LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Lienschësser bis Liewe(n)smidd (Bd. 3, Sp. 48b bis 50b)
 
Lienschësser M.: 1) «mit Durchfall behafteter Mensch»; 2) (lok. Echt.) «Angsthase» — cf. Dënnschësser, Schliichteschësser.
 
Lies F.: 1) «Wein-Obstlese» (für Weinlese auch: Drauwelies); 2) «Lesekörbchen»; 3) «Obstbrecher»; 4) «frühere Lesegesellschaft» (in Luxemburg-Stadt) — dafür spaßh. de versoffene Rousekranz oder de Versoffenen; 5) «Lokal der vorgenannten Gesellschaft»; 6) «Kreuzgewebe» (Wb. 06).
 
liesen (cf. Ltb. 24 — Nösl. Ind. Präs. ich liäsen, du liäss, hä liässt — Ind. Prät. luss — Konj. Prät. liss — Part. Prät. geliäsen) trans. Verb.: 1) «lesen» (Geschriebenes, Gedrucktes) — e kann nët l. an nët schreiwen — hie liest nach ouni Brëll — kanns de nët liesen? (zu jem., der einen Text nicht verstanden hat) — e ka séng äge Schrëft nët l. — e schreift wéi e Schwäin, 't kann än et nët l. — hatt liest d'Bicher vun hannen (beginnt mit dem Schluß des Buches, um den Ausgang zu erfahren) — hie liest vijhenzeg an hannerzeg, 't as him egal — dee ka l. a schreiwe wéi en Affekot — vum Blat l. (Noten vom Blatt) — eng Kaart l. (eine Landkarte) — aus der Hand (aus de Stäre, aus dem Kaffismar) l. (die Zukunft aus der Hand, den Sternen, dem Kaffeesatz lesen) — tëscht de Reie l. — engem de Kapitel (d'Lewitte s. d.) l. (Moralpredigt, Standpauke halten) — kanns de dat l.? (beim Kartenspiel — siehst du diese Karten, du bist verloren) — substantiv. Liesen N.: «Lesen» — d'L. vergeet der, wann d'Kanner jäizen; Abl. Gelies N.: «andauerndes Lesen» — wat as dat e G., géi schaff eppes!; 2) «die Wein- oder Obsternte abhalten» — haut fänken se un der Musel un ze l. (beginnen mit der Weinlese) [Bd. 3, S. 49] — Äppel l.; 3) «sondern, sortieren» — Lënse l. — meist sënneren (s. d.).
 
Lies- -bändel M.: «Seil, mit dem man den fertiggewebten Strang zubindet» (beim Leineweber: mit dem man die Ketten zubindet); -briet N. s. Wierpbriet; -biitchen F.: «kleine Lesebütte» (in welche die Trauben gelesen werden); -buch N.: «Lesebuch» (bes. das deutsche Lesebuch der Schulkinder); -këscht F.: «einer der viel liest, Bücherwurm»; -kuerf M.: «Pflückkorb»; -maschin F.: «leidenschaftlicher Leser»; -mass F.: «Stillmesse»; -sall M.: «Lesesaal»; -zäit F.: «Zeit der Wein- und Obsternte».
 
Lieser M., Liesesch F.: 1) «Leser (in)» (von Zeitungen u. ä.); 2) «Leser(in) bei der Weinlese».
 
liesereg Adj.: «zum Lesen aufgelegt, geneigt» — 't as mer haut nët l. — dafür spaßh. lieserlech (s. d.).
 
lieserlech Adj.: «leserlich, lesbar» — en huet eng l. Schrëft.
 
Lieserloun M.: «Lohn der Weinleser».
 
Lietsch (Leetsch Echt.) F.: «Schankbude oder improvisiertes Zelt auf Jahrmärkten, Messen, bei Waldfesten und Holzauktionen, Versteigerungen».
 
lieweg Adj./Adv.: 1) «lebend, lebendig» — eng l. gelleg Maus — 't war keng l. Séil méi am Haus — 't war keng l. Fatz méi un de Schong (die Schuhe waren ganz abgenutzt) — en huet sech an d'liewegt (auch: lebendegt) Flääsch geschnidden — da gët et kä liewege (lebendege s. d. sub 3) Rot (auch kä lieweger, lieweges Roots — dann gibt es Schelten und Strafe) — e liewege Portri (lebensähnlich) — 't war fir l. ze erkalen — substantiv. Liewegt N.: «das Lebendige» — cf. Liewen sub 2 — dat L. am Huff (der innere Teil des Pferdehufes) — dat L. am Ä (der Keim im Ei — s. Kéng) — sou bal et un dat L. gät, muss een sech wieren (sobald es lebensgefährlich wird, an das Leben geht) — dazu: Liewegen, Liewechen Pl. in der Ra.: en hëlt et vun de L. (er läßt sich teuer bezahlen) — spaßh. Zusatz: vun den Doudege kritt een näischt; 2) «lebhaft» — e liewege Jéngelchen — eng l. Gesellschaft — op ämol sin se l. gin — séng Min as mer nët l. genuch — wéi en dat héieren huet, as en op ämol l. gin (hat aufgemerkt, Interesse bekommen) — eng l. Faarf — e liewege Stoff(t) (Stoff, der sich beim Bügeln nur schwer in Falten legen läßt) — eng l. Musek — e liewegt Bild.
 
liewen intr. Verb.: 1) «leben» (im Gegensatz zum Totsein) — 't lieft än nëmmen eng Kéier (sagt man, um eine vielleicht unnütze Ausgabe zu rechtfertigen) — dee laang lieft, gët al — sou eppes lieft nët méi (Ausruf des Staunens, der Entrüstung), dazu der spaßh. Zusatz: sot d'Fra, du stong se beim vreckte Fierkel — e lieft an den Dag eran (sorglos in den Tag hinein) — liefs de nach? (zu einem, den man lange nicht mehr gesehen hat) — Antwort: wéi s de gesäis! — 't muss ee liewen a liewe loossen — ech sen däint liewes a stierwes (lebend und sterbend, treu [ergeben] bis in den Tod) — e kann nët l. an nët stierwen (von einem Schwerkranken) — lo hues de gelieft (spaßh. Drohung) — déi huet gelieft (etwa von einer Tasse, die am Boden zerschellt) — s. ausgelieft; 2) mit Bezug auf den Unterhalt, den Erwerb — si liewe vun der Loft (sind erwerbslos) — wouvu liewen déi Leit? — e lieft vun der Hand an de Mond, aus der Hand (s. d.) an den Zant — e lieft vun haut op mar — 't lieft een nët vun der Aarbecht, mä vum Profitt — se hun ze wéineg fir ze l., an ze vill fir ze stierwen — déi Leit hun ze l. (sie kommen gut aus) — wouvunner liefs de dann? Antwort: vun der Loft an de gudde Mäifel; 3) mit Bezug auf die Lebensweise — e lieft iwwer séng Mëttelen — l. wéi de Vull (Villchen) am Kueref (am Fluessgaart, am Fluesstéck — sorglos) — l. wéi de Fësch am Waasser, wéi d'Maus an der Specksäit — deen huet gelieft! (hat ein flottes Leben geführt) — dee lieft ze séier (führt eine ausschweifende, seine Gesundheit gefährdende Lebensweise) — si liewe wéi déi kleng Leit a si frou, wann se d'Enner zesumme kréien — hie lieft ouni Suergen — wuerfir solle mer nach schlecht l., 't as genuch, datt mer arem sin (iron.) — si liewe wéi Mann a Fra (in wilder Ehe — spaßh. Zusatz: awer vill besser) — hatt lieft mat deem — e lieft an de Wollécken — e lieft schon an där anerer Woch — e lieft an d'Dausend (d'Honnertdausend, an den Dag) eran — lo musst der zesumme [Bd. 3, S. 50] l. a striewe, Kanner! (Vater zu den heiratenden Kindern).
 
Liewen (lok. Lewen, Nösl. Liäwwen) N.: 1) «Leben» (im Gegensatz zum Tod) — sief frou, datt s de d'L. hues (es hätte dir schlimmer ergehen können) Zusatz: du kriits et nët méi — si huet d'L. gespiirt ('t wor scho L. do — vom Fötus im Mutterleib) — d'L. war ausgestuerwen (von Pflanzen, vom Tierfötus) — 't L. hänkt un engem Zwierschfuedem — looss dat sin, du spills mam L. (Warnung) — op d'längst L. verschreiwen (Testament auf den Überlebenden) — d'Kazen hun en zéit L., daher: en huet e L. wéi eng Kaz — op L. an Doud — en as zu L. bliwwen — en as ëm d'L. komm — du riskéiers däi L. — en huet säi L. an d'Schanz geschoss — dee Portri as nom L. gezeechent — en as mat Läif a L. derbäi — en huet L. a Läif drugewot; 2) «Gefühl, Tastempfinden» — ech hu kä L. méi am Fanger (gefühllos) — d'L. am Päerdshuff (im innern Teil des Hufes) — cf. lieweg sub 1); 3) «Lebensunterhalt» — hie verdéngt säi L.; 4) «Lebensweise» — dat wor der e L. — e L. wéi Gott (de) Vatter am Frankräich, wéi de Poopst zu Roum, wéi den Hunn om Fruuchtkaascht, wéi en (e jongen) Hond (s. d.) ouni Fléi — e mécht engem d'L. sauer — dat as kä L. méi — dat wor jo kee L. méi, wat déi arem Fra bei deem do hat — wat e L.! (klagend); 5) «Lebensinhalt» — dee Jong war hiirt L. — e konnt et nët verquëssen, datt e säi Beruff huet missen opgin, 't war jo säin halleft Liewen — ech spille fir mäi L. gär Kaart (sehr gerne, mit Leidenschaft) — d'Kaartespill (de Kino, den Tubak) as säi L.; 6) «Lebenszeit» — e laangt, e kuurzt L. — huet een an der L. an der Do (ee säin Do a säi L.) sou eppes héieren? (jemals) — du hues dénger L. nach näischt esou gesinn — e gët sénger L. nët fäerdeg mat Bezuelen — sou eppes maachen ech ménger (mäi) L. nët méi — en huet sénger Liewen (säi Lebbchesdag) nach kee Streech geschafft — d'L. as eppes wéi eng Héngerleder, kleng a beschassen oder wéi e Kannerläpp, kuurz a beschass; 7) «Lebendigkeit, Bewegung» — wéi eng Kéier Kanner do waren, du koum L. an d'Bud — wat as dat haut dobausse fir e L.; 8) «Lebenswille» — 't as kä L. un (an) em (er hat keinen Lebenswillen) — en huet kä L. u sech.
 
Liewe(n)s- / liewe(n)s- (meist mit ausgefallenem n) -aart F.: 1) «Lebenshaltung» (im guten Sinne, geordnete Lebensführung mit besonderer Betonung des Erwerbssinnes); 2) «gutes, zuvorkommendes Benehmen, Manieren» — en huet keng L. (weiß sich nicht zu benehmen); -beschreiwong F.: «Lebensbeschreibung, Biographie»; -frou Adj.: «lebensfroh»; -geféierlech Adj.: «lebensgefährlich»; -gefor F.: «Lebensgefahr» — en as ausser L.; -gréisst F.: «Lebensgröße» — en huet sech a L. mole gelooss — auch Maansgréisst (s. d.); -laf M.: 1) «Lebenslauf» — dat as esou de L. (so ist das Leben); 2) «unfreundliche Seite des Lebenslaufs, geheime Sünden» — de Geescht huet em de L. ausernä gesat (hat dem Exorzisten seine geheimen Sünden vorgeworfen) — (cf. GREDT, Sagenschatz II. Aufl. — Nr. 257, 264, 756, 758 — verbreitetes Sagenmotiv); -länglech Adj.: «lebenslänglich» — eng l. Rent — e krut l. (wurde zu lebenslänglicher Gefängnishaft verurteilt) — léiwer l., wéi bestuet (spaßh.) — l. bestuet an éiwege Galéi (unglücklich verheiratet) — se hun sech op l. alles gin (haben gegenseitig dem Überlebenden alles verschrieben — cf. op d'längst L. — s. Liewen sub 1); -lëschteg Adj.: «lebenslustig»; -loscht F.: «Lebenslust»; -mëttel Plur. tant. «Lebensmittel» — dazu: -mëttelkaart F.: «Lebensmittelkarte»; -midd Adj.: «lebensmüde» — 't gët ee jo l. (dafür auch des Liewe(n)s midd);

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut