LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Kautioun bis Kouer (Bd. 2, Sp. 446b bis 448a)
 
Kautioun F.: «Kaution».
 
Cotisatioun F.: 1) «jährlicher Geldbeitrag» (von Vereins-, Gesellschafts-, Kassenmitgliedern); 2) «geldliche Beisteuer zu einem bestimmten, sozialen Zweck».
 
kotiséieren refl. V.: «Geld zu einem bestimmten Zweck zusammenlegen, beisteuern» — frz. cotiser.
 
Coton (wie frz., doch Ton 1), Koto (Nösl.), Kottong, Kotteng, Kotting (Südw.) I M.: «Baumwolle» — übtr. in den Raa.: Kottong späizen (Durst haben) — dat as de Kotténg (Kotting — das ist das Richtige, das, was ich brauche, was ich mir wünsche) — s. Bauwel sub 1.
 
Cotos-, Kottongs-, Kotténgs- -hiem N.: «Hemd aus Baumwolle»; -nues-schnappeg N.: «Taschentuch aus Baumwolle»; -prabbeli N.: «Regenschirm mit Bezug aus Baumwolle»; -schierteg N.: «Baumwollschürze»; -strëmp F.: «Strumpf aus Baumwolle» — Kotténgsstrëmp daachen näischt, dovunner kritt än d'Féiss gär éimeg.
 
Kotong II M.: «Wollgras» (Eriophorum) — s. Flockegras.
 
Kottel (Nösl.) F.: 1) «Abfallrest von Stoff»; 2) «Stoffetzen»; 3) in der Zussetz.: Kéikottel s. Kéiknetzel; 4) «unordentliches kleines Mädchen».
 
Kottelkuerf M.: «Korb, in dem Stoffreste und -abfälle aufbewahrt werden, für den Lumpensammler».
 
kottelig (Nösl.) Adj.: «zerfetzt».
 
kottereg (Ulflingen) Adj.: «mutwillig, ausgelassen».
 
Kotz, Kouz M.: «Rücken» — in den Raa.: op den Hotzekotz (den Houzekouz s. d.) huelen — cf. die dort angeführten Varianten unter Halsebockel.
 
Kou (Pl. Kéi, Arloner Reliktgebiet und angrenzende luxemburgische Ortschaften: Koi; Dim. Kéichen, Kiichen) F.: 1) «Kuh» — Ruf des Hirten, wenn er die Kühe auf die Weide treiben will: Kéi eraus!, nach dem Heimtrieb: Kéi eran! — den Hiirt as mat de Kéi eraus(gefuer — auf die Weide) — d'Kéi gin eraus gelooss — d'Kéi gin [Bd. 2, S. 447] an de Park gejeet (in den Pferch getrieben) — d'K. bëselt (rennt wild umher) — mer hun d'Kéi op de Stack gin (haben sie in Verpflegung gegeben gegen Recht auf Milch, unbeschadet des Eigentumsrechtes) — mer hun d'Kéi an d'Fudder gin (haben die Kühe in Pension gegeben) — d'K. brëllt (bläärt, tut) de ganzen Dag, se wäärd spilleg (uesseg, fareg, stéisseg) sin (brünstig) — d'K. gët bei de Far gefouert (zum Stier) — d'K. huet gelueden, huet e Kallef an (ist trächtig) — eng Vollkallefskou (eine trächtige Kuh) — d'K. stät nët (mer kréien se nët un d'Stoen — läßt sich nicht befruchten) — d'K. gät hannenan (hannenun — wurde nicht trächtig und wird nochmals zum Stier geführt) — d'K. as määss (intel, ëntel, behält nët, se klénkt, se gät nët méi zou Far, se lued nët méi — wird nicht mehr trächtig) — d'K. neidert (ihre Euter schwellen an, ein Anzeichen, daß sie bald kalbt) — d'K. stät (um Kallef — wenn sie vor dem Kalben keine Milch gibt) — d'K. kaleft (kalbt) — d'K. feet sech (Nösl.: mécht sich sching — stößt die Nachgeburt aus) — d'K. verwerft (macht eine Fehlgeburt) — eine Kuh, die ein-, zwei- oder dreimal gekalbt hat, heißt: eng K. vum éischte K. (eng Kälwen, s. d.), eng K. vum zwäten, drëtte Kallef — eine Kuh, die nach dem ersten Kalb unfruchtbar ist, heißt im Nösl. Linière — d'K. as déck (as opgelaf), se muss gestach gin (sie hat Blähungen und muß gestochen werden) — d'K. as gebascht (ist infolge von Blähungen eingegangen) — d'K. as bliwen (ist nicht eingegangen) — d'K. éiderzt (idderzt, käut wieder) — d'K. gët gestrach (wird gemolken) — eine alte Kuh heißt: eng al Däddi (Klafter, Mattant, Mazette, Tata). — Rufnamen der Kühe: Bläss, Blimmel (Bléimel), Bléimer, Bloum, Brinett (Brunette wie frz., doch Ton 1), Fanni, Finette, Fuel, Grisette (wie frz., doch Ton 1), Jeannette (wie frz., doch Ton 1), Lisette (wie frz., doch Ton 1), Lott, Lottchen, Mazette (wie frz., doch Ton 1), Rosette (wie frz., doch Ton 1), Ruckt (Nösl.), Schwaarz, Stär(en); Raa. u. Sprww.: d'K. lääft bis Heischterdag (s. d.), da mécht se e schéinen Auder (Vertröstung) — déi al Kéi gin d'Mëllech an déi jong Hénger leën d'Är — deenen hënneschte Kéi wiisst och Wäd — eng dreckeg K. schléit esou laang mam Schwanz bis déi aner och dreckig sin (üble Nachrede kommt von üblen Menschen) — wann eng K. bëselt, dann hieft déi aner de Schwanz op (Nachahmungstrieb) — 't hääscht keng K. Blimmchen, dees se hätt eng wäiss Strimmchen (an einem Gerücht ist immer etwas Wahres) — 't huet nach keng K. um Kallef gesoff (die Alten sind klüger als die Jungen) — de Mënsch kann sech verrieden an eng K. sech vertrieden (spaßh. Ergänzung: se huet véier Puer Bän — man hat sich versprochen) — den Ues as frou, wann e bei der K. ka stoen, dobei seet en: ech wël nët stéieren (Wortspiel) — den Ues reift sech och nach gären un der K. (alte Herren sitzen noch gern bei jungen Mädchen) — deem engen kaalwen d'Kéi nët am Stall, deem aneren d'Uessen um Späicher (Var.: deem engen kalwen d'Uessen am Stall, deem aneren d'Kéi nach nët — Glück muß man haben) — K. a Kallef verspriechen (goldene Berge) — K. a Kallef verspillen (sein Hab u. Gut) — vun der K. op d'Gääss kommen (verarmen) — du wäärs eng schlecht K. gin, du be- (ver-)häls näischt (zu einem vergeßlichen Menschen) — hei sëtze gët eng fett K. moër (wenn man lange warten muß) — 't gët än esou al wéi eng K., 't léiert än all Dag (eppes) zou (man lernt nie aus) — déi kleng Kéi gin am määschte Mëllech (von einem mittelmäßigen, aber beharrlichen Schüler) — en huet vun der rosener K. gefriess (hat schlechte Zeiten mitgemacht, auch lok.: ist schlecht gelaunt) — eng Schlippche Mëllech vun enger hëlze Kou (Schläge statt Milch bekommen, R. III 40) — en huet e Marsch wéi eng K. (geht schwerfällig) — e schwetzt franséisch wéi eng K. spuenesch (schlecht) — en as domm wéi eng K. (kreuzdumm) — e keimt ewéi eng K. (ächzt, stöhnt, klagt) — e säift ewéi eng K. (ist ein starker Trinker) — en as sat wéi eng K. (ist schwer betrunken) — ech hat en Duuscht wéi en Trapp Kéi — ech sin déck wéi eng K. (habe zuviel gegessen) — fléck wéi eng K. (schwerfällig) — den Hutt stät em wéi der K. de Suedel (gar nicht) — mäi Schierteg as mat de Kéi aus (die Schürze hat sich verloren) — Kinderreime: do hues d'en Daler/ da gääss d'op de Maart/ a kääfs der eng K./ an e Källefchen derzou/ mat engem Schwänzchen (Var.: d'Källefchen huet e gëllene Schwänzchen/ an engem (an en) Direlirelänzchen/ fir deen aarme Fränzchen — (bei jedem Vers wird dem Kind auf die hingehaltene Hand geschlagen oder darüber gestrichen, beim [Bd. 2, S. 448] letzten Vers kitzelt man ihm die innere Handfläche) — et wor emol eng K. an e Kallef/ meng Seechen as hallef/ et wor emol eng Maus/ meng Seechen as aus (dabei verfährt man wie im vorhergehenden Reim) — Ruf der Ringeltaube: o du meng gutt rout K./ a mäi gutt rout Kallef derzou (Var.: o du meng gutt rout K./ déi ech vertosch hun/ op dat aalt schielt Päärd —nach andern lautet der Ruf: akouhou/kou/kouhou) — Rätsel: véier hungen/ véier gungen/ zwä weisen de Wä/ an zwä wieren de Wollef (Antwort: d'Kou — vier Zitzen, vier Beine, zwei Augen, zwei Hörner) — Zwäbän sëtzt op Dräibän a sträicht Véierbän (die Magd sitzt auf dem Melkstuhl u. melkt die Kuh); 2) spaßh.: «Baßgeige»; 3) «dummer Mensch» — du domm K. — sou eng K. — sou eppes kann nëmmen sou enger aler K. passéieren wéi s du eng bas.
 
Kou- -aasch M.: verächtl. in Vergleichen, z. B.: deen huet eng Maul wéi e K.; -auder neben Kéiauder s. d.; -blumm F.: «weiße Johannisblume» (Leucanthenum vulgare); -flapp M.: «Kuhfladen»; -handel M.: 1) «Kuhhandel» — en as op de K.; 2) «übler Tauschhandel, unsaubere Übereinkunft» (meist in der Politik); -händler M.: «Kuhhändler»; -kallef neben Kéikallef, s. d.; -kapp M.: Schimpfname, etwa «Dummkopf»; -kieler M.: «Kummet» (für Ochsen und Kühe); -konef, -kunef M.: «Kuhkette»; -kraut N.: «gemeines Bingelkraut» (Mercurialis annua); -kundel F.: «Kuhkette»; -mëllech neben Kéimëllech s. d.; -panz F.: 1) «Bauch der Kühe»; 2) «Herbstzeitlose» (Colchicum autumnale); s. Koutut; 3) «dicke blaue Pflaumenart»; -schell F.: 1) «Kuhglocke»; 2) «Kuhschelle» (Pulsatilla vulgaris); -schwanz neben Kéischwanz s. d. — den Zant wibbelt wéi e K.; -stall neben Kéistall s. d.; -tut F. s. Koupanz sub 2; -wääss M., dafür auch Kowääss M.: «Ackerwachtelweizen» (Melampyrum arvense) — s. Hang.
 
Kouer (Ost. Kuer) M.: 1) «Altarraum», im bes. «Hauptaltarraum» — si sangen haut am K. (die Sänger sind im Chorraum aufgestellt); 2) «Chorgesang» — en dräi-, e véierstëmmege K. — se hun e schwéiere K. gesongen — dat Lidd gët am K. gesongen (von sämtlichen Stimmgattungen); 3) «Schar der Sänger, Sängergruppe» — en as am K. (ist Mitglied der Chorgruppe) — e féiert de K. (vom Dirigenten oder Stimmführer gesagt, auch übertr.) — e gemëschte K. (aus Männer- und Frauenstimmen) — Zussetz.: Kannerkouer, Kiirchekouer, Männerkouer; 4) «Empore» (Ösling und Osten) — eng Plaz op dem K. — s. Duxall sub 1); 5) in verschiedenen Verbalverbindungen: A. zu K. goen: a. «ins Gewissen reden, die Leviten lesen», auch: «anhaltende, oft demütigende Schritte unternehmen» — ech si laang mat em zu K. gaang; b. reflex.: mat sech zu K. goen (überlegen, lange über etwas hin- und herbrüten, häufig ohne zu einem endgültigen Schluß zu gelangen); B. zu K. kommen (zurecht kommen, sich verständigen) — ech sin nët mat där Aarbecht zu K. komm (bin nicht mit der Arbeit zurecht gekommen) — mat deem kënnt än zu K. (mit dem Menschen kann man sich verständigen) — mer si mat him (bei him) schwéier zu K. komm (hatten Schwierigkeiten, uns mit ihm zu verständigen).

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut