LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Kréckel(es) bis Kréiferlek (Bd. 2, Sp. 462b bis 465a)
 
Kréckel(es) I F.: «wilde Pflaume» — frz. crèque — dafür auch wëll Kréischelen, cf. Kréischel.
 
Kréckel(es) II N. s. Kréckelschong. [Bd. 2, S. 463]
 
kréckelen V.: 1) intr.: «leicht knarren, knistern» — de gefruerene Schnéi (d'Äis, wat nët fest as) kréckelt ënner de Féiss — eng wackeleg Trap kréckelt, wann än drop trëtt — de Sand kréckelt engem ënner den Zänn, wann d'Zalot nët propper gewäsch as — der Kaz hir Hoer kréckelen, wann än driwer fiert — wann d'Miwele kréckelen, das eng Wareng (ist von schlimmer Vorbedeutung) — spaßh. wann d'Schong kréckelen, da sin se nët bezuelt; 2) trans. in der Ra.: engem eng kr. (jemandem eine Ohrfeige herunterhauen); 3) engem eng k. (einen Bären aufbinden).
 
Kréckelsbierg BergN.: (östl. Übersyren), mit wildem Pflaumengehölz bestanden — dafür volksetymologisch auch Créquisbierg (weil angeblich der französische Marschall Créqui im Jahr 1684 dort gelagert haben soll).
 
Kréckel- -feier N., -fix M., -fixfeier N.: «Zündholz, das beim Anzünden kréckelt»; -lieder N.: «Leder, das zum Anfertigen von Kréckelschong (s. d.) benutzt wird»; -schong Pl. M.: «Schuhe, die beim Gehen einen knarrenden Ton von sich geben» — früher waren derartige Schuhe auf dem Lande sehr begehrt, weil es für vornehm galt, solche zu tragen; manche glaubten, der Schuster könne das Kréckelen (s. d. sub 1) in die Schuhe hineinzaubern, andre bestellten bei ihm für fünf Su Kréckel(es) (s. d.); mancher Schuster schickte seine Kunden hänselnd zum Leineweber um dort Kréckel(es) zu kaufen. Tatsächlich schmierte vor etwa 40 bis 45 Jahren in Ospern der Schuster einen klebrigen Brei zwischen Sohle und Brandsohle um das Kréckelen zu veranlassen.
 
kréckeleg Adj.: «knarrend».
 
krécken trans. Verb.: cf. kräcken.
 
Krécki M.: «Mähre».
 
kréckserig Adj./Adv.: 1) «schielend» (lok. Echt.) — k. Auën (Schielaugen) — k. kucken (schielen) s. berlucken; 2) «verstört, geistesabwesend» (Nösl.).
 
Kredenzdëschelchen M.: «Tischchen, auf dem während der Messe die Fläschchen mit Wein und Wasser stehen».
 
Crédirentier (wie frz., doch Ton 3) M.: «Altersrentner».
 
Kredit (wie hd.) M.: «Kredit» — se kafen alles op K. (cf. puffen) — en huet niirges méi K. — dazu: Crédit foncier (wie frz., doch beide Ton 1) M.: «frühere staatliche Grundkreditanstalt» — früher war es hauptsächlich diese Anstalt, die Kredite zum Hausbau gewährte; spaßh. sagte man: déi Strooss hei hääscht C. f. (d. h. in dieser Straße sind die Häuser noch nicht bezahlt).
 
Credo M.: 1) «Glaubensbekenntnis»; 2) «Kirchengesang» — en as bekannt wéi de Pilatus am C. — cf. sub Gräisch.
 
kredjëft, -jëss: Fluchwörter — oft mit dem Zusatz: -namol — dafür auch kërt-, hackert- s. d.
 
Kreemchen (Dim. zu Krom s. d.) M.: 1) «kleiner Laden» — si huet esou e K. (abschätzig); 2) «minderwertige Ware» — 't as lauter K. an deem Butteck — haalt äre K.!; 3) «Gerümpel, Plunder» — hal dee K. do nët op, gëf dem Lompekréimer en; 4) «Pack, Gesindel» — dat as lauter Krom a K., déi an deenen Haiser wunnen — dafür auch Kreemcheskrom, Päckelcheskrom s. d.
 
Kreemches- -butteck M.: «Kramladen» (Rümelingen); -krom M. s. Kreemchen sub 4; -maart M.: «Trödelmarkt».
 
Kreepchen (Dim. zu Krop s. d.) M.: 1) «Häkchen» — im bes. «Angelhaken»; 2) «kleiner Kropf».
 
Kreepchesmännchen s. Kropemann.
 
Kreepwo F.: «Hakenwage».
 
kregéileg, kregéilen s. kragéileg, kragéilen.
 
Kréi (Kréck, Kréich, Krick, Kri) 1) «Elster» (Pica pica) — der Name bezeichnet niemals die Krähe — en as sou hongreg wéi eng K. (ausgehungert) — 't huet Kréiennaupen, gëf uecht op et (sie stiehlt) — s. Kréck, Elster, Léister; 2) «bösen Sieben» — s. (Häärz-)Kna.
 
Kréibänk, Kribänk F.: 1) «Krugbank» (Stufengestell zum Aufstellen von Krügen, Schüsseln, Tellern, von Küchengeschirr überhaupt) — sou ä sin ech, sot den Edem, du huet en an d'K. geschloen; 2) «Knochengerüst des Rückens» — du klenge Bouf, du hues nach kä Réck, du hues eng K. wou den Aasch drun hänkt; 3) spaßh.: «die in mehreren Reihen übereinander an der Brust getragenen Orden».
 
Kréichen s. Kréimäs.
 
Kréi(el)chen, Kréijelchen (Nbform Krichen — Dim. zu Krou s. d.) M.: «kleiner Krug».
 
kréien I (Westen kreien, Vianden kraien, Nösl. krei(e)n — Ind. Präs. ech kréien, du kriss, hie(n) (dir) kritt; Echt. äich krinn, grinn; Mosel dou krächs, hie krächt; Lenningen de [Bd. 2, S. 464] kréisch, hie kréit; Westen du krëss, hie krëtt; Nösl. ich krei(e)n, du krëss, hä krëtt — Ind. Prät. ech (hien, dir) krut (neuerdings kruten), du kruuts, mir kruten, auch ech (ich) kruch, kruch, krouch, Nösl. krouch — Konj. Praet. ech kréich, kriit; Nösl. ich krich, kriit — Part. Prät. kritt, neuerdings auch krut(en) (drängt sich in allen Formen des Ind. Prät. und des Part. Prät. ein, sogar mit der Endung -st)) trans. V.: «kriegen» — im bes.: 1) «erhalten, bekommen» — a. absol. — froen a k. as zwäerlä — en as méi vum K. wéi vum Gin — mer kréie gläich (zu essen) — hun d'Päärd kritt? (Futter) — huet d'Kand kritt? (die Brust, die Milchflasche); b. trans. e krut den éischte Präis — du kriss eng Medaaljen (einen Orden) — du kriss e Biildche, wann ech Pater gin — ech war kucken, op mer nach Biljeë kriten — se kruten den Zuch nët — mer kréie Reen — ech kréien de Schnapp — en huet eng (scil. Ouerfei) an d'Sabbel (an d'Schnëss, an d'Maul) kritt — e krut eng an d'Kréibänk (ins Gesäß) — du kriss der hannenop, du kriss Strääch, du kriss de Puppes gefrueden — du kriss es, wann s de häm kënns (Vorwürfe od. Schläge) — du kriss Zottisse (Zotessen) gemaach (Vorwürfe) — d'Kanner (d'Fierkelen) mussen hiirt Geschéck k. (ihre Aufwartung, Pflege) — si hun eppes Jongs kritt (Familienzuwachs) — wat kréien déi Hären? (fragt der Kellner) — wat kriss de, mäi Jong? (im Geschäft) — wat kréien ech, wann ech der et soen? — wat ee kritt, dat huet än — dee kann ni genuch k. (so habsüchtig ist er) — en huet alles kritt (die Sterbesakramente) — 't kritt kän eppes mat (ins Jenseits) — e krut sechs Joer (scil. Prisong) — ich hat es krut (ich habe davon bekommen) — en huet seng Däl (s. d.) kritt — en huet eng mat der Broutschéiss kritt (ist nicht normal) — nu kréi kä Schlag! (erschrick nicht) — lo kriss de den Dadder (jetzt bist du am Ende deiner Kräfte) — e krut keng Sonndesbox méi an den Aasch (heiligte den Sonntag nicht mehr) — ech si frou, eppes Waarmes an de Laif ze k. — e kritt d'Zong nët méi gedréit (gekéiert) am Monn (ist betrunken, daher unbeholfen beim Sprechen) — e krut Wand dervun (hat heimlich davon erfahren) — en huet seng Zooss kritt (ist schwer hereingefallen) — e kritt Säint och emol (er wird nicht immer Glück haben) — wann s de ze spéit kënns, da kriss de de Wësch an d'Dëppen (wenn man zu spät zum Essen kommt) — ech hun d'Nues voll kritt (bin der Sache überdrüssig) — d'Gromperen hun es des Nuecht kritt (sind erfroren) — de Kuch huet es kritt (ist oben angebrannt) — e krut et mat der Angscht ze dun (geriet in Angst) — ech hun deen do mëll kritt (habe ihn gebändigt) — e krut de Bauch wéi — e krouch op eng Kéier eppes un sech (wurde plötzlich aufgeregt oder krank) — wann än en alt esou wait kréich (wenn man ihn dazu brächte); 2) «ergreifen, ertappen» — maach, wann ech dech ze pake k. — wann se dech kréien, da loossen se déi aner lafen — ää, du kriss mech nët (beim Fangspiel s. Fänkes) — hun se dech kritt? (haben sie dich hereingelegt z. B. beim Kartenspiel) — ech krouch e beim Schlapp — de Gas huet e kritt (er wurde von ausströmenden Gasen betäubt) — a wann s de kréis (kriss) gës (lok. Echt.: wenn du erwischt wirst); 3) refl.: «handgreiflich werden, sich zanken» — se hun sech kritt (bis op d'Messer) — se hun sech bei den Hoer (mam Haals) kritt; 4) «heiraten» (auch refl.) — mengs de, du kriits e Millionär? — du kriss dat Meedche senger Liewen nët — lo hun se sech entelech kritt; 5) in mannigfachen, mehr oder weniger festen Verbindungen mit Präpositionen u. Adverbien, z. B.: a-, aus-, bäi-, eraus-, erbäi-, erof-, erop-, durech-, er-, era-, lass-, mat-, op-, u-, zoukréien s. d. — dazu einige weitere Beispiele: e kritt sech nët aus an nët un (kann sich weder aus- noch anziehen) — 't kritt än en nët erbei (ist nicht zu erreichen oder bequemt sich nicht zu kommen).
 
kréien II (Westen und Südwesten kréin, Nösl. kriën, Ind. Präs. hä krickt) intr. V.: 1) «krähen» — wann d'Hunne mëttes k., da gët et Reen — wann den Han an der Ut oder naits krickt, das ent Zeechen van Ongléck am Haus (Nösl.) — do kréit kän Hunn derno (es kümmert sich niemand drum) — wéi den alen Hunn kréit, kréien d'Hinnecher; 3) «laut auflachen» (fast nur von kleinen Kindern und jungen Mädchen) — si hu gekréit vu Fräd.
 
Kréi(e)na (Echt. Kréiau, Nösl. Kriënau, Pl. Kriënauen) N.: «Hühnerauge» — wann d'Kréienaë wéi dun, dat bedeit schlecht Wieder — ech spiren et an de Kréinaën (die Witterung) — beklagten sich die Kunden beim Schuster über Hühneraugen, dann tröstete er sie: maacht se schwaarz, da gin et Kuebenaën — übtr.: ech loosse [Bd. 2, S. 465] mer nët op d'Kréinaën trieden (das lasse ich mir nicht gefallen).
 
Kréi(e)naëschnidder M.: «Hühneraugenoperateur».
 
Kréiennaupen Pl. tant. s. Kréi sub 1.
 
Kréieneimäärder M.: «Raubwürger» (Lanius excubitor).
 
Kréierjekel M.: «Hampelmann» (Wb 06).
 
Kréiferlek: Spielform zu Kiewerlek (z. B. lok. Ötringen).

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut