| Knéchelchesdag M.: «Donnerstag nach der Kirmes» (an dem es angeblich nur mehr Knochen zu nagen gibt) — dafür auch Bändelsdag M. cf. Bändel sub 2.
knécheleg Adj.: 1) von schwieriger, zeitraubender Kleinarbeit gesagt — d'Aureflécken as eng k. Aarbecht — s. kniweleg; 2) übtr.: «verzwickt» — das eng k. Geschicht.
knéchelen trans. V.: 1) «Kleinarbeit verrichten» (in gutem und schlechtem Sinn) — en huet un allerhand erëm geknéchelt — wat knéchels de do? — wann s de aus geknéchelt hues, dann as den Zuch fort — dazu die Zss. Knéchelaarbecht F.: «Kleinarbeit» und die Abl. Geknéchels N. — e féiert vill G., an 't gët kä Stéck; 2) «versetzen (einen Streich, Hieb)» — en huet ëm eng geknéchelt; 3) intr.: «unbeholfen gehen» — hei kënnt e geknéchelt.
Knécheler M.: 1) «Mensch, der allerhand knifflige Arbeiten verrichten kann»; 2) «Mensch, der eine komische Gangart hat, oder eine merkwürdige Art, sich zu benehmen oder etwas zu tun» (lok. Wiltz) — zu 1 u. 2 das F.: Knéchelesch; 3) früher: «Akzidenzsetzer, der knifflige Arbeiten verrichtet», heute: «Gummistempelsetzer» (Druckerspr.).
Knéck F.: 1) (lok.) «eingebogene Ecke einer Buchseite als Merkzeichen» dafür meist Ouer s. d.; 2) übtr. (lok. Echt.) in der Ra.: en K. breechen (sein Glück nochmal versuchen) — äm en K. breechen (jemand Gelegenheit geben, sich zu bessern); 3) allg. «Geizhals».
knéckeg Adj.: «geizig» — k. wéi all näischt Gudds (wéi e Stäfuuss s. d., wéi en ale Judd).
Knéckegkät F.: «Geiz, Knauserei» — vun elauter K. ësst en sech nët sat.
knécken V.: 1) intr. «knausern» — dee knéckt an allen Ecken an Ennen (überall); 2) trans. «zerdrücken» (von Ungeziefer) — Lais k. — s. knécksen — Abl.: Geknécks (bes. ad 1).
Knécker (lok. Dalheim) M.: «Gelenkknöchelchen beim Béckelspiel» s. Béckel — auch mat de Kléckele spillen (lok. Rümelingen).
Knécker(t) I M. (F. Knéckesch): «geiziger Mensch» — de Portmonni as dem K. léiwer wéi Fra a Kanner — de K. fréiss sein ägenen Dreck, wann en ët kënnt — en as esou e K., datt e fäärt fir e richtege Fuurz ze loossen — ähnlich die Zuss.: Knéckbinnes, -dubbel, -dibbelchen, -jhang, -mrai, Laisknéckert s. a. Knéck, Dubbelsdrécker, Quëtschert.
Knéckert II M.: «Eichhörnchen» (weil es Nüsse knackt Wb 06) — s. Kawäächelchen. [Bd. 2, S. 409]
Knécks (Dim. Knécks-chen s. d.) M.: «Knicks» — da maach e schéine K.! (zu einem Kinde).
Knécks-chen (Pl. Knécksercher) M.: «kleiner Knicks» in der iron. Ra. engem Knécksercher maachen (sich jemand gegenüber demütig benehmen).
knécksen intr. V.: 1) «einen Knicks machen»; 2) s. knécken sub 1; 3) in der Ra. mat de Fangere k. (die Finger aus den Gelenken ziehen, daß es knackt, soviel Freieren od. Freieschen hat man); trans./intr. 4) (Nösl.) «einen Klicker mit gespanntem Daumen fortschnellen» — du kanns jo nët richteg k. — hän hat de Jick ëmmer e goude Meter ewä geknéckst — s. dicksen; 5) s. knécken sub 2.
Knëff (Dim. Knëffchen s. d.) M.: 1) «Grünschnabel» — cf. Knuef; 2) «junger, unerfahrener Mensch» (Soldatensprache).
Knëffchen, Kniefchen M.: «kleiner Jnge» — en dapere K. (ein ausdauernder Junge) — s. Knëff, Knuef.
Knéi (Nösl. Knéich, Kni) M.: 1) «Knie» — d'Kand gët op de Knéie gejuppelt (wird auf den Knien geschaukelt) — de Béifchen huet alt erëm de K. geschant — lo gës de iwer de K. geholl (gezun, übers Knie gelegt, zum Verhauen) — sëtz dech op d'Knéien (als Schulstrafe) — op d'Knéien! (beim Fingerhäkeln) — en huet Gliddwaasser am K. — 't mengt än, en hätt Kollakéis an de Knéien (auch übtr.: er ist energielos) — du kanns eiser Härgott op de blouse Knéien danken, dass dat esou gelënd erofgaangen as — looss mer eis Knéie beienä strecken (beraten wir die Sache) — en as an d'Knéie gaang (die Knie schlottern ihm vor Angst, vor Aufregung — übtr. er hat klein beigegeben) — ech hun dee Wee do nach an de Knéien (bin müde von dem langen, beschwerlichen Weg) — ech hun et haut nach an de Knéien (so etwas möchte ich nicht mehr mitmachen) — déi Saach do as iwer de K. gebrach gin (hat eine übereilte Lösung gefunden) — e leit ëmmer op de Knéien, en huet Huff op de Knéien (von einem Frömmler gesagt) — en huet sech d'Knéie wond gerëtscht fir déi Plaz ze kréien — e rëtscht em op de Knéie no (ist charakterlos hinter ihm her, um etwas zu erreichen) — du hues enger aler Fra an de K. gebass (zu einem schartigen Kinde) — Hondsnuesen a Fraleitsknéie sin allzeit kal; 2) «im Winkel gebogener Körper, Kniestück» a. «Ofenknie, Rohrknie u. ä.» — de K. as voller Rouscht, e muss gebotzt gin (Ofenknie) — dazu: Iwwersetz-, Uewe-, Rouerknéi s. d.; b. «Schiffsrippe» — s. Kierb sub 2, Kurf sub 2.
Knéi- / knéi- -bänk F.: «Kniebank» — déi Räich, déi soen, déi Arem wären och déi Säit dene Räichen hir Knéibänken (die Reichen sagen, die Armen wären auch im Jenseits den Reichen zu niedrigen Diensten verpflichtet); -box F.: «kurze, bis ans Knie reichende Hose»; -brécher M.: 1) «saurer Wein»; 2) «jäh ansteigender Weg od. Pfad»; -fall M.: 1) «Kniefall» — en huet muenech Knéifäll gedun, bis en esou wäit war (er hat sich viel gedemütigt, um sein Ziel zu erreichen); 2) «Kreuzwegstation» — déi siwe Knéifäll (sieben war die ursprüngliche Zahl der Kreuzwegstationen); -fälleg Adj.: «kniefällig» — k. huet en ugehalen, fir datt déi Geschicht sollt vermëmpelt gin; -hälter M.: «Kniehalfter» — (wird dem Pferd oder dem Rindvieh angelegt, wenn es unruhig ist); -hälteren trans. V.: «einem unruhigen Pferd oder Rind das Kniehalfter anlegen»; -holz N.: «Schiffsrippe» (beim Nachenbau) — s. Knéi sub 2b; -kaul F.: «Kniekehle»; -renn F.: «Steinbrech» (Saxifraga granulata); -rimm, réim M.: «Knieriemen» (des Schusters zum Festhalten der Schuhe während der Arbeit, diente auch zum Verhauen eines Buben) — elo huelen ech de K., da paréiers de!; -scheif F.: «Kniescheibe»; -strëmp F.: «Sportstrumpf»; -wiermer M.: «Kniewärmer».
knéien (Ind. Praes. ech knéien, du knéis, hie knéit, Part. Praet. geknéit. Ostrand: Ind. Praes. hee knéicht, Part. Praet. geknéicht. Nösl. kniën neben knéijen, Ind. Praes. ech kniën, du knis, hä knit, knéit, knéicht) intr./ refl. V.: 1) «knien» — en huet sech geknéit, datt et geknuppt huet (mit dumpfem Schall) — e knéit um Buedem (e Lach an de Buedem) — knéi dech duer an den Eck a réier dech nët méi!; 2) übtr. refl.: «sich vertiefen, gründlich durchführen» — en huet sech iwer déi Aarbecht geknéit (hat sich ihrer gründlich angenommen) — en huet sech beim Iessen dra geknéit (hat kräftig zugegriffen) — bes. zu 1 [Bd. 2, S. 410] die Abl. Knéierei F., Geknéis N.: «häufiges Knien».
knéitschen (lok. kniitschen, knitschen) trans. V.: 1) «feine Wäsche mit den Händen im Wasser lose bearbeiten»; 2) s. knuutschen — dazu die Abl. | |