| Lee- -aangel (Nösl. Läächangel) F.: «Legeangel» — cf. Grondaangel. -gäns F.: «Lege-gans» (Gans, die Eier legt); -int F.: «Lege-ente» (Ente, die Eier legt).
Leeblimmchen F.: «Pechnelke» (Viscaria vulgaris).
Leelécker M.: «gemeine Waldrebe» (Clematis vitalba) — s. Hexestrank, Juddesäl sub 2) — Raachholz.
leën (s. Ltb. 19 - LSA Karte 163) Konj.: ech léig, liet (Osweiler), Part. Prät. geluegt, geloagt (gəlOxt Echt.); Nösl. Präs. ich län, du läs, hä lät; Ind. Prät. ich leit; Konj. ich lät, läçt; Part. Prät. geleit, gelaaçt Verb.: «legen» — 1) trans.: «legen» (in vielen Bedeutungen) — déi uereg Päerd l. d'Oueren — en huet den Hond un d'Kette geluegt — mer mussen eise Buedem nei l. — den éischte Stä l. — d'Kand un d'Broscht l. (dafür meist halen) — ech wësst gär, wuer mer all déi Äppel lieten! — wuer leë mer déi all? (scil. schlofen) — mer leën em et parat (prätt) — wivill Boune lees de, siwen, néng oder zwielef? Antwort: ech leën der älef ëm älef Auer, da gët et der vill an d'Scheken — en Artikel l. (Druckerspr.) — lee dat Buch op d'Säit (lege das Buch beiseite, lege es weg, auch: verwahre es) — mer hun äis e puer Su op d'Säit geluet fir den alen Dag (Geld gespart für den Lebensabend) — lee mol alles op d'Säit bis mar (lege es vorläufig hin bis morgen) — lo leë mer em d'Handwierk (hindern ihn, in seinem Treiben weiterzufahren) [Bd. 3, S. 33] — se hun em e Stän an de (d') Wee geluet (haben ihm Hindernisse bereitet) — ech leën Iech och emol e Steen an d'Wee (ich leiste Ihnen bei Gelegenheit einen Gegendienst) — ech hun em d'Saach un d'Häerz geluet (habe sie ihm empfohlen) — mer mussen Holz op dech l. (du wirst übermütig, wir müssen dich kurz halten) — spaßh. zu Kindern: lee em Salz op de Schwanz (einem Tier, um es zu fangen) — lo leë mer (der) souvill drop an da gi mer (kurz vor dem Aufbruch) — en huet missen dausend Frang l. (Kaution stellen) — de Papp huet alles fir e geluegt (hat Kaution für ihn gestellt, hat die Fehlsumme [in der Kasse] eingezahlt) — d'Steiere sin nei geluegt gin (die Steuerabgaben sind neu festgelegt worden — bis 1940 gab es, neben festen Katastersteuern für Grundbesitz, die alljährlich vom Taxatorenrat der Gemeinde festgelegte Steuer für freie Berufe) — ech leën em eppes an d'Trap an eng (mat enger) Luucht derbäi (von jm. gesagt, der nicht verstehen will, auch: der einen unvernünftigen Wunsch allzu bequem erfüllt sehen möchte) — du hues mer d'Wuert op d'Zong (an de Mond) geluegt (du hast mich daran erinnert, auch: mir weiter geholfen) — lee dech! (Zuruf an den Hund, auch abweisend zu Personen: sei still!) — Lorenzdag leet d'Kirmes (datiert die Kirmes); 2) refl. — de Wand leet sech — d'Kränkt huet sech geluegt — d'Péng (séng Roserei) huet sech geluegt — ech gi mech l. (gehe schlafen) — lo leën ech mech op d' (en) Ouer (dsgl.) — en huet sech vrun en Deger aacht geluegt (hat sich vor rund acht Tagen krank zu Bett gelegt) — wann den Houscht sech nët leet, da muss ech mech l. (spaßh. wenn meine Hustenanfälle sich nicht mildern, muß ich mich zu Bett legen) — hat leet sech bei jiddereen (legt sich zu jedermann, prostituiert sich) — lee dech op de Réck a spill mat den Zéiwen (abweisend zu einem Kind, das durch unnützes Gerede oder lästiges Fragen Ärger verursacht, sei still!) — s. die Komp. sub: a-, aus-, ausenaner-, dra-, drop-, hanner-, iw(w)er-, of-, op-, openä-, u-, ver-, widderleën; 3) trans./intr.: «Eier legen» — d'Hénger l. déckevoll — d'Hénger gi fortleën (auswärts) — d'Gänse l. vun der Huewerséi bis an d'Huewerméi (von der Hafersaat bis zur Hafermahd) — Folkl. Kinderreime: gët gët, gët gët uecht/ ech hun en Ä geluegt — cf. sub dick und Ä — mer komme kucken, ob den Hunn geluegt huet (sagen die Klibberjungen in Medingen, wenn sie den Klibberlohn heischen) — d'Hong huet aus geluegt (legt nicht mehr, weil zu alt) — d'Hong geet aus (fort) l. (nicht in seinen Stall) — hie geet aus (fort) l. (spaßh. für außerehelichen Verkehr).
Leër M. — s. Läer.
Leewee (Ton 1, Echt.) M. — s. Läimpad — cf. Laweeg.
lëf in der Ra.: l. de Cü (Ki s. d.), da geet den Aasch (den Dueder, de Rescht) vum selwe (mat — frz. lever).
Lëff (Osten), Lëffer, Läffer, Lëft (Pl. Nösl. Lëffen) F.: «Lippe» — maach d'Lëfferen naass, da kanns de besser päifen — cf. Lëps.
Lëftchen (Dim. zu Loft) F.: 1) «Lüftchen» — hei ass eng gesonn (gesond) L. — 't as eng reng L. haut (kalter Wind oder linde Frühlingsluft) — am Mäerz as dacks eng reng L.; 2) «Bauchwind» (Pl. Lëftercher) — setz d'Kand op d'Dëppen, 't as schon eng L. komm.
lëfteg Adj.: 1) «luftig» — 't as ze l. fir ze séien — den Uewen as l. (hat guten Zug) — do uewen op der Kopp as et féng l. (zugig); 2) «durchsichtig, dünn, leicht» — eng l. Blus — en as zevill l. geklät — d'Jëfferchen as ganz l. geklät; 3) «schnell, hurtig» — übtr.: vum Uebst gin d'Kanner l. (bekommen Durchfall); 4) «nichtssagend» — sou e lëftegt Geschwätz, wéi deen es ëmmer feel hält; 5) «leicht verdaulich, gut aufgegangen, locker» — de Kuch as l. — den Deeg as l.
Lëftegkät, -keet F.: «Luftigkeit» (Wb. 06).
lëften trans. Verb.: «lüften» — d'Haus, d'Zëmmer, d'Better l.
legal Adj.: «gesetzlich».
legaliséieren trans. Verb.: «amtlich beglaubigen» — eng Ënnerschrëft l.
Légalitéit F.: «Legalität» — 't bleift an der L.
Légataire (wie Frz.) M.: «jm., dem ein Legat vermacht wird» — dazu: Légataire universel M.: «Universalerbe».
Legend (Ton 2, g wie j gespr. — lok. Lejand) F.: «Legende(nbuch)» — fréier gouf et an all Bauerenhaus eng L., wouran op déi fräi Säiten allerhand wichteg Virgäng aus dem Familjeliewen agedroë si gin, wéi Gebuurten, Doudsfäll, Bestietnësser, dack och wonnerbar Virfäll (früher fand sich in allen guten Bauernhäusern eine Heiligenlegende, auf deren leeren Blättern alle wichtigen Ereignisse der Familie eingetragen wurden, [Bd. 3, S. 34] wie Geburten, Todesfälle, Heiraten, auch eigenartige Vorfälle) — daher: hien as eppes wéi eng lieweg L. (kennt alles, was Heilige, Kirchenfeste, Kirchen, Wallfahrten und sonstiges anbelangt).
Légende (wie frz.) F.: «Text unter einer Abbildung» (Druckerspr.).
Légionnaire (wie frz.) M.: «Luxemburger, der (besonders im ersten Weltkrieg) in der Fremdenlegion gedient hat».
legitim (g wie jh gespr., auch in den beiden ff.) Adj.: 1) «gesetzmäßig»; 2) «ehelich».
Legitimatiounskaart F.: «amtliche Ausweiskarte».
legitiméieren refl. Verb.: «sich ausweisen».
Léi I F. s. Ligen.
Léi II s. Leo.
Leideléng, Lëddeléng ON.: «Leudelingen» — Gem. Leudelingen — Kant. Esch-Alz. — 485 — spaßh. hei elei leit L.
leiden, lädden, lëdden (Wösl. lägden, Nösl. lëgden, Echt. auch geleiden) Verb. 1) a. trans.: «erdulden» — Duuscht l. — schwaarzen Honger as am leschte Krich gelidde gin — wat deen huet misse bei dene l., dovunner bleift engem d'Ried fort — d'Zaldoten hun am Krich al ënner der Keelt an der Hëtzt gelidden — haalt dir, wat der hut (sagte ein sterbender Bauer zu seinen Erben wegen eines nicht ganz rechtmäßig erworbenen Gutes), ech leide, wat ech kann (scil. im Fegfeuer); b. intr.: en huet vill gelidden — en huet haut nach dorunner (daran) ze l. — en hat schwéier dorënner (darunter) ze l. — en huet ausgelidden (er ist gestorben) — Ra. et ka kä mech l., sot Eilespill, ma ech dreiwen et och duerno (deemno); 2) intr.: «Schaden nehmen» — d'Bléien hu gelidden (vum Frascht, vum Reen) — hien huet gelidden (am Kapp, um Gehéier) — mir kënnen elo un der Folleg vu séngen Dommhäte l.; 3) trans.: «zulassen, erlauben» — d'Päerd leit kä Suedel — mer leiden näischt esou an eisem Haus — e leit kä bei sech an der Kummer (von einem Kranken) — et leit keng Nout, datt e mer gesot hätt: «Komm bei ons d'Ham schmaachen» — ech brauch säi Waasser nët ze l. (seinen Wasserabfluß auf meinem Eigentum) — mir mussen et l. (müssen es zulassen); 4) trans./refl.: «einen gern (ungern) mögen» — ech kann e gutt l. — ech hun e gutt ze l. (mag ihn gern) — 't ka kä Mënsch e l., esou en Durang (Tyrann) as en — e kann sech (vu Grand) selwer nët l. — en as do gelidden wéi d'Kréi ënner de Kueben, wéi den Hond am Kelespill — hie kann e l. wéi d'Gääss d'Messer — se kënnen sech l. wéi d'Hénger, déi openä picken an nappen — ech kann e nun eemol nët l., ech weess nët woufir; 5) unpers. trans.: «(nicht) bleiben wollen» — 't leit en nët méi doheem (a. er fühlt sich nicht mehr wohl zu Hause; b. er möchte wohl daheim bleiben, aber man vergällt ihm den Aufenthalt.)
Leidenscha(a)ft F.: «Leidenschaft».
leidenscha(a)ftlech Adj.: «leiden- schaftlich».
léiden trans. Verb.: «löten» — da- zu Léitkollef (Nösl. Likollef) M.: «Lötkolben».
Léidong F.: «Lötung».
leider s. läder.
Léiderchen I F.: Dim. zu Louder (s. d.) a. (pej.) «junge Dirne»; b. «bewundernd, belobigend für kluges, geschicktes junges Mädchen» — dat huet déi kleng L. gutt fond; c. burschikoser Kosename «liebes Kind» — eng léif L.
Léiderchen II F. (Nösl.) Dim. zu Läder F. (s. d.).
Leides, Lädes (Nösl. Lëgdes) N.: «Leid» — 't as awer e L. mat dene verdréite Bouwen — domat as kä L. — ech hu scho selwer L. genuch, komm mer nët mat déngem Gesouers — 't as kä L. (dat huet kä L.), datt en déit soën, du solls mat em dälen — 't hatt kee Lëgdes, datt en der hëlleft (Nösl. es ist nicht zu befürchten, daß er dir hilft, von ihm darfst du keine Hilfe erwarten) — s. Lääds sub Läd.
Leiebrécher (lok. Esch-Sauer) M.: «Eidechse» — cf. Ädeler.
leien intr. Verb. (Ind. Präs. ech leien, du läis, hie läit — Nösl. ich leien, du lécks, hä léckt; Ind. Prät. ech loug, du lougs — Osten ich luch (luç); Kond. ech léig — Nösl. ich liç; Part. Prät. geleën): 1) «liegen» — lo gin ech l. (gehe zu Bett) — hie läit (an — er ist bettlägerig) — e läit op der Träip (op der fauler Haut, op der Schwaart — er faulenzt im Bett) — e läit ëmmer op der Panz (er arbeitet nicht gerne) — d'Kand läit naass — hues de hënt fiicht geleën? (spaßh. zu jem., der sich erkältet hat, auch: der schlecht gelaunt ist) — 't läit do fir Wollef a Wand (von einem längst nicht beackerten Feld) — 't läit (héige) Schnéi ([hoher] Schnee) — si leien sech an den Hoër (sie zanken sich) [Bd. 3, S. 35] — méng läit (Knickerspiel: mein Knicker liegt) — auch: Doruetere gen. (S. 217 Bd I dorneteren ist zu verbessern). (Die Regeln sind in folgendem Satz enthalten: laisse tout, méng, à la poursuite, sans travers, ôte tout, déng (leestu, méng, à la posuite, zantraverse, hotu, déng — so in HUMMER, Kinderspiele Nr. 43, 1886). — Regel beim Kartenspiel: wat läit, läit (man darf die einmal gespielte Karte nicht mehr zurücknehmen); 2) a. «sein, sich befinden» — d'Flääsch läit am Solper (s. d.) — d'Brout läit am Schaf, um Dësch, nach am Bakuewen — den Haff läit op der Iechternacher Strooss — d'Dueref läit op der Kopp, am Dall — dat läit op der Hand (ist klar) — dat läit am Hondséislek (s. d.), zu Honolulu, dräi Stonnen hanner Paräis (sehr weit) — 't läit eppes an der Loft (Unangenehmes steht bevor) — 't läit an der Loft (das wird wahrscheinlich eintreffen) — d'Wuert läit mer op der Zong (ich bin nahe daran es zu finden, auch: wollte es eben aussprechen) — dat läit mer uewen (muß immer daran denken) — d'Saach läit gënschteg; b. «stationiert sein» (v. Militär, Zoll- u. sonstigen Beamten) — wou loug en? e loug zu Iechternach, am Éislek — eise Klub läit an der éischter Divisioun — mir leien an der Gehältergrupp sechs; c. (verächtl.) «sich viel (und lästig) aufhalten» — e läit mer um Hals, um Pelz — e läit Dag a Nuecht an de Buden, am Wiirtshaus — e läit de ganzen Dag bei hinen am Haus — vu muerges bis owes läit en hanner dem Uewen — ech hu missen eng Stonn op (an) der Gare leien (mußte den Anschluß abwarten) — mer hun eng ganz Stonn op (an) der Gare geleën (dsgl.); 3) «in Schwierigkeiten sein» — de Foussballklub läit — e läit am Solper (ist verkatert); 4) «einer Wesensart entsprechen, auch: passen, interessieren» — dat läit mer nët — 't läit mer näischt un där Geschicht (die Sache interessiert mich nicht) — dorunner läit mer näischt — wat läit mir drun (wegwerfend) — s. auch drul. — cf. Uleies hun; 5) «abfinden» — 't läit em nach nët (er hat sich noch nicht damit abgefunden) — cf. ofleën; 6) «an jem. liegen» — 't läit nët u mir — 't läit nëmmen un hinen — wouru läit dat nëmmen? — wann et u mir léig, wir et laang gemaacht — 't läit an der Rass, am Geblitt, u séngem Art (in seiner Natur, Erbanlage) — dat läit nach vill méi déif (die Sache ist noch viel komplizierter, problematischer); 7) «lasten» — 't läit mer wéi Bläi an de Glidder — déi Saach läit mer um Mo (um Pelz — macht mir Sorge) — d'Aarbecht läit ëmmer ganz eleng op mir — e läit dem Papp op der Täsch (um Portmonni) — e läit sénger Mamm de ganzen Dag dermat an den Oueren; 8) Part. Präs. attrib. — leie Giicht (Féiwer, Kränkt) — s. sub Féiwer — Part. Prät. s. sub geleën; 9. mit Hilfsverb. a. leie loossen trans. Verb.: «liegen lassen, vergessen» — hues de näischt leie gelooss? — ech hu méng Posch leie gelooss — mer loossen e lénks l. (beachten ihn nicht); b. leie bleiwen: «liegen bleiben, umkommen» — en as a Russland l. bliwwen — hei bei deem Kräiz as ee l. bliwwen; 10) mit attrib. Adv.: a. beienä leiën «zusammen sein» — hir Kanner leien ëmmer beienän (sind immer zusammen) — 't as kee Wonner, datt eppes geschitt as, se louge jo ëmmer beienän (Mädchen und Junge, die viel zusammen waren, deren Liebschaft nicht ohne Folgen blieb) — soss luchen se ëmmer beienän an elo hu se décke Kaméidi — an där Gaass l. d'Haiser no beienä (nahe zusammen); b. openä l. «aufeinander liegen» — se leien openä wéi d'Hiirken an der Tonn; c. unenä l. «aneinander liegen» — d'Haiser leien an der Stad unenän; d. vun enä l. «von einander (distanziert) liegen» — d'Stécker (déi zwee Dierfer) l. wäit vun enän; e. nieft (niewent) enä l. «neben einander liegen» — eis Haiser l. nieft enän. | |