Koméidi, KoméidéiKoméidiskréimerKoméitKoméitewäinKomerodKomeskomeschKomfortKomikerComitéKommaKommaskréimerKommandant, KommedantCommandekommandéieren, kommedéierenKommandéiers, Kommedéiers, GekommedéiersKommandéierchenCommanditeKommandoKommärschaaftkomm-bréng-mer-näischtkomm-leck-mer-(am-Aasch)kommenausderdurechdervundohierdohinnerdriw(w)erdurecheranerla(a)nscht, erlaaschtgéintzoukommentéierenKommerKommerCommèreCommérageKommäraaschCommerceKommersKommersbuchKommersleitKommersmillenKommersmillerKommerssantkommersséierenKommi, CommisCommis voyageurKommiswutschkommi(l)fo, comme-il-fautKommiounKommiouns-KommiounsbänkKommiounsbildKommiounsblummKommiounsdagKommiounsexamenKommiounsfeierKommiounsgeschenkKommiounsgezeiKommiounscadeauKommiounskandKommiounskannerléierKommiounskäerzKommiounsklädKommiounskranzKommiounskuchKommiounsmassKommiounsmëssKommiounsrackKommiounsschlappKommiounsflätschKommiounsbandKommiounsschlärKommiounswuelKommiounsschongKommiounsundenkenKommiounsunterrichtKommiounsvesperKommissariatKommissär, CommissaireKommissionnär, CommissionnaireKommissioun, KommessiounKommissiéinchenKommissiounekuerfKommissiounemécherKommissiounemécheschKommissiounepäerdKommissiounssëtzongkommnizéieren, kommëzéieren, kommësséieren, kommunizéierenkommoudKommoudKommunikatiounCommuniquékommunikéieren, kommunizéierenKommunissemKommunistKomonchen | Koméidi, Koméidéi u. Zussetz. — s. Kaméidi.
Koméidiskréimer M.: «jemand, der es liebt, lästige Szenen zu machen» — s. Kaméidismécher sub 3.
Koméit M.: «Komet» — wann e K. kënnt, da geschitt eppes Uerges (sein Erscheinen ist von übler Vorbedeutung) — dazu die Zussetz. Koméitewäin [Bd. 2, S. 423] M.: «Kometenwein» (Wein des Jahrgangs 1811).
Komerod s. Kamerod — dazu: léif Komeroden a Frënn (Anrede in kleinem Kreis) — se si gutt K. zesummen (= se si Frère Jacques zesummen s. sub Frère) — dat gät ënner Komeroden, mee soss nët.
Komes M.: «Pfahleisen zum Eindrücken der Rebpfähle» — das Gerät soll seinen Namen von dem Erfinder erhalten haben, dem Landmesser Comes, der in den vierziger Jahren des 19. Jahrhunderts von der Saar nach der Luxemburger Mosel kam.
komesch (lok. Osten, Südwesten, Norden komisch) Adj./Adv.: 1) «befremdend, eigentümlich» — eng k. Saach, 't gët än nët klug draus — e komesche Kärel (ein Kauz) — 't gët mer esou k. (wenn man z. B. schwindlig wird oder in Ohnmacht gerät) — e kuckt esou k. dran (e gesäit esou k. eraus), soll e krank sin? — s. droleg, gelungen sub 1; 2) «verdächtig» — e komesche Goût (vom Essen gesagt) s. gelungen sub 3.
Komfort s. Confort.
Komiker M.: 1) «Hanswurst, Possenreißer» (auch in übertr. Bedeutung) — s. Paijas, cf. Klon sub 2; 2) «Darsteller komischer Rollen».
Comité (wie frz., doch Ton 1, Pl. Komiteën) M.: 1) «Vorstand eines Vereins, Ausschuß einer Festveranstaltung» — a wivill Komiteë bass de; 2) «Vorstandssitzung» — as haut C.?
Komma M.: «Komma» — op de K. genä (pedantisch genau) — e léiss kä K. ewech; Kommaskréimer M.: «Pedant».
Kommandant, Kommedant M.: «Kommandant» — dazu die Zussetz. Pompjeskommandant s. d.
Commande (wie frz., Pl. Kommaten) F.: 1) «kommerzieller Auftrag, Bestellung» — ech hun elo eng déck C. kritt (habe einen massiven Auftrag erhalten) — dee kritt keng C. méi bei mir; 2) «Laufzettel»; 3) «Auftragstasche» (Druckerspr.); 4) «Schalttafel» — frz. tableau de commande — cf. levier de commande.
kommandéieren, kommedéieren trans. intr. V.: 1) «das Kommando führen, befehlen» — wee kommandéiert hei? — — ech loosse mech nët k. — pak an, mer hun der genug fir ze k. — wann s de eppes ze k. hues, da kommedéier mäin Aasch — wou jiddferä kommedéiert a kän upeekt, do gët näischt gemaach — dazu die Abl. Kommandéiers, Kommedéiers, Gekommedéiers N.: «Kommandieren» — wat fir e K. as dat elei? — säi K. dauert nët laang — Dim.: Kommandéierchen F. 't as näischt iwer eng gutt K. (sagt man zu jemand, der untätig zusieht und dabei Ratschläge erteilt); 2) «arg zurichten» — dafür auch akkommedéieren, verkommedéieren s. d. — du hues der déng nei Schong schéi kommedéiert.
Commandite (wie frz.) F.: 1) «Handelsgesellschaft, deren Teilhaber teils beschränkt, teils unbeschränkt haftbar sind»; 2) «Übernahme durch verschiedene Teilhaber eines Druckes, dessen Erlös je nach den Betriebsmöglichkeiten geteilt wird» (Druckerspr.).
Kommando M.: 1) a. «Befehl» — et gät wéi op K. (am Schnürchen) — e gudde K. as d'hallef Aarbecht — 't as näischt iwer e gudde K. (iron.); b. «Befehlswort» — K.: halt! 2) «Befehlsgewalt» — si huet de K. (die Ehefrau) — wee féiert hei de K.? (z. B. zu einem vorlauten Kind); 3) «auswärtige Detachierung» (Militärspr.); 4) «Gendarmeriedienststelle» (etwa Direktion) — e schafft um K. — en as op Lëtzebuurg op de K. geruff gin — vum K. aus gouf et gesot — de K. huet et esou virgeschriwen; 5) (ausländ.) «Stoßtruppeneinheit» — e war an engem englesche K.
Kommärschaaft F.: 1) «weibliche Gevatterschaft» — cf. Commère; 2) «gutes Einvernehmen, (allzu) vertrauter Verkehr»; 3) «unbequemer Verwandtenbesuch» — 't as nët erlaabt, engem esou eng K. op den Hals ze lueden.
komm-bréng-mer-näischt in der Ra.: dat do as k. (das ist eine Sache von wenig Ertrag, von geringem Wert) — 't as än ewéi k. (ein unbedeutender Mensch); komm-leck-mer-(am-Aasch) — 't as Wieder wéi k. (ungünstiges Wetter).
kommen (Ind. Präs.: ech, mir, si kommen, du kënns, hie kënnt, dir kommt, Luxbg-Stadt auch: du këmms, këmps (veraltet), hie këmmt, Westen: du kéins, hie kéint; Ind. Prät.: ech koum, kumm, Westen u. Südw.: ech kuoum (alt), Ösl.: ich kumm; Konj. Prät.: kéim, Westen u. Südw.: kuéim (alt), Nösl.: kimm; Imperat.: komm, West.: koume (veraltet)); Part. Prät. s. Ltb. 39, dazu Luxbg.-Stadt: kompt(en) (veraltet) — intr. V.: «kommen» — im besonderen: 1) «sich hinbewegen, herankommen, sich nähern» — gesäis d'en nët dohanne k.? loosse mer ëmdréien (gehen wir weg) — du as e [Bd. 2, S. 424] mam Bengel kom (daraufhin kam er mit einem Knüppel) — gëf uecht, lo kënnt en Auto — do uewe kënnt en Donnerwieder (dort oben naht ein Gewitter) — d'Waasser kënnt (das Wasser steigt über die Ufer) — d'Äis kënnt! (Warnruf beim Eisgang) — Kanner, kaaft Kämm, 't komme lauseg Zäiten, sot den Eilespill — dréi de Radio op, elo kënnt gleich London mat den Nuwellen — wee kënnt do? (zu einem Kleinkind, wenn Papa oder Mama herankommt) — se koume mat vill Tapaasch — iwerdeem se koumen (iwer dem Kommen) hu se gebrëllt — Folkl.: «hei kommen» findet sich häufig am Anfang von Heischeliedern cf. z. B. Bd I S. 422a, Bd II S. 362b — Kinderreim: do kënnt eng Maus/ déi baut en Haus/ do kënnt eng Méck/ déi baut eng Bréck/ do kënnt eng Flou / déi mecht esou! (MERSCH Nr. 11) — Rätsel: et kënnt e Fässchen aus Engelland/ et huet kä Reef a kä Band (Lösung: en Ä) — die Art der Bewegung wird ausgedrückt: a. durch Präposition mit Substantiv — se koumen zu Fouss, am helle Galopp, am Gänsemarsch, an enger Kolonn, zu Päärd, um Velo, mat hirer neier Maschinn, mam Autobus (mam Zuch) — b. durch das Part. Prät. eines Verbs der Bewegung — e koum do gerannt — hei kommen se gebëselt, gebunzelt, gedanzt, gedosch, geflunn, gefuer, gejabelt, gejachtelt, gejeet, gelaatscht, gelaf, gereest — se si geridde (gerullt, gesaust, geschlach, geschoss, geschréckt, gespronge, getrappt, getrëppelt, gewänzelt, gewëscht, gezu, marschéiert) komm — hei kënnt e jo doragefall wéi en Hond an d'Kälespill — elo kënnt schons Allerhälgen — e kënnt! (Warnruf eines Schülers beim Herannahen des Lehrers); 2) «sprießen, hervorkommen, erscheinen» — d'Blieder, d'Bléien, d'Drauwe kommen — lo kënnt d'Sonn (geht auf oder tritt aus den Wolken hervor) — en as allzäit op, ier der Dag kënnt — soubal d'Saach un den Dag koum, war et fir e geschitt — 't kënnt, 't kënnt, sot de Bettschësser, du war et scho geschitt — 't kënnt wéi gedrëpst (tropfenweise) — 't kënnt mer nët esou scharref wéi ech wéilt (die Sprache kommt mir nicht so, wie ich möchte) — et as mer ze séier komm (ich habe voreilig gesprochen) — ech héieren dech kommen (ich verstehe, was du zu sagen vorhast) — d'Ried kënnt ëm gutt, liicht (wéi aus enger Pompel) (er ist redegewandt) — kënnt näischt méi? (Frage an einen stockenden Schüler) — wéini kënnt erëm eng Zeidong? (nach mehreren Feiertagen) — in Vergleichen: k. wéi d'Beien aus dem Zittlach, wéi d'Bounen aus der Gääss, wéi d'Hor um Honn, wéi aus enger Flënt geschoss — Folkl.: wenn ein Kind sich in den Finger schneidet, ruft man: d'Träipe kommen, laaft e Kueref sichen (die Eingeweide kommen, holt einen Korb) — Rätsel: kommen se, da kommen se nët, kommen se nët, da kommen se (kommen die Tauben, dann sprießen die gesäten Erbsen nicht und umgekehrt), dafür auch: 't as besser, se kommen nët, dass se kommen (damit sie kommen); 3) «zu jemand, an einen bestimmten Ort kommen» — ech kéim jo gären (ech géif jo gäre k.), mee ech daarf nët — kommt bei ons op de schwaarze Kaffi (Einladung) — hier kënnt d'Monument ze stoen — kënns de nët haut, da kënns de mar (zu jemand, der sich verspätet hat) — e koum op d'lescht Minutt — e koum wéi Moschter nom d'Rëndflääsch (zu spät) — se kommen ëmmer mat derselwechter Leier (erzählen immer dieselbe alte Geschichte) — se kommen op de Maart, op de Cocert, op den Theater, an den Zinnema — wann der elei riicht ofgitt, da komm der an de Stadgronn — komm heihin, ech rafen dech op! (zu einem Kind, das gefallen ist) — elo komme mer op Sandweiler — wat kënns de hier kucken? — du kënns mer grad geleën, zu paass, wéi geruff (du kommst mir gerade recht, auch iron.) — du kënns nët genuch ënner d'Leit — du kënns nach an de Prisong, un de Gaalgen — ech sin nët méi un e komm (habe ihn, z. B. telephonisch, nicht mehr erreicht) — du kënns am Enn nach an den Himmel — 't mengt än, du wärs eréischt op d'Welt komm, du kéims frësch vum Mount erof (so naiv, so unerfahren bist du) — da komm! (Aufforderung zum Mitkommen, aber auch zu einer Mitteilung oder zum Ausspielen beim Kartenspiel wie die beiden folgenden) — du kënns — 't as un dir ze k. — wëlls de wuel k.! (zu einem unfolgsamen Kind oder Hund) — Lockruf für Tiere: komme dä, dä, komme dä! — dä, Bäizchen, dä komm! — komm! (beschwichtigend: tu, was ich sage, wünsche, was sich gehört) — komm, komm! du zitts mech nët (abweisend: du hältst mich zum besten) — nu komm awer! (dsgl.) — häufig in drohenden [Bd. 2, S. 425] Wendungen: komm mol hier, Männchen! — komm du an ons Gaass! (laascht eis Mëscht) — maach, wann ech kommen! — komm du nëmmen häm! — waart emol, wa mäi grousse Brudder kënnt! — komm mer nët méi domatten (mat deer Geschicht, nët méi virun d'Aen) — dee soll mer mol k.! (ich werde mir ihn dann vornehmen); Kinderreim: Hari Bomm/ schlo deng Tromm!/ wann ech dech ruffen/ da komm!/ wann ech Paangeg baken/ da bleif do! — ech wär (fir) der Däiwel nët komm, zu Fouss oder zu Päerd — 't as mer Hals iwer Kapp komm (so plötzlich) — ech kommen nët méi an déi Schong, nët méi a mäi Gezei (die Schuhe, der Anzug sind mir zu eng geworden) — ech loosse mer déi Bicher k. (von auswärts) — looss et nure k. (etwa das Band eines Meterbandes beim Abmessen, eine Last beim Aufbürden) — looss de Laascht k. (auch übtr.: heraus mit der Sprache) — mer loossen et alt emol k. (wir warten vorerst die Ereignisse ab) — looss et nët ze laang k. (vernachlässige deine Unpäßlichkeit nicht) — mer loossen am beschten den Dokter k. — looss k., wat kënnt (mag kommen was will) — in dieser Bedeutung häufig in Verbindung mit einem Infinitiv, der den Zweck des Kommens ausdrückt: se komme sproochen, zeruuchten, schlofen, wënschen, schwammen — se sin danze komm — e kënnt ze Mëtteg, zer Nuecht iessen — en as soë komm, e kënnt nët k. — ech kommen dech sichen (komme dich abholen); 4) «ankommen, eintreffen» — muer de Muerge komme se (morgen früh treffen sie ein) — 't kënnt kä Bréif méi vun ëm — kënnt Zäit, kënnt Rot — en hat kä ganze Läpp an der Box, wéi en an d'Land koum — 't komme Kloe géint en — sou koum äänt bei d'anert; 5) «ein Studium, eine Lehre, einen Posten antreten, eingezogen werden» — e kënnt an d'Schoul, op e Büreau, an d'Léier, op d'Schmelz, bei de Bauer, bei d'Zaldoten (de Kontejent) — en as zou enger Plaz komm; 6) «in einen Zustand, eine Lage geraten» — e kënnt erëm an d'Rei (wird wieder gesund werden) — d'Saach kënnt an d'Rei (wird sich einrenken) — si as erëm zou sech komm (ist wieder bei Besinnung) — e koum ganz ausser Otem — se sin op den Hond komm (sind verelendet) — wann en ämol un d'Stierwe kéim (zum Sterben käme) — d'Maschinn kënnt an de Gank — mer sin elo an de Gank, an de Marsch komm (wir haben eben begonnen) — si koum duer leien (ins Kindbett) — hatt kënnt gutt duer sëtzen (sie heiratet gut ein) — e koum an eng fierchterlech Roserei (wurde ganz wütend) — 't as op ämol eppes un e komm (hat sich plötzlich aufgeregt, auch: hat einen Anfall von Unpäßlichkeit gehabt) — en as iwer d'Saach an d'rengt komm (ist sich darüber klar geworden) — e kënnt ëmmer méi an d'Labberenten (in eine ausweglose Lage) — këmmer dech ëm näischt, da kënns d'an näischt (misch dich nicht in fremde Angelegenheiten, dann ersparst du dir Unannehmlichkeiten) — en as do an eppes komm, wat en al ambetéiert (in eine ärgerliche Lage) — ech kommen nach aus dem Kapp (aus dem Hais-chen — ich werde noch verrückt) — wann s d'emol a meng Schong an Huese kënns (wenn du mal in mein Alter kommst) — en as an d'Rull komm (von einem periodischen Trinker) — en as ënner den Tram komm (unter die Räder der Tram); 7) «in einem Zustand sein» — wéi kënns de do (etwa von einem Kind, das sich schmutzig gemacht hat oder zu jemand in salopper Kleidung) — e kënnt sech es nët zou (ist sprachlos, kann nicht daran glauben) — 't kënnt him dees gutt do (es geht ihm gut dort) — dat Meedche kënnt ëm nët aus dem Kapp — en as op kä gréngen Zwäig komm — e kënnt ëmmer méi vun de Kräften (wird immer schwächer) — e kënnt als Buet, als Pierrot — e koum nët aus dem Laachen (dem Kräischen) — du kënns nët a säi Schied; 8) «sich ereignen, geschehen» — dat hätt nët dierfe k. (nët k. dierfen) — sou huet et k. missen (huet et misse k. — so mußte es kommen) — all Misär kënnt beienän (alle Widerwärtigkeiten ereignen sich gleichzeitig) — dat koum esou (die Sache verlief folgendermaßen) — 't muss än et huele wéi et kënnt (man muß sich in sein Schicksal fügen) — dat kënnt beim Verbotzen (zu guter Letzt); 9) zur Bezeichnung der Reihenfolge in Ort, Zeit und Wertschätzung — fir d'éischt kommen ech, da kënnt laang näischt méi, da kënnt en décke Koup Stäng, da kommen ech nääss . . . an da kënns du erréischt (um den großen Unterschied hervorzuheben) — du kënns an d'éischt Rei — wee kënnt fir d'éischt un d'Rei? — an der Kaart kënnt de Kinnek gemenkerlech vrun der Damm (im Kartenspiel) — ein Alter erzählt: 't éischt koum de siwenzecher [Bd. 2, S. 426] Krich, an du dee vu véierzeng, an du koum dee leschten — se kommen nët der Rei no (scil. die Wörter — von jemand, der einen Schlaganfall oder sonst eine leichte geistige Störung erlitten hat); 10) «eine Bewegung machen» — en as esou mam Fanger (mat der Schëller, mam Fouss) komm; 11) «einen Laut von sich geben, sprechen» — en as op eng Kéier esou elle komm, 't huet ä gemengt, 't wär säi Lescht — hähä, as e komm — du Äfalt do, as e komm, looss deng Fangeren dervun; 12) «herkommen, herrühren, abstammen» — säi Grousspapp koum aus der Belsch (vu Béibreg, vu Metz) — e kënnt aus engem dichtegen Haus (er stammt aus einer begüterten Familie) — e kënnt vu klenge Leiden hier (aus dürftigen Verhältnissen) — dat kënnt vum Soff (vum ville Saufen) — dat kënnt dervun (so mußte es kommen) — wou kënns de hier? (auch übtr.: du bist nicht gut unterrichtet — was fällt dir ein?); 13) «auf etwas kommen, stoßen» — wat kënns de awer op Tricken — mer sin elo hanner seng Spiichte komm — en as der Saach op de Grond komm — wéi kann än op esou Gedanke k.?; 14) «an, zu etwas kommen» — domatter kënns de nët wäit (damit erreichst du nichts) — e kënnt an e gemaachte Bett (un e gedeckten Dësch — er kommt zu Wohlstand, etwa durch Einheirat) — wéi der Schënneker sin s'un all déi Suë komm? (wie zum Henker sind sie zu all dem Geld gekommen? — Antwort z. B.:) wéi kënnt der Däiwel un de Paf? — beroueg dech, se komme schon op hir Käschten (auch übtr.: sie werden schon befriedigt sein) — se kommen zu hirem (sie schneiden gut ab, z. B. bei einer Erbteilung) — ouni Protektioun kënnt än nët wäit — 't koum esou wäit, datt en de Sak krut (daß er entlassen wurde) — wéi kënnt än zu sou eppes (wie erwischt man eine derartige Krankheit) — en as zu näischt komm (hat es zu nichts gebracht); 15) «kosten, entsprechen» —wéivill (wat) kënnt déi Geschicht? (was kostet die Sache?) — dat kënnt en nach deier ze stoen (auch übtr.: das bringt ihn in große Unannehmlichkeiten) — wivill Stéck kommen op d'Pond?; 16) «reichen» — e kënnt mam Kapp bis un d'Dir (reicht bis an den Türsturz) — ech kommen nët bis drun (reiche nicht daran) — ech kommen nët esou héich — hiren Auto kënnt vun elei bis eluer (so lang ist es); 17) in vielen trennbaren oder losen Verbindungen mit Präpositionen und Adverbien, s. z. B.: akommen, ausk., bäik., derhannert, derlaanscht, drop, dertëschent, druk., duerk., ëmk., ënnerk., eran, erausk., erbäi, erëmk., erofk., eropk., eruk., ewechk., virk., virun, hanne, hannendrak., hierk., iw(w)erk., nidderk., noenäk., nok., opk., uk., zevirk., zesummek., zouk., zusträächk.; dazu noch etwa: aus: se komme mer nët aus de Féiss(en) (sind mir überall im Wege) — kuck, dass de aus der Wee kënns! — derdurech: en as gutt derdurech komm (durch ein Unwetter, eine Krankheit) — dervun: en as gutt dervu komm (hat noch gut abgeschnitten) — dohier: e kënnt esou gelungen dohier, wéi wann e voll wär — dohinner: maach, wann ech dohinner kommen! — driw(w)er: en as nët driwer ewech komm (hat die Sache nicht verwunden) — durech: e kënnt nët durech déi Dir (so groß ist er) — en as gutt durech d'Liewe komm — eran: bei hinne kënnt d'Geld era wéi gereent erla(a)nscht, erlaascht: ech kommen nach haut bei dir erlaascht (besuche dich noch heute) — géint: se si géint eis komm (sind uns entgegengekommen) — zou: ech ka mech senger gutt zou kommen (er behindert mich nur; ich habe ihn gar nicht nötig) — ech komme mech dees gutt zou (das möchte ich mir verbitten) — e kënnt sech ës nët zou.
kommentéieren trans. V.: «auslegen, beurteilen» (meist abfällig) — déi Saach as vill kommentéiert gin.
Kommer I M.: 1) «Kummer» — d'Kanner maachen him vill K. — en huet en häämleche K., deen en dréckt — K. a Läd — K. a Verdross; 2) «Mühe» — en huet säi bore K. fir fäärdeg ze gin (seine liebe Mühe); cf. Këmmernës, verkommert.
Kommer II M.: «Schutthaufen» (C.).
Commère (wie frz., doch Ton 1) F.: 1) «Gevatterin» — cf. Kommärschaaft; 2) «Klatschbase» — huel dech an Uecht vrun er, 't as eng al C. — s. Baass sub 1, Clabaude, Klap sub 3 — dazu die Abl.: Commérage (Ton 3) Kommäraasch M.: «Gerede, Klatsch» — dafür auch Geklaaps, Geklabotts; 3) «Hauptperson (neben dem Komper s. d.) in Lokalrevuen» (sie sprechen die verbindenden Worte zwischen den Revueszenen und greifen durch Frage- und Antwortspiel in diese ein) — cf. Gevuedesch. [Bd. 2, S. 427]
Commerce (wie frz.) M.: 1) «Handel» — dat deet de C. goen; 2) «Gewerbe- und Handelsunternehmen» — si hun e gudde C.; 3) «Bewirtschaftung eines bäuerlichen Anwesens»; 4) übertr. «vertraulicher Umgang» — se hun esou en häämleche C. matenän; 5) «Handelsabteilung einer höheren Schule» — en as op C. (er besucht die betreffende Abteilung) — dafür auch Commerciale nach dem Titel der ehemaligen höheren Schule: École industrielle et commerciale, die inzwischen im hauptstädtischen und im Escher staatlichen Lycée de garçons aufgegangen ist; 6) Art Kartenspiel. | |