drohung zu Kindern: ech setzen der de K. tëschent d'Oueren (wann dat nach eng Kéier virkënnt, da kriss de de K. tëschent déi zwee Ouere gesat) — e schwätzt engem en Ouer vum K. (er liegt einem andauernd in den Ohren, etwa mit einem Anliegen; von einem Schwatzhaften: e schnësst Iech en Ouer vum K.) — en huet méi Scholde wéi Hoer um K. — deem wiisst de K. duurch d'Hoër (er hat eine Glatze) — Echt.: kän Houer op 'm Koap kränken ich him (Du) — ech hu mech Hals iwwer K. getommelt (gelegtl. auch: iwwer Kapp/Kopp an Hals, iwwer K. an Aasch oder K. iwwer Aasch Hals über Kopf, auch: kopfüber, dafür in Echt.: iwer Koap an Oosch ewee) — der Kopf und andere Körperteile: en huet de K. op de Schëllere sëtzen (er hat einen kurzen Hals; auch: en huet keen Hals) — en zéit de K. tëschent d'Schëlleren — ech war esou naass, ech hu mech misse vu K. bis zu Féissen (oder Fouss) anescht undoën (oder changéieren) — ähnlich heißt es im Kindergebet: Owes wann ech schlofe gin, Véierzéng Engelen em mech stin, zwéin zu Kapp, zwéin zu Féiss(en), usw. (cf. I/265) — déi Saach huet K. a Fouss (die Sache ist vernünftig, wohl erwogen) — waarm Féiss, e kale K. (s. sub 2/c) — si sin ee K. an een Aasch mateneen (außergewöhnlich befreundet) — dat huet kee K. a kee Schwanz (formlos, sinnlos) — die Kopfbedeckung: en huet den Hutt ëmmer wënsch um K. sëtzen — e kritt den Hutt nët vum K. — e leeft ëmmer mam blousse, plakege K. dorëmmer (plakeg und plakapp auch «kahl» — s. oben) ähnlich: schuerkapp (geschorenen Kopfes aber auch: ohne Kopfbedeckung) — 't as besser den Hutt verluer wéi de K. — die Haartracht: e K. wéi e Kéiseker (struppig wie ein Igel) — e K. wéi e Wëllen (wie ein Wilder) — e K. wéi eng geschueren Eil (Bubikopf) — kuck emol, wat hun ech e K., sot d'Fra, mat esou engem K. kann ech nët ënnert d'Leit goën — Haltung, Bewegung des Kopfes: de K. dréien (a kéieren), rëselen, héich halen, riicht (gerade), kromm (schief) halen, hänke loossen, an de Buedem stiechen — si strecken d'Käpp zesummen (beraten, besprechen) — mam K. wénken, weisen — a wann s de dech géings op de K. (meist: op d'Kopp) stellen, du briechts et nët fäerdeg — d'Kanner stin um K. (ganz ausgelassen) — d'Welt steet um K. (alles ist verkehrt, grundlegend verändert) — Echt.: e leet de Koap voan äner Säit op di (zur) aner (er spielt den Scheinheiligen) — Eigenschaften, Empfinden des Kopfes: e krut e roude K. (vor Anstrengung, Aufregung, Scham, Trunkenheit, Zorn) — d'Blutt as em an de K. gelaf — ech hun de K. wéi (oder ech hu Kappwéi) auch ohne Adj.: en huet e K. kritt — de K. geet mer ronderëm (ich bin trunken) — et dréit mer (alles) am K., 't geet mer alles am K. ronderëm — ech hun en décke K., de K. déck, e K. ewéi e Faass (Katzenjammer) — en huet e Lach am K. (gelegtl. heißt es auch: e schwätzt engem e Lach an de K.), auch übtr.: lo hu mer d'Lach am K. (jetzt müssen wir die Folgen tragen) — en huet e schwéiere K. (Kopfschmerzen, Katzenjammer; aber auch, um jem. zu tadeln, der unmanierlich den Kopf auf die Hände stützt) — dréis (packs) de de K. nët méi (zu Kindern, die den Kopf stützen) — et brommt mer am K. wéi an enger Beienheip — d'Krankheet as em an de K. geschloen (cf. aber auch sub 2/d) — ech hun ewéi e Bei, e Päerderchesspill am K. (Schwindelanfälle, Ohrensausen) — ech hun de K. esou wéi, ech mengen, e géing mer ausernee fueren (baschten) — en huet Bläi am K. — [Bd. 2, S. 287] Schläge: wann dat do nët gläich ophéiert, da gët et eng an (widdert) de K. (häufiger: an d'Akaul, an d'Hauf u. ähnliche Metonymien) — zu dem Kleinkind, indem man dessen Hände leicht gegen dessen Kopf schlägt: schlo de béise Käppi — si krute sech mat de Käpp — ech schloen en op de K., datt e plattféisseg gët — 't soll een d'Kanner nët an (op) de K. schlöen, si kënnten eppes behalen — wann der nët gaangs roueg sidd, da gët et Kläpp an d'Käpp — si hu sech d'Käpp zerschloën, bluddeg geschloën — schéck dech, soss huelen ech dech mam K. (ähnlich: mam Haals, Schlawittchen, Schlapp u. andere Metonymien) — übtr.: si danzen em um K. erëm (er muß sich alles von ihnen gefallen lassen) — ech hun em de K. gewäsch (habe ihm ernste Vorwürfe gemacht) ähnlich: ech hun em de K. tëschent d'Ouere gesat — Echt.: ech schlin der de Koap a Mijhelen (drohend) — schlo en nët an de K., d'Seemiel (de Krësch) kënnt kommen (oder soss kréie mer eng Iwwerschwemmong) — Wachstum: séng Kanner sin em iwwert de K. gewuess (seine Kinder sind größer geworden als er; auch übtr.: seine Kinder lassen sich nichts mehr von ihm vorschreiben, sind ihm geistig überlegen), ähnlich: si sprangen em iwwert de Kapp, danzen him um K. (erëm) — en as e (ganze, gudde) K. méi grouss (héich) ewéi ech — en as dräi Käpp (auch: Kapp) méi héich ewéi säi Bridderchen — hien ësst mir d'Zopp vum K. (er ist größer als ich, auch übtr.: klüger, pfiffiger) — e stéisst (kënnt) mam K. uewe widder — pass op, tucks der de K. nët (diese Raa. auch in übtr. Bed. zu 2/d) — d'Aarbecht as mer iwwer de K. gewuess (ich komme der Arbeit nicht mehr nach); Folklore: ein Berdorfer, der einem kopflosen Geist zurief: hee Alen, du wäers nach gutt fir Dill ze droen (cf. sub 2/a), wurde von diesem geohrfeigt (GREDT 722,2); — bildliche Raa.: en huet mer de K. voll getuddelt — si hun em d'Haus iwwer dem Kapp ugestach — ech loosse mer op de Féiss danzen, awer nët um K. (ich lasse nicht derart mit mir umspringen) — si hun d'Hänn um (iwwert dem) K. zesummegeschloën (sie waren baß erstaunt) — Verzweiflung: 't as fir mam Kapp duurch eng Scheierpaart ze rennen, fir mam K. duurch d'Mauer ze lafen, fir mam K. an eng Auberge (/o:bεrS), oder: en(g) Hotel ze lafen, fir sech de K. mat Weiden zouzebannen — en huet mer et op de K. zou behaapt (beteuert) — en huet et am K. ausgerechent — wat huet deen Tricken am K.! — en huet soss näischt am K. wéi den Amusement (er denkt nur an Unterhaltung — cf. sub 2/b) — e schafft mam K. (spaßh. Zus.: wéi d'Uessen) — e léiss sech fir en décke Su honnert Bounestaachen um K. spëtzen (gewinnsüchtig) — 't as näischt géint siwenzeg, do sin d'Käpp ewechgeflunn (Anspielung auf den Krieg 1870), ähnlich: du sin d'Leit ouni Käpp gelaf (zum Trost) bisw.: si hun de K. ënnert den Aarm geholl; 2) in vielen Raa. wird mit dem Worte nicht mehr die Vorstellung des Körperteils verbunden, sondern ganz allgem. der geistig-seelische Teil des Menschen oder zumindest dessen Sitz gemeint, und zwar: a) das Leben schlechthin: dat huet en de K. kascht — hie muss derbäi sin, a wann et fir de K. géing — 't geet fir de K. (der Kopf steht auf dem Spiel) — hie léiss sech de K. erofschneide fir hien — aus mittelalterlicher Vorstellung von Hinrichtung und Folter stammt auch die Ra.: e léisst sech d'Haut iwwert de K. zéien (läßt sich alles gefallen), si hun en e K. méi kuurz gemat (hingerichtet) — Männchen, du setzs däi K. op (an) d'Spill (du spills mat déngem K.) — auf die Feststellung: en huet de K. verluer, en huet kee K. méi (er hat seinen Kopf verwirkt), erfolgt allerdings gerne die spaßh. Schlußfolgerung: dann as en nach gutt fir Dill ze droen (mit spaßh. Rückkehr ins Konkrete) — hien hält de K. duer (trägt die Verantwortung — cf. auch sub 2/d) — si hun e Präis op säi K. gesat — dofir as mir mäi K. ze léif — ech wette mäi K.; b) Intellekt (Verstand, Gedächtnis): en huet sech de K. zerbrach (lange nachgedacht) — en huet kee K. (keine Überlegung) — e schwätzt iwwer d'Käpp ewech (zu gelehrt) — en huet méi am K. wéi an der Täsch (er ist mehr gescheit — auch dünkelhaft — als reich; sein Wissen hat ihm wenig eingebracht) — an zwéi Käpp as méi wéi an engem (zwei wissen mehr als einer) — en huet de K. ënnert dem Aarm, wéi den hellegen Dëni (gedankenlos, dumm) — en huet e gudde K. (er ist begabt; dazu der spaßh. Zusatz, mit Rückkehr ins Konkrete: 't as nëmme schued, datt e muss faulen — oder, spöttisch: e gudde K. fir Lais ze zillen) — wat een nët am K. huet, dat [Bd. 2, S. 288] muss een an de Been hun (man muß sich beizeiten besinnen, seine Gedanken beisammen haben, um sich nachträglich doppelte Mühe zu sparen) — en huet méi an de Been ewéi am K. (dummer Sportler) — en as (wéi) aus dem K. (Echt.: ous Koap — ähnlich wie: aus dem Hais-chen er ist irrsinnig, hat den Verstand verloren) — en as ëm de K. (komm — wie d. vor.) — ma, hues de dann e Briet vrum K.? (verstehst du denn gar nichts?) — dat muss der dach däi klore K. soën — behal dach däi klore K.! — en huet de K. (die Fassung) verluer — ech weess nët, wou ech de K. stoen hun (ich bin verwirrt, weiß mir keinen Rat) — wou has de deemols däi K.? — en huet Huwwelspéin, Krësch (Kleie), Seemiel, Stréi, näischt am K. (dumm) — dat as mer duurch de K. gaangen (ich habe es vergessen) — dagegen: looss der et emol duurch de K. goën (überlege es einmal) — dat kënnt mer nët aus dem K. (ich muß immer daran denken) — dofir as dir de K. ze fréi zougewuess (das verstehst du nicht) — ma bas de dann op de K. gefall? (verstehst du nicht?) — 't muss een e klore K. behalen — hien huet en helle K. (häufiger: Käppchen) — e schwätzt, zeechent aus dem K. (aus dem Stegreif) — dat wëllt nët a mäi K. eran (wëllt mer nët an de K. — das verstehe ich nicht); c) Gemüt (Stimmung, Neigung): De K. kal an d'Féiss warem mécht de beschten Dokter arem — ähnlich: waarm Féiss, e kale K. maachen een zum alen Dapp — si hun e widder de K. gestouss (haben ihn beleidigt, übergangen) — en huet dem Meedchen de K. verdréit — lee der doeriwwer de (däi) K. a Rou (mache dir darüber keine Sorgen) — looss de K. nët hänken — hal de K. héich oder einfach: K. héich! (gib die Hoffnung nicht auf!) — hien huet em de Geck an de K. gesat — Echt.: si säin ä Koap an än Sill mateneen (eines Geistes, sehr befreundet) — ech hun haut de K. nët drop stoën (bin nicht in der rechten Stimmung); d) Wille (Persönlichkeit, Eigenwille, Stolz): 't kann een nët all Käpp ënnert een Hutt bréngen (die Meinungen sind verschieden) — mat deem séngem K. kënnt ee Péil an de Buedem schloen (er ist starrsinnig — s. auch sub 1: haarde K.) — hie setzt ëmmer säi K. duurch (er setzt seinen Willen durch) — Wat deen nët am K. huet, dat huet en och nët am Aasch (wenn er nicht will, so helfen nicht einmal Prügel) — ähnlich: wat deen am K. huet, dat huet en och am Hënner — en huet säi K. (er ist eigensinnig) — wann hien e K. huet, ech hun och een (ich werde seinem Eigensinn die Stirn bieten) — en huet sech et nun eemol an de K. gesat (er hat es sich fest vorgenommen; er ist von der fixen Idee beseelt) — e muss séngem K. follechen (no fueren) — de Bouf weist (engem) de K. (handelt nicht nach unserem Wunsche, trotzt) — dat muss de der aus dem K. schloen (darauf mußt du verzichten; du mußt den Gedanken aufgeben) — e rennt mam K. widdert d'Mauer, e geet mam K. duurch eng Mauer (er läßt sich nichts sagen) — Echt.: 't muss ëmmer seims Koap (sonst: séngem K.) no goën — Echt.: d'Kand as schuns seines Koaps (das Kind hat schon seinen eigenen Willen) — en huet séngem Papp säi K. (den Charakter seines Vaters) — en huet e Fuerz am K. (er ist hochmütig, hat eine fixe Idee) — hien hält engem de K. (gibt nicht nach) — en huet vill am K. (er ist stolz, eingebildet — aber auch zu 2/b: er weiß viel, ist intelligent — spaßh. Zus.: a wann et och Stréi as) — en dréit de K. héich (er ist stolz) übertrieben: en dréit de K. esou héich, 't reent em an d'Nueslächer — Dro de K. nët ze héich, da stéiss de nët un — 't as em an de K. geschloën (er ist stolz darüber, überheblich) — ech ka mäi K. héich halen wou s du däi muss bécken (ich bin immer redlich gewesen, was bei dir nicht der Fall gewesen); 3) «Individuum, einzelnes Stück» in Zahlangaben — mer kruten eng Koppel Wiirschtercher an eng Fläsch Béier op de K. — dat mécht honnert Frang op de K. (bisw. auch: pro K.) — bes., der Bed. sub 2/b entsprechend: da's e K.! — hätte si méi Käpp an der Chaber! (mit offenkundiger Anspielung auf die Bedeutung sub 2/b); 4) «Kopfseite der Münze» (auf der das Kopfbild des Fürsten eingeprägt ist, aber auch: auf der sich das Wappenbild oder sonst eine bildliche Darstellung, etwa der Stahlarbeiter auf den luxemburgischen Frankenstücken, befindet) — beim Loswerfen heißt es: K. oder Mënz? — das Resultat wird dann festgestellt mit den Worten: 't as K. oder 't as Mënz — ech (mir) hu K. — seltener heißt es: K. a (oder) Pill (cf. frz. pile ou face), ähnlich: Kräiz a (oder) Mënz (auf dem früheren lux. Sol war ein Kreuz) — de schwaarze K. (erste lux. Briefmarke [Bd. 2, S. 289] von zwei Sous), de roude K. (Briefmarke von einem Silbergroschen — Emission 1852, mit dem Kopfbild Wilhelms III, König der Niederlande u. Großh. von Luxbg.); 5) «oberste Seite, Hauptseite» (etwa des Tisches, einer Druckseite, eines Bildes, eines Wandspiegels) — de Grousspapp kënnt op de K. vum Dësch sëtzen — de K. vum Bett kënnt widder d'Mauer stoën — in dieser Bed. auch das Komp.: Kappsäit; 6) bisw.: «Oberhaupt» — de K. vun der Gemeng — déi bescht Käpp aus der Gemeng (cf. auch sub 3); 7) «höchster Teil, Spitze eines Körperteils» — ech hu mer de K. vum Fanger opgerass (in dieser Bed. häufiger: Këppchen) — obszön: en huet sech d'Haut iwwert de K. gezunn (cf. Äächel, Eechel I/51 sub B); 8) «höchster Teil, hervorragender Teil eines Gerätes, Gegenstandes» — etwa: a) beim Faß: Zarge, Kimme, Teil oberhalb des Gargels, die Daubenenden; b) Kopf des Nagels, der Stecknadel: en huet den Nol op de K. geroden (er hat genau das Richtige getroffen) — Maßangabe: esou déck (emol nët esou déck) wéi de K. vun enger Spéngel (wéi e Spéngelskapp); c) Brause der Gießkanne; d) Tonabnehmer des Plattenspielers; e) Pfeifenkopf; 9) Kopfbildung des Gemüses (Kohl, Salat, Sellerie) — ech weess nët, eis Zalot mécht dëst Joer keng Käpp — e Kapp Knuewelek (Knoblauchkopf; Teil davon: eng Zéif Knuewelek); 10) nur im Pl.: «Samenkapsel des Flachses»; Abgrenzung gegen Synonyma: Hät, Heet (II/139) ist in der ursprünglichen Bed. (sub 1 und 2) weitgehend veraltet und nur noch in sprichwörtlichen Raa. lebendig, sub 9/10 ist es allerdings mindest so gebräuchlich als Kapp — das Fem. Kopp (eigtl. «Kuppe») wird, besonders in spaßhafter, burschikoser Sprache in vielen Verwendungen sub 1 und 2 gebraucht, darüber hinaus bezeichnet es vor allem Erhebungen im Gelände (und trifft sich hier mit dem hd. «Koppe») — spaßhafte Bezeichnungen des Kopfes (sub 1) sind: Baus, Bomm, Deckel, Dunn, Hauf, Hummer, Kalbass, Klatz, Päifendeckel, Rommel, Schierbel, Tetes (Teti — beide auch: -ä-).
Kapp- (wenn nicht anders angegeben, Ton: 1) -aarbecht F.: «intellektuelle Arbeit» — K. as schwéier, dat gesäit een um Uess (spaßh. Verkehrung ins Konkrete) — cf. auch -ball; -aarbechter M.: «intellektueller Arbeiter»; -auer F.: «Fähigkeit, ohne Zuhilfenahme einer Uhr die Zeit abzuschätzen» — méng K. léisst mech nët am Plang — bes.: «Fähigkeit des vorsätzlichen Erwachens»; -ball M.: «Wegstoßen des Fußballs mit dem Kopf» — eise Läfer huet hinnen e schéine K. an d'Këscht gesat — in diesem Zusammenhang redet der Sportjargon gelegtl. von Kappaarbecht; -biischt F.: 1) «Bürste, Besen mit rundem Kopf und meist längeren Haaren» — cf. etwa: Spannekapp; 2) «Haarbürste» — dafür häufiger: Hoerbiischt; -brieches N.: «Kopfzerbrechen, Nachdenken, Sorgen» — maach der doriwwer kee K. — do hëlleft kee Geld a kee K. — cf. auch: -krazes; -briet M.: «Kopfende des Bettes» — dafür meist -enn, -stéck; -dau F.: «Stirnjoch der Zugtiere» — dafür auch: -holz; -duch N.: «Kopfbinde» (vor allem bei Verletzungen) — das Kopftuch als Bekleidungsstück heißt heute eher: Fischi (I/365), Cape, Këpp oder Schal; Ga. übersetzt allerdings noch: Kappdoch «das Achseltuch»; -éig(t) F.: «Scharegge» — ähnlich: Kapplou (nach dem Namen des Erfinders Kapp aus Osweiler); -enn N.: «Ende, wo der Kopf hinkommt, Hauptende» (cf. auch -säit, -stéck und Kapp sub 5); -filet (Druckerspr.) M.: «Kopfzeile»; -geld N.: «Kopfsteuer» — im Echternacher Hämelmausléid (s. d. II/132 sub Hämeldéier) heißt es: wääss näist voa Koapgeld a voa Steieren; -häl, -heel M.: «Garten-, Feldhacke bestehend aus einer einzigen Klinge» — im Ggs. zu Kaascht (s. d.); -här (Ösling und sonst auch: Kopp-) M.: «Anführer» (veraltet) — Nordösling: al Lekt frojen emol: wä wor da Kopphär, wann d'Konner klabbere jungen (alte Leute fragen gelegentlich: wer war denn der Anführer, wenn die Kinder in der Karwoche klibberen — s. d. — gingen) — Neologismus der Rundfunkkommentare: d'Kapphäre sëtzen zu Moskau, Washington (die politischen Drahtzieher) — Echt.: e war bäi dene Kopphäier (er war sehr angesehen bei ihnen) — Kand as K. am Haus; -hoër N.: «Kopfhaar, Haupthaar»; [Bd. 2, S. 290] -holz N.: «Stirnjoch bei Ochsen und Kühen» (veraltet) — älter dafür: -dau; -huwwel M.: «Rundhobel des Küfers» — auch: Ronnhuwwel; -këssen (-këssem) (Ton: 2) N.: «Kopfkissen» — (im Ggs. zum grousse/laange Këssen) — Ga. bringt das, offenbar dem Hd. nachgebildete, Sprichwort: E gutt Gewëssen as dat bescht Kappkëssen (von Wb. 06 nicht übernommen) — statt dessen hört man gelegtl. ein gutes Gewissen an en décke Portmonni (wobei der Schluß zu ergänzen bleibt); -krazes N.: «Kopfzerbrechen» — 't huet vill K. kascht — oft: Kappbrieches (s. d.) a Kappkrazes; -noss F.: «Schlag auf den Kopf» — en huet Kappnëss kritt — häufig genügt das Simplex: schéck dech, soss gët et eng Noss; -rechnen N.: «Kopfrechnen»; -rous F.: «Rotlauf, Rose» (auch: Bloderrous; med. Erysipel); -säit F.: «Seite, wo der Kopf hinkommt, Hauptseite, Ehrenplatz (an der Tafel)»; cf. auch -enn und -stéck; -säl, -seel N.: «Bugseil» (Schifffahrt — von der Bugspitze zum Mast führend, daran wurde das Schiffsseil befestigt, an das die Halfenpferde angeschirrt wurden); -spronk M.: «Kopfsprung»; -statioun F.: «End-, Ausgangsstation» (im Gegs. zur Durchgangsstation); -stänneg Adj.: = käppesch (s. d.); -stéck N.: 1) «Stück Fleisch vom Kopf» (vor allem beim Schwein); 2) «Kopfgeschirr des Pferdes, Halfter»; 3) = -enn — die andern entsprechenden Teile des Bettes: d'Fouss-, d'Säitestécker; 4) nur im Pl. -stécker: «Schwierigkeiten, Streitigkeiten, Hiebe» — ech fäerten, dat elo gët Kappstécker; -steier F.: = -geld; -stëmm F.: «Kopf-, Fistelstimme»; -waasser N.: «Wasser, das durch ein Hemmnis gestaut ist»; -wéi M./N.: «Kopfschmerz(en)» — ausnahmsweise dafür: -péng (zwei Belege an der Our im Dt. Wortatlas III); ech hun de Kapp wéi oder ech hu K. — ech hun e K. et (en) as nët ze häerden; Volksmedizin: d'Mamm huet en Duch an Esseg gezappt, an äis dat ëm d'Stir gebonn, dat huet de K. verdriwwen — porjéier emol gutt, da vergeet der de K. — in einer Reihe Kirchen und Kapellen des Landes werden noch heute eiserne Reifen mit einem Kreuz oder einem Aufbau von zwei sich kreuzenden Eisenbändern aufbewahrt, die von Pilgern aufgesetzt wurden zu dem Zweck, Kopfschmerzen zu verhindern oder zu vertreiben (belegt aus Bech/Echternach, Berdorf, Bous, Buschdorf, Dönningen, Helperknapp, Johannisberg, Liefringen, Luxemburg, Mamer, Marxberg-Longsdorf, Mösdorf, Nocher, Oberfeulen, Schengen, Schoos, Simmern, Wormeldingen — cf. Ad. JACOBY, Jahrbuch 1929, S. 106 ff.); -zich F.: «Kopfkissenüberzug» — e kräischt an d'K. (verborgener Kummer) — ähnlich: eng K. voll kräischen.
kappeténgesch Adj.: = kabberdéngesch (s. d.).
Kapp(e)libunzel Kapp(e)labunz (lok.) M.: 1) «Purzelbaum» — Nordösl.: märr han de K. geschlon, riit de Rambli raf (wir haben den Purzelbaum geschlagen, den ganzen Abhang hinunter) — dafür weitgehend: Koppelabunz F. (s. d.); 2) lok. Kinderspr.: «Echo» — meist: Kapp(e)libunz(e)li. | |