LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Kopanjon, Kompanjong, Compagnon bis Komposs (Bd. 2, Sp. 429a bis 430b)
 
Kopanjon, Kompanjong, Compagnon (wie frz., doch Ton 1) M.: 1) «Kamerad, Freund» — se si Frënd a K.; 2) «Lichtnelke».
 
Kompari (Ton 2) M.: «Kamerad» — mir Bouwen hate Kompariën — so dat denge Kompariën (tadelnd).
 
Kompartiment N.: 1) «Eisenbahnabteil» — s. Coupé; 2) «Fach, Regal» (meist M.) — dat do gehéiert an en anere K.
 
Kompass (Ton 1) M.: «Kompaß» — mer mussen dem K. no goën — übertr. en huet de K. verluer (ist ratlos) — meng Nues as eppes wéi e K., si dréit sech ëmmer, wou eppes Apartes am Dëppen as.
 
Kompassnol F.: «Kompaßnadel».
 
Compatriote (wie frz.) M.: «Landsmann».
 
kompeg, kompig, këmpig Adj.: «muldenartig, gewölbt» — k. maachen (wölben) — d'Keelebunn as k. — e kompegt Eisen (ein gewölbtes Hufeisen — Ga) — ent këmpecht Stéck (vom Feld).
 
Kompenei (Ton 3) F.: «Sippschaft» — wann s d'ee riffs, hues de d'ganz K. um Bockel — s. Kompanie sub 1.
 
Kompensatioun F.: «Ausgleich» — dazu die Zussetz.: Kompensatiounskääss F.: «Ausgleichskasse».
 
kompenséieren trans. V.: «ausgleichen» — dat änt kompenséiert dat anert — d'Rëssette kompenséieren d'Depesen.
 
Komper M.: 1) «Gevatter» — s. Gevueder; 2) a. «Kavalier» (bei älteren Leuten auf einer Hochzeit); b. «Freund, Genosse, Trinkkumpan, lustiger Geselle» — meist in der Anrede: wéi geet et, K.? — Bonjour, Här K. Kueb, ma sot, wéi geet et Iech?/ ech danke, K. Fuuss, et geet mer gutt, an Iech? (M. Lentz) — A vous (à la vott), K. (à la vôtre, beim Zutrinken) — s. Kompari; 3) Schauspielerrolle in einer Revue — cf. Commère sub 3.
 
Komperschaaft F.: 1) «Gevatterschaft»; 2) «Freundschaft» — eng propper K. (iron.: eine saubere Freundschaft).
 
Kompes M.: 1) «eingemachter Weißkohl»; 2) «Runkelrübenblätter, in einer Grube eingedeckt» (dienen als Viehfutter).
 
Kompesch F. s. Gevuedesch und Commère sub 1.
 
kompetent, kombetent Adj.: «zuständig» — ech sin nët k. doranner.
 
Kompetenz, Kobedens, Kopitenz F.: 1) «Zuständigkeit, Befugnis, Amtsbereich» — dat gehéiert nët a meng K. — Zussetz.: Kompetenzfro F.: «Frage der Zuständigkeit»; 2) «Fähigkeit» dat geet iwer seng K. (das bringt er nicht rund) — übertr. en huet iwer d'K. gedronk (er ist betrunken); 3) «Wert» — dat as iwer d'K. bezuelt (der bezahlte Preis ist zu hoch).
 
Kompléit (Ton 2) F.: «Komplet» (Schlußgebet der kirchlichen Tageszeit).
 
Complet (wie frz., doch Ton 1) M.: «vollständiger Anzug aus gleichem Stoff».
 
komplett (meist Ton 2, das Adv. bei stärk. Betonung Ton 1) Adj/Adv.: «vollständig» — eng k. Kollektioun vun de Cahieën (eine vollständige Sammlung der Cahiers luxembourgeois — cf. Cahier sub 2) — sou, dat as elo k. (das ist jetzt vollständig, fertig, auch iron.: das genügt, das hat noch gefehlt) — e kompletten Idiot — das k. falsch (Ton 1, vollständig verkehrt) — en as k. verréckt — en as k. gaga (ist vollständig kindisch geworden) — eng k. Null — dazu: complètement, komplettemang.
 
komplettéieren trans. V.: «vervollständigen, ergänzen» — mer mussen [Bd. 2, S. 430] eisen Iesservice nach k. (wir müssen unser Tafelservice ergänzen) — frz. compléter.
 
Komplex M.: 1) «zusammenhängendes Gelände (z. B. Bauterrain), Häuserblock» — dee ganze K. as ze verkafen; 2) «gefühlsbetonte Verdichtung von Vorstellungen» (seelische Störung) — en huet Komplexer — en as voller Komplexer.
 
Komplikatioun F.: 1) «Verwicklung, Erschwerung» — maach dach elo keng onnëtz Komplikatiounen (kompliziere nichts unnützerweise); 2) «Verschlimmerung des gesundheitlichen Zustandes» — wa keng Komplikatioune kommen, dann as e gewonn (z. B. nach einer Operation).
 
Kompliment M. oder N. (meist Pl. Komplimente(r)n): 1) «Empfehlung, Höflichkeitsbezeugung» — vill schéi Komplimenten(r) doheem — huel meng Komplimente mat häm; 2) «schmeichelhafte Anerkennung» — das e schéine K. — merci fir dat K. (auch iron.) — ech brauch där Komplimenten nët; 3) «Schmeichelei» — 't muss än deem nawell allerhand Komplimente maachen, fir eppes bei em ze erräächen — maach nët esou vill Komplimenter a komm! — e war geschwënn um Enn mat senge Komplimenten — trau senge Komplimenten nët.
 
Komplimentemécher (-méchesch), -kréimer (-kréimesch) M. (F.): «Schmeichler(in), Schönschwätzer (in)».
 
komplimentéieren trans. V.: «Komplimente machen» — meist iron. in der Zussetz.: erauskomplimentéieren: «mehr oder weniger höflich verabschieden, hinausweisen» — ech hun en zur viischter Dir erauskomplimentéiert; dazu die Abl.: Gekomplimentéiers N.: «Komplimentiererei» — hal op mat deem G., 't gët jo dach näischt draus.
 
Kompliss, Complice (wie frz.) M.: «Mittäter, Mitschuldiger».
 
komplizéieren, verkomplizéieren trans. V.: «erschweren, verwickeln» — dat komplizéiert d'Fro — d'Saach huet sech verkomplizéiert.
 
komplizéiert Vadj./Vadv.: 1) «schwierig, verwickelt» — e komplizéierte Broch — eng k. Affär — woufir eppes einfach maachen, wann et k. och gät?; maach d'Saach nët méi komplizéiert wéi se as; 2) «umständlich» — dee Mënsch as därmoosse k., e kann sech senger Liewen nët entschäden.
 
Komplott M., selten F.: 1) «Komplott, Verschwörung» — du wars och mat am K. — lo kennen ech se vum ganze K. (kennen se all, déi an der K. sin); 2) «Verbindung zu losen Streichen, dicke Freundschaft».
 
komplottéieren trans./intr. V.: 1) «ein Komplott machen» — se komplottéieren géint de Comité; 2) «einen losen Streich vorbereiten»; 3) «ein heimliches Gespräch führen» — wat komplottéiert dir do? — wat hun déi do ze k.?
 
Komplottert (lok. Echt.) M.: «Verschwörer».
 
komponéieren trans. V.: 1) «ein Musikstück schaffen»; 2) «kunstvoll ordnen» (z. B. ein Gemälde).
 
Komponist M.: «Komponist».
 
komportéieren (städtisch) trans./ refl. V.: 1) «zulassen, vertragen» — säin Akommes komportéiert nët esou en Opwand (sein Einkommen verträgt sich nicht mit einem derartigen Aufwand) — 't komportéiert (sech) nët, datt mer Blumme schécken (es ist nicht angebracht, daß wir Blumen schicken); 2) «mit sich bringen, einbegreifen» — dat elo komportéiert allerhand Fräen (ziemlich viel Unkosten).
 
Kompositioun F.: 1) «in der Klasse geschriebene Prüfung»; 2) «Ausarbeitung eines intellektuellen oder künstlerischen Werkes»; 3) «Aufbau eines Kunstwerkes» — d'K. vun dem Tableau daacht näischt; 4) «Zusammensetzung» (schlechthin).
 
Kompost, lok. Komposs M.: «natürlicher Mischdünger aus Erde und verweslichen Stoffen» — lo féiere mer de K. aus — (cf. Koup sub 1d).

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut