LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Knécks-chen bis knëspeleg (Bd. 2, Sp. 409a bis 410b)
 
Knécks-chen (Pl. Knécksercher) M.: «kleiner Knicks» in der iron. Ra. engem Knécksercher maachen (sich jemand gegenüber demütig benehmen).
 
knécksen intr. V.: 1) «einen Knicks machen»; 2) s. knécken sub 1; 3) in der Ra. mat de Fangere k. (die Finger aus den Gelenken ziehen, daß es knackt, soviel Freieren od. Freieschen hat man); trans./intr. 4) (Nösl.) «einen Klicker mit gespanntem Daumen fortschnellen» — du kanns jo nët richteg k. — hän hat de Jick ëmmer e goude Meter ewä geknéckst — s. dicksen; 5) s. knécken sub 2.
 
Knëff (Dim. Knëffchen s. d.) M.: 1) «Grünschnabel» — cf. Knuef; 2) «junger, unerfahrener Mensch» (Soldatensprache).
 
Knëffchen, Kniefchen M.: «kleiner Jnge» — en dapere K. (ein ausdauernder Junge) — s. Knëff, Knuef.
 
Knéi (Nösl. Knéich, Kni) M.: 1) «Knie» — d'Kand gët op de Knéie gejuppelt (wird auf den Knien geschaukelt) — de Béifchen huet alt erëm de K. geschant — lo gës de iwer de K. geholl (gezun, übers Knie gelegt, zum Verhauen) — sëtz dech op d'Knéien (als Schulstrafe) — op d'Knéien! (beim Fingerhäkeln) — en huet Gliddwaasser am K. — 't mengt än, en hätt Kollakéis an de Knéien (auch übtr.: er ist energielos) — du kanns eiser Härgott op de blouse Knéien danken, dass dat esou gelënd erofgaangen as — looss mer eis Knéie beienä strecken (beraten wir die Sache) — en as an d'Knéie gaang (die Knie schlottern ihm vor Angst, vor Aufregung — übtr. er hat klein beigegeben) — ech hun dee Wee do nach an de Knéien (bin müde von dem langen, beschwerlichen Weg) — ech hun et haut nach an de Knéien (so etwas möchte ich nicht mehr mitmachen) — déi Saach do as iwer de K. gebrach gin (hat eine übereilte Lösung gefunden) — e leit ëmmer op de Knéien, en huet Huff op de Knéien (von einem Frömmler gesagt) — en huet sech d'Knéie wond gerëtscht fir déi Plaz ze kréien — e rëtscht em op de Knéie no (ist charakterlos hinter ihm her, um etwas zu erreichen) — du hues enger aler Fra an de K. gebass (zu einem schartigen Kinde) — Hondsnuesen a Fraleitsknéie sin allzeit kal; 2) «im Winkel gebogener Körper, Kniestück» a. «Ofenknie, Rohrknie u. ä.» — de K. as voller Rouscht, e muss gebotzt gin (Ofenknie) — dazu: Iwwersetz-, Uewe-, Rouerknéi s. d.; b. «Schiffsrippe» — s. Kierb sub 2, Kurf sub 2.
 
Knéi- / knéi- -bänk F.: «Kniebank» — déi Räich, déi soen, déi Arem wären och déi Säit dene Räichen hir Knéibänken (die Reichen sagen, die Armen wären auch im Jenseits den Reichen zu niedrigen Diensten verpflichtet); -box F.: «kurze, bis ans Knie reichende Hose»; -brécher M.: 1) «saurer Wein»; 2) «jäh ansteigender Weg od. Pfad»; -fall M.: 1) «Kniefall» — en huet muenech Knéifäll gedun, bis en esou wäit war (er hat sich viel gedemütigt, um sein Ziel zu erreichen); 2) «Kreuzwegstation» — déi siwe Knéifäll (sieben war die ursprüngliche Zahl der Kreuzwegstationen); -fälleg Adj.: «kniefällig» — k. huet en ugehalen, fir datt déi Geschicht sollt vermëmpelt gin; -hälter M.: «Kniehalfter» — (wird dem Pferd oder dem Rindvieh angelegt, wenn es unruhig ist); -hälteren trans. V.: «einem unruhigen Pferd oder Rind das Kniehalfter anlegen»; -holz N.: «Schiffsrippe» (beim Nachenbau) — s. Knéi sub 2b; -kaul F.: «Kniekehle»; -renn F.: «Steinbrech» (Saxifraga granulata); -rimm, réim M.: «Knieriemen» (des Schusters zum Festhalten der Schuhe während der Arbeit, diente auch zum Verhauen eines Buben) — elo huelen ech de K., da paréiers de!; -scheif F.: «Kniescheibe»; -strëmp F.: «Sportstrumpf»; -wiermer M.: «Kniewärmer».
 
knéien (Ind. Praes. ech knéien, du knéis, hie knéit, Part. Praet. geknéit. Ostrand: Ind. Praes. hee knéicht, Part. Praet. geknéicht. Nösl. kniën neben knéijen, Ind. Praes. ech kniën, du knis, hä knit, knéit, knéicht) intr./ refl. V.: 1) «knien» — en huet sech geknéit, datt et geknuppt huet (mit dumpfem Schall) — e knéit um Buedem (e Lach an de Buedem) — knéi dech duer an den Eck a réier dech nët méi!; 2) übtr. refl.: «sich vertiefen, gründlich durchführen» — en huet sech iwer déi Aarbecht geknéit (hat sich ihrer gründlich angenommen) — en huet sech beim Iessen dra geknéit (hat kräftig zugegriffen) — bes. zu 1 [Bd. 2, S. 410] die Abl. Knéierei F., Geknéis N.: «häufiges Knien».
 
knéitschen (lok. kniitschen, knitschen) trans. V.: 1) «feine Wäsche mit den Händen im Wasser lose bearbeiten»; 2) s. knuutschen — dazu die Abl. Geknéitschs N.: «andauerndes Knéitschen», u. die Komp. durechknéitschen trans. V.: 1) (Ton 2): «gründlich in Waschwasser bearbeiten» — 2) (Ton 1): «das Gewebe durch zu starkes Reiben zerstören» — zerknéitschen trans. V.: «zerknittern» — 't huet än sech op säin Hutt gesat, deen as ganz zerknéitscht.
 
Knëllchen (Pl. Knëllercher — Dim. zu Knoll s. d. sub 4) F.: deen Hond mécht Knëllercher wéi Worfjhicken — dazu die Zussetz. Knëllerchesräfer M. s. Biskuitteräfer sub Biskuit I 2.
 
Knëpp F.: «unordentliche, nachlässige Frau» bes. in der Ra.: hätt ech meng Knauter erëm, ech géif meng K. drëm (hätte ich meine erste [nachlässige] Frau wieder, ich gäbe meine zweite [noch nachlässigere] dafür) — (dazu die volkläufige Deutung: die erste Frau (Knauter) nähte hastig zusammen, während die zweite (Knëpp) die Ränder der Löcher zusammenfaßte und mit einem Faden zuband) — ebenso: hätt ech meng K. erëm, ech géif meng Strëpp drëm — ähnl. Knëttesch, Rompel, Romplesch s. d.
 
Knëppchesmooss F.: vom Inhalt eines Sackes gesagt, der sich eben noch zubinden läßt — dat elo as K. (ist gut gemessen).
 
Knëppel M.: 1) s. Klëppel; 2) (lok. Remich) «Knicker».
 
Knëppelfäsch F.: «Knüppelfaschine».
 
knëppelen s. klëppelen sub 3 — am Éislek gin d'Hecke geknëppelt éier se geschlass gin.
 
knëppen trans. V.: 1) «knüpfen» — e Fëschgäl, en Tappi k. (ein Fischnetz, einen Teppich knüpfen) — geknëppte Fränjhelen; 2) a) «zusammenknüpfen» — knëpp dat Säl, dee Sak!; b) übtr. «verbinden» — lo sin se endlech geknëppt (ehelich verbunden); 3) «schlecht nähen» — cf. Knëpp; 4) nur als Vadj.: «rachitisch sein» (Ga) — dat Kand as geknëppt (ist rachitisch) — zu 1 u. 3 die Abl. Geknëpps N. iterat.
 
Knëpper M.: «Vorrichtung am Getreidemäher zum Knüpfen des Garbenknotens» — s. Knëttert.
 
Knërren (Knerren, Knéiren) F.: «Körnersteinbrech» (Saxifraga granulata L.).
 
Knëspel M.: 1) s. Héispel u. Mëspel; 2) in der Zussetz. Donnerknëspel: Interj. (Ausruf der Verwunderung, der Ungeduld) — cf. die Komp. Donner-.
 
knëspeleg Adj.: 1) «schwierig (weil klein), heikel» — bleif ewech mat dénge graffe Fangeren, 't as zevill eng k. Aarbecht (die Arbeit ist zu delikat für dich); 2) «beweglich» — déi Kanner sin därmoosse k., se si bal nët ze hidden (sie sind so lebhaft, sie sind kaum mehr zu bändigen).

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut