LWB Luxemburger Wörterbuch
 
léieren bis Léinhecker, Léilecker, Lëllecker, Lëllhecken, Lonnekär (Bd. 3, Sp. 36b bis 39a)
 
léieren tr./intr. Verb.: 1) «lehren» — de Schoulmeeschter léiert d'Kanner schreiwen — a ween huet dech dat geléiert? — dat hun ech mer (mech) selwer geléiert! (antwortete der kleine Bube) — ech wäerd dech l.! (Drohung) — da waart, Männchen, ech wäerd dech l. (hei) fluchen, Grimasse man (Drohung) — du léiers mech näischt méi — léier mech dat do nët, dat wousst ech schon, éiers du Aën has — da gës de mol (d'emol) eppes [Bd. 3, S. 37] geléiert (dann widerfährt dir etwas) — léier du kän alen Af Grimasse man (schneiden — ich habe Erfahrung genug, habe mehr Erfahrung als du); 2) «lernen» — fir eppes ze l. as kän ze al — a wou hues de dat geléiert? — en huet nach villes (alles) ze l. — fänk eppes mat deem un, da léiers d'(en) e kennen! — dat do léiers de ni — ech hu nach vill ze l. (noch viel zu lernen, viel Stoff zu verarbeiten für die Schule) — ech hun alles aus mer selwer geléiert — Nösl. ich liërt daç nët Daaç a Nait (ich würde doch nicht Tag u. Nacht lernen) — e gät viru l. (nach der Primärschule, auch: nach einer höheren Schule weiter studieren) — e léiert virun (weider — dsgl.) — géi an d'Friemd, da léiers de wéi déi aner Leit d'Brout iessen — d'Bestueden as geschwë geléiert, deen Dommste léiert et, ma nët e Stot féieren — ween nët geléiert huet, ënnerdéngeg ze sin, daagt nët fir anere Gebotter ze maachen (wer das Dienen nicht erlernt hat, soll andern keine Vorschriften machen) — dee Jong huet schwéier geléiert (s. Léier I sub 3) — e léiert liicht — e léiert an engem Hou, woufir aner Deg brauchen — 't gët der, déi l. et ni, e léiert et fir d'Baschten, fir d'Vrecken nët (von einer geistig beschränkten Person) — e léiert goën, schwätzen, liesen, danzen, de Mond halen — en huet emol nët geléiert eleng schäissen (ist sehr beschränkt, gänzlich unselbständig) — wann s de a méng Schong an Huese kënns, da léiers de schaffen! — cf. sub Kou — Kinderreim: (wenn die Schüler oder die Schülerinnen einen freien Tag haben): mir gi spadséieren / déi aner musse léieren — e geléierten (s. d.) Aarbechter; 3) «studieren» (absolut) —'t muss ee fir d'éischt l. (zuerst studieren) — ech hun haut vill ze l. — e léiert fir Dokter — déi geléiert Hären (oft iron.) — e Geléierten (s. d.) — Abl.: Geléiers N.: «vieles Lernen, Studieren» — 't as dees G. zevill an de Schoulen, d'Kanner gin dach nët méi gescheit — Zussetz. bäi-, be-, er-, verléieren (s. d.).
 
leieren I trans./intr. Verb.: 1) «träge, langsam arbeiten» — s. feieren II sub 2; 2) «mit eintöniger ausdruckloser Stimme singen oder sprechen» — wat leiers de do? — en huet séng Lektioun erof geleiert — en huet engem dat esou erof geleiert, wéi wann en et auswennig geléiert hätt (hat es herunter geleiert, wie wenn er es auswendig gelernt hätte) — Abl. Geleiers N.
 
leieren II intr. Verb.: «an einer Krankheit laborieren».
 
Léi(e)rer (Lux.-Stadt Lerer, Lärer) M.: «Lehrer» — dafür gew. Schoulmääschter (s. d.) — den Här Lerer, Lärer.
 
Léi(e)rin F.: a. «Lehrerin»; b. «(manchmal) Frau des Schullehrers» — s. auch Joffer sub 5)a.
 
Leierwäin M.: «Traubensaft, der nach dem Opkappen (s. d.) des Balleg (s. d. sub 5) noch herausgequetscht wird und lues gelaf a gedrëpst kënnt» (C).
 
Leies N.: Genitiv. part. von leien — s. Leien.
 
léif (in einigen stehenden Redewendungen als Attribut: léiwer — cf. LSA Karte 150) Adj./Adv.: «lieb» — Kompar. méi l., Superl. léifst — (léiwer und am léifsten Komp. u. Superl. zu gär[en]) — 't sin déi léifste Kanner vun der Welt, aber: hat as méi l. wéi s du — dir l. Leit — dir méng l. Kanner — e léift Dickelchen (Mädel) — dat léift deeglecht Brout — dat léift Geld, an dat soll än nët gär hun! — a wat huet der de ganze léiwe laangen Dag gemacht? — du léiwer Gott! — du léiwer Himmel! — mä dat wär mer l. (höfliche Annahme des Versprechens) — dat as l. vun Iech! (das ist lieb von Ihnen) — sëf esou léif a géi mer dat sichen (sei so lieb) — 't as mer méi léif wéi alles (lieber als alles) — 't as méi wéi et mer l. as — léiwer géif ech an d'Waasser lafen. — wéi l. att s de mer och bas (so sehr ich dich auch schätze) — se hun sech sou l. (sie haben sich sehr lieb) — am léifste gesinn ech dee vun hannen (mag ihn nicht sehen) — dat Klengt huet séng Mamm l. gedréckt (hat seine Mutter umarmt) — dann dréck mech l. (Mutter zum Kind) — Raa. mäi léiwe Jong, son d'Medercher — Zusatz: dann hun s'een nach nët gär — mäi léiwe Mann (s. d.) — mäi léiwen Här, mäi léiwen Alen (abschlägig) — e war l. (betrunken) — Dir méng Léif (pathetische Anrede z. B. als Einleitung zu einer Nachricht, zu einer Klage) — méng léif Leit (Anrede bei einer Ansprache an die Versammlung) — in Kinderliedern an populäre Heilige: léiwe Klees-chen, léiwer Herrgottsblies-chen, léif (Gottes-) Mamm — s. léiweg — lieb haben, lieben, wird immer durch gär hun wiedergegeben — s. sub gär(en).
 
Léifchen N.: «Liebling» (C). [Bd. 3, S. 38]
 
Léiffra- -bettstréi N.: 1) «Dost» (Origanum vulgare); 2) s. Haartnol (beide Pflanzen gehören in den Krautwësch (s. d.)); -krautdag M.: «Mariä Himmelfahrtstag (15. August), an dem der Krautwësch (s. d.) gesegnet wird»; -ros(en)dag M.: «saisonbedingter Putztag» (z. B. vor der Kirmes, Ostern, an dem Hausfrauen mit Arbeit überladen und deswegen empfindlich sind, leicht rosen [s. d.] werden) — cf. Fraros(en)dag; -wëschdag M.: 1) s. Léiffrakrautdag; 2) s. Léiffraros(en)dag.
 
Léiffrächen (Dim. zu Léiffra) F.: a. «Unsere Liebe Frau»; b. «Kultstätte der L. in Kayl, wo die Muttergottes als Beschützerin der Bergleute verehrt wird, aber auch in andern Anliegen (viele Einzelwallfahrten)».
 
Léiffräches-hiel F.: eigentl. «Liebfrauenhöhle» — gedeutet als «Löwenfräuleinhöhle» in einer in Eich lokalisierten Sage, angeblich volksetymologischen Ursprungs. Die von de la Fontaine aufgestellte gelehrte Gleichung Léiffrächen-Kybele ist recht zweifelhaft (N. STEFFEN, Märchen und Sagen aus Luxemburg, 1835, 225; de la FONTAINE, Luxemburger Sagen und Legenden Nr. 118; GREDT, Luxemburger Sagenschatz, II. Auflage Nr. 128).
 
léiflech (lok. Esch-Alz. léiwelzeg) Adj.: 1) «lieblich» (Wb. 06); 2) «angenehm im Geschmack» (vom Wein).
 
Léifreg ON.: «Liefringen» — Dorf der Gem. Mecher, Kanton Wiltz — 99 — du Léifreger Gott — (Wortspiel) — s. Gott.
 
Léifstack M.: «Liebstöckel» (Levisticum) — Folkl. Pflanze aus dem Krautwësch (s. d.) wird nach der Segnung am Léiffrakrautdag entweder über die Tür der Schweineställe gehängt oder klein geschnitten unter das Viehfutter gemischt (gegen Viehkrankheiten) — s. Majhisstack, -kraut.
 
Léift F.: a. «Liebe» — Raa. d'L. bedréift — d'L. mécht e Maansmënsch domm an e Framënsch geckeg — d'L. keemol schléift — d'L. as grouss: si fällt esou gutt op e Kéidreck wéi op eng Rous — un der Léift an um Wand huet nach keen sech sat giess(t) — si liewe vun der L. — d'L. as eppes wéi e Stréifeier, an dat as geschwënn ausgebrannt — d'L. gät durech d'Kachdëppen — d'L. as dack kuurz, wann d'G(e)loscht gestoppt as — de Soff an d'L. féieren zou Scholdbréif — si liewe vun der L. an der (gudder) Loft — Ongléck an der Kaart (am Spill), Gléck an der L. — kal Hänn, warem L. — en as mat Loscht a L. un d'Aarbecht gaang — 't as keng L. zur (fir d') Saach do; b. «Geliebte(r)» — méng al (fréier) L. (meine alte Liebe) — komm danz mat dénger aler L. — dazu: brennend L. F.: «kalzedonische Kranzrade» — Zusset.: Afe-, Ege-, Eltre-, Fraë-, Geschwëster-, Houre-, Kaze-, Krëschte-, Mamme-, Stodenteléift — cf. verléift.
 
Léiken Plur. tant. «Hundszahn» (Rosport) — s. Quadden I, Padem Ugras.
 
Leilech N. — s. Läilech.
 
Léilecker M. — s. Léinhecker.
 
Léiler, Liler ON.: «Lieler» — Dorf der Gem. Heinerscheid, Kant. Clerf - 21.
 
Léimännchen M. — s. Léierchen.
 
Leimäerder M. — s. Neimäerder.
 
Léin I, Léinéi, Léini, Linn (Dim. Léinchen, Linchen) weiblicher Vorname: 1) «Helene» (s. auch Lounes, Lunnes, Hëlen); 2) «Magdalena»; 3) «Leonore»; 4) «Caroline» (s. Kräll sub 5).
 
Léin II (Nösl. Ling) F.: «Verleihen und Entleihen» — eist Geschir as ëmmer op der L. — mäi Messer heescht nët Léin (Wortspiel mit Léin I und Léin II) — spaßh., aber durchaus ernst gemeinter Zusatz: mä Mrei bleif hei — ähnlich léin mer déng Schéier — Antwort: méng Schéier heescht nët Léin, déi heescht Marei (Ton 2) bleif hei!
 
léinen Adj.: «tönern» — s. Léinen.
 
Léinen (Dim. Léinchen, Pl. Léinercher) N.: «Fäßchen aus Ton, Marketenderfäßchen» — dazu die Zussetz. Léinefäss-chen N.: «Weihrauchfäßchen aus Ton» (s. Éimaischen sub 1).
 
léinen (Echt. linnen, Nösl. lingen) trans. Verb.: 1) «leihen» — ech léinen der dat Buch — léin mer dat Messer, Gegenfrage: woufir? — Antwort: ech wëll der de Knapp vir un der Box ewechschneiden (wenn jem. auffällig die Hose vorn aufstehen hat) — wat än ewech léint, dat huet än nët méi — lingt mer mol eere Greef (Nösl.) — ich lingt däm näist (würde ihm nichts leihen) — geléint as nët geschenkt — e koum sech (do) wéi geléint vir (so unbehaglich in jener Gesellschaft) — léin mer emol eng Zigarett (gib mir eine Zigarette) — léin mer däi Meedchen (zum Tanz) — Abzählreim (an Knöpfen): kaaft, geléint, geschenkt, gestuel (cf. sub kafen) — zu jem. der oft etwas leihen möchte, dann aber das Zurückbringen vergißt: elo léinen ech Iech eis Kaz [Bd. 3, S. 39] (die kommt von selbst zurück); 2) «entleihen» — ech léine mer dat Buch — en huet Geld op säin Haus geléint — geléinte Geld léisst än nët rabbelen.
 
Léinert I männlicher Vorname «Leonhard» (6. November).
 
Léinert II M.: «jem. der Geld ausleiht» — dazu das Wortspiel mit dem gleichlautenden Heiligennamen: lo gi mer bei Zankt L. (d. h. zum Notar, der früher Geld auslieh).
 
léineschter (lok. léinster, léngster, l(i)inster) — s. éinescht(er).
 
Léinesonndeg M.: «Lehensonntag» — andere Bezeichnung für Buurgsonndeg (s. d.) — Folkl. der Name erinnert an die ausgestorbene Sitte der Lehenvergebung, die an diesem Tag besonders in den Moselorten Brauch war. Sie bestand darin, daß beim Fastenfeuer jedes einzelne Dorfmädchen einem bestimmten Burschen zur Kameradschaft und zum Schutz überwiesen wurde, unter der Verpflichtung gegenseitiger Geschenkgaben an bestimmten Feiertagen (HESS, Altluxemburger Denkwürdigkeiten, 1960. 343 f. — cf. HVk S. 252, 269).
 
Léinhecker, Léilecker, Lëllecker, Lëllhecken, Lonnekär M.: 1) «Geißblatt» (Lonicera periclymenum); 2) s. Juddesäl sub 2).

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut