LeierLeiermates, -mätti, -tinnesLéierchenléieregleieregleieregLeieregkät, -keetléierenGeléiersleierenGeleiersleierenLéi(e)rerLéi(e)rinLeierwäinLeiesléifLéifchenLéiffra-LéiffrabettstréiLéiffrakrautdagLéiffraros(en)dagLéiffrawëschdagLéiffrächenLéiffräches-hielléiflechLéifregLéifstackLéiftbrennend LLéikenLeilechLéileckerLéilerLéimännchenLeimäerderLéinLéinéi, Léini, LinnLéinléinenLéinenLéinefäss-chenléinenLéinertLéinertléineschterLéinesonndegLéinhecker, Léilecker, Lëllecker, Lëllhecken, LonnekärleinschLeinskrautLeis, Leiséi, LeisiLéisLéisbechLéisiLéischpeltléischtléisenléislechLéisongléisslech, lässlechLeister, LeischterLeitGeleitsLeits-leits-LeitsbedréierLeitsbeschësserLeitsgeheierLeitsgeheierLeitskujenatLeitsscheiLeitsscheiLeitsschënnerLeitsgetuddelsLéitchenLéitkollefLéitsch, LëtscheisenleitsenLéivillchenLéiwLéiweckelchenléiwegLéiwemaulléiwenleiwenLéiwenLéiwéngléiwerLeiweskraaftLeiwungLejantleken, léckenLekholz, LéckholzLekschank, LéckschankLektiounLektürLëlleckerLellegLëllichLellgen, Lëllgen | Leier F.: 1) «altes Musikinstrument»; 2) «abgedroschenes Musikstück, zum Überdruß wiederholte Erzählung, Klage» — elo spillen s'erëm déi al L. — e kënnt ëmmer mat der selwechter L.; 3) «langweiliger Mensch» — dazu die Zussetz.: Leiermates, -mätti, -tinnes M.
Léierchen F. und M.: «Lerche» — dafür auch Léiweck, Léiwecker, Léiweckelchen, Léivillchen, Léimännchen, Liitvillchen, Luutvull, Lutert, Liwwereckche (Nösl.) Nachahmungsreim ihres Gesanges beim Aufsteigen: léiwer Gott / huel mech op / huel mech op / ech fluche mäi Liewen (ménger Liewen) nët méi! — beim Niedersteigen: zackerdjiës (zackerdjii) /zackerdjiës / zackerdjiës!
léiereg Adj.: 1) «wißbegierig» — d'Bouwe sin nët esou l. wéi d'Medercher, 't gesäit een se selen hannert de Bicher; 2) «lehrreich».
leiereg I Adj.: «leiernd» — eng l. Stëmm.
leiereg II Adj.: 1) «zum Liegen geneigt, träge, verschlafen» — 't as mer sou l. — de Viz mécht am Summer l. — dazu die Abl. Leieregkät, -keet F.: «krankhafte Schlafsucht» (Wb. 06); 2) «kränklich» — en huet elauter sou l. Kanner; 3) «zum Liegen einladend» — leiereg Wieder (einschläferndes, niederdrückendes Wetter).
léieren tr./intr. Verb.: 1) «lehren» — de Schoulmeeschter léiert d'Kanner schreiwen — a ween huet dech dat geléiert? — dat hun ech mer (mech) selwer geléiert! (antwortete der kleine Bube) — ech wäerd dech l.! (Drohung) — da waart, Männchen, ech wäerd dech l. (hei) fluchen, Grimasse man (Drohung) — du léiers mech näischt méi — léier mech dat do nët, dat wousst ech schon, éiers du Aën has — da gës de mol (d'emol) eppes [Bd. 3, S. 37] geléiert (dann widerfährt dir etwas) — léier du kän alen Af Grimasse man (schneiden — ich habe Erfahrung genug, habe mehr Erfahrung als du); 2) «lernen» — fir eppes ze l. as kän ze al — a wou hues de dat geléiert? — en huet nach villes (alles) ze l. — fänk eppes mat deem un, da léiers d'(en) e kennen! — dat do léiers de ni — ech hu nach vill ze l. (noch viel zu lernen, viel Stoff zu verarbeiten für die Schule) — ech hun alles aus mer selwer geléiert — Nösl. ich liërt daç nët Daaç a Nait (ich würde doch nicht Tag u. Nacht lernen) — e gät viru l. (nach der Primärschule, auch: nach einer höheren Schule weiter studieren) — e léiert virun (weider — dsgl.) — géi an d'Friemd, da léiers de wéi déi aner Leit d'Brout iessen — d'Bestueden as geschwë geléiert, deen Dommste léiert et, ma nët e Stot féieren — ween nët geléiert huet, ënnerdéngeg ze sin, daagt nët fir anere Gebotter ze maachen (wer das Dienen nicht erlernt hat, soll andern keine Vorschriften machen) — dee Jong huet schwéier geléiert (s. Léier I sub 3) — e léiert liicht — e léiert an engem Hou, woufir aner Deg brauchen — 't gët der, déi l. et ni, e léiert et fir d'Baschten, fir d'Vrecken nët (von einer geistig beschränkten Person) — e léiert goën, schwätzen, liesen, danzen, de Mond halen — en huet emol nët geléiert eleng schäissen (ist sehr beschränkt, gänzlich unselbständig) — wann s de a méng Schong an Huese kënns, da léiers de schaffen! — cf. sub Kou — Kinderreim: (wenn die Schüler oder die Schülerinnen einen freien Tag haben): mir gi spadséieren / déi aner musse léieren — e geléierten (s. d.) Aarbechter; 3) «studieren» (absolut) —'t muss ee fir d'éischt l. (zuerst studieren) — ech hun haut vill ze l. — e léiert fir Dokter — déi geléiert Hären (oft iron.) — e Geléierten (s. d.) — Abl.: Geléiers N.: «vieles Lernen, Studieren» — 't as dees G. zevill an de Schoulen, d'Kanner gin dach nët méi gescheit — Zussetz. bäi-, be-, er-, verléieren (s. d.).
leieren I trans./intr. Verb.: 1) «träge, langsam arbeiten» — s. feieren II sub 2; 2) «mit eintöniger ausdruckloser Stimme singen oder sprechen» — wat leiers de do? — en huet séng Lektioun erof geleiert — en huet engem dat esou erof geleiert, wéi wann en et auswennig geléiert hätt (hat es herunter geleiert, wie wenn er es auswendig gelernt hätte) — Abl. Geleiers N.
leieren II intr. Verb.: «an einer Krankheit laborieren».
Léi(e)rer (Lux.-Stadt Lerer, Lärer) M.: «Lehrer» — dafür gew. Schoulmääschter (s. d.) — den Här Lerer, Lärer.
Léi(e)rin F.: a. «Lehrerin»; b. «(manchmal) Frau des Schullehrers» — s. auch Joffer sub 5)a.
Leierwäin M.: «Traubensaft, der nach dem Opkappen (s. d.) des Balleg (s. d. sub 5) noch herausgequetscht wird und lues gelaf a gedrëpst kënnt» (C).
Leies N.: Genitiv. part. von leien — s. Leien.
léif (in einigen stehenden Redewendungen als Attribut: léiwer — cf. LSA Karte 150) Adj./Adv.: «lieb» — Kompar. méi l., Superl. léifst — (léiwer und am léifsten Komp. u. Superl. zu gär[en]) — 't sin déi léifste Kanner vun der Welt, aber: hat as méi l. wéi s du — dir l. Leit — dir méng l. Kanner — e léift Dickelchen (Mädel) — dat léift deeglecht Brout — dat léift Geld, an dat soll än nët gär hun! — a wat huet der de ganze léiwe laangen Dag gemacht? — du léiwer Gott! — du léiwer Himmel! — mä dat wär mer l. (höfliche Annahme des Versprechens) — dat as l. vun Iech! (das ist lieb von Ihnen) — sëf esou léif a géi mer dat sichen (sei so lieb) — 't as mer méi léif wéi alles (lieber als alles) — 't as méi wéi et mer l. as — léiwer géif ech an d'Waasser lafen. — wéi l. att s de mer och bas (so sehr ich dich auch schätze) — se hun sech sou l. (sie haben sich sehr lieb) — am léifste gesinn ech dee vun hannen (mag ihn nicht sehen) — dat Klengt huet séng Mamm l. gedréckt (hat seine Mutter umarmt) — dann dréck mech l. (Mutter zum Kind) — Raa. mäi léiwe Jong, son d'Medercher — Zusatz: dann hun s'een nach nët gär — mäi léiwe Mann (s. d.) — mäi léiwen Här, mäi léiwen Alen (abschlägig) — e war l. (betrunken) — Dir méng Léif (pathetische Anrede z. B. als Einleitung zu einer Nachricht, zu einer Klage) — méng léif Leit (Anrede bei einer Ansprache an die Versammlung) — in Kinderliedern an populäre Heilige: léiwe Klees-chen, léiwer Herrgottsblies-chen, léif (Gottes-) Mamm — s. léiweg — lieb haben, lieben, wird immer durch gär hun wiedergegeben — s. sub gär(en).
Léifchen N.: «Liebling» (C). [Bd. 3, S. 38]
Léiffra- -bettstréi N.: 1) «Dost» (Origanum vulgare); 2) s. Haartnol (beide Pflanzen gehören in den Krautwësch (s. d.)); -krautdag M.: «Mariä Himmelfahrtstag (15. August), an dem der Krautwësch (s. d.) gesegnet wird»; -ros(en)dag M.: «saisonbedingter Putztag» (z. B. vor der Kirmes, Ostern, an dem Hausfrauen mit Arbeit überladen und deswegen empfindlich sind, leicht rosen [s. d.] werden) — cf. Fraros(en)dag; -wëschdag M.: 1) s. Léiffrakrautdag; 2) s. Léiffraros(en)dag.
Léiffrächen (Dim. zu Léiffra) F.: a. «Unsere Liebe Frau»; b. «Kultstätte der L. in Kayl, wo die Muttergottes als Beschützerin der Bergleute verehrt wird, aber auch in andern Anliegen (viele Einzelwallfahrten)».
Léiffräches-hiel F.: eigentl. «Liebfrauenhöhle» — gedeutet als «Löwenfräuleinhöhle» in einer in Eich lokalisierten Sage, angeblich volksetymologischen Ursprungs. Die von de la Fontaine aufgestellte gelehrte Gleichung Léiffrächen-Kybele ist recht zweifelhaft (N. STEFFEN, Märchen und Sagen aus Luxemburg, 1835, 225; de la FONTAINE, Luxemburger Sagen und Legenden Nr. 118; GREDT, Luxemburger Sagenschatz, II. Auflage Nr. 128).
léiflech (lok. Esch-Alz. léiwelzeg) Adj.: 1) «lieblich» (Wb. 06); 2) «angenehm im Geschmack» (vom Wein).
Léifreg ON.: «Liefringen» — Dorf der Gem. Mecher, Kanton Wiltz — 99 — du Léifreger Gott — (Wortspiel) — s. Gott.
Léifstack M.: «Liebstöckel» (Levisticum) — Folkl. Pflanze aus dem Krautwësch (s. d.) wird nach der Segnung am Léiffrakrautdag entweder über die Tür der Schweineställe gehängt oder klein geschnitten unter das Viehfutter gemischt (gegen Viehkrankheiten) — s. Majhisstack, -kraut.
Léift F.: a. «Liebe» — Raa. d'L. bedréift — d'L. mécht e Maansmënsch domm an e Framënsch geckeg — d'L. keemol schléift — d'L. as grouss: si fällt esou gutt op e Kéidreck wéi op eng Rous — un der Léift an um Wand huet nach keen sech sat giess(t) — si liewe vun der L. — d'L. as eppes wéi e Stréifeier, an dat as geschwënn ausgebrannt — d'L. gät durech d'Kachdëppen — d'L. as dack kuurz, wann d'G(e)loscht gestoppt as — de Soff an d'L. féieren zou Scholdbréif — si liewe vun der L. an der (gudder) Loft — Ongléck an der Kaart (am Spill), Gléck an der L. — kal Hänn, warem L. — en as mat Loscht a L. un d'Aarbecht gaang — 't as keng L. zur (fir d') Saach do; b. «Geliebte(r)» — méng al (fréier) L. (meine alte Liebe) — komm danz mat dénger aler L. — dazu: brennend L. F.: «kalzedonische Kranzrade» — Zusset.: Afe-, Ege-, Eltre-, Fraë-, Geschwëster-, Houre-, Kaze-, Krëschte-, Mamme-, Stodenteléift — cf. verléift.
Léiken Plur. tant. «Hundszahn» (Rosport) — s. Quadden I, Padem Ugras.
Leilech N. — s. Läilech.
Léilecker M. — s. Léinhecker.
Léiler, Liler ON.: «Lieler» — Dorf der Gem. Heinerscheid, Kant. Clerf - 21.
Léimännchen M. — s. Léierchen.
Leimäerder M. — s. Neimäerder.
Léin I, Léinéi, Léini, Linn (Dim. Léinchen, Linchen) weiblicher Vorname: 1) «Helene» (s. auch Lounes, Lunnes, Hëlen); 2) «Magdalena»; 3) «Leonore»; 4) «Caroline» (s. Kräll sub 5).
Léin II (Nösl. Ling) F.: «Verleihen und Entleihen» — eist Geschir as ëmmer op der L. — mäi Messer heescht nët Léin (Wortspiel mit Léin I und Léin II) — spaßh., aber durchaus ernst gemeinter Zusatz: mä Mrei bleif hei — ähnlich léin mer déng Schéier — Antwort: méng Schéier heescht nët Léin, déi heescht Marei (Ton 2) bleif hei!
léinen Adj.: «tönern» — s. Léinen.
Léinen (Dim. Léinchen, Pl. Léinercher) N.: «Fäßchen aus Ton, Marketenderfäßchen» — dazu die Zussetz. | |