LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Léisbech bis Lekschank, Léckschank (Bd. 3, Sp. 39a bis 41a)
 
Léisbech Bachname, Stellenbez. «Leesbach» (bei Simmern).
 
Léisi, Lousi, männlicher Vorname, Kurzform zu Aloys — s. Alluis.
 
Léischpelt ON.: «Livarchamp» (Grenzortschaft in der belg. Provinz Luxemburg).
 
léischt s. eréischt.
 
léisen (Osten und Nösl. lisen) Verb.: 1) trans.: «klären, entwirren» — e Problem, eng Grot (ein Rätsel) l.; 2) «auflösen» (eines festen Stoffes in einer Flüssigkeit) — dat léist sech am Waasser; 3) intr.: «Geld für Ware einnehmen» — wann d'Kanner Geld hun, da léisen d'Kréimer — dafür auch lousen (s. d.).
 
léislech Adj.: «lösbar» (von einem festen Stoff in einer Flüssigkeit).
 
Léisong F.: 1) «Lösung»; 2) «Losung» — s. Paroul.
 
léisslech, lässlech Adj.: «läßlich» — eng l. Sënn (eine läßliche Sünde).
 
Leister, Leischter (Echt. veraltet) F.: «Elster» — heute allgemein Kréi (s. d.) — cf. Läister, Elster.
 
Leit (phV. Ltb. 103, Dativ: Leiden neben Leit, Lëdden, Lädden, Lägden, Lëgden, LSA Karten 130, 170) Plur. tant. 1) «Leute» — L. vum Land (die auf dem Lande wohnen, im Ggs. zu Stieter, Stieds s. d.) — kleng L. (von niedrigem Stand) — grouss L. (Erwachsene) — néideg L. (hilfsbedürftige, arme Leute) — al L. (alte L.) — déi al L. waren och keng Daboën (unsere Vorfahren waren auch keine Dummköpfe) — ween sech nët no de Leide ka riichten, kënnt op der Welt schlecht ewech — maach wéi d'L. da gät et der wéi de L. — e gläicht de L. — schéi L., schéi Saachen — bei denen ale Leiden (meist bei den Alen) as ee gutt gehalen — en as gutt fir bei zwee aler L., déi hir Aarbecht selwer maachen (er ist sehr faul und träge) — 't muss een nët alles gläwe, wat d'L. soën — 't muss een d'L. huele wéi se sin — et versäit een sech nët méi wéi hanner de L. — en huet gutt L. (er hat Protektion) — en hat gutt L. un der (an der) Hand (gut gesinnte Menschen, auch: er hatte Protektion) — dann hat där gutt L. — gutt L. si besser wéi Geld am Sak — d'L. begéinen sech, d'Bierger nët — 't gesäit een un denen anere L. hire Biren (s. d.), wann séng (déi ägen) zeideg sin (man merkt, daß man altert) — jong L. kënne stierwen, al L. musse stierwen — wat leit de Mënsch, dofir heesche mir jo L. (volksetymologisches Wortspiel) — d'L., déi eppes hun (déi et maache kënnen), déi sech es gutt stin, déi sech réiere kënnen, stierwen nët aus — aus Kanner gët L. — d'Geld kënnt nët vun de weide, mä de genäe Leiden — gare, wann än an de Leiden hir beschasse Mailer fällt — elei richt et no Leiden (wenn jem. sich ungebührlich benommen hat) — mir komme gläich bei d'Duerf, hei richt et no L. — d'L. laache jo, wann se dat héieren — d'L. schwätzen all dervun — looss d'L. schwätzen — 't wor e Gesoots ënner de L. (ein Gerede) — déi al L. hun hire Baromett bei sech (z. B. Rheuma) — e kann sech nët méi bei de L. weisen (weil er sich gröblich vergangen hat) — e gät guer nët ënner d'L. (er ist menschenscheu) — et déng em gutt, wann e méi ënner d'L. kéim (er lebt zu sehr zurückgezogen) — wéi kënns du bei d'L.? (entrüstet zu jem. der unordentlich [Bd. 3, S. 40] gekleidet ist oder sich schlecht benimmt) — esou gät een nët ënnert d'L. (in dieser Aufmachung) — dee Kostüm do as nët méi fir bei d'L. ze goën — 't kann än nët méi mat em ënnert d'L. goën (so ungebührlich benimmt er sich) — d'Saach as ënnert d'L. komm (ist ruchbar geworden) — d'L. sin d'Haus kucke komm (Liebhaber, mögliche Käufer, Mieter) — e kënnt vu klenge Lëdden (ist von schlichter Herkunft) — kenns du déi kleng L. nët méi? (zu jem., der einen übersehen hat) — en hat vill L. (großen Zuspruch z. B. ein Wirt, ein Geschäftsmann) — e kennt séng L. (ist Menschenkenner) — wat läit mir un de Läit? (was kümmern mich die Leute?) — sou L. kënne mir gestuel gin — wat wëlls de hun? soën d'Leit, da gin s'engem näischt — e war esou hongreg, en hätt gären no de Leit gebass — d'Wieder as gutt, wiren d'Leit besser — Abl. Geleits N.: «niedere Leute» (C); 2) a. «Eltern» — séng L. waren dergéint — en as nawell frou mat anere Leits Kanner (mit jungen Mädchen); b. «Angehörige» — e schafft mat séngen ägene L. — äge L. muss een am Geschäft hun, dat as dat bescht; 3) «Gesinnungsgenosse» — 't muss ä jo eppes fir séng L. maachen — dat si sénger L. keng; 4) «Arbeitskräfte» — den Antreprënner fënt keng L. — sou e Knéckjhang, deen näischt fir séng L. iwwreg huet; 5) «Verheiratete» — en as zou de Leide komm (hat geheiratet) — mir musse kucke, fer datt et zou de L. kënnt — et kënnt nët zou de Leiden (sie findet keinen Mann) — déi jong L. (das Brautpaar); 6) «Mannschaft» (Mil.) — looss d'L. ewechtrieden (abtreten); 7) «Menge, Leute» — d'Leit hu sech (verlaf) verzunn — mir wunnen aus de L. (abseits) — d'Haus läit (as) zevill an de L. — aus de L. (abseits von der Menge); Zussetz. Maansleit, Fraleit (s. d.).
 
Leits- / leits- -bedréier M.: «Betrüger»; -beschësser M.: «Gewohnheitsverleumder» — L.,/ Alleswësser,/ Mitock éischter Klass an uerg,/ onjhenéiert,/ affrontéiert/ da's de Spéiss vu Lëtzebuerg (Clemen); -geheier M.: «lästiger Mensch, Quälgeist» — du klenge L. (zu einem kleinen, allzu lebendigen Kind); -geschwätz-, -gesoots, -gespréich N.: «unbegründetes Gerücht» — si koumen an d'L.; -kujenat F.: «Menschenplackerei»; -schei Adj.: «schüchtern» — dafür auch leitschei (C) — cf. bléid; -schënner M.: «Ausbeuter, Menschenschinder»; -getuddels N. — s. -geschwätz.
 
Léitchen M.: 1) Dim. von Lout (s. d.); 2) «ein Weniges, das Bißchen».
 
Léitkollef (Nösl. Li(tt)kollef) M.: «Lötkolben»; 2) «Nase» (spaßh.).
 
Léitsch, Lëtscheisen F.: «Instrument des Küfers zum Einsetzen der Faßböden» — dafür auch Lëtpoul (s. d.).
 
leitsen intr. Verb.: 1) «nach Menschen riechen»; 2) «menscheln» — wou Leit sech fannen, do leitst et (ihre Fehler, Schwächen treten dann zutage).
 
Léivillchen M. s. Léierchen, Léiweckelchen.
 
Léiw (Pl. Léiwen, Echt. Liff, Pl. Liwwen, Nösl. Liw, Pl. Liwen) M.: «Löwe» — en huet gebirelt wéi e L. — e war sou rose wéi e L. (er tobte) — de roude L. (als Luxemburger Wappentier) — roude L., waach, roude L. huel se! (politischer Kampfruf, während der Zeit von 1940 - 1945 — Losungswort).
 
Léiweckelchen, Léiweckerchen M.: 1) «Lerche» — s. Léierchen; 2) «Mundpfeife aus Metall, um das Trillern der Lerche nachzuahmen»; 3) Folkl. als selbstgemachtes Kinderspielzeug: a. aus einem zu beiden Seiten platt geschliffenen und ausgehöhlten Aprikosenstein; b. aus einem Schiefersteinchen, die Öffnungen mit dem Taschenmesser ausgebohrt.
 
léiweg (superlative Steigerungsform zu léif — s. d.) — Adj.: in Ausrufen der Verwunderung und der Entrüstung — o du léiwecher! — mäi léiwecher Trouscht! — du léiwecher Härgott! — dir méng léiwech(er)er Kanner!
 
Léiwemaul (Dim. Léiwemailchen) F.: «großes Löwenmaul» (Antirrhinum majus).
 
léiwen trans. Verb.: «lieben» (Ga) s. geléift — wien et gesinn huet, huet et misse léiwen (von einem schönen Mädchen) — sonst gär hun.
 
leiwen intr. Verb.: «stark, gediegen sein» (von Tuch, Stoff) — die Käuferin befühlt den Stoff zwischen Zeigefinger und Daumen und sagt: 't leift nët (es ist nicht stark) — cf. läiwen.
 
Léiwen ON.: «Löwen» (Stadt in Belgien) auch die frz. Form Louvain — eisen (scil. eise Jong) as zu Léiwen op der Schoul (Universität) — die Studenten der Universität Löwen heißen: di Léiwener. [Bd. 3, S. 41]
 
Léiwéng ON.: «Livingen» — Gem. Röser, Kant. Esch-Alz. — 499. — Wortspiel: L. Géiwéng.
 
léiwer s. sub léif 1) Kompar. zu gär; 2) Nom. in arch. Liedformen.
 
Leiweskraaft F.: «Stärke» (meist im Pl. Leiweskräften) — aus alle Leiweskräften (mit seiner ganzen Kraft).
 
Leiwung F.: «Leibung» (Fensterrahmen).
 
Lejant F. (Ton 2) s. Legend — frz. légende.
 
leken, lécken trans. Verb.: «glätten» (die Haut, das Leder — Schusterspr.).
 
Lekholz, Léckholz N.: «Glättholz» (des Schusters).
 
Lekschank, Léckschank F.: «Glättkolben».

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut