LazLaz- beidel, -brudder, -péillazegLazeiLazeiëmaartLazentréischterLazertLä, LeeLä-Lee-LäbiirchenLeebiirchenLägestécksLeegestécksLäkaulLäkollLeekaulLeekollLäkëpper(t)Leekëpper(t)LämillenLeemillenläächenen, leechenenLäächenenLääch(e)nerLäämt, LeemtLääscht, LeeschtLääschtekropLääschtLääschtlääschten, leeschtenLääschtong, LeeschtongLääs-spéisläbberenLäbb(i)schassLächLächelchenlächelenGelächelslächenLächerLächerLächerzaanglächereglächereglächerlechLächerlechkät, -keetLäd, Leedläd, leedlädeg, ledegläden, ledenLätbändchenLätnolläder, leder, leiderLäder, LederLäder, LederGeläders, GëledersLäder-Leder-LäderbamLederbamLädernolLedernolLädersprassLedersprassLäderwonLederwonLädung, Ledung, Leitonglädlechläds, leedslädstännegLäe(n)-läe(n)-läebloläebrécherLäebuedemLäendaachLäendeckerLäendeckeschhummerLäendeckesch-MëttegLäendeckeschnolLäekëppertLäestän-steenLäer, LeërLä(e)r, Leërlä(e)renLä(e)rfaassläf(er)egLäfer, LeferLäferchenLäferei, LafereiLäfeschLäffelLäffel-läffel-Läffels-läffels-läffelbiskuittenLäffelblech | Laz F.: 1) «Schmutzkruste am Saum des Rockes, der Hose»; 2) «Schlumpe, schmutziges Frauenzimmer» — Zussetz.: Laz- beidel, -brudder, -péil u. ä. M. — s. Lazert.
lazeg Adj.: «ungehobelt, leichtsinnig, tollpatschig» — s. lab(b)azeg; 2) «von laxen Manieren» — l. as, wat ee géing bei engem Kann verzeien, awer nët bei engem Groussen — cf. latzeg.
Lazei, Lazzei weiblicher Vorname «Luzie» — erscheint als Lazi, Lussi, Zei — Festtag am 13. Dezember.
Lazeiëmaart M.: «Luzienmarkt» (Jahrmarkt in Diekirch, früher mit Wochen- [Gemeinde-]markt verbunden).
Lazentréischter M.: «Hurenjäger, Dirnentröster».
Lazert M.: «leichtsinniger, (häufig) großer Mensch» — esou e laange L.
Lä, Lee (Osten und Norden Lei) F.: 1) «Lei, Fels, Stein» — de Mann an d'Fra op der L. (gallorömisches Felsrelief bei Altlinster) — a Wann (FN) si vill Leien (wenn das Wenn nicht wäre) — dazu viele Namen von Einzelfelsen und von Felsgruppen, wie z. B. Fielslee (Lintgen), Heiertslei (Munshausen,) Hertgeslä (Altlinster), Mamerläen, Mauleslei (Binsfeld), Mënnerleien, Noumerläen — Folkl. dee kuckt och nach an d'Lee (Pfingstmontag gehen die Mädchen und Burschen aus Lintgen durch die Fielslee, [ein Felsdurchgang]; der Bursche gibt Mokuchswaasser [s. d.], das Mädchen eine Nadel als Geschenk [Dr. Feltgen]); 2) «Schiefer» (im Ösling — läßt sich in Lagen abspalten); 3) «Dachschieferplatte» — bei deem Sturem as em eng L. op de Kapp gefall — en Daach aus ongerassene Leien (diese Leien waren unförmig, oft 1 - 3 cm dick, wurden in eine 3 - 5 cm dicke Lehmschicht eingelegt und auf die solide Verschalung angenagelt); 4) «Schiefertafel» — d'Lee deet een an d'Tabel (in den Schulranzen); 5) «Anschreibetafel» (bei Kegelspiel, Kartenspiel, vor Verkaufsläden) — wéi stëmmt et op der L.? (wie steht das Spiel?) — lo si mer op der L. (haben ein Spiel gewonnen oder auch verloren) — e steet bei him op der L. (steht bei ihm in der Kreide); 6) «Wandtafel» (Ösling), dafür auch déi grouss L. — anderwärts Tofel (s. d.).
Lä-/Lee- (s. auch die Komp. unter Läe(n)-) -biirchen F.: «gemeine Felsenbirne» (Amelanchier ovalis); -gestécks N.: «Setzpacklage aus Schiefer» (Straßenunterbau); -kaul, -koll F.: «Schiefergrube»; -këpper(t) M.: «Schiefergrubenarbeiter»; -millen F.: «Name einer Mühle bei Altwies».
läächenen, leechenen (lok. Mosel läächelen, Echt. lääch(n)en) trans. Verb.: «leugnen, verneinen» — en huet alles geläächent — en huet d' Sonn (d'Blot) vum Himmel geläächent — nu nët geläächent a Faarf bekannt — dat Gesiicht ka säi Vueder nët l. (so gleicht das Kind dem Vater).
Läächenen N.: «das Leugnen» — dat L. huet kä Wäert.
Lääch(e)ner M.: «Leugner».
Läämt, Leemt F.: «Lähmung» — cf. sub Fraëkrankheet.
Lääscht, Leescht I (Echt. Lääst, Nösl. Leest und Lääst) M.: «Schusterleisten» — d'Schong mussen nach eng Kéier iw(w)er de L. gezu gin (geschloë gin — um sie zu erweitern) — haart (steif) wéi e L. — de Schouster zéit d'Kanner iwwer de L. (prügelt sie) — d'Maansleit sin all iwwer ä L. geschloën (gezunn — sind sich alle gleich) — übtr. (Nösl.): du steiwe Leest (du plumper, steifer Mensch) — Ra. grousse Gääst, klenge Lääst (Berens, Kerfegsbloum S. 289) — dazu die Zussetz.: Lääschtekrop M.: «Haken, womit der Schuster den Leisten aus dem fertigen Schuh entfernt.»
Lääscht II M.: «Aufschiebling, Knagge» (ein zum Dachstuhl gehöriges [Bd. 3, S. 23] Bauholz, das mit einem Ende an den äußeren Rand des Dachbalkens, mit dem andern, schräg gehauenen Ende auf die äußere Fläche des Sparrens aufgenagelt wird).
Lääscht III M.: «in der Gießhalle geformte Leitrinne».
lääschten, leeschten Verb.: 1) trans. «leisten, vollbringen, schaffen» — du hues de ganzen Dag nët fir fënnef Su geleescht — dee klenge Borscht do leescht esou vill wéi e groussen — en huet vill gelääscht a séngem Liewen — e lääscht nach haut méi wéi e Jongen; 2) refl.: «sich erlauben, sich leisten können» — ech ka mer dat nët l. — si kënnen sech dat alles l. (sind in der finanziellen Lage, haben den nötigen Einfluß, das erforderliche Ansehen, oder auch die Unverschämtheit) — hie mengt, e kënnt sech alles l. (er glaubt sich alles erlauben zu dürfen) — wat huet deen sech eng gelääscht (er hat eine große Dummheit begangen, auch: sich Schwierigkeiten zugezogen).
Lääschtong, Leeschtong F.: «Leistung» — all séng Lääschtonge si kä Fascht wäert — iron. dat do wor eng L. (das war eine schäbige Leistung oder eine große Dummheit).
Lääs-spéis M.: «Eisen, womit der Schmied in der Esse stöbert und stochert» (Löschspieß) — s. Läsch-spéis.
läbberen s. läpperen.
Läbb(i)schass (lokal) M.: «uniformähnliche Kleidung» — cf. l'habit de chasse, weiter Läppschass.
Läch (lεç) Plur. tant.: «Lachen, Gelächter» — wat hun se L. gedun — wat sin do L. gefall! — cf. Geläch(s), Laach.
Lächelchen N.: Dim. zu Lach (s. d.) — cf. Vaderonserlächelchen.
lächelen intr. Verb.: «lächeln» — Abl. Gelächels N.
lächen intr. Verb.: «leck werden» (C).
Lächer I (Ösling) M.: «Deckstier».
Lächer II (lok. Leecher) Pl. zu Lach (s. d.).
Lächerzaang F.: «Lochzange» (Schusterwerkzeug).
lächereg I Adj.: «durchlöchert» — l. wéi eng Seibecken.
lächereg II Adj.: «zum Lachen geneigt» (von jem., der ohne besondere Veranlassung nur so herausprustet), dazu das Wortspiel: as dat esou l. (lächerlech), et mengt een, du häss haut durech d'Seibecke gekuckt.
lächerlech Adj./Adv.: «lächerlich» — nun hal awer op, du méchs dech jo nëmme l. — nu maach äis nët l. (blamiere uns nicht).
Lächerlechkät, -keet F.: 1) «Lächerlichkeit» — deen erstremmt (erstickt) a sénger L.; 2) «Geringfügigkeit, Bagatelle» — wuefir sech streiden fir esou eng L.
Läd, Leed N.: 1) «Leid, Schmerz» — e grousst L. kënnt selen eleng — 't as kä méi grousst L. wéi dat, wat än sech selwer undät — 't gët zwäerlä L., dat wat vum selwe kënnt, an dat, wat än sech selwer siche gät (schaaft — das man sich selbst verursacht) — geschéckte L. muss een droën, mä du waars der däint sichen — zou allem anere L. kënnt och nach dat elei — d'L. wiisst mat de Kanner (zu jem. gesagt, der klagt, daß seine Kinder noch klein sind — s. dazu Kand sub 1) — sech e Leed (oder Leeds) undun (Selbstmord begehen — cf. onglécklech) — en as am L. (er macht sich Sorge) — deen hëlt säi L. all mat sech (hinterläßt niemanden, der ihm nachtrauert) — deen dät kengem eppes zu Lääd(s), e L. un (ist harmlos) — en huet mer säi L. geklot (sein Leid geklagt) — en huet him alles zu Lääd(s) gedon, wat e konnt (viel Leid zugefügt) — 't as Lääd(s) genuch, datt et esou as — Lääds genuch, datt ech muss schaffen, soll ech et och nach schlecht hun? — Rau (Rei) a L. erwecken (Reue und Leid, bei der Beicht) — Kommer a L. — Kräiz a L. — Suerg a L. — mer hu vill L. fir Fräd ze hun (spaßh. es bereitet uns Sorge um zur Freude zu kommen) — se däle Fräd a L. matenän — deem enge séng Fräd (s. d.), dem (deem) anere säi L. — aus L. gët Matläd — kengem zu Léift, kengem zu L. —Folkl.: Léif a L. ist ein FN. im Gemeindewald von Körich. Der Name stammt angeblich daher, daß die Einwohner der Sektion Körich diesen Teil des Waldes den Einwohnern der anrainenden Sektionen Göblingen und Götzingen abbettelten, nachdem sie sie berauscht hatten, den ersteren zu Liebe, den andern zu Leid (GREDT, Sagenschatz II. Aufl. Nr. 1137); 2) «Mühe, Schwierigkeit» — ech hun d'L. gutt häerden (kann die Arbeit allein bewältigen, auch spaßh. kann mein Geld allein verausgaben oder kann allein mit dem Essen fertig werden) — wat e L. mat dene Kanner — en as am L. mat sénge ville Suën (weiß nicht recht, was er mit seinem vielen Geld anfangen soll) — en hat säi boërt L. fir säin Haus an der Rei ze halen — [Bd. 3, S. 24] déi hu Lääds, fir mam Do durech de Bësch ze kommen (sie halten sich knapp über Wasser) — hien deet sech Leeds genuch un (müht sich genug ab) — mer hate L. d'Hei all op de Wol ze krein (Nösl.); 3) «Ekel» (dafür meist: Leed) — en huet sech d'L. un eppes giess — d'Leed dra gääss (Nösl.); 4) «Epilepsie» — d'fale L. — (s. falen sub 1).
läd, leed (Nösl. léid neben leed) Adj./Adv.: 1) «leid» (aus Reue, Gram, Bedauern) — séng Sënne sin him l. — 't war mer nëmmen eng Kéier l. (es reut mich noch immer) — 't wor mer ewell honnert mol l. wann eng Kéier (dsgl.) — 't dät ('t as) mer méi l. wéi (all) méng Sënnen — 't dät mer l. (Höflichkeitsformel: ich bedauere) — 't as mer iwerwees (ënnerwees) l. gin — 't as mer sou halwer l., wann et esou kéim — loosst iech dees nët l. gin — eent dät mer l.: fir déng schéi Léier — dat gët der nach l. — du dees mer l. (kanns mer l. dun — oft verächtlich) — 't kann engem l. du fir hien (mitleidig) — Nösl.: 't deet mer léid (es tut mir leid) — 't as mer leed gän (ich habe es aufgegeben); 2) «überdrüssig» — ech sin där Saach l. wéi (den Hond, d'Kaz) där kaler Ierbëssen (des kale Mouss). | |