LWB Luxemburger Wörterbuch
 
läffelgesond bis Läifent (Bd. 3, Sp. 26a bis 28a)
 
-gesond Adj. in der Ra.: bettcheskrank (s. d.) a l. (nur scheinbar krank); -klack F.: «Essenszeit» — in der Ra.: d'L. lauden (wenn die Kinder in Erwartung des Essens mit den Löffeln ungeduldig auf den Tisch klimpern) — héiers de d'L. nët méi? (sagen die Eltern zu Kindern, die zu spät zu Tisch kommen) — s. Läffelspill sub 2); -komp M. s. Läffelblech; -kraut N.: «weiße Narzisse» (Narcissus poeticus); -spill N.: 1) «Besteck zum Anmachen des Salates»; 2) s. Läffelsklack; -still M.: «Löffelstiel» — dazu das Kinderrätsel: Lirum, larum, L./alte Weiber essen vill/schreib mir 'das' mit drei Buchstaben (Mersch, Kinderreime Nr. 755).
 
läffelen (Echt. lefelen) intr. Verb.: 1) «tüchtig essen» — dazu die Abl. Läffelerei F.: «Esserei»; 2) «durch Schmeicheln zu gewinnen suchen» — e gät ëm dat Meedche l.; 3) (Mosel, selten) «übel riechen» — hei läffelt et faméis!
 
Läffer M. Var. zu Lëffer (s. d.).
 
Läib, Leib M.: (nach dem Hd. gebildete Nebenform zu Läif s. d. — cf. Ltb. 63) «Leib» — Ra.: Mann a Wäib as ee L. Zusatz: sou sot de Paschtouer am Brautexamen zu engem Puer, du huet d'Fra duergebass: aber nicht ein Träip! (s. d.).
 
Läib- -haftegen (Ton 2) M.: «Leibhaftiger» (Teufel); -speis F.: «Leibspeise, Leibgericht»; -stéck N.: «Leibstück» (Lied oder Musikstück, das man mit Vorliebe anhört, spielt oder singt).
 
Läich (Lux.-Stadt Laich) F.: 1) «Leichnam» — no enger Zäit kritt eng L. hiren natiirleche Gläich erëm — Volksglaube: Samschdes L. kënnt an d'Himmelräich (weil der Samstag der Mutter Gottes geweiht ist) — Sonndes-L. mécht de Kiirfecht räich (soll weitere Sterbefälle im Gefolge haben) — e goung (gouf) blääch wéi eng L. (er wurde leichenblaß) — op eemol bas d'eng L. (Drohung) — dee ging iw(w)er Läichen (ist äußerst rücksichtslos); 2) «Totenbett» — e läit op der L.; 3) «Begräbnis, Leichenfeier» (diese Bed. läßt oft die erste vergessen) — en hat eng schéi L. (ein großes, feierliches Begräbnis) — dee geet mat all L. (oft: um Gelegenheit zu haben, nach dem Begräbnis ins Wirtshaus zu gehen) — en as mat der L. gaangen (manchmal Anspielung auf den mutmaßlichen Mörder — der Sprecher will nichts gesagt haben) — Ra.: bas de räich, gi mer mat dénger L., du siefs e Schellem oder en Déif; 4) (Druckerspr.) «vom Setzer vergessene Wörter oder Zeilen».
 
Läiche(n)- -begänknes N.: «Begräbnis»; -déngscht M. s. Doudendéngscht, auch lokal dafür: Gruefmass; -parad F.: «militärisches Begräbnis»; -ried F.: «Leichenrede» (auf dem Friedhof) — übtr. nu hal keng L. (wenn jem. etwas bejammert, das nicht zu ändern ist) — ouni Gesank a L. (ohne Zeremonie); -vull M. s. Doudevull; [Bd. 3, S. 27] -waasser N.: «Leichenwasser» — s. Om; -wee M.: «(Land-)Weg zum Friedhof» (meist FN. — auch: Doudewee); -won M.: s. Doudewon.
 
Läich M.: «Laich».
 
Läich- -baach F.: «Laichbach» (Lieblingslaichplatz der Forellen); -gewässer N. wie hd. — déi kleng Baachen am Éislek sin dat beschte Läichgewässer; -zäit F.: «Laichzeit» — auch: Raffzäit (s. d.) — Fischerspr.: d'Fësch sin op der Raff (s. d.).
 
läichen intr. Verb. «laichen» — fréier koumen d'Saalmen an d'Our an an d'Sauer läichen.
 
Läierchen (Echt.) M.: «Siebenschläfer» — auch Uebst-rat, Léier V. (s. d.).
 
Läif (lε:if), Leif (lA:if und leif) (die Trennung von Läif und Leif mit langem oder kurzem Diphthong ist nicht durchführbar, der Gebrauch hängt von der jeweiligen Betonung und dem Sprecher weitgehend ab) M.: 1) «Körper der Lebewesen, bes. der Menschen» — se hun em d'Kläder vum L. gerass — ech konnt kä Glidd am L. méi réieren — hien huet keng Oder am L. geréiert (war mäuschenstill) — all Glidder am L. donke mer wéi — d'Häerz dréit sech engem am L. erëm, wann een dee Misär gesäit — en huet sech d'Häerz am L. erkaalt — bleif mer vum L.! — en as lieweges Leifs verbrannt — en huet vill Schold um L. — ech hun iewer och alles um L. (muß alles selbst tun, die Sorgen erdrücken mich fast) — en huet alles um L., wat en huet (trägt alles an Kleidern, Schmuck, Geld auf sich) — e läit mer um L. (ich muß ihn durchhalten) — en huet kä Kuraasch am L. (keinen Mut) — dat Framënsch huet der Däiwel am L. — ech hun eng Roserei am L., 't kënnt ä Brout dra baken (ich koche vor Wut) — wat hues de am L.? (was ficht dich an?) — hätts de mech am L., an d'Been héingen der zou den Oueren eraus! (Verwünschung) — en huet vill am L. (hat Kenntnisse, Erfahrung) — en huet näischt am L. (ist nicht tüchtig, stark — s. sub 2) — en huet L., kä L. (ist stark, nicht stark) — d'Päerd hun näischt am Leif (sind nicht stark wegen schlechter Fütterung) — Iessen an Drénken hält L. a Séil zesummen — spaßh. Zusatz: an d'Box erop — en as gutt am L. (dick, fett) — e war mat L. a Séil derbäi (er war mit Leib u. Seele dabei) — de L. blouf mer stoën (vor Schrecken) — s. Läib; 2) «Bauch, Unterleib» — en décke, e geschwollene, en opgedriw(w)ene L. — e mëlle L. — en haarde L. — e spatze L. — en huet näischt am L. (er hat nichts gegessen — s. sub 1) — elo kréien ech näischt ze L. (kann nichts essen, es widert mich an) — ech kann dat nët zu L. bréngen (dsgl.) — en huet L. a Séil erëmgin (hat sich heftig erbrochen) — et läit mer am L. wéi e Steen (habe Magenbeschwerden) — 't as him an de L. geschloën (es liegt ihm im Magen, auch: er hat schwer daran zu tragen) — si as scho bei L. (ist sichtbar schwanger) — e waart séngem L. gutt op (en as séngem L. kä Stéifpapp, Stéivueder — er lebt gut, genüssig) — en hat d'Aë méi grouss wéi de L. — cf. A sub 1 d) und Bauch — Raa. kän Hiem fir op d'Haut, kä Kläd fir ëm de L. (rein gar nichts zum Anziehen) — näischt am L. an näischt op dem L. (von ganz Armen gesagt, die in äußerster Not sind) — Ausruf der Verwunderung (spaßh.) o Märri, mäi L. Zusatz: a méng siwe Säiten — offenes Leifs sin (guten Stuhlgang haben); 3) «Person» — dat hält kä L. aus (kein Mensch) — dat as kengem L. geschuet (das schadet niemandem) — ech weess méngem L. kä Rot — en huet keng Éier am Leif (keine Ehre im Leib, auch keinen Schwung) — en huet keng (nët fir e Su) Schimt am Leif (keine Scham); 4) «Leben» — en huet L. a Liewen drugewot (Leib und Leben gewagt) — op L. a Liewe verkloen (verbidden — bei Todesstrafe verklagen, verbieten) — cf. beileiwe! — dat leit kä L. (es ist nichts zu machen, hat böse Folgen, auch: es eilt nicht) — Nösl. déi Saach léckt kee Läif (diese ungerechte Angelegenheit bleibt nicht auf sich beruhen); 5) «Gehalt, Fülle» — 't as kä. L. um Wäin — dat Léngent huet L. (ist stark); 6) «Oberteil eines Frauenkleides, Leibchen» — Dim. Leifchen — dazu Läif a Séil (Damenhemdhose aus Tricot).
 
Läifchen, Leifchen (Pl. Läiwercher, Leiwercher) N.: 1) «Mieder»; 2) «Leibchen» (Säuglings- und Kinderkleidung).
 
Läif-/läif- -déideg (Westen), läifdiddig (Osten), leifdiedeg (Wb. 06) Adj./Adv.: «leibhaftig, ganz und gar» — eng l. Maus an der Haascht — l. wéi eng Schéisserschlaang (s. d., eine Schießschlange der Sage) — e läifdéidege Stärausch (Ruinenhaufen) — eng l. Nidderträchtegkät — en huet déi Sprooch vun Iechternach nach sou l. — mir hun [Bd. 3, S. 28] eist läifdéidegst gemaacht (das menschenmögliche getan); -dénger M.: «Leibdiener» — übtr. de Wäin as elo säi L.; -dich M.: «Heiratsausstattung» — s. Léngent; -dot F.: «Tatsache» — an der L. (tatsächlich); -gesëff N.: «Vorzugsgetränk» — de Wäin as säi L.
 
Läifent N.: «Leibwäsche».

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut