LWB Luxemburger Wörterbuch
 
La bis Laasch (Bd. 3, Sp. 3a bis 5b)
 
La I, Lau, (Westen: Lao — Dim. Laichen) F.: 1) «Aschenlauge» — (wurde bei grousser Wäsch durch anhaltendes Übergießen mit heißem Wasser erzeugt — cf. bauchen sub 1) — zéi d'L. of! — 't as eppes sou schwaarz wéi L. — Kinderreim: et wor emol e Mann an eng Fra/déi hun an d'Äsche gesäächt, du wor et L.
 
La II F.: regionale Variante zu Lou I (s. d.).
 
la (wie frz. là): 1) energische Interj. etwa «so ist's und so bleibt es»; 2) Hirtenruf(zu einem Rind, um es zu beruhigen, auch als Ruf der Kuhhirten, um die weit fort trabende Kuh zum Stehen zu veranlassen); 3) Lockruf — Bäize la dafür auch dä — Bäizchen dädä.
 
Laach I F.: «Lachen, Gelächter» — eng domm, eng äfälleg L. — eng dreckeg, knaschteg, nidderträchteg L. (Hohnlachen) — eng frech L. vun engem Meedchen (herausfordernd) — op eng Kéier huet en eng L. ugeschloën — Ra. eng L. wéi eng Héngerpiss.
 
Laach II F.: «feuchte, fruchtbare Wiese» (auch häufiger FN. z. B. an der L. (Düdelingen)).
 
laachen intr. Verb.: 1) «lachen» — Raa. wann ee Geck laacht, da laachen der honnert — kléck dem Pätter, da laacht d'Giedel — e laacht, datt em de Bauch wibbelt, datt d'Tréinen em d'Baken eroflafen — se hu sech krank, kromm, bal futti, vu Stécker, e Bockel gelaach(t) — dee laacht jo fir e kromme Féngerchen (über nichts und aber nichts) — mer hun äis e Broch gelaacht — e laacht mam ganze Gesiicht (gelegtl. Zusatz: a mam Hënner [mat der Nues, dem Kënn] extra) — wat laachs de sou domm? — en huet mer riicht an d'Gesiicht gelaacht (hat mich verspottet) — bä, bä, (bis, bis), laach en aus! rufen die Kinder, indem sie mit dem rechten Zeigefinger über den vorgestreckten linken streichen (Rübchen schaben) — du hues gutt l. an en aneren huet d'Läd — de grénge Spiecht laacht am Fréijor (der Grünspecht lacht im Frühjahr, Ruf des Grünspechtes) — deen hat nët vill ze l. a séngem Liewen (hatte es nicht leicht im Leben) — 't as nët fir ze l. (eine ernste Angelegenheit) — 't as (jo) fir ze l. (es ist lächerlich) — et laacht a kräischt mat engem A — dat wär gelaacht (abweisend) — si huet et laaches Monds gesot (lachenden Mundes) — substantiviert: se si bal gebascht (se hu sech gebrullt, gekugelt) v. L. — d'Säiten donken engem wéi vu L. — e war vu sech vu lauter L. — en huet d'L. nach nët verléiert — en huet et am L. gesot — d'L. as em vergaangen — dazu die Abl.: Gelaachs N.: «andauerndes Lachen» (cf. Gelächs, cf. kräischen sub 1); 2) (lok. Tetingen) «wiehern»; 3) «zusagen» — et laacht em nët vill, fir mat op d'Kiermes ze goën.
 
Laach- -dauf, -daifchen F.: 1) «Lachtaube»; 2) übtr.: «Mädchen das gerne lacht»; -kramp, -krämpchen M.: «Lachkrampf»; -lais-chen F.: «zum Lachen geneigtes Mädchen, das beim geringsten Anlaß in unmäßiges Lachen ausbricht und wenig Verstand hat».
 
La(a)dri M.: «Laffe» — s. auch: Laddri.
 
laang (Ösl. lang, lok. lank) Adj./Adv.: «lang» — Komp.: wat länger, wat léiwer, zemol wann et eng Wuuscht as — eng länger Zäit (ein ziemlich langer Zeitraum) — sonst in Vergleichen meist: däi Rack as méi laang wéi mäin — Superlat.: de längsten Dag vum Joër — ween der längst lieft, dee kritt de Bambësch — se hun sech alles beschriw(w)en op d'längst Liewen (haben gegenseitig dem Überlebenden alles vermacht) — déi längsten Zeit (die längste Zeit, nicht mehr sehr lange) — dat war déi längsten Zäit bei äis Mod (dieses Dienstmädchen werden wir bald entlassen) — dat wor déi längsten Zäit Moud (das kommt außer Mode) — andere Form: laangeg, laangelech — laangeg derno sot en zu mer (sehr lange nachher) — en huet eng laangelech Priedegt gehalen, 't war kän Hënnescht a kä Viischt (drun) — e kritt séng éischt [Bd. 3, S. 4] l. Box (er ist dem Kindesalter nun entwachsen) — d'Judden hun haut hire laangen Dag (Buß- und Fasttag) — hien huet haut säi laangen Dag (läßt uns lange warten) — en huet de laangen Tur (arbeitet an zwei aufeinanderfolgenden Schichten, auch spaßh.: er trinkt an aufeinanderfolgenden Tagen) — e schwätzt vill, wann den Dag l. as — Wann as e laangt Kraut (Wortspiel mit Wann — Winde und wann — wenn: wenn das 'Wenn' nicht wäre) — de Wäin (Viz) as l. (zieht Fäden) — d' Kanner hun em eng l. Nues gemaacht (haben ihn verspottet, indem sie die gespreizten Hände an die Nase hielten) — dovunner kritt ä l. Zänn (eigenartiges Gefühl im Munde, das Zahnfleisch zieht sich durch Fruchtsäfte z. B. zusammen) — sou eppes Gutts kann engem d'Zänn l. maachen (begierlich machen) — en huet l. Fangeren (ist diebisch) — e mécht e laangt Gesiicht (einen enttäuschten Gesichtsausdruck — überhaupt: ist enttäuscht) — ech fäerten, 't gët e laange Rock (wir werden lange arbeiten oder warten müssen) — en huet e laangen Otem (ist vermögend) — en as de laange Wee duergeschloën (in seiner ganzen Länge hingefallen) — de laange Broochmoont (s. Broochmount) — en as duergeschloën sou l. wéi e wor — säi Liewe l. a siwen Dee derno hat hie Prisong an deem Haus hei — l. as nët éiweg — 't as mer sou l. wéi brät (gleichgültig) — ze l. fir op eng Kar an ze kuurz fir op e Won (ein Zwitterding) — mer kréien d'Zäit l., bis en sou wäit as — laang(en) Zäit huet e mer d'Min gemaach (hat er mich ignoriert, auch: böse angeschaut) — d'Gloscht (d'Zong) hänkt em (eng) Iele l. eraus (vor Gier) — wee l. lieft, gët al — wee l. schléift, schléift sech warem — ween et l. huet, léisst et l. hänken, sot den Eilespill, du huet en de Wisbam nogeschlääft — iw(w)er kuurz oder l. gesäis de däin Onrecht an — ech hun en zënter l. (laanger Zäit) nët méi gesinn — deen as l. nokomm (ist spätgeboren, auch: ist zur Vernunft gekommen) — dat huet l. gedauert, éiers de verstanen hues (ehe du verstanden hast) — 't as nach l. nët alles wouer, wat d'Leit verzielen — 't as nach l. nët esou liicht, wéi s de mengs — hien as nach l. kä Bongen (Propperen, Schéinen, Feinen, kän Hellegen) — spaßh.: wat huet deen eng laang Stir (er hat eine Glatze) — hien as nach l. nët sou gutt op dech ze spriechen ewéi s du der et virstells — dat gät nach l. nët duer — dat as nach l. nët alles — deen as sou déck wéi e l. as (er ist unförmig dick) — hien as esou domm wéi e l. as (äußerst dumm) — wann s de sou l. wiers, wei s de domm bas, géngs de bis op den Daach räächen (u. ähnl., cf. sub domm) — deen huet eng l. Leitung (Neol.).
 
Laang- / laang- -bam M.: s. Laangemann; -bir F.: 1) «Art duftiger Frühbirne» — übtr. in der Ra.: ech fäerten 't gët Laangbiren (wir werden wohl lange warten müssen) cf. Fréibir; 2) «Art Holzbirne» (erst um St. Nikolaus, 6. Dezember, eßbar, deshalb auch Neklosbir (s. d.)); -fësch M.: s. Éil; -fëschmudder F.: «Aalraupe, Quappe»; -haans, -haals, -häls-chen M.: s. Laangemann; -hallem M. s. Lankhallem; -häreg, -horeg Adj.: «langhaarig» — l. awer mat kurzem Verstand (Verhalt — spöttisch, für Frauen); -kueref M.: «langer Korb zum Fischen»; -ouer M.: «Esel» (Wb. 06); -schwanz M.: s. Laangemann; -schwänzchen M.: 1) «Schwanzmeise»; 2) s. Laangemann; -strooss (Ton 2 Echt.) Straßenbez.; -weil F. s. Langweil — s. a. sub laang; -weileg, auch langweileg Adj. wie hd.
 
laangeg, laangelech s. sub laang.
 
Laange- -grond M.: « Ortsteil in Rümelingen»; -mann M.: «Mittelfinger» (cf. Bd. I S. 302 sub Fanger).
 
Laangen M.: 1) «großer Mensch»; déi Laang F., dat Laangt N. — eist Laangt (unsere große Tochter, Schwester); 2) s. Laangemann.
 
laangen trans. Verb.: 1) «reichen, behilflich sein» — se laangen em mol nët en Dronk Waasser (einem Schwerkranken) — dee laangt nët eng Hand am Hausstot (ist nicht behilflich im Haushalt) — du kënns engem awer eng Hand l. (könntest doch behilflich sein) — de Kanner soll än de Mond nët zevill l. (man soll Kinder nicht dreinreden lassen) — wann s de him de Mond gelaangt hues, da gëf em et och (begehrlich gemacht hast) — lo hues d'em de Fanger gelaangt (hast du seine Begierde geweckt); 2) «schlagen, versetzen» — en huet em eng gelaangt [Bd. 3, S. 5] (scil. Ouerfei); 3) «hinreichen, genügen» — d'Foudraasch laangt bis no Päischten — s. längen sub 4), duergoën sub 2).
 
la(a)ngwëlleg Adj.: 1) «langwierig» — 't as där la(a)ngwëlleger Krankhäten eng; 2) «langweilig» — dafür auch: laangweileg (s .d.).
 
laa(n)scht, laangscht (Ösl. u. U.sauer laa(n)st, laangst, Nösl. la·s) 1) Adv.: «vorbei» — se sin elo grad l. gaangen (eben vorbeigegangen) — ech kommen hei nët l. (nicht vorbei, nicht hindurch, weil zu eng) — de Bréifdréier as scho l. — déi Kugel as l. gaangen — 't as Schued fir déi, déi l. falen (Schläge, die er nicht bekommt) — mer schécken ee l. (jem. vorbeischicken) — looss mech l. (tritt zur Seite, damit ich passieren kann) — en hat sech séier l. gemaacht (er ist schnell [aus Furcht] vorbeigegangen) — e muss hei l. kommen (hier vorbei kommen, passieren) — hie kënnt hei l. (spricht hier vor) — si hun hie l. gekéiert (haben ihn betrogen, an seinem guten Recht vorbei geführt) — en hat las gehauen (Nösl. daneben geschlagen) — kéier d'Waasser l. (leite das Wasser ab) — laanscht! (vorbei gegangen! — Ruf, wenn der Schuß oder der Wurf [Kegelbahn etwa] fehl geht); 2) Präp.: «entlang, an . . . vorbei» — örtlich und zeitlich: — déi Blumm wiisst laanscht d'Baach — si ploue l. de Bësch — e kënnt och l. keng Wiirtschaft (kommt an keinem Wirtshaus vorbei) — l. den Owend (gegen Abend) — neben der eigtl., meist in der übtr. Bed. Ra. (Nösl.) en as o na nët las Schmitz Backes (er ist noch nicht aller Schwierigkeiten enthoben — geläufige Ra. beim Kartenspiel) — l. déi Kiirmes sin ech och alt erëm komm (trotz der Absicht, diese Kirmes zu besuchen, kam ich doch wiederum nicht hin) — en dréckt sech l. d'Aarbecht (an der Arbeit vorbei) — hän dréckt sich las alles (Nösl. er drückt sich an allem vorbei) — komm du nët l. eis Mëscht (Drohung) — e krut der l. d'Läppen (d'Ouer, d'Been, d'Rëpper — ist verhauen worden) — 't as eech l. d'Nues gaangen (ist euch entgangen) — den Ausdrock lääft mer l. de Mond (an nët dran — ich kann den Ausdruck nicht erhaschen) — e kënnt nach l. séng Suen (wird noch sein Geld verlieren) — da gräif emol l. d'Box (greife in die Tasche und gib Geld her) — en as l. säin Effet komm (die Wirkung, etwa seiner Ansprache, ist ausgeblieben) — si si l. e gefuer (hu l. e gemaacht — haben ihn verprügelt, auch: haben ihn durchgehechelt) — si kommen nët l. eneen (vertragen sich nicht) — d'Rad as mer jhust l. d'Zéiwe gaang — si hun sech l. enä gedréckt, wéi wann s'anenän déite krauchen (von Verliebten, sich fest aneinander gedrückt); 3) «längsseits» — de Won hänkt al l. eng Säit (der Wagen neigt stark seitwärts) — übtr.: deen huet es al (ferm) l. eng Säit (von einem Betrunkenen: er hat schwere Schlagseite, auch: er ist übermüdet) — s. derlaanscht, erlaa(n)scht — ënne l., vir l., hanne l., uewe l. — s. sub erlaa(n)scht.
 
Laa(n)schtgoën, -fueren, -kommen N.: «Vorbeigehen, -fahren, -kommen» nur in der Ra. am L. (im Vorübergehen, beim Vorbeigehen usw.).
 
laasch Adj./Adv.: «feige» — dafür auch: hueseschreckeg (s. d.), heute oft: feig (s. d.) — dazu: Laasch M.: «Feigling»;

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut