LWB Luxemburger Wörterbuch
 
kuschereg bis Kuuschtefrësser (Bd. 2, Sp. 488a bis 489a)
 
kuschereg Adj.: «müde» — ech sin haut esou k.
 
Cousin s. Koseng — dazu: e rechte C. (Geschwistersohn) — se sin nach C. vun Uedem an Éiv hier (weitläufig verwandt).
 
Cousine (wie frz., doch Ton 1) s. Kosengesch.
 
Cousinage (wie frz.) M.: «Vetternwirtschaft» — das alles de rengste C.
 
kussen (Nösl.) s. këssen.
 
Kussi M.: «Küßchen» (Ammenspr.) — da gëf der Giedel e K.
 
Coussin (wie frz., doch Ton 1, Pl. Coussien) M.: «weiches Kissen».
 
Coussinet (wie frz., doch Ton 1) M.: «Zapfen, Wellenlager» — mer mussen de C. ersetzen.
 
Kustos (Pl. Kustoden) M.: «Zahl, Silbe, Wort am Seitenschluß außerhalb des Textes zur Überleitung auf die nächste Seite» (Druckerspr.).
 
coûte que coûte (wie frz.) Adv.: «um jeden Preis».
 
Coutelier (wie frz., Ton 1 oder 2) M.: «Messerhändler» (lok. Luxemburg-Stadt).
 
Coutil (wie frz., doch Ton 1) M.: «Zwilch».
 
Kutsch (Dim. Kitschelchen s. d.) F.: 1) «Kutsche» — eng offe K. — eng zoue K. (eingeschlossene Kutsche) — eng zwä-, eng véier-, eng sechsspänneg K. — eng Houchzäitskutsch — eng K. ouni Päärd (als das Auto aufkam, wurde auch dieses in der ersten Zeit als K. bezeichnet) — Arten: Break (wie engl.), Coupé (wie frz., Ton 1), Dogcart (wie engl.), Malbruck, Scharabang, Tilbury, Victoria — in Luxemburg-Stadt wurden die Kutschen auch nach dem Eigennamen der Fuhrunternehmer benannt, z. B. eng Kniebgeskutsch (nach dem Eigennamen Knebgen (= Kniebgen)) — deen an der K. wëllt fueren, deen daarf d'Geld nët spueren — Ra.: dat as besser wéi enger eideler Kutsch nogelaf (bringt etwas ein) — Kinderreim: Rirarutsch/ mer fueren an der K./ mer schéisse mat Kanounen/ piff! paff! puff!; 2) «oben und rückseitig offener Kasten der Waschweiber, die während des Waschens am Brunnen oder fließenden Wasser darin knien».
 
Kutsche(n)- -bau M.: «Kutschenschuppen» — s. Remise; -bock M.: «Kutschbock»; -gäissel F.: «Kutschenpeitsche»; -gaul M.: s. -päärd; -gespan(n) N.: «Kutschengespann»; -gestell N.: «Deichsel mit allem zum Anspannen benötigten Zubehör»; -haut- F.: «Schutzleder des Kutschers» — lackéiert Kutschenhait (Sattlerspr., C.); -këndchen N. in dem Schlaflied: Nana K./ Zéckerchen an de Mëndchen/ Zéckerche, séiss wéi Mandelkären/ iessen déi kleng Kënnercher gären (Var. s. sub Këndchen); -lanter F.: «Kutschenlaterne» — dat Framënsch huet Aën ewéi Kutschelanteren; -päärd N.: «Kutschenpferd» — déi Fra huet en Hënner wéi e K. -polstren (Pl.) M.: «Polsterung der Kutsche» (C.).
 
kutschéieren intr. V.: «kutschieren» — übtr.: «gehen, marschieren» — a wou kutschéiert der hin? — Abl.: Gekutschéiers N.: «ständiges Hinund Herlaufen».
 
kutschelen trans. V.: 1) «hätscheln»; 2) s. kuckelen — Abl.: Gekutschels N.: «Gehätschels».
 
Kuttepiki M.: Art kurzes Messer der Lederarbeiter — frz. couteau à pied.
 
Couture (wie frz., Ton 1 oder 2) F.: 1) «Nähkursus, Nähen als Fach» — 't as an der ('t mecht, 't léiert) C.; 2) in dem Begriff haute C.: «Modeschneiderei».
 
kutzgro Adj.: «ganz grau» — s. kazgro, katzgro.
 
Kuurpen Pl. M.: «Krummhölzer beim Nachenbau» — auch Spottname der Schaffbeier s. d. — cf. Kurf sub 2.
 
kuurz, kuerz Adj./Adv.: 1) «kurz» — Kompar.: kiirzer (meist in festen Raa., wohl nie attributiv gebraucht), dafür meist: méi k.; Superlat.: am kiirzten, am kuurzten — a. räumlich — k. an déck, huet kä Geschéck, laang a schlank huet kä Gank — k. Bustawen (Buchstaben von mittlerer Länge, z. B. e, a, c, n) — de Rack as ze k., mer mussen en erlängen — d'Kläder gin dët Joer erëm méi k. gedroën — en huet d'Hoer k. geschnidden — en huet alles k. a kleng geschloën — k. schéissen (Militärspr.) — k. schrécken (kurze Schritte machen) — übtr.: en as ze k. komm (mußte nachgeben, z. B. bei einem Handel, bei einer Diskussion) — en as kuurzer Hand (en as k. gebonn — wortkarg, mürrisch) — a kuurze Wierder gesot — se hun en ëmmer k. gehalen (haben ihm wenig Geld oder magere Kost, wenig Freiheit gegeben) — e suergt schon [Bd. 2, S. 489] derfir, datt en nët zum kiirzte kënnt — en huet de kiirzere gezun (hat schlecht abgeschnitten); b. zeitlich — vir kuurzer Zäit — d'Deeg gi méi k. — k. Deeg a laang Nuechten — iwer k. oder laang gesi mer eis erëm — k. duerno — k. virun eng Auer, virun Hallefnuecht — k. Priedegten a laang Wuuschten, das dat Richtegt — e kuurze Verhalt (ein kurzes Gedächtnis) — en otemt k. (beschleunigtes Atmen z. B. bei Fieber) — k. a gutt (z. B. von einer Rede) — si hun e kuurzer Hand entlooss (ohne weiteres) — viru kuurzëm (Ton 1); 2) «was sich abbeißen läßt, ohne zäh zu sein» — dee Kuch as k.
 
kuurzëm (Ton 2) Adv.: «kurzum».
 
kuurzotmech Adj.: «Atembeschwerden haben».
 
kuurzsiichteg Adj.: «kurzsichtig» — dafür in eigentl. Bedeutung meist bäisiichteg s. d. — übtr.: eng k. Politik.
 
Kuurzweil F.: «Kurzweil, Zeitvertreib» — s. Amesettchen.
 
Kuuscht (Dim. Kiischtchen s. d. II, Echt. Koscht, lok. Hemstal Kouscht, lok. Kayl Kuscht) F.: 1) «Brotkruste, Brotschnitte» — besser eng K. am Sak wéi eng Fieder um Hutt — 't as en aarme Mann, a wann en e Sak voll Kuuschten hätt — knaps, datt en eng dréche K. huet — eng K. an e Pättchen ale Wäin, dat as gutt fir al Leit — nun iesst och d'K. schéi mat, da kritt der rout Bäckelcher (da gët der grouss), sät d'Mamm zu de Kanner, wann se d'K. wëllen erofgeschniden hun — du muss nach vill Kuuschten iessen, bis de dat fäärdeg kriss; 2) «Brotanschnitt» — s. Bootsch; 3) «Imbiß» — gëf mer eng K. mat, sot de Mann, ech kommen de Mëtteg nët eräm; 4) «Lebensunterhalt» — 't gät fir d'K.! — dee gät seng K. hääschen — du bas al genuch, géi deng K. selwer verdéngen — e muss schwéier schaffe fir seng K.; 5) «Leben» — 't gät em fir d'K. (er muß sterben); 6) «Wundschorf» — bleif mat de Fangeren ewech vun denger Wonn, a pléck d'K. nët erof; 7) «Schmutzkruste» (bes. beim Vieh) — en hat d'Féiss voller Kuuschten a Bootschen.
 
Kuuschte(n)- -frësser M.: «armer Teufel»;

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut