KreepchesmännchenKreepwokregéileg, kregéilenKréiKréibänk, KribänkKréichenKréi(el)chen, KréijelchenkréienkréienKréi(e)naKréi(e)naëschnidderKréiennaupenKréieneimäärderKréierjekelKréiferlekKréikKréimäsKréimerFixfeieschkréimerKrein, GreinKrinnesKréinchenkréinenkréinenKréinonkkréinselenKréinselerKréischelKréischelbockKréischeldéierKréischels-Kréischelches-KréischelsgebäässKréischelchesgebäässKréischelsheckKréischelchesheckKréischelsjhelliKréischelchesjhelliKréischelsstackKréischelchesstackKréischelstaartKréischelchestaartKréischelswäinKréischelcheswäinCrémaillèreKrëmatengCrèmeKrämKrämeflütt, Krämekichelchen, Krämentaartakrämencrème, krämkrëmenalesch, krommenalesch, krëmenaleschzegCrèmerieKrëmmchen, KrëmpchenkrëmmenKrëmmt, KrëmptKrëmtchesBrëschtchesKrempelKrempel-KrempeljudKrempelmaartkrempelegkrempelenGekrempelsKrempelerKrempeleschKrempenhuttKrëndelKréng, CrinKréngmaschinnKréngel, KrénkelKréngelnummGekréngelskréngeleg, krénkelegkréngelen, krénkelenkrënondikasskrepéierenKrepéieréngCrêpelineKrepéngCrépinetteCreponKrepp, CrêpeKreppobeierKreppesuelKreppewuelKrëppKrëppKrëppKrëppchenKrëppebësserKrëppelKrëppelcheszockerkrëppelegKrëppelfruuchtKrëppertkrëppen, verkrëppenVerkrëppongKrësch | Kreepchesmännchen s. Kropemann.
Kreepwo F.: «Hakenwage».
kregéileg, kregéilen s. kragéileg, kragéilen.
Kréi (Kréck, Kréich, Krick, Kri) 1) «Elster» (Pica pica) — der Name bezeichnet niemals die Krähe — en as sou hongreg wéi eng K. (ausgehungert) — 't huet Kréiennaupen, gëf uecht op et (sie stiehlt) — s. Kréck, Elster, Léister; 2) «bösen Sieben» — s. (Häärz-)Kna.
Kréibänk, Kribänk F.: 1) «Krugbank» (Stufengestell zum Aufstellen von Krügen, Schüsseln, Tellern, von Küchengeschirr überhaupt) — sou ä sin ech, sot den Edem, du huet en an d'K. geschloen; 2) «Knochengerüst des Rückens» — du klenge Bouf, du hues nach kä Réck, du hues eng K. wou den Aasch drun hänkt; 3) spaßh.: «die in mehreren Reihen übereinander an der Brust getragenen Orden».
Kréichen s. Kréimäs.
Kréi(el)chen, Kréijelchen (Nbform Krichen — Dim. zu Krou s. d.) M.: «kleiner Krug».
kréien I (Westen kreien, Vianden kraien, Nösl. krei(e)n — Ind. Präs. ech kréien, du kriss, hie(n) (dir) kritt; Echt. äich krinn, grinn; Mosel dou krächs, hie krächt; Lenningen de [Bd. 2, S. 464] kréisch, hie kréit; Westen du krëss, hie krëtt; Nösl. ich krei(e)n, du krëss, hä krëtt — Ind. Prät. ech (hien, dir) krut (neuerdings kruten), du kruuts, mir kruten, auch ech (ich) kruch, kruch, krouch, Nösl. krouch — Konj. Praet. ech kréich, kriit; Nösl. ich krich, kriit — Part. Prät. kritt, neuerdings auch krut(en) (drängt sich in allen Formen des Ind. Prät. und des Part. Prät. ein, sogar mit der Endung -st)) trans. V.: «kriegen» — im bes.: 1) «erhalten, bekommen» — a. absol. — froen a k. as zwäerlä — en as méi vum K. wéi vum Gin — mer kréie gläich (zu essen) — hun d'Päärd kritt? (Futter) — huet d'Kand kritt? (die Brust, die Milchflasche); b. trans. e krut den éischte Präis — du kriss eng Medaaljen (einen Orden) — du kriss e Biildche, wann ech Pater gin — ech war kucken, op mer nach Biljeë kriten — se kruten den Zuch nët — mer kréie Reen — ech kréien de Schnapp — en huet eng (scil. Ouerfei) an d'Sabbel (an d'Schnëss, an d'Maul) kritt — e krut eng an d'Kréibänk (ins Gesäß) — du kriss der hannenop, du kriss Strääch, du kriss de Puppes gefrueden — du kriss es, wann s de häm kënns (Vorwürfe od. Schläge) — du kriss Zottisse (Zotessen) gemaach (Vorwürfe) — d'Kanner (d'Fierkelen) mussen hiirt Geschéck k. (ihre Aufwartung, Pflege) — si hun eppes Jongs kritt (Familienzuwachs) — wat kréien déi Hären? (fragt der Kellner) — wat kriss de, mäi Jong? (im Geschäft) — wat kréien ech, wann ech der et soen? — wat ee kritt, dat huet än — dee kann ni genuch k. (so habsüchtig ist er) — en huet alles kritt (die Sterbesakramente) — 't kritt kän eppes mat (ins Jenseits) — e krut sechs Joer (scil. Prisong) — ich hat es krut (ich habe davon bekommen) — en huet seng Däl (s. d.) kritt — en huet eng mat der Broutschéiss kritt (ist nicht normal) — nu kréi kä Schlag! (erschrick nicht) — lo kriss de den Dadder (jetzt bist du am Ende deiner Kräfte) — e krut keng Sonndesbox méi an den Aasch (heiligte den Sonntag nicht mehr) — ech si frou, eppes Waarmes an de Laif ze k. — e kritt d'Zong nët méi gedréit (gekéiert) am Monn (ist betrunken, daher unbeholfen beim Sprechen) — e krut Wand dervun (hat heimlich davon erfahren) — en huet seng Zooss kritt (ist schwer hereingefallen) — e kritt Säint och emol (er wird nicht immer Glück haben) — wann s de ze spéit kënns, da kriss de de Wësch an d'Dëppen (wenn man zu spät zum Essen kommt) — ech hun d'Nues voll kritt (bin der Sache überdrüssig) — d'Gromperen hun es des Nuecht kritt (sind erfroren) — de Kuch huet es kritt (ist oben angebrannt) — e krut et mat der Angscht ze dun (geriet in Angst) — ech hun deen do mëll kritt (habe ihn gebändigt) — e krut de Bauch wéi — e krouch op eng Kéier eppes un sech (wurde plötzlich aufgeregt oder krank) — wann än en alt esou wait kréich (wenn man ihn dazu brächte); 2) «ergreifen, ertappen» — maach, wann ech dech ze pake k. — wann se dech kréien, da loossen se déi aner lafen — ää, du kriss mech nët (beim Fangspiel s. Fänkes) — hun se dech kritt? (haben sie dich hereingelegt z. B. beim Kartenspiel) — ech krouch e beim Schlapp — de Gas huet e kritt (er wurde von ausströmenden Gasen betäubt) — a wann s de kréis (kriss) gës (lok. Echt.: wenn du erwischt wirst); 3) refl.: «handgreiflich werden, sich zanken» — se hun sech kritt (bis op d'Messer) — se hun sech bei den Hoer (mam Haals) kritt; 4) «heiraten» (auch refl.) — mengs de, du kriits e Millionär? — du kriss dat Meedche senger Liewen nët — lo hun se sech entelech kritt; 5) in mannigfachen, mehr oder weniger festen Verbindungen mit Präpositionen u. Adverbien, z. B.: a-, aus-, bäi-, eraus-, erbäi-, erof-, erop-, durech-, er-, era-, lass-, mat-, op-, u-, zoukréien s. d. — dazu einige weitere Beispiele: e kritt sech nët aus an nët un (kann sich weder aus- noch anziehen) — 't kritt än en nët erbei (ist nicht zu erreichen oder bequemt sich nicht zu kommen).
kréien II (Westen und Südwesten kréin, Nösl. kriën, Ind. Präs. hä krickt) intr. V.: 1) «krähen» — wann d'Hunne mëttes k., da gët et Reen — wann den Han an der Ut oder naits krickt, das ent Zeechen van Ongléck am Haus (Nösl.) — do kréit kän Hunn derno (es kümmert sich niemand drum) — wéi den alen Hunn kréit, kréien d'Hinnecher; 3) «laut auflachen» (fast nur von kleinen Kindern und jungen Mädchen) — si hu gekréit vu Fräd.
Kréi(e)na (Echt. Kréiau, Nösl. Kriënau, Pl. Kriënauen) N.: «Hühnerauge» — wann d'Kréienaë wéi dun, dat bedeit schlecht Wieder — ech spiren et an de Kréinaën (die Witterung) — beklagten sich die Kunden beim Schuster über Hühneraugen, dann tröstete er sie: maacht se schwaarz, da gin et Kuebenaën — übtr.: ech loosse [Bd. 2, S. 465] mer nët op d'Kréinaën trieden (das lasse ich mir nicht gefallen).
Kréi(e)naëschnidder M.: «Hühneraugenoperateur».
Kréiennaupen Pl. tant. s. Kréi sub 1.
Kréieneimäärder M.: «Raubwürger» (Lanius excubitor).
Kréierjekel M.: «Hampelmann» (Wb 06).
Kréiferlek: Spielform zu Kiewerlek (z. B. lok. Ötringen).
Kréik F.: «Kröte» (lok. Weiler-Vianden) — s. Krott.
Kréimäs F.: «Schwanzmeise» (Aegithalos caudatus) — dafür auch Kréichen, Schwanzmäs, Strëtz s. d.
Kréimer (lok. Osten Krimmer) M.: «Krämer» — jidfer K. lueft seng Wuer — s. Kand sub 2 — cf. Epicier, Krom — dazu die Zussetz.: Fixfeieschkréimer (lok. Echt.: «Neuigkeitskrämer»), Hierderches-, Klengegkäts-Lompe-, Schäisskréimer s. d.
Krein, Grein (lok. Luxbg.-Stadt), dazu Nösl. Krinnes als Vor- und Hausname: «Quirinus» — in Luxemburg-Stadt ist der hl. Quirinus Patron gegen Hellech(t)smaangel (s. d.), Gräinsbloderen (s. d.) und Augenübel. Zur Therapie gehört das Wasser des Gräinsbur (s. d.), das alljährlich am vierten Sonntag nach Ostern gesegnet wird (Ann. Sect. Linguist. 1952, S. 198). Als Schutzpatron der Stadt wurde der hl. Quirinus im 17. Jh. durch die Mutter Gottes ersetzt, doch wallfahrteten noch bis zum letzten Weltkrieg Lothringer Pilger, die zur Muttergottesoktave kamen, zuerst zur Gräinskapell (s. d.), bevor sie den Weg zur Kathedrale antraten — s. Gräin.
Kréinchen (Dim. zu Kroun s. d.) F.: 1) «kleine Krone»; 2) «Tonsur, Haarkranz der Geistlichen» — en huet d'K. geschuer — wann se bis d'K. geschuer hun . . .; 3) «Wipfel eines Baumes»; 4) s. Garkroun.
kréinen I trans. V.: «krönen».
kréinen II Nform zu kréien II s. d.
Kréinonk F.: «Krönung».
kréinselen trans. V.: «schwingen» (von der Futterschwinge — Wb 06).
Kréinseler M.: «Futterschwinge» — s. Wann.
Kréischel (Osten u. Norden Krischel, Grischel, Diekirch Krinjhel, Grundhof Grëschel, Stadtbredimus Krieschel, Hœsdorf Kruschel; Dim. Kréischelchen, Pl. Kréischelcher) F.: 1) «Stachel- und Johannisbeere» — cf. frz. groseille — a. déck K., gréng K., pickeg K., gehoereg K. (lok. Itzig), Härekréischel (lok. Eischen) — «Stachelbeere» (Ribes grossularia L.) — Heckekréischel (s. d.) — (Kahlbeere, eine Spielart der Stachelbeere mit unbehaarten Früchten (Ribes uva crispa L)). — e geseit eraus wéi eng gebauchte Kréischel (kränklich); b. kleng K., Kréischelchen, Gehaanskréischel dafür (Pl.) auch Draiwercher (lok. Vianden) (Garten-Johannisbeere und verwandte Arten) — rout K. (rote Johannisbeere Ribes rubrum L.) — wäiss K. (weiße Johannisbeere, weißfrüchtige Gartenform der vorhergehenden) — schwaarz K. (auch Cassis, schwarze Johannisbeere Ribes nigrum L.) — wëll K. (Alpen-Johannisbeere, Ribes alpinum L.) — Goldkréischel (Goldtraube, Ribes aureum Pursh); c. Äärdkréischel (Steinbeere, Felsenbrombeere, Rubus saxatilis L.), auch Heckebier (s. d.), Huesebier (s. d.), Hunnebier; d. Wiisekréischel (Moosbeere, Oxycoccus quadripetalus Gilib); 2) (verächtlich) a) «alte Frau»; b) «abgegriffenes junges Mädchen»; c) eng gréng K. «unfertiger, unreifer Mensch» — de bleift all sei Liewen eng gréng K.
Kréischelbock M.: «Blattwanze» (Pentatoma) — Arten: grénge K. (Beerenwanze) — roude K. (Baumwanze) — dafür auch Kréischeldéier N.
Kréischels-/Kréischelches- -gebääss N.: 1) «Gelee aus Johannisbeeren»; 2) «Marmelade aus Stachelbeeren»; -heck F.: «Johannis- oder Stachelbeerstaude» — e gät do wéi wann en eng K. tëschen de Bän hätt — übtr. lok. Budlerbach: en hat e Batz om Kapp wéi eng K. (ein mächtiges Geweih); -jhelli M.: «Johannisbeergelee»; -stack M. s. Kréischelheck; -taart (lok. Düdelingen: Kréischlékstaart) F.: «Johannisbeer-» auch «Stachelbeertorte»; -wäin M.: «Johannisbeerwein».
Crémaillère (wie frz., doch Ton 1) F.: 1) s. Héil; 2) «Zahnleiste für verstellbare Regale»; 3) «Messing- oder Bleilinie mit vertikaler Schraffur» (Druckerspr.).
Krëmateng s. sub kër.
Crème (wie frz.), Kräm F.: 1) «Schlagsahne» — meist in Zussetz. z. B. | |