LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Këmpchen bis kënnesch (Bd. 2, Sp. 331a bis 335b)
 
Këmpchen M.: = Dim. zu Komp (s. d.); häufig als Flurn.
 
Këndchen, Kënnchen (meist der zweiten Schreib. entspr. gespr.) — lok. Vianden (veraltet, Engelmann) Kind-, Kinnchen N.: = Dim. zu Kand (s. d.), Pl. Kënnercher (Westen -chen) — meist in der speziellen Bed.: «Säugling, Kleinkind» — e klengt K., eng frou Stënnchen, oft spaßh. (obszön) entstellt: kengt K., eng frou Stënnchen — si loossen dat K. de ganzen Dag eleng — eng Witfra mat dräi klenge Kënnercher (überhaupt gerne pleonastisch mit dem Adj. kleng verbunden) — spöttisch für Erwachsene: d'Kënnercher spillen, ameséiere sech, kréie Freed — Volksglaube: En doudegt K. reecht engem Liewegen d'Händchen (wenn in einer Familie ein kleines Kind gestorben ist, stirbt bald noch jemand aus derselben Familie) — häufig in Wiegen- und Ammenliedern: Schlof, K., schlof, Däi Papp hitt déi (deen hitt d') Schof, Déng Mama hitt (déi hitt d') Lämmercher, déi danzen em déi Bämercher, Déi gréngen an déi gielen, Déi wëlle mer d'K. stielen, Déi schwaarzen an déi wäissen, Déi wëlle mer d'K. bäissen, Schlof, K., schlof — statt schlof, K., schlof wird weithin auch Dada, K. (Kënni) oder Dodo K. oder Nana K. gesungen; dieser gängige Liedanfang gerne auch zu Erwachsenen, die sichtlich müde oder schläfrig sind, etwa nach mehrmaligem Gähnen — Var. des Textes: Déng Mamm, déi hitt déi braune Kou, K., donk déng Eecher (Äuglein) zou, oder: Déng Mamm déi hitt déi Lämmelein, Schlof, mäi liebes Kindelein — zur Beruhigung des weinenden Kindes wird eher gesungen: Nana, K. (Kënni), Zocker (Zéckerchen) an däi Mëndchen (Mënni), Liefkichelchen an d'Händchen, Schlof mäi klenge Männchen, oder: Kacht dem K. e Bräichen, Donkt em (och e) Bëtterchen, Zéckerchen (Hunneg an Zocker) dran, Datt dat K. en iesse kann usw. — um das Kind aufzuheitern hat die ländliche Spottlust folgende Formel ersonnen: Däi Papa as e grobbe Bauer, Wann e kënnt da kuckt e sauer, E schléit säi K. mat Lompen, E schléit séng Fra mat Huewerstréi, O du Geck (dir Leit), dat deet nët wéi, gelegentlich geht vorher von der Mutter die Rede: D'Mama as eng Nënnchen od. Déng Mama heescht Katrinchen usw. — Motive kindlicher Abendgebete klingen an: Schlof, mäi K., schlof, Bas der Mamm hiirt Schof, Däi Schotzengel waacht mat mir, An den Himmel kuckt no dir, Aus den dausend Stieren, Déi hun all d'brav K. gieren, Duerfir luussen si eran, Mat de kloren An — Vermengung der verschiedenen Formeln (Schlaflied, Beruhigungslied bis zum Essen, Spottlied, Abendgebet) zeigt sich in der Ammenlitanei: Dodo K., déng Mamm déi as no Rëntgen (Lëntgen), Däi Papp deen as am Hieselbësch, Wann e kënnt da bréngt en Nëss, An den Nëss si Kieren, Am Himmel stin déi Stieren, Stin déi Stieren am Himmel, An de Gaarde wiisst de Fimmel, Wiisst de Fimmel an de Gaarden, Op d'Bauere musse mer waarden, Waarde mer op d'Baueren, Déi Dëppe solle mer schaueren, Schauere mer déi Dëppen, déi Kiischte solle mer strëppen, Strëppe mer déi Kiischten, Op den Haiser leien déi Fiischten, Leien déi Fiischten op den Haiser, (oder: Déi Haiser wëlle mer biischten, Biischte mer déi Haiser), Zu Tréier sin d'Karteiser, Sin d'Kareiser zu Tréier, Do drénke se Wäin a Béier, Béier as kee Wäin, Am Himmel soll mäi K. säin (oder: Kartis, Kartaus, Kartis, Kartaus, Mäi Liddchen as aus) usw. — cf. MERSCH, Lux. Kinderreime S. 21-30; s. auch: Kënn, Kënni.
 
Këndcheszocker M.: «Zuckerkörner» (so Wb. 06) — im bes.: «die bei einer Kindtaufe von Pätter und Giedel ausgeteilten Zuckerplätzchen» (in dieser Bed. auch einfach: Zocker — cf. etwa Dafpätter I/S. 177 und Kanddaf), dafür auch: Dafzocker, Dragéen.
 
Këndel M.: «Weihnachtsgebäck aus Kuchenteig in Form eines Wickelkindes» (wurde zu Weihnachten von Pate oder Patin den Patenkindern geschenkt, häufig mit vorn in der Mitte gleichsam als Nabel eingebackenem Silberstück) — dafür häufig auch: Krëschtkëndel, Krëschtjong; Ra.: en huet de Su vum K. nach (er ist sehr sparsam); später konnte es auch sonst ein Geschenk sein, eine neue Mütze, Wollhandschuhe u. dgl.: hie geet säi K. huelen; heute ist der Brauch auf den Nikolaustag übertragen.
 
Kéng, King (Ostrand Kein, vereinzelt in Vianden, dann weiter südl. geschlossen östl. einer schematischen Linie Grundhof-Schwebsingen; King vor allem in der gesamten Westhälfte, sonst neben Kéng vereinzelt Käng, Këng, Kéing) F.: 1) «Pflanzenkeim» — vor allem: «Keimauge der Kartoffel, [Bd. 2, S. 332] der im Keller daraus entwickelte Frühlingsschößling», dann aber auch: «ausgetriebenes Auge an Bohnen, Erbsen»; — d'Gromperen hu Kénge gedriwwen — mer mussen d'Kéngen ofpëtzen; 2) bisw. wie Schotz (s. d.): «junger Trieb» (bes. an Tannen); 3) «Keimscheibe» (im Hühnerei) — dafür auch: Käip; 4) spaßh.: «Eiterpustel» (im Gesicht, bes. an der Nase); 5) «das Lebensprinzip» in der Ra.: hei kann ee sech d'K. erkalen (= d'Séil am Leif); 6) Ga. im Pl. Kéngen: «Malzkehricht».
 
kéngen (lok. phV. wie d. vor.) Verb.: 1) «einen Keim(schößling) bilden» — d'Grompere sin all am Keller gekéngt; 2) «die Keimschößlinge (der Kartoffeln) entfernen» — mer mussen d'Grompere k., soss hu mer geschwë keng méi fir z'iessen; 3) in der allg. Bed. «keimen» ist das alte, auf afrk. kîne «Spalt, Riß, Schrunde» zurückgehende, einheimische kéngen weitgehend durch keimen II (s. d.) bedrängt; 4) spaßh.: «Eiterpusteln (bes. an der Nase) bekommen» — du fänks un ze k.
 
kéng (Westhälfte king, Ost- u. Nordösling, größter Teil des Kantons Echternach und Moseltal kéin) Adj.: 1) «kühn, furchtlos» — k. ewéi e jonge Léif (Ga.) — en as k. drop lass gaangen — Echt.: kéin säin as noach wäit ewech voa frech (kühn sein heißt noch nicht frech sein) — e féiert eng k. Ried — en as k., wann en op hirer viischter Dir steet (auf der eigenen Haustür hat er Mut); 2) gesteigert bisw. «vorlaut, frech, unverschämt» — du as e k. gin — gëf awer nët ze k.! 3) häufig abgeschwächt in der Ra. esou kéng sin «sich getrauen» — ech géing em et jo soën, awer ech sin nët esou k. — du bas jo nët esou k. (du hast ja nicht den Mut dazu) — drohend: dann ha mer emol eng, wann s d'esou k. bas — e war emol nët esou k. (fir) mer an d'Aën ze kucken — warnend: da sief emol sou k. (= ënnerstéi dech nët!) — spöttisch: ech wees een, deen nët esou k. as (du traust dich nicht) — en as emol nët esou k. fir sech sat z'iessen (von einem Geizhals); cf. auch: hardi, verwot.
 
Kénghät / -heet, Kéngt F.: «Kühnheit».
 
keng- (kεŋ-) velarisierte Variante des Stammes kän, keen (s. d.) in den flektierten Formen innerhalb des sub än, een I/S. 55 beschriebenen gemeinluxemburgischen Gebietes; festgeworden in adverbialen Bildungen:
 
kengerlä, -lee Adv.: «keinerlei» — dafür bisw.: kengecherlä (verstärkt mit deiktischem -k-Suffix);
 
kengersäits Adv.: «von keiner Seite».
 
kengesdääls, -deels Adv.: «nicht einmal teilweise».
 
kengesfalls Adv.: «keinesfalls» = op kee Fall, a kengem Fall.
 
kengeskän Pron.: «überhaupt kein» — en huet k. Ergraff (er weiß nicht mehr ein noch aus).
 
kengeswees Adv.: «keineswegs, auf keinerlei Weise».
 
Kénk F.: «Dachluke» — lok. statt: Käik (s. d.).
 
Kënn I N.: «Geschlecht, Sippe, Familienanhang» — in der Verb.: ouni Kand a K. (ohne jede Verwandtschaft) —mat Kand a K. mit Kind und Kegel; (wofür auch: mat Kand a Kiwwel) — s. auch: Këss II.
 
Kënn II M.: «Kinn» — Spw.: Deen sech op de K. späizt, dee späizt sech vill ze no (man tut Unrecht, wenn man nicht zu seinen eigenen Leuten hält) — Raa.: du späiz der selwer op de K. (du schadest, widersprichst deiner eigenen Sache) — ech gouf em eng ënnert de K., datt en de laange Wee op de Réck gefall as — spaßh.: waart, ech këddelen en ënnert dem K. (ich werde ihm einen Kinnhaken geben) — cf. Fixfeieschkëscht (I/S. 383); Formen des Kinns: e spatze K. (dafür auch: e K. wéi eng Seil — Wb. 06) — e ronne K. — eng Kailchen am K. — en duebele K. (Fett- und Faltenbildung unterhalb des Kinns — dafür auch: e labberege K.) — en huet e K., e kënnt eng Gääss tëscht d'Hare këssen, eng Brach duurch eng Därenho schluppen (er hat ein so schmales Kinn, daß er eine Ziege zwischen die Hörner küssen, Eingebrocktes durch eine Hecke schlürfen könnte) — gelgtl. in derselben Bed. wie Kapp in den Raa.: de K. héich, looss de K. nët hänken! (cf. Kapp).
 
Kënnbak M.: 1) «Kinnlade, Unterkiefer» — wéi donge se d'Kënnbake schaffen! (beim Essen) — wann ech e kréien, da räissen ech em de K. aus — en huet de K. auserneen (die Kinnlade ausgerenkt) — die Größe des Unterkiefers: e K. wéi en Uess, wéi en Nuetsdëschtirang, Echt.: do'u mat deinen Eselskënnbaken! 2) «Schweinekinnbacken» (als Dörr- und Pökelfleisch) — Echt.: K. as Bauerekoast, ma se verdrinn och Judd an Ham — auf der Bauerekiirmes gab es häufig K. mat Gaardebounen, mit der spaßhaften [Bd. 2, S. 333] Begründung: de K. as en Zonk ëm d'Ham (wenn die Gäste Schweinekinnbacken vorgesetzt bekommen, ist ihr Hunger gestillt, wenn es an den Schinken geht) — Folklor.: früher wurden der hl. Apollonia op Plunnendag gegen Zahnschmerzen, den hl. Antonius (Antounjes, de Schwéngshellegen) und Valentin (Välten) gegen Seuchen unter den Borstentieren Kënnbäck (Pl. zur Bed. 2 — im Ggs. zu Kënnbaken zur Bed. 1) geopfert.
 
Kënnketten F.: «Kinnkette (der Pferde)» — auch Gummketten.
 
kenn-/Kenn- (Osten, um Echt. ke·n-; zu kennen) -bar (unbetont: -ber) Adj.: 1) «leicht zu erkennen» — du hues gefuddelt, d'Kaart war k. (die Karte war zu erkennen), häufiger: gezeechent; 2) «sichtbar» — de Präis muss k. sin (die Warenpreise müssen sichtbar gezeichnet sein); s. auch: kenntlech; -kaart F.: «Kennkarte»; -schaaft F.: «Kenntnis, Fertigkeit» — d'Kriibseniessen as eng K. — 't as alles eng K. (spaßh. Zus.: an d'Fléifänken eng Geschwënnegkeet) — do hues de déng K. nët be-/erwisen! — a wou hues de déi K. hier? — séng K. as nët vu wäit hier; -zäächen (-ee-) N./F.: «Kennzeichen» (Wb. 06) — im allg. genügt das Simplex Zäächen.
 
kënneg Adj.: 1) «vertraut mit, erfahren in» — ech sin nët k. an dëser Gaass — wenn dech un hien, hien as k. an där Saach (hie weess Bescheed) — de Bouf muss emol k. gi mat deem neie Spillgezei — spaßh.: hier bin ich könig; 2) «bekannt» - (und zwar: «jem. kennend, von jem. gekannt») — Echt.: bas do'u dees Man kënnig? (kennst du diesen Mann?), bas do'u seiner kënnig? — wann en emol bis k. as mat eis, da gi mer en nët méi lass — hien as séier k. mat jidfer Mënsch — en as zevill k. mat em gin (vorlaut, zudringlich) — verhüllend: ech mengen, hie war zevill k. mat deem Meedchen (wenn Folgen allzu vertrauten Verkehrs sichtbar werden) — ähnlich: si si geschwë k. gin — e kënnegt Haus (Haus, in dem Bekannte wohnen) — maach dech nët esou k. mat all Mënsch! (lege dir mehr Reserve auf!) — häufig substantiviert: ech hat e Kënneche, Kënnege getraff — an der ganzer Stad kee Kënnegen (keng k. Séil) — déi Kënneg wëssen emol nët firwat hie fortgezunn as.
 
kënnegen, kënnechen intr. Verb.: «kündigen» (das Arbeitsverhältnis, den Miets-, Pachtvertrag) — ech hun eiser Mod gekënnegt — d'Mod huet eis gekënnegt — de Bal as gekënnegt (der Mietvertrag, frz. bail, ist gekündigt) — ech muss déi Plaz k. — si hun em d'Plaz gekënnegt; in allen Bed. dafür auch: opsoën.
 
kënnen (Inf., vor allem im Ösling, häufig konnen, selten kannen — Ind. Präs.: ech, hie kann, du kanns häufig kas, mir, si kënnen, dir kënnt mit denselben phV. wie der Inf., im Westen und Süden ab und zu dir keent, k(é)int, welche Form eigtl. dem Konj. Prät. vorbehalten ist — Ind. Prät.: ech konnt usw., im Westen und Süden ech koont, kount — Konj. Prät.: ech kënnt, im Westen u. Süden ech keent, kéint — Part. Prät.: konnt, im West. und Süden koont, kount, als modales Hilfsverb kënnen, konnen, selten kannen, häufig, bes. im Konj. Plqpf. konnten, koonten, kounten und kënnten, keenten, kéinten) trans. (intr.) Verb.: «können» — und zwar: 1) «wissen, verstehen» (von einem auf Tätigkeit bezogenen Wissen, einer erlernten Fertigkeit) — hie kann alles, wann een en héiert — hie ka séng Saach — eist Déngschtmeedche kann näischt — ech ka mäi Kartchëssem (auswenneg, op de Fangerspëtzen) — du kanns dat aus dem effeff — léier eppes, da kanns d'eppes — wat s de nët kanns, dat muss de léieren (oder: si loossen) — hie mécht alt, wat e kann — sou gutt ewéi s du kann ech och — dat do ka jiddereen — et kann ee vill, wann een nëmme wëllt — hie wëllt an hie kann (awer) nët — dat do as ech wëll an ech kann nët (Arbeit eines Unfähigen) — ech kënnt dat fir d'Vrecken nët — obszön: hie kann et gutt (mat hir — er pflegt mit ihr allzu vertrauten Umgang) — as dat alles, wat s de kanns? — hie kann allerhand Geschichten — kanns de d'Gedicht? — hie ka Franséisch, säin Handwierk usw. — ähnlich: hie ka liesen, schreiwen usw. — kanns de nët schwätzen? (zu jem., der nicht antworten will) — kanns de Skat (scil. spillen)? — hie ka méi wéi Brach, Brout iessen (er verfügt über geheimnisvolle Zauberkräfte) ähnlich: hie ka méi wéi Zopp knaën (er ist anderer Dinge fähig); 2) «vermögen, imstande sein» (dank vorhandener Kraft, verfügbarer Mittel, bestehender Möglichkeit, gebotener Gelegenheit) — ech hëllefen der, wann (a wou) ech kann — ech kann der awer dach kee Geld [Bd. 2, S. 334] schäissen — hie kann alles brauchen (er zieht widerrechtlich Gegenstände an sich) — wa mer dat kënnten . . . — wéi kann een nëmmen esou eppes maachen, denken, dremen, soën usw. — dafür auch elliptisch: wéi kann een! — kënnt der vläicht d'Fënster opmaachen? — ech kann nët kommen — ech kann et dach nët aus engem Stee schloen — du kanns nach ewell gutt de Spott maachen; 3) absolut: «leistungsfähig, mächtig sein» — kuck, wéi e kann — hie kann nët méi (er ist am Ende seiner Kräfte, besitzt keine Zeugungskraft mehr) — obszön: wéi dacks kanns de nach? — déi kënnen et (die sind reich — häufig mit einem folgenden Inf., etwa: maachen, gutt maachen, sech (gutt) réieren, sech (gutt) hëllefen) — ähnlich: wien et maache kann, den hält sech eng Kaz an och en Hond — ermutigend, zum kleinen Kind: wéi et (scho) kann (z. B. bei ersten Gehübungen); 4) «verantwortlich sein» — dofir kann ech nët — wie ka fir en Onggléck? — fir séng Dommheet kann een nët (ka keen) — elo kann hien erëm eng Kéier fir näischt — scherzhafte Entschuldigung: ech kann nët derfir, datt d'Fräsche keng Schwänz hun (oder: wann d'Welt voll as) — cf. das Frage- und Antwortspiel sub Gaardendir II/S. 4 — die Verantwortlichkeit wird oft bestritten mit der rhetorischen Frage: kann ech (dann) derfir, datt . . .? 5) unpersönlich: «die Möglichkeit besteht, daß» — et ka sin datt ech muer laanscht kommen — et kënnt emol sin — 't ka sin, 't kann och nët sin — 't kann haut nach Reen gin — den Dag as laang, 't kann nach muenches geschéien — 't kann nach alles gutt gin — auch negativ: 't kann ee wuel denken! (ausgeschlossen) — bisw. auch persönlich in dieser Bed.: déi jong Leit kënne stierwen, déi al Leit musse stierwen; 6) «dürfen» — elo kanns de maache wat s de wëlls, mir as et egal — mir kënne frou sin, dat et esou komm as — dat kanns de maache wéi e Leëndecker (wie du willst) — do kanns de dech nët drop verloossen — mir kënne roueg sin, 't as alles an der Rei — du kanns mer gestuel gin (de Bockel eralafen, mer/ mech am Aasch lecken, mëtten an der Grousgaass usw. in vielen abweisenden Wendungen) — kann ech dat huelen? — kann ech nach (wann iech gelift) e Stéck Taart kréien? — kënnt ech vläicht nach e puer Wuert soën? — ech konnt dach nët anescht wéi merci soën (ich durfte nicht anders als mich bedanken); 7) «sollen, müssen» (in gemilderter Form) — du kanns (kënnts) mer och e bësselchen hëllefen — wat kënne mer elo maachen? — d'Wieder kënnt besser sin — du kanns mer op de blouse Knéien danken — tadelnd: et hätt (och alt) e Wuert kënne soen, eng Hand kënne mat uleën (mat kënnen uleën); 8) als modales Hilfsverbum mit einem Infinitiv (zur Wortstellung cf. BRUCH, Lux. Grammatik, Bulletin ling. et ethnol. 4-6, 1955, S. 92 ff.) — 't kann een nët alles op eemol maachen — 't kann een nët jidderengem et geriet man — ech hu kënnen iesse, wat ech wollt — ech hätt kënne kräischen — ech hätt nët konnen nee soën — ech hätt mech kënnen erhänken — dat si Leit, déi sech nët kënnen hëllefen — si hu gär, wa si sech kënne lëschteg maachen iwwert eis — mir hu konnen alles lauschteren — wann et néideg gewiescht wär, dann hätte mer iech alt gehollef esou gutt wéi mer hätte kënnen — aber: ech hätt em wëllen hëllefen, awer ech hun nët konnt — in potentialen Wendungen: 't kënnt der eng passéieren, ech kënnt em eng haën, ech kënnt un de Plafong goën!
 
kennen (Ostrand um Echt. ke·nən — Nordösl. noch bisw. das Prät. ich kannt — Part. Prät.: kannt, Westen und Süden kO:nt, kÕ:nt, kA·unt) trans. Verb.: «kennen» — und zwar: 1) «Bescheid wissen über, etwas verstehen von» — Spww.: Wat de Bauer nët kennt, dat frësst en nët — Wat een nët kennt, léisst ee stoën — Wat ech nët k., dat loossen ech brennen — D'Welt as voller Péng, a jidderee kennt séng — Dat Kraitche k. ech (nët), sot der Deiwel, du huet e sech an d'Brennessele gesat — Raa.: hie kennt vun Tuten a Blosen näischt — wann een dech héiert, da mengt een, du géings vun alles eppes k. — hie wëllt vun alles k., an e kennt nët der Kaz hire Schwanz — dat kennt hien ewéi den Hond séng Zopp — ech kenne méng Gesetzer — wat solls du dann dovu k.? — géi ewech, du kenns näischt! — ech k. dat Haus (dat Buch, dee Bësch usw.) vu bannen a vu baussen — ech k. dat (ich hüte mich davor) — ähnlich: dat do kenne mer! (das verfängt nicht mehr) — hie kennt säin Handwierk (aus dem effeff) — hie kennt dat wéi eng Auer — ech k. den Trick — hie kennt d'Nouten (ist in Solfeggien bewandert, kann vom Blatt singen) — kenns de déi hei, déi Neist? [Bd. 2, S. 335] (scil.: Geschicht) — absolut: hie kennt et, fir engem schéin ze schwätzen; 2) «berücksichtigen, in Betracht ziehen» — hie kennt keng Gefor — do k. ech keng Genod (da lasse ich keine Gnade walten) — hie kennt kee Sonndeg a kee Freideg — déi k. kee Gott a kee Gebott — esou eng Zort kennt keng Gesetzer — wann hien eppes wëlles huet, da kennt hie keen; 3) «persönlich kennen» (äußerlich und charakterlich) — den ale Koschter, dee k. ech gutt — ech k. en dem Numm no, vu Gesinn(s), vun (oder vum) Héieresoën — ech k. dee wéi méng Täsch — 't kennt ee kee, bis een e Sak Salz mat em giess huet — ähnlich: 't kennt ee séng Fra nët, bis datt een e Sak Salz zesumme giess huet — fir ee k. ze léieren, brauch een nëmme Kaart mat him ze spillen — waart, Männchen, du wäerds mech nach léiere k. (dem Hd. angeglichen: k. léieren) — léier kee mech de Jhämp k. — ech k. dech nët méi (wir sind geschiedene Leute; oder: das hätte ich nicht von dir erwartet) — (sou) wéi ech hie k., mécht en nët mat — wou huet en dann dat Framënsch kenne geléiert? — si hu sech op dem Jhang sénger Houchzäit k. geléiert — ech k. en, awer ech weess nët, wou ech e soll hindongen — ech kennen iech, awer ech kommen elo nët op ären Numm (op den Numm) — wan s de mengs, da kenns de mech awer schlecht (da kenns de méngem Papp säi Jong nach schlecht) — kenns de déi aarm Leit nët méi? (zu jem., der achtlos vorübergehen will) — hie kennt déi kleng Leit nët (von einem Dünkelhaften) — elo k. ech dech (elo hun ech dech k. geléiert) — ech k. en ewéi mäin ägene Brudder — hien huet säi Papp nët méi kannt (er ist nach dem Tode seines Vaters geboren worden) — ech hun dech kannt, du waars de nach en Däbbeschen esou héich (von Kindesbeinen an) — fréier hu se sech nach kannt, haut k. se sech nët méi (haut schwätze se nët méi mateneen) — wann s de mech nët kenns, da léiers de mech elo kennen (drohend) — hie kennt säin Här — du kenns mech nach nët — ech kenne méng Pappenheimer, Jéngercher, Männercher — hie kennt Jann a Mann (jedermann) — do léiert ee séng gutt Frënn kennen — ech kennen dech, mäi Beschten, ewéi wann ech dech gefriess an erëmgin hätt — ech kennen dech nach mat all déngen Naupen an Tricken — Vergleiche mit dem Part. Prät.: en as kannt wéi de gréngen Hond, wéi e gefleckten Hond, wéi Jouschten Hond, wéi (de) P(i)lates am Credo, wéi dem Péiter säi Schëmmel, wéi den Donkelzer Wollef — cf. auch bekannt I/S. 87; 4) refl.: «sich beherrschen, gefaßt sein» (vor allem in neg. Raa.) — e kennt sech nët méi vu Freed, Roserei, Misär usw. — wéi ech dat gehéiert hun, du hun ech mech nët méi kannt; aber auch in der sub 3 behandelten Bed.: «seine eigenen Schwächen und Fähigkeiten kennen» — ech kenne mech, ech weess am beschte, wat ech ze maachen hun — e war esou voll, en huet sech selwer nët méi kannt — d'Haaptsaach as, wann ee sech kennt.
 
Kenner M.: «Kenner» (wie hd.) — dat as eppes fir K.; dazu die Zussetz. der Hochspr.: Kenner-a N., -bléck M., -min F.
 
Kënnerches- -dag M.: «Fest der unschuldigen Kinder» (28. Dezember); -maart M.: «Gesindemarkt» — eigentümlicher Brauch im Luxemburgischen und im Eifelgebiet, belegt in Arlon, Clerf, Diekirch, Hosingen und Luxemburg; Knechte und Mägde, die zum Stiefesdag (s. d.), dem gängigen Gesindetermin in unseren Gegenden (cf. Josef MULLER, in Kulturstr. u. Kulturprov. in den Rheinlanden, Bonn 1926, S. 193 ff.) ihren Abschied genommen haben, bieten sich am 28. Dezember (so wenigstens in Luxemburg und Diekirch) einem neuen Dienstherrn auf dem Kënnerchesmaart an; als Kennzeichen ihrer Dienstwilligkeit banden sie sich in Clerf ein Strohseil um den Arm; cf. HESS, Vk. S. 208; -zocker M.: «Zuckerplätzchen, die bei einer Kindtaufe (s. Kanddaf) ausgeteilt werden» — dafür auch: Këndcheszocker (s. d.).
 
Kennes N.: «Kenntnis» — nicht zu hd. «Kenntnis», sondern Ableitung vom Infinitiv kennen (s. d.) mit Genitiv-s (cf. darüber Walther MITZKA, Die deutschen Mundarten, 1944, 141) — Ga. überliefert die Ra.: ech hu guer kee K. dovun (geschrieben: ech hoi/ goir kee/ Kennes dovoin) — säi K. as nët vu wäit hier (cf. auch: Kenntnës) — dann huel all däi K. zesummen, elo gëlt et!
 
kenneswäert Adj.: «kennes-, wissenswert» — dat as k. (= gutt ze wëssen) — kenns de mech nët? ech sin dach k.!
 
kënnesch Adj.: «kindisch» (Wb 06) — in Echt. eher: «launisch» (nicht als dauernde Eigenschaft — C.) cf. [Bd. 2, S. 336] verkannt, verkënnt I/S. 337, kënterlech und kannereg.

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut