LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Krazhäl bis Kräizdänn (Bd. 2, Sp. 457a bis 459b)
 
-häl (Dim. -häälchen) M.: «Gartenharke» — cf. Kraz sub 4; -kaul F.: «Nacken» — s. Akaul.
 
krazeg Adj.: 1) «kratzig, rauh» — eng k. Stëmm — eng k. Biischt (eine harte Bürste) — e krazege Baart; 2) «widerborstig, schlecht gelaunt, bissig».
 
krazen (Nösl. kratzen, Konj. Prät. ich kratzt) V.: 1) a. intr./absol.: «kratzen, scharren» — den Hond kraazt un der Dir — d'Hénger krazen (scharren) — ech géif nach e bëssche méi k. (iron. zu jemand, der z. B. an einer Wunde krazt); b. trans./refl.: d'Kaz huet mech gekraazt — en as ze liddereg fir sech ze k. wou et e bäisst — wann et dech nët bäisst, da brauchs de dech nët ze k. (misch dich nicht in fremde Angelegenheiten) — kraz dech wou et dech bäisst (laß die andern damit in Ruh) — sech k. as Hondsmouden (das paßt sich nicht in Gesellschaft) — Theo, kraz déi Al (spaßh. für Deo gratias) — en huet nach e puer ellener Rëff ze k. (hat noch verschiedene schlimme Schulden zurückzuzahlen) — dazu die Zussetz. erof-, erop-, op-, zesummekrazen; 2) intr.: «ein kratzendes Geräusch hervorbringen» — deng Fieder daacht näischt, se kraazt op dem Pobeier; 3) intr.: «ein kratzendes Gefühl hervorrufen» — wat dat kraazt! — dee Branntwäin kraazt am Hals.
 
krazerich (Echt.) Adj. s. kazeg, krazeg sub 2.
 
Krazert M.: 1) «Kratzer, Schramme»; 2) «Halskatarrh» — ech hun esou e K. am Hals; 3) s. Kraz sub 3 und 4; 4) «schlechter Branntwein».
 
Krazes N.: 1) «Bedenklichkeiten» — déi Saach mecht mer vill K.; 2) «Mühe» — mer hate K. fir en aus dem Pëtz erauszezéien.
 
Krääsch, Kreesch (Pl. Krääsch, selten Krääscher) M.: 1) «Schrei» — hut der lo éinescht deen ellene K. héieren, en as engem duurch Mureg a Schank gaangen — en huet Krääsch gedun wéi en Neimäärder, wéi e Waldiesel, wéi wann en e Messer am Haals hätt — dee K. koum vum Häärz — do keng esou Krääsch, ech sin nët daf (sprich etwas leiser) — deen dät Krääsch, ier e geschloen as — mat Krääsch riicht än d'manst bei de Kanner aus (das Ausschelten der Kinder hat meist wenig Erfolg) — cf. Knall; 2) «Mode» — de leschte K. (le dernier cri).
 
Kräch F.: «Riß» (im Holz) — cf. krächen.
 
krächen, krächzen (Echt. kreechen) trans. V.: 1) «halbwegs brechen» — de Sprass vun der Läder (de Still vun [Bd. 2, S. 458] der Schëpp) as gekrächt — de Metzler krächt d'Schanken — übertr.: säi Liewen as gekrächt; 2) «krachend brechen» — d'Loustange si gekrächt — de Sturem huet d'Äscht vun de Beem gekrächt; 3) «trinken» — se hun e puer Fläsche Wäi gekrächt — s. kraachen sub 5.
 
Krächt F.: 1) «Kniekehle» — ech spiren et bis an d'Krächte vun de Bän; 2) «Falte, Einknickung» — do gët et Krächten dran (von einem steifen Stoff, von schwerer Seide).
 
Kräck F.: «Knacker» — Zussetz. Nësskräck s. d. — s. Kréck III.
 
kräcken, kräcksen trans. V.: «aufknacken, auseinanderbrechen» — dat as eng haart Noss ze k. (ein schwieriges Problem zu lösen) — s. krécken.
 
krädden s. krauden — k. hu mer fréier d'Ausstieche vun de Beiepitsch (= Beieblumm s. d.) an de Klistécker genannt (haben wir früher das Ausstechen des Löwenzahns in den Kleefeldern genannt — Mompach).
 
kräfteg Adj./Adv.: 1) «kräftig» — sou e kräftege Maanskärel kënnt schaffe goen amplaz ze hääschen — en huet e kräftege gelooss (einen starken Bauchwind); 2) «tüchtig» — lo kriss de gläich eng k. an d'Sabbel (eine gehörige Ohrfeige) — en huet k. geflucht — eng k. an de Bän, am Batz, am Biz, am Kächer, am Kessel, an der Bidden hun (schwer betrunken sein) — k. a säfteg — k. an däfteg.
 
kräichen s. krauchen.
 
kräiden trans. V.: «anstreichen wie mit Kreide» — de Plafong as frësch gekräit gin — cf. wäissen.
 
Kräipchen M.: «kleiner Apfel».
 
kräischen (Part. Prät. gekrasch(t)) intr. V.: 1) «weinen» — 't kräischt wéi eng Muedeléng (eng Mraimuedeléin) — 't kräischt wéi en Hénkel — si kräischt den Himmel op — e kräischt, Hädertréinen — lëddenhoart k. (heftig weinen — Merschertal) — — 't kräischt, datt eng Tréin déi aner schléit — se hun sech dout gekrasch — e kräischt sech d'Séil aus dem Laif (d'Aen aus dem Kapp) — wi seng Mamm sturref, hat et sich bal bland gekrasch (Nösl.) — si behält nach d'Ae fir ze k. — e kräischt fir all Dreck (für nichts und abernichts) — e laacht wéi déi Welsch kräischen (er weint) — en hat d'K. méi no wéi d'Laachen — hie kräischt mat engem A a laacht mat deem aneren — en huet d'K. an d'Laachen an engem Sak — 't war fir ze k. (beim Anblick eines großen Schadens, aber auch in der Bed.: geringfügig, armselig) — 't war, wéi wann än derfir gekrasch hätt (wenig, geringfügig) — ech kräischen em nët laang no (betrauere ihn nicht) — d'Muttergottes kräischt, wann d'Medercher päifen — 't soll än nët k. bis ä geschloen as — wann än sech selwer wéi dät, kann ä k. wann ä wëlt — besser d'Kanner kräischen ewéi déi Al — vir gedoen an no gekrasch, si verlueren Tréinen (man soll stets das Ende bedenken) — wann än de Kanner de Wëll dät, kräischen se nët — k. as gesond (man muß sich ausweinen) — k. a jameren — en huet et kräischer Auen verzielt (mit weinenden Augen, Echt.) — en huet alles dat kräisches gezielt, vill hun der mat him gekrasch — all kräisches as et gelaf kommt, seng Mamm wär nët gutt (immerfort weinend) — en huet sech kräisches ugeluecht (hat mit Tränen versucht, hat zum Weinen seine Zuflucht genommen) — übertr.: d'Sonn kräischt (wenn sie durch feinen Regen scheint) — d'Riewe kräischen — dafür auch pinschen s. d. — Abl. Gekrësch(s) s. d. — s. auch Krëscher, Krëschesch; 2) «ein kreischendes Geräusch verursachen» — d'Dir kräischt (z. B. wenn sie schleift oder wenn die Angeln nicht geölt sind); 3) «wiehern» (von Pferden) — dafür auch frääsch(e)len, hinkeren s. d.
 
Kräisches N.: «Weinen» — wann et ze spéit as, kann all K. näischt déngen.
 
Kräischpopp F.: 1) «sprechende Puppe»; 2) «kleines, weinerliches Kind» — dafür auch Pinschpopp s. d.
 
Kräit I, Kreit (Nösl. Kréckt, Kreckt) F.: «Kreide» — im bes. a. «Kreide zum Schreiben» — si sti bei him an der K. (sind ihm Geld schuldig) — dee schreift mat duebeler K. (er überfor- dert) — farweg (rout, giel, blo) K.; b. «Kreide zum Tünchen» — spuenesch K. — de Plafong gët a K. gemaacht (die Decke wird getüncht) — ad a und b: e gouf wäiss wéi K. — fir eng hell Stëmm ze kréien muss ä K. iessen — Zussetz.: Kräitbuedem M.: «Kreidevorkommen in einer Erdschicht».
 
Kräit II (Dim. Kräitchen) F. (lok. auch M.): 1) «Hahnenkamm, Hühnerkamm» — mer haten eng Paschtéit vu K. — e gouf esou rout wéi eng K. — deem as de K. geschwollen (gerötet vor Wut) — äänt an d'K. bäissen (coire); 2) «gerötetes Gesicht» — wat huet deen eng K. [Bd. 2, S. 459]
 
Kräit III F.: «Schlüssel oder Stempel am Faßhahn» (Ga).
 
Kräiz (Pl. Kräizer, Nösl. Krécks) N.: 1) «christliches Balkenkreuz» — d'K. droen (z. B. vor einer Prozession) — mat de Kräizer goen (Bezeichnung der Bittprozessionen) — e gesäit eraus wéi de Schächer um K. (schlecht) — K. op der Kiirch! (Ausruf der Verwunderung) — Zussetz.: Feldkräiz, Frounekräiz, Missiounskräiz, Peschtkräiz, Schlangekräiz, Weekräiz s. d.; 2) «Kruzifix» — dafür meist Kräzefex s. d.; 3) «Kreuzzeichen» — 't mécht än e K. iwer d'Brout, ier än et uschneit — e K. an de Botter drécken (früher beim Buttern im Haus) — maach d'K.! (z. B. vor und nach dem Essen) — en huet nach e grousst K. geschloen an du war en dout — déi déi gréisst Kräizer maachen, sin nët déi frommst — ech sollt mech mat Kräizer seenen, wéi ech dat gesouch (z. B. bei Abwendung einer Gefahr, übtr.: ich war außer mir, bei etwas Auffälligem oder Unerhörtem) — maach e K. driwer (Nösl. ent K. derdurrich — verzichte darauf, du wirst das Gewünschte nicht bekommen); 4) a. «kreuzförmiges Merkmal, Abzeichen, Handzeichen» — du hues e K. op der Stir (zu einem Kind, das man der Lüge bezichtigt) — Zussetz.: Äschekräiz (s. d.), Verdéngschtkräiz; b. «stilisiertes Kreuz auf früheren Luxemburger Münzen» — daher das Wettspiel Kräiz oder Mënz (Kapp a Pill, pile ou face) — wobei die Münze in die Höhe geworfen und geraten wird, welche Seite beim Auffallen oben zu liegen kommt — von Kindern wird ein ähnliches Spiel gespielt mit Scherben, die auf einer Seite bemalt sind (HUMMER, Luxemburger Kinderspiele Nr. 116); 5) «Hüftkreuz des Körpers» — ech hun et am K. (habe Schmerzen im Kreuz) — ech schléich em d'K. an, wann ech en hei hätt (Drohung) — dat schléit engem d'K. an (gibt einem den Gnadenstoß, bei einem großen Verlust) — dafür auch Réckkräiz s. d. — s. Aaschkrupp; 6) «kreuzweise Anordnung» — iwer d'K. néien (Kreuzstiche machen) — op d'Krécks maachen (Nösl.: überkreuz anordnen) — 't muss än d'Huewer nët iwer d'K. éigen, soss kritt än se nët ageéigt — wann zwee Puer sech d'Hand iwer d'K. gin, dat bedeit Ongléck — se hun sech iwer d'K. verklot (haben sich gegenseitig vor Gericht verklagt) — zu K. kräichen (sich fügen); 7) «Sorge, Mühe, Leid, Unglück» — K. a Läd — 't as e K. (ein Jammer) mat deem Kann, fir et un d'Aarbecht ze kréien — e mécht e Gesiicht, wéi wann en all K. vun der Welt hätt — 't huet all Mënsch säi K. — 't schaaft kän d'K. aus der Welt — wann ämol mäi K. vu Stän as, wärd et nët méi sou schwéier sin (wenn ich gestorben bin) — kleng Kanner, kleng Kräizer, grouss Kanner, grouss Kräizer — 't as kän esou kleng, en huet e K. fir sech eleng — 't as kä méi grousst K. wéi en Hauskräiz (eine böse Ehefrau) — gidferän hält säi K. fir dat gréisst — déi Arem droen hiirt K. um Réck, déi Räich féieren hiirt an de Kutschen — wee kä K. huet, sicht sech äänt.
 
kräiz Adv.: «kreuz» — in der Ra.: k. a quier (Nösl. krécks a kraach) — d'Fruucht as gefall vun dem Reen, se leit k. a quier — d'Kéi se k. a kraach durrich d'Hawer gelof — du kanns mech k. a quier am Aasch lecken (k. a quier gären hun).
 
Kräiz- / kräiz- -al Adj.: «hochbetagt» — k. Leit; -älter M.: «Kreuzaltar»; -band N.: «Kreuzband» (Streifband für Drucksache); -bäässel M.: «Kreuzmeißel»; -bän N.: in dem Ausruf der Verwunderung oder Enttäuschung — K. iwerenän; -blumm F.: 1) «Kuckucksblume, Stendel» (Platanthera); 2) «Kreuzenzian» (Gentiana cruciata); -brav Adj.: «grundehrlich» — sou e gudde, kräizbrave Jong, muss deem dat nach geschéien — arem awer k.; -bridder Pl. tant.: «Orden, der sich der verlassenen Kinder annahm» — s. Engelsbridder; -brudderschaaft F.: spaßh. für «Ehe»; -dag M.: «Fest der Kreuzerhöhung» -deeg Pl.: «die drei Tage vor Christi Himmelfahrt, an denen die Bittprozessionen stattfinden»; -dänn F.: 1) «Edeltanne» (Abies pectinata); 2) «Fichte» (Picea excelsa);

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut