LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Legitimatiounskaart bis Leier (Bd. 3, Sp. 34a bis 36b)
 
Legitimatiounskaart F.: «amtliche Ausweiskarte».
 
legitiméieren refl. Verb.: «sich ausweisen».
 
Léi I F. s. Ligen.
 
Léi II s. Leo.
 
Leideléng, Lëddeléng ON.: «Leudelingen» — Gem. Leudelingen — Kant. Esch-Alz. — 485 — spaßh. hei elei leit L.
 
leiden, lädden, lëdden (Wösl. lägden, Nösl. lëgden, Echt. auch geleiden) Verb. 1) a. trans.: «erdulden» — Duuscht l. — schwaarzen Honger as am leschte Krich gelidde gin — wat deen huet misse bei dene l., dovunner bleift engem d'Ried fort — d'Zaldoten hun am Krich al ënner der Keelt an der Hëtzt gelidden — haalt dir, wat der hut (sagte ein sterbender Bauer zu seinen Erben wegen eines nicht ganz rechtmäßig erworbenen Gutes), ech leide, wat ech kann (scil. im Fegfeuer); b. intr.: en huet vill gelidden — en huet haut nach dorunner (daran) ze l. — en hat schwéier dorënner (darunter) ze l. — en huet ausgelidden (er ist gestorben) — Ra. et ka kä mech l., sot Eilespill, ma ech dreiwen et och duerno (deemno); 2) intr.: «Schaden nehmen» — d'Bléien hu gelidden (vum Frascht, vum Reen) — hien huet gelidden (am Kapp, um Gehéier) — mir kënnen elo un der Folleg vu séngen Dommhäte l.; 3) trans.: «zulassen, erlauben» — d'Päerd leit kä Suedel — mer leiden näischt esou an eisem Haus — e leit kä bei sech an der Kummer (von einem Kranken) — et leit keng Nout, datt e mer gesot hätt: «Komm bei ons d'Ham schmaachen» — ech brauch säi Waasser nët ze l. (seinen Wasserabfluß auf meinem Eigentum) — mir mussen et l. (müssen es zulassen); 4) trans./refl.: «einen gern (ungern) mögen» — ech kann e gutt l. — ech hun e gutt ze l. (mag ihn gern) — 't ka kä Mënsch e l., esou en Durang (Tyrann) as en — e kann sech (vu Grand) selwer nët l. — en as do gelidden wéi d'Kréi ënner de Kueben, wéi den Hond am Kelespill — hie kann e l. wéi d'Gääss d'Messer — se kënnen sech l. wéi d'Hénger, déi openä picken an nappen — ech kann e nun eemol nët l., ech weess nët woufir; 5) unpers. trans.: «(nicht) bleiben wollen» — 't leit en nët méi doheem (a. er fühlt sich nicht mehr wohl zu Hause; b. er möchte wohl daheim bleiben, aber man vergällt ihm den Aufenthalt.)
 
Leidenscha(a)ft F.: «Leidenschaft».
 
leidenscha(a)ftlech Adj.: «leiden- schaftlich».
 
léiden trans. Verb.: «löten» — da- zu Léitkollef (Nösl. Likollef) M.: «Lötkolben».
 
Léidong F.: «Lötung».
 
leider s. läder.
 
Léiderchen I F.: Dim. zu Louder (s. d.) a. (pej.) «junge Dirne»; b. «bewundernd, belobigend für kluges, geschicktes junges Mädchen» — dat huet déi kleng L. gutt fond; c. burschikoser Kosename «liebes Kind» — eng léif L.
 
Léiderchen II F. (Nösl.) Dim. zu Läder F. (s. d.).
 
Leides, Lädes (Nösl. Lëgdes) N.: «Leid» — 't as awer e L. mat dene verdréite Bouwen — domat as kä L. — ech hu scho selwer L. genuch, komm mer nët mat déngem Gesouers — 't as kä L. (dat huet kä L.), datt en déit soën, du solls mat em dälen — 't hatt kee Lëgdes, datt en der hëlleft (Nösl. es ist nicht zu befürchten, daß er dir hilft, von ihm darfst du keine Hilfe erwarten) — s. Lääds sub Läd.
 
Leiebrécher (lok. Esch-Sauer) M.: «Eidechse» — cf. Ädeler.
 
leien intr. Verb. (Ind. Präs. ech leien, du läis, hie läit — Nösl. ich leien, du lécks, hä léckt; Ind. Prät. ech loug, du lougs — Osten ich luch (luç); Kond. ech léig — Nösl. ich liç; Part. Prät. geleën): 1) «liegen» — lo gin ech l. (gehe zu Bett) — hie läit (an — er ist bettlägerig) — e läit op der Träip (op der fauler Haut, op der Schwaart — er faulenzt im Bett) — e läit ëmmer op der Panz (er arbeitet nicht gerne) — d'Kand läit naass — hues de hënt fiicht geleën? (spaßh. zu jem., der sich erkältet hat, auch: der schlecht gelaunt ist) — 't läit do fir Wollef a Wand (von einem längst nicht beackerten Feld) — 't läit (héige) Schnéi ([hoher] Schnee) — si leien sech an den Hoër (sie zanken sich) [Bd. 3, S. 35] — méng läit (Knickerspiel: mein Knicker liegt) — auch: Doruetere gen. (S. 217 Bd I dorneteren ist zu verbessern). (Die Regeln sind in folgendem Satz enthalten: laisse tout, méng, à la poursuite, sans travers, ôte tout, déng (leestu, méng, à la posuite, zantraverse, hotu, déng — so in HUMMER, Kinderspiele Nr. 43, 1886). — Regel beim Kartenspiel: wat läit, läit (man darf die einmal gespielte Karte nicht mehr zurücknehmen); 2) a. «sein, sich befinden» — d'Flääsch läit am Solper (s. d.) — d'Brout läit am Schaf, um Dësch, nach am Bakuewen — den Haff läit op der Iechternacher Strooss — d'Dueref läit op der Kopp, am Dall — dat läit op der Hand (ist klar) — dat läit am Hondséislek (s. d.), zu Honolulu, dräi Stonnen hanner Paräis (sehr weit) — 't läit eppes an der Loft (Unangenehmes steht bevor) — 't läit an der Loft (das wird wahrscheinlich eintreffen) — d'Wuert läit mer op der Zong (ich bin nahe daran es zu finden, auch: wollte es eben aussprechen) — dat läit mer uewen (muß immer daran denken) — d'Saach läit gënschteg; b. «stationiert sein» (v. Militär, Zoll- u. sonstigen Beamten) — wou loug en? e loug zu Iechternach, am Éislek — eise Klub läit an der éischter Divisioun — mir leien an der Gehältergrupp sechs; c. (verächtl.) «sich viel (und lästig) aufhalten» — e läit mer um Hals, um Pelz — e läit Dag a Nuecht an de Buden, am Wiirtshaus — e läit de ganzen Dag bei hinen am Haus — vu muerges bis owes läit en hanner dem Uewen — ech hu missen eng Stonn op (an) der Gare leien (mußte den Anschluß abwarten) — mer hun eng ganz Stonn op (an) der Gare geleën (dsgl.); 3) «in Schwierigkeiten sein» — de Foussballklub läit — e läit am Solper (ist verkatert); 4) «einer Wesensart entsprechen, auch: passen, interessieren» — dat läit mer nët — 't läit mer näischt un där Geschicht (die Sache interessiert mich nicht) — dorunner läit mer näischt — wat läit mir drun (wegwerfend) — s. auch drul. — cf. Uleies hun; 5) «abfinden» — 't läit em nach nët (er hat sich noch nicht damit abgefunden) — cf. ofleën; 6) «an jem. liegen» — 't läit nët u mir — 't läit nëmmen un hinen — wouru läit dat nëmmen? — wann et u mir léig, wir et laang gemaacht — 't läit an der Rass, am Geblitt, u séngem Art (in seiner Natur, Erbanlage) — dat läit nach vill méi déif (die Sache ist noch viel komplizierter, problematischer); 7) «lasten» — 't läit mer wéi Bläi an de Glidder — déi Saach läit mer um Mo (um Pelz — macht mir Sorge) — d'Aarbecht läit ëmmer ganz eleng op mir — e läit dem Papp op der Täsch (um Portmonni) — e läit sénger Mamm de ganzen Dag dermat an den Oueren; 8) Part. Präs. attrib. — leie Giicht (Féiwer, Kränkt) — s. sub Féiwer — Part. Prät. s. sub geleën; 9. mit Hilfsverb. a. leie loossen trans. Verb.: «liegen lassen, vergessen» — hues de näischt leie gelooss? — ech hu méng Posch leie gelooss — mer loossen e lénks l. (beachten ihn nicht); b. leie bleiwen: «liegen bleiben, umkommen» — en as a Russland l. bliwwen — hei bei deem Kräiz as ee l. bliwwen; 10) mit attrib. Adv.: a. beienä leiën «zusammen sein» — hir Kanner leien ëmmer beienän (sind immer zusammen) — 't as kee Wonner, datt eppes geschitt as, se louge jo ëmmer beienän (Mädchen und Junge, die viel zusammen waren, deren Liebschaft nicht ohne Folgen blieb) — soss luchen se ëmmer beienän an elo hu se décke Kaméidi — an där Gaass l. d'Haiser no beienä (nahe zusammen); b. openä l. «aufeinander liegen» — se leien openä wéi d'Hiirken an der Tonn; c. unenä l. «aneinander liegen» — d'Haiser leien an der Stad unenän; d. vun enä l. «von einander (distanziert) liegen» — d'Stécker (déi zwee Dierfer) l. wäit vun enän; e. nieft (niewent) enä l. «neben einander liegen» — eis Haiser l. nieft enän.
 
Leien, Leies N.: «Liegen» — wat as dat ent L., lo ëm zéng Auer nach am Bett.
 
leie Giicht s. leien sub 8).
 
léien (lok. Esch-Alz. lineren s. Ltb. 99 - LSA Karte 92) — Ind. Präs. du léis, hie léit; Mosel: dau léits, léisch, du litts, hie léit; Nösl.: ich léigen, du léiçs; Part. Prät. gelu(nn), geluën, gelugen, gelujen (Nösl.) intr. Verb.: «lügen» — Vergl. e léit wéi e roude Judd, e Kielechsdéif, e Biesemsbënner, e Beidelschnidder, e Jeër, wéi gedréckt, datt et niwwelt a kraacht, datt et engem schwaarz virun den Aë gët, ouni mat den Aën ze zécken, datt et schwaarz an der Luucht gët, een derdurech gesäit, datt de Buedem dämpt, datt d'Stären um Himmel danzen, datt d'Versinner sech béien — dat do litts de! — nou léi äs nët (Echt.) — nu léi emol nët a bleif bei der Wourecht! — wann ee vun äis zwee litt, da sin ech et nët — léi nët mat deem Monn, woumat s de [Bd. 3, S. 36] biets — e léit drop an derwidder, wat e biet as gelunn — d'Geblitt kann nët l. (wenn zwei blutsverwandte Personen sich ähnlich sehen, auch: von gleichen Charaktereigenschaften oder Manieren gesagt) — e léit a säi Sak (zu seinem Vorteil) — e litt engem riicht an d'Gesiicht, ouni mat den Aën ze flanken — wann ee litt, kritt een e Kräiz (en «L» op d'Stir — zu Kindern) — Spw.: dee léit, dee stillt (stielt) — e probéiert sech eraus zu léien — 't as gelugen a gestonk, gestonk a gelugen — substantiv. Léien a Bedréien as engerlee — e litt iwwer em Léien — s. beléien — cf. verlugen — Abl. Geléis N.
 
Léier I F.: 1) «Lehrzeit, Lehrlingsverhältnis» — en as an der L. (ist Lehrling, auch: besucht eine höhere Lehranstalt) — se hun en an d'L. gedun — hien hëlt en an d'L. — d'L. as geschwënn erëm — dee kann nach bei säi Papp an d'L. goën (er hat noch manches zu lernen); 2) «Religionsunterricht» — dafür auch krëschtlech L. (s. d.), Kannerléier; 3) «Kenntnisse, (fertige) Ausbildung, Talent, Veranlagung» — deen huet eng gutt L. — wann ech séng L. hätt! — mat dénger L. as et nët (vu) wäit hier! — hei as all L. zu Enn, sot d'Fra, du war keng Schnëppel Brout am Haus; 4) «Erfahrung, Erkenntnis» — 't war eng (gutt, béis) L. fir en — e kann sech eng L. draus maachen — huel der eng L.; 5) «das Lernen» — hie späizt op d'L. — Ra. en huet keng L. a kee Verkéier (Mensch ohne Bildung).
 
Léier- -bréif M.: «Lehrbrief» (heute dafür: Diplom); -geld N.: «Lehrgeld» — deen huet (allerhand) L. bezuelt (ist durch Schaden klug geworden) — gidferä muss L. bezuelen — gëf däi L erëm! (du machst ihm, als deinem Erzieher, nur Schande); -joër N.: «Lehrjahr» — Ra. d'Léierjore si keng Härejoren; -jong M.: «Lehrling»; -meedchen N.: «Lehrmädchen»; -määschter, -meeschter M.; -määschtesch, -meeschtesch F.: «Lehrmeister(in)» — d'Ongléck as e gudde L.; -schoul F.: «Unterrichtsschule» (im Ggs. zu Spillschoul s. d.); -stéck N.: «Gesellenstück» (bei der Gesellenprüfung gefertigte Handarbeit — dafür auch Gesellestéck); -zäit F.: «Lehrzeit» — an der L. muss een sech derzoudun (muß man sich dransetzen, viel lernen).
 
Léier II F.: «Lehre, Lehr» (Meßwerkzeug).
 
Léier III ON. für Léierhaff und Léierhais-chenGem. Grosbous, Kanton Redingen — op der L.
 
Léier IV M.: «großer (Raub-) Vogel» (lok. Hoscheid — C).
 
Léier V, Leier (Dim. Echt. Läierchen — s. d.) M.: «Bilch, Gartenschläfer» — dafür auch klenge Siweschléifer (s. d.) und Gleier (Echt. Tockert — cf. lat. glis, gliris, frz. loir) — d'Läiercher sin dacks hannert dem zeidegen Uebst.
 
léier Adj.: «locker gewebt, durchsichtig dünn» — s. lëfteg sub 2).
 
Leier F.: 1) «altes Musikinstrument»; 2) «abgedroschenes Musikstück, zum Überdruß wiederholte Erzählung, Klage» — elo spillen s'erëm déi al L. — e kënnt ëmmer mat der selwechter L.; 3) «langweiliger Mensch» — dazu die Zussetz.:

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut