LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Läich- bis Läiterécht (Bd. 3, Sp. 27a bis 28b)
 
Läich- -baach F.: «Laichbach» (Lieblingslaichplatz der Forellen); -gewässer N. wie hd. — déi kleng Baachen am Éislek sin dat beschte Läichgewässer; -zäit F.: «Laichzeit» — auch: Raffzäit (s. d.) — Fischerspr.: d'Fësch sin op der Raff (s. d.).
 
läichen intr. Verb. «laichen» — fréier koumen d'Saalmen an d'Our an an d'Sauer läichen.
 
Läierchen (Echt.) M.: «Siebenschläfer» — auch Uebst-rat, Léier V. (s. d.).
 
Läif (lε:if), Leif (lA:if und leif) (die Trennung von Läif und Leif mit langem oder kurzem Diphthong ist nicht durchführbar, der Gebrauch hängt von der jeweiligen Betonung und dem Sprecher weitgehend ab) M.: 1) «Körper der Lebewesen, bes. der Menschen» — se hun em d'Kläder vum L. gerass — ech konnt kä Glidd am L. méi réieren — hien huet keng Oder am L. geréiert (war mäuschenstill) — all Glidder am L. donke mer wéi — d'Häerz dréit sech engem am L. erëm, wann een dee Misär gesäit — en huet sech d'Häerz am L. erkaalt — bleif mer vum L.! — en as lieweges Leifs verbrannt — en huet vill Schold um L. — ech hun iewer och alles um L. (muß alles selbst tun, die Sorgen erdrücken mich fast) — en huet alles um L., wat en huet (trägt alles an Kleidern, Schmuck, Geld auf sich) — e läit mer um L. (ich muß ihn durchhalten) — en huet kä Kuraasch am L. (keinen Mut) — dat Framënsch huet der Däiwel am L. — ech hun eng Roserei am L., 't kënnt ä Brout dra baken (ich koche vor Wut) — wat hues de am L.? (was ficht dich an?) — hätts de mech am L., an d'Been héingen der zou den Oueren eraus! (Verwünschung) — en huet vill am L. (hat Kenntnisse, Erfahrung) — en huet näischt am L. (ist nicht tüchtig, stark — s. sub 2) — en huet L., kä L. (ist stark, nicht stark) — d'Päerd hun näischt am Leif (sind nicht stark wegen schlechter Fütterung) — Iessen an Drénken hält L. a Séil zesummen — spaßh. Zusatz: an d'Box erop — en as gutt am L. (dick, fett) — e war mat L. a Séil derbäi (er war mit Leib u. Seele dabei) — de L. blouf mer stoën (vor Schrecken) — s. Läib; 2) «Bauch, Unterleib» — en décke, e geschwollene, en opgedriw(w)ene L. — e mëlle L. — en haarde L. — e spatze L. — en huet näischt am L. (er hat nichts gegessen — s. sub 1) — elo kréien ech näischt ze L. (kann nichts essen, es widert mich an) — ech kann dat nët zu L. bréngen (dsgl.) — en huet L. a Séil erëmgin (hat sich heftig erbrochen) — et läit mer am L. wéi e Steen (habe Magenbeschwerden) — 't as him an de L. geschloën (es liegt ihm im Magen, auch: er hat schwer daran zu tragen) — si as scho bei L. (ist sichtbar schwanger) — e waart séngem L. gutt op (en as séngem L. kä Stéifpapp, Stéivueder — er lebt gut, genüssig) — en hat d'Aë méi grouss wéi de L. — cf. A sub 1 d) und Bauch — Raa. kän Hiem fir op d'Haut, kä Kläd fir ëm de L. (rein gar nichts zum Anziehen) — näischt am L. an näischt op dem L. (von ganz Armen gesagt, die in äußerster Not sind) — Ausruf der Verwunderung (spaßh.) o Märri, mäi L. Zusatz: a méng siwe Säiten — offenes Leifs sin (guten Stuhlgang haben); 3) «Person» — dat hält kä L. aus (kein Mensch) — dat as kengem L. geschuet (das schadet niemandem) — ech weess méngem L. kä Rot — en huet keng Éier am Leif (keine Ehre im Leib, auch keinen Schwung) — en huet keng (nët fir e Su) Schimt am Leif (keine Scham); 4) «Leben» — en huet L. a Liewen drugewot (Leib und Leben gewagt) — op L. a Liewe verkloen (verbidden — bei Todesstrafe verklagen, verbieten) — cf. beileiwe! — dat leit kä L. (es ist nichts zu machen, hat böse Folgen, auch: es eilt nicht) — Nösl. déi Saach léckt kee Läif (diese ungerechte Angelegenheit bleibt nicht auf sich beruhen); 5) «Gehalt, Fülle» — 't as kä. L. um Wäin — dat Léngent huet L. (ist stark); 6) «Oberteil eines Frauenkleides, Leibchen» — Dim. Leifchen — dazu Läif a Séil (Damenhemdhose aus Tricot).
 
Läifchen, Leifchen (Pl. Läiwercher, Leiwercher) N.: 1) «Mieder»; 2) «Leibchen» (Säuglings- und Kinderkleidung).
 
Läif-/läif- -déideg (Westen), läifdiddig (Osten), leifdiedeg (Wb. 06) Adj./Adv.: «leibhaftig, ganz und gar» — eng l. Maus an der Haascht — l. wéi eng Schéisserschlaang (s. d., eine Schießschlange der Sage) — e läifdéidege Stärausch (Ruinenhaufen) — eng l. Nidderträchtegkät — en huet déi Sprooch vun Iechternach nach sou l. — mir hun [Bd. 3, S. 28] eist läifdéidegst gemaacht (das menschenmögliche getan); -dénger M.: «Leibdiener» — übtr. de Wäin as elo säi L.; -dich M.: «Heiratsausstattung» — s. Léngent; -dot F.: «Tatsache» — an der L. (tatsächlich); -gesëff N.: «Vorzugsgetränk» — de Wäin as säi L.
 
Läifent N.: «Leibwäsche».
 
läiflech Adj.: «leiblich» — l. Geschwëster (Geschwister).
 
Läilech (Pl. Läiléch(t)er, Läildéch, Läilduch, Läindéch, Lällech, Lälldech (Westen), Läildouch (Echt. auch Läindouch), Lëlldoch (Vianden), Läindéch, Läinduch, Leinduch (Lux.-Stadt, Plur. -dicher), Lëllich (Nösl. Pl. Lëllicher)), N.: «Bettuch, Laken» — man unterscheidet: lénge, wëlle L., Fitténgs-, Kotténgs-, Krëtongsläindicher — dat ënnescht, dat iewescht L. — se hun emol keng Lälldicher fir op d'Better (sind sehr arm) — mer mussen d'Lälléchter schanjhéieren (wechseln) — haut zéie (leë) mer aner Läilécher op — e L. kéieren (wenden, d. h.: es in der Mitte, wo es dünn geworden ist, trennen, dann die äußeren Enden zusammennähen, damit es noch eine geraume Zeit hält) — e schnaapt (gaapst) nom L. (ist müde) — Folkl.: d'Guet huet der Dafgiedel, wa se nët Familje war, beim Bestuede gewéinlech eng Koppel Läindicher geschenkt.
 
Läim (Stadt-Luxemburg Leim) M.: «Leim» — de Stull juckelt, en as aus dem L. (aus dem Gefüge) — kale L. a warem Neel halen och, soën déi liddreg Schräiner (wenn das mit abgekühltem Leim angefügte Stück nicht hält, wird es angenagelt) — lo hu mer de L. (jetzt haben wir die Bescherung) — lo as de L. ausgeschott (dsgl.) — en as op de L. gaangen (ist auf etwas hereingefallen) — Zussetz.: Buchbënnesch-, Vulle-, Schräinerläim (s. d.) — cf. Laum.
 
Läim- -digel M.: 1) «Kessel, in dem der Tischlerleim aufgekocht wird»; 2) spaßh. für «Schreiner»; -faarf, -faref F.: «Leimfarbe» — s. sub Faarf; -pad M.: «Leinpfad» (an schiffbaren Flüssen) — dafür auch: Läinpad, Limpad, Rittwee, Laweeg (Echt. veraltet — s. d.); -rutt F.: «Leimrute»; -waasser N.: «mit Leim versetztes Wasser» (wird an die Wand gestrichen, bevor die Tapete angeklebt wird).
 
läimeg Adj.: «gut bindend» (von gehacktem Wurstfleisch).
 
läimen, leimen trans. Verb.: 1) «mit Leim kleben» — d'Wänn l. — s. Läimwaasser; 2) «leimen» (wie hd. täuschen, betrügen bes. im Spiel) — si hun e schwéier geleimt (hereingelegt) — lo si mer geleimt.
 
Läimert, Leimert M.: «Jemand, der andre gerne hereinlegt».
 
Läin (lok. Echt.) F.: 1) «Wäscheleine»; 2) «Hundeleine» — en Hond un der L. féieren — dafür sonst: Léngt, Lein (Mosel).
 
Läin- -duch M. und N. — s. Läilech; -häder Pl. — s. Fluesshäder; -ospen Pl. — s. Ospen; -pad M. — s. Läimpad; -ueleg M.: «Leinöl».
 
Läinzeechen, Lein-zeechen (Lënzeechen West., Leënzäächen Südw., Länzäächen Alzettetal, Léngzeechen Nösl.) N. u. F.: 1) «Narbe»; 2) «Muttermal».
 
Läipchen männlicher Vorname «Leopold» — erscheint als Poldi, Lipong.
 
Läischt, Lääscht, Leescht, Laischt (Lux.-Stadt) F.: 1) «Leiste» (an Kisten, Bildern, im Innern von Schränken, als Schutz unten am Boden der Wände) — dazu die Zussetz.: Fouss-, Stull-, Wichsläischt (s. d.); 2) «Richtholz, Leitholz am Pflug» (Ga) — d'L. vum Galéiplou.
 
Läischtchen F.: 1) «kleine Leiste» (Dim. von Läischt); 2) «Misteldrossel» (Turdus viscivorus) s. d. f.
 
Läischter, Läister, Leister F.: a. «Misteldrossel»; b. (lok. Mersch) «Amsel».
 
Läiterécht, Léitricht F.: «was in einem Mal geläutert wird».

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut