LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Komiker bis Kommi, Commis (Bd. 2, Sp. 423a bis 427a)
 
Komiker M.: 1) «Hanswurst, Possenreißer» (auch in übertr. Bedeutung) — s. Paijas, cf. Klon sub 2; 2) «Darsteller komischer Rollen».
 
Comité (wie frz., doch Ton 1, Pl. Komiteën) M.: 1) «Vorstand eines Vereins, Ausschuß einer Festveranstaltung» — a wivill Komiteë bass de; 2) «Vorstandssitzung» — as haut C.?
 
Komma M.: «Komma» — op de K. genä (pedantisch genau) — e léiss kä K. ewech; Kommaskréimer M.: «Pedant».
 
Kommandant, Kommedant M.: «Kommandant» — dazu die Zussetz. Pompjeskommandant s. d.
 
Commande (wie frz., Pl. Kommaten) F.: 1) «kommerzieller Auftrag, Bestellung» — ech hun elo eng déck C. kritt (habe einen massiven Auftrag erhalten) — dee kritt keng C. méi bei mir; 2) «Laufzettel»; 3) «Auftragstasche» (Druckerspr.); 4) «Schalttafel» — frz. tableau de commande — cf. levier de commande.
 
kommandéieren, kommedéieren trans. intr. V.: 1) «das Kommando führen, befehlen» — wee kommandéiert hei? — — ech loosse mech nët k. — pak an, mer hun der genug fir ze k. — wann s de eppes ze k. hues, da kommedéier mäin Aasch — wou jiddferä kommedéiert a kän upeekt, do gët näischt gemaach — dazu die Abl. Kommandéiers, Kommedéiers, Gekommedéiers N.: «Kommandieren» — wat fir e K. as dat elei? — säi K. dauert nët laang — Dim.: Kommandéierchen F. 't as näischt iwer eng gutt K. (sagt man zu jemand, der untätig zusieht und dabei Ratschläge erteilt); 2) «arg zurichten» — dafür auch akkommedéieren, verkommedéieren s. d. — du hues der déng nei Schong schéi kommedéiert.
 
Commandite (wie frz.) F.: 1) «Handelsgesellschaft, deren Teilhaber teils beschränkt, teils unbeschränkt haftbar sind»; 2) «Übernahme durch verschiedene Teilhaber eines Druckes, dessen Erlös je nach den Betriebsmöglichkeiten geteilt wird» (Druckerspr.).
 
Kommando M.: 1) a. «Befehl» — et gät wéi op K. (am Schnürchen) — e gudde K. as d'hallef Aarbecht — 't as näischt iwer e gudde K. (iron.); b. «Befehlswort» — K.: halt! 2) «Befehlsgewalt» — si huet de K. (die Ehefrau) — wee féiert hei de K.? (z. B. zu einem vorlauten Kind); 3) «auswärtige Detachierung» (Militärspr.); 4) «Gendarmeriedienststelle» (etwa Direktion) — e schafft um K. — en as op Lëtzebuurg op de K. geruff gin — vum K. aus gouf et gesot — de K. huet et esou virgeschriwen; 5) (ausländ.) «Stoßtruppeneinheit» — e war an engem englesche K.
 
Kommärschaaft F.: 1) «weibliche Gevatterschaft» — cf. Commère; 2) «gutes Einvernehmen, (allzu) vertrauter Verkehr»; 3) «unbequemer Verwandtenbesuch» — 't as nët erlaabt, engem esou eng K. op den Hals ze lueden.
 
komm-bréng-mer-näischt in der Ra.: dat do as k. (das ist eine Sache von wenig Ertrag, von geringem Wert) — 't as än ewéi k. (ein unbedeutender Mensch); komm-leck-mer-(am-Aasch) — 't as Wieder wéi k. (ungünstiges Wetter).
 
kommen (Ind. Präs.: ech, mir, si kommen, du kënns, hie kënnt, dir kommt, Luxbg-Stadt auch: du këmms, këmps (veraltet), hie këmmt, Westen: du kéins, hie kéint; Ind. Prät.: ech koum, kumm, Westen u. Südw.: ech kuoum (alt), Ösl.: ich kumm; Konj. Prät.: kéim, Westen u. Südw.: kuéim (alt), Nösl.: kimm; Imperat.: komm, West.: koume (veraltet)); Part. Prät. s. Ltb. 39, dazu Luxbg.-Stadt: kompt(en) (veraltet) — intr. V.: «kommen» — im besonderen: 1) «sich hinbewegen, herankommen, sich nähern» — gesäis d'en nët dohanne k.? loosse mer ëmdréien (gehen wir weg) — du as e [Bd. 2, S. 424] mam Bengel kom (daraufhin kam er mit einem Knüppel) — gëf uecht, lo kënnt en Auto — do uewe kënnt en Donnerwieder (dort oben naht ein Gewitter) — d'Waasser kënnt (das Wasser steigt über die Ufer) — d'Äis kënnt! (Warnruf beim Eisgang) — Kanner, kaaft Kämm, 't komme lauseg Zäiten, sot den Eilespill — dréi de Radio op, elo kënnt gleich London mat den Nuwellen — wee kënnt do? (zu einem Kleinkind, wenn Papa oder Mama herankommt) — se koume mat vill Tapaasch — iwerdeem se koumen (iwer dem Kommen) hu se gebrëllt — Folkl.: «hei kommen» findet sich häufig am Anfang von Heischeliedern cf. z. B. Bd I S. 422a, Bd II S. 362b — Kinderreim: do kënnt eng Maus/ déi baut en Haus/ do kënnt eng Méck/ déi baut eng Bréck/ do kënnt eng Flou / déi mecht esou! (MERSCH Nr. 11) — Rätsel: et kënnt e Fässchen aus Engelland/ et huet kä Reef a kä Band (Lösung: en Ä) — die Art der Bewegung wird ausgedrückt: a. durch Präposition mit Substantiv — se koumen zu Fouss, am helle Galopp, am Gänsemarsch, an enger Kolonn, zu Päärd, um Velo, mat hirer neier Maschinn, mam Autobus (mam Zuch) — b. durch das Part. Prät. eines Verbs der Bewegung — e koum do gerannt — hei kommen se gebëselt, gebunzelt, gedanzt, gedosch, geflunn, gefuer, gejabelt, gejachtelt, gejeet, gelaatscht, gelaf, gereest — se si geridde (gerullt, gesaust, geschlach, geschoss, geschréckt, gespronge, getrappt, getrëppelt, gewänzelt, gewëscht, gezu, marschéiert) komm — hei kënnt e jo doragefall wéi en Hond an d'Kälespill — elo kënnt schons Allerhälgen — e kënnt! (Warnruf eines Schülers beim Herannahen des Lehrers); 2) «sprießen, hervorkommen, erscheinen» — d'Blieder, d'Bléien, d'Drauwe kommen — lo kënnt d'Sonn (geht auf oder tritt aus den Wolken hervor) — en as allzäit op, ier der Dag kënnt — soubal d'Saach un den Dag koum, war et fir e geschitt — 't kënnt, 't kënnt, sot de Bettschësser, du war et scho geschitt — 't kënnt wéi gedrëpst (tropfenweise) — 't kënnt mer nët esou scharref wéi ech wéilt (die Sprache kommt mir nicht so, wie ich möchte) — et as mer ze séier komm (ich habe voreilig gesprochen) — ech héieren dech kommen (ich verstehe, was du zu sagen vorhast) — d'Ried kënnt ëm gutt, liicht (wéi aus enger Pompel) (er ist redegewandt) — kënnt näischt méi? (Frage an einen stockenden Schüler) — wéini kënnt erëm eng Zeidong? (nach mehreren Feiertagen) — in Vergleichen: k. wéi d'Beien aus dem Zittlach, wéi d'Bounen aus der Gääss, wéi d'Hor um Honn, wéi aus enger Flënt geschoss — Folkl.: wenn ein Kind sich in den Finger schneidet, ruft man: d'Träipe kommen, laaft e Kueref sichen (die Eingeweide kommen, holt einen Korb) — Rätsel: kommen se, da kommen se nët, kommen se nët, da kommen se (kommen die Tauben, dann sprießen die gesäten Erbsen nicht und umgekehrt), dafür auch: 't as besser, se kommen nët, dass se kommen (damit sie kommen); 3) «zu jemand, an einen bestimmten Ort kommen» — ech kéim jo gären (ech géif jo gäre k.), mee ech daarf nët — kommt bei ons op de schwaarze Kaffi (Einladung) — hier kënnt d'Monument ze stoen — kënns de nët haut, da kënns de mar (zu jemand, der sich verspätet hat) — e koum op d'lescht Minutt — e koum wéi Moschter nom d'Rëndflääsch (zu spät) — se kommen ëmmer mat derselwechter Leier (erzählen immer dieselbe alte Geschichte) — se kommen op de Maart, op de Cocert, op den Theater, an den Zinnema — wann der elei riicht ofgitt, da komm der an de Stadgronn — komm heihin, ech rafen dech op! (zu einem Kind, das gefallen ist) — elo komme mer op Sandweiler — wat kënns de hier kucken? — du kënns mer grad geleën, zu paass, wéi geruff (du kommst mir gerade recht, auch iron.) — du kënns nët genuch ënner d'Leit — du kënns nach an de Prisong, un de Gaalgen — ech sin nët méi un e komm (habe ihn, z. B. telephonisch, nicht mehr erreicht) — du kënns am Enn nach an den Himmel — 't mengt än, du wärs eréischt op d'Welt komm, du kéims frësch vum Mount erof (so naiv, so unerfahren bist du) — da komm! (Aufforderung zum Mitkommen, aber auch zu einer Mitteilung oder zum Ausspielen beim Kartenspiel wie die beiden folgenden) — du kënns — 't as un dir ze k. — wëlls de wuel k.! (zu einem unfolgsamen Kind oder Hund) — Lockruf für Tiere: komme dä, dä, komme dä! — dä, Bäizchen, dä komm! — komm! (beschwichtigend: tu, was ich sage, wünsche, was sich gehört) — komm, komm! du zitts mech nët (abweisend: du hältst mich zum besten) — nu komm awer! (dsgl.) — häufig in drohenden [Bd. 2, S. 425] Wendungen: komm mol hier, Männchen! — komm du an ons Gaass! (laascht eis Mëscht) — maach, wann ech kommen! — komm du nëmmen häm! — waart emol, wa mäi grousse Brudder kënnt! — komm mer nët méi domatten (mat deer Geschicht, nët méi virun d'Aen) — dee soll mer mol k.! (ich werde mir ihn dann vornehmen); Kinderreim: Hari Bomm/ schlo deng Tromm!/ wann ech dech ruffen/ da komm!/ wann ech Paangeg baken/ da bleif do! — ech wär (fir) der Däiwel nët komm, zu Fouss oder zu Päerd — 't as mer Hals iwer Kapp komm (so plötzlich) — ech kommen nët méi an déi Schong, nët méi a mäi Gezei (die Schuhe, der Anzug sind mir zu eng geworden) — ech loosse mer déi Bicher k. (von auswärts) — looss et nure k. (etwa das Band eines Meterbandes beim Abmessen, eine Last beim Aufbürden) — looss de Laascht k. (auch übtr.: heraus mit der Sprache) — mer loossen et alt emol k. (wir warten vorerst die Ereignisse ab) — looss et nët ze laang k. (vernachlässige deine Unpäßlichkeit nicht) — mer loossen am beschten den Dokter k. — looss k., wat kënnt (mag kommen was will) — in dieser Bedeutung häufig in Verbindung mit einem Infinitiv, der den Zweck des Kommens ausdrückt: se komme sproochen, zeruuchten, schlofen, wënschen, schwammen — se sin danze komm — e kënnt ze Mëtteg, zer Nuecht iessen — en as soë komm, e kënnt nët k. — ech kommen dech sichen (komme dich abholen); 4) «ankommen, eintreffen» — muer de Muerge komme se (morgen früh treffen sie ein) — 't kënnt kä Bréif méi vun ëm — kënnt Zäit, kënnt Rot — en hat kä ganze Läpp an der Box, wéi en an d'Land koum — 't komme Kloe géint en — sou koum äänt bei d'anert; 5) «ein Studium, eine Lehre, einen Posten antreten, eingezogen werden» — e kënnt an d'Schoul, op e Büreau, an d'Léier, op d'Schmelz, bei de Bauer, bei d'Zaldoten (de Kontejent) — en as zou enger Plaz komm; 6) «in einen Zustand, eine Lage geraten» — e kënnt erëm an d'Rei (wird wieder gesund werden) — d'Saach kënnt an d'Rei (wird sich einrenken) — si as erëm zou sech komm (ist wieder bei Besinnung) — e koum ganz ausser Otem — se sin op den Hond komm (sind verelendet) — wann en ämol un d'Stierwe kéim (zum Sterben käme) — d'Maschinn kënnt an de Gank — mer sin elo an de Gank, an de Marsch komm (wir haben eben begonnen) — si koum duer leien (ins Kindbett) — hatt kënnt gutt duer sëtzen (sie heiratet gut ein) — e koum an eng fierchterlech Roserei (wurde ganz wütend) — 't as op ämol eppes un e komm (hat sich plötzlich aufgeregt, auch: hat einen Anfall von Unpäßlichkeit gehabt) — en as iwer d'Saach an d'rengt komm (ist sich darüber klar geworden) — e kënnt ëmmer méi an d'Labberenten (in eine ausweglose Lage) — këmmer dech ëm näischt, da kënns d'an näischt (misch dich nicht in fremde Angelegenheiten, dann ersparst du dir Unannehmlichkeiten) — en as do an eppes komm, wat en al ambetéiert (in eine ärgerliche Lage) — ech kommen nach aus dem Kapp (aus dem Hais-chen — ich werde noch verrückt) — wann s d'emol a meng Schong an Huese kënns (wenn du mal in mein Alter kommst) — en as an d'Rull komm (von einem periodischen Trinker) — en as ënner den Tram komm (unter die Räder der Tram); 7) «in einem Zustand sein» — wéi kënns de do (etwa von einem Kind, das sich schmutzig gemacht hat oder zu jemand in salopper Kleidung) — e kënnt sech es nët zou (ist sprachlos, kann nicht daran glauben) — 't kënnt him dees gutt do (es geht ihm gut dort) — dat Meedche kënnt ëm nët aus dem Kapp — en as op kä gréngen Zwäig komm — e kënnt ëmmer méi vun de Kräften (wird immer schwächer) — e kënnt als Buet, als Pierrot — e koum nët aus dem Laachen (dem Kräischen) — du kënns nët a säi Schied; 8) «sich ereignen, geschehen» — dat hätt nët dierfe k. (nët k. dierfen) — sou huet et k. missen (huet et misse k. — so mußte es kommen) — all Misär kënnt beienän (alle Widerwärtigkeiten ereignen sich gleichzeitig) — dat koum esou (die Sache verlief folgendermaßen) — 't muss än et huele wéi et kënnt (man muß sich in sein Schicksal fügen) — dat kënnt beim Verbotzen (zu guter Letzt); 9) zur Bezeichnung der Reihenfolge in Ort, Zeit und Wertschätzung — fir d'éischt kommen ech, da kënnt laang näischt méi, da kënnt en décke Koup Stäng, da kommen ech nääss . . . an da kënns du erréischt (um den großen Unterschied hervorzuheben) — du kënns an d'éischt Rei — wee kënnt fir d'éischt un d'Rei? — an der Kaart kënnt de Kinnek gemenkerlech vrun der Damm (im Kartenspiel) — ein Alter erzählt: 't éischt koum de siwenzecher [Bd. 2, S. 426] Krich, an du dee vu véierzeng, an du koum dee leschten — se kommen nët der Rei no (scil. die Wörter — von jemand, der einen Schlaganfall oder sonst eine leichte geistige Störung erlitten hat); 10) «eine Bewegung machen» — en as esou mam Fanger (mat der Schëller, mam Fouss) komm; 11) «einen Laut von sich geben, sprechen» — en as op eng Kéier esou elle komm, 't huet ä gemengt, 't wär säi Lescht — hähä, as e komm — du Äfalt do, as e komm, looss deng Fangeren dervun; 12) «herkommen, herrühren, abstammen» — säi Grousspapp koum aus der Belsch (vu Béibreg, vu Metz) — e kënnt aus engem dichtegen Haus (er stammt aus einer begüterten Familie) — e kënnt vu klenge Leiden hier (aus dürftigen Verhältnissen) — dat kënnt vum Soff (vum ville Saufen) — dat kënnt dervun (so mußte es kommen) — wou kënns de hier? (auch übtr.: du bist nicht gut unterrichtet — was fällt dir ein?); 13) «auf etwas kommen, stoßen» — wat kënns de awer op Tricken — mer sin elo hanner seng Spiichte komm — en as der Saach op de Grond komm — wéi kann än op esou Gedanke k.?; 14) «an, zu etwas kommen» — domatter kënns de nët wäit (damit erreichst du nichts) — e kënnt an e gemaachte Bett (un e gedeckten Dësch — er kommt zu Wohlstand, etwa durch Einheirat) — wéi der Schënneker sin s'un all déi Suë komm? (wie zum Henker sind sie zu all dem Geld gekommen? — Antwort z. B.:) wéi kënnt der Däiwel un de Paf? — beroueg dech, se komme schon op hir Käschten (auch übtr.: sie werden schon befriedigt sein) — se kommen zu hirem (sie schneiden gut ab, z. B. bei einer Erbteilung) — ouni Protektioun kënnt än nët wäit — 't koum esou wäit, datt en de Sak krut (daß er entlassen wurde) — wéi kënnt än zu sou eppes (wie erwischt man eine derartige Krankheit) — en as zu näischt komm (hat es zu nichts gebracht); 15) «kosten, entsprechen» —wéivill (wat) kënnt déi Geschicht? (was kostet die Sache?) — dat kënnt en nach deier ze stoen (auch übtr.: das bringt ihn in große Unannehmlichkeiten) — wivill Stéck kommen op d'Pond?; 16) «reichen» — e kënnt mam Kapp bis un d'Dir (reicht bis an den Türsturz) — ech kommen nët bis drun (reiche nicht daran) — ech kommen nët esou héich — hiren Auto kënnt vun elei bis eluer (so lang ist es); 17) in vielen trennbaren oder losen Verbindungen mit Präpositionen und Adverbien, s. z. B.: akommen, ausk., bäik., derhannert, derlaanscht, drop, dertëschent, druk., duerk., ëmk., ënnerk., eran, erausk., erbäi, erëmk., erofk., eropk., eruk., ewechk., virk., virun, hanne, hannendrak., hierk., iw(w)erk., nidderk., noenäk., nok., opk., uk., zevirk., zesummek., zouk., zusträächk.; dazu noch etwa: aus: se komme mer nët aus de Féiss(en) (sind mir überall im Wege) — kuck, dass de aus der Wee kënns! — derdurech: en as gutt derdurech komm (durch ein Unwetter, eine Krankheit) dervun: en as gutt dervu komm (hat noch gut abgeschnitten) dohier: e kënnt esou gelungen dohier, wéi wann e voll wär — dohinner: maach, wann ech dohinner kommen! — driw(w)er: en as nët driwer ewech komm (hat die Sache nicht verwunden) durech: e kënnt nët durech déi Dir (so groß ist er) — en as gutt durech d'Liewe komm — eran: bei hinne kënnt d'Geld era wéi gereent erla(a)nscht, erlaascht: ech kommen nach haut bei dir erlaascht (besuche dich noch heute) géint: se si géint eis komm (sind uns entgegengekommen) zou: ech ka mech senger gutt zou kommen (er behindert mich nur; ich habe ihn gar nicht nötig) — ech komme mech dees gutt zou (das möchte ich mir verbitten) — e kënnt sech ës nët zou.
 
kommentéieren trans. V.: «auslegen, beurteilen» (meist abfällig) — déi Saach as vill kommentéiert gin.
 
Kommer I M.: 1) «Kummer» — d'Kanner maachen him vill K. — en huet en häämleche K., deen en dréckt — K. a Läd — K. a Verdross; 2) «Mühe» — en huet säi bore K. fir fäärdeg ze gin (seine liebe Mühe); cf. Këmmernës, verkommert.
 
Kommer II M.: «Schutthaufen» (C.).
 
Commère (wie frz., doch Ton 1) F.: 1) «Gevatterin» — cf. Kommärschaaft; 2) «Klatschbase» — huel dech an Uecht vrun er, 't as eng al C. — s. Baass sub 1, Clabaude, Klap sub 3 — dazu die Abl.: Commérage (Ton 3) Kommäraasch M.: «Gerede, Klatsch» — dafür auch Geklaaps, Geklabotts; 3) «Hauptperson (neben dem Komper s. d.) in Lokalrevuen» (sie sprechen die verbindenden Worte zwischen den Revueszenen und greifen durch Frage- und Antwortspiel in diese ein) — cf. Gevuedesch. [Bd. 2, S. 427]
 
Commerce (wie frz.) M.: 1) «Handel» — dat deet de C. goen; 2) «Gewerbe- und Handelsunternehmen» — si hun e gudde C.; 3) «Bewirtschaftung eines bäuerlichen Anwesens»; 4) übertr. «vertraulicher Umgang» — se hun esou en häämleche C. matenän; 5) «Handelsabteilung einer höheren Schule» — en as op C. (er besucht die betreffende Abteilung) — dafür auch Commerciale nach dem Titel der ehemaligen höheren Schule: École industrielle et commerciale, die inzwischen im hauptstädtischen und im Escher staatlichen Lycée de garçons aufgegangen ist; 6) Art Kartenspiel.
 
Kommers (Ton 2) M.: «studentisches Fest» (z. B. der Luxemburger Studenten in Löwen) — dazu die Zussetz. Kommersbuch N.: «studentisches Liederbuch».
 
Kommersleit (Ton 2) Plur. tant.: «Handelsleute, Kaufleute» — dafür heute meist Kommerssanten s. d.
 
Kommersmillen (Ton 2) F.: «Handelsmühle» — im Gegensatz zur Konnemillen s. d. — dazu Kommersmiller M.: «Müller, der sein Gewerbe auf eigene Rechnung betreibt».
 
Kommerssant (Ton 3) M.: «Kaufmann» (sagt sich besonders von dem, der kaufmännischen Geist, meist im guten Sinne, besitzt) — dat do as e gudde K. — deen do gët alles ewech, wat en huet; 't as kä (gudde) K. — frz. commerçant.
 
kommersséieren intr. V.: «Handel treiben» — matenä k., dat dät de Bock schnadderen (das führt zu Erfolg).
 
Kommi, Commis (wie frz., doch Ton 1) M.: 1) «unterer Beamter»; 2) «Handlungsgehilfe» — ech si säi C. nët (er hat mir nichts vorzuschreiben, er mag die Sache selbst übernehmen oder zu Ende führen); 3) «Handelsreisender» — dafür auch

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut