LWB Luxemburger Wörterbuch
 
bis Mannskraut (Bd. 3, Sp. 73a bis 77a)
 
M (gesprochen εm) 1) der Name des Buchstaben M — e groussen, e klengen Em — mer sin ewell beim Em — mer hun haut an der Schoul Ëme, Emme gemaacht; 2) Summton ma. kurz gesprochen «abweisend, unwillig»; b. moduliert: «als halbe Billigung oder gleichgültige Zusage» — gi mer e Patt huelen? — Antwort: m, woufir nët? — m, mer kënnten eppes Schlëmmeres ënnerhuelen; c. lang gezogen (höhere Tonlage) «genießerisch» — m-m, m-m, wéi séiss! d. doppelt gesprochen (tiefere Tonlage) für «nein» — gi mer ? mm; e. gezogen mit Nüancierung, etwa: mhm als Zusage «ja».
 
ma Interjek. 1) kurz, emphatisch, abweisend — ma! (keineswegs) — huet en der déng Suën erëmgin? Antwort: ma! — ma, ech hale wuel jo (es fällt mir nicht ein!); 2) Verstärkungspartikel im positiven oder negativen Sinn — ma wärrech (wahrlich) — ma jo (Ton auf jo «gewiß», Ton auf ma «nun ja») — ma neen (gewiß nicht)— ma grad (gerade) — ma lo nawell grad — ma glat nët (gar nicht) — ma dach (ja doch) — ma gewëss («sicherlich», Ton auf gewëss — auch iron.: «keineswegs», Ton auf ma) — ma tät (aber doch) — ma jëmmen, jëmmenéche, jëmmejo, jëmmen-nët-nach (Ausruf der Verwunderung, bes. bei einer unangenehmen Überraschung) — ma jëmmen dach (leider) — ma gsäi (sieh doch einmal an) — ma so mol (protestierend: nun sag mal) — da kriss de ma gelift (statt wat gelift) gesot (da kommst du schön an) — mamaini (Ton 2), mamäini (Ausruf der Klage); 3) Konjunkt. (Gegensatz, Einschränkung, Einwand — cf. awer sub 1) - 3) neben(frz. mais) «aber» — e wollt nach bleiwen, ma du krut en eng Depeesch, e misst gläich erëmkommen — wat hues de géint mech? Antwort: ma glat näischt.
 
Maach F.: «Bearbeitung, Mache» (von einer unfertigen Arbeit) — wéinéi kréien ech méng Schong? Antwort: hief Gedold, se sin (nach) an der M. — wann et eemol an d'M. kënnt (sobald einmal damit begonnen ist) — wéi as et mam Freier, Gréitchen? Antwort: deen as nach an der M. — dazu die Abl. Maacherei F. (s. d.) — Zussetz. Maacherloun M. (s. d.)
 
maacheg, maachig (Echt.), meecheg (Grevenmacher) Adj.: «vermächlich, geziert» — m. wéi all näist Gouts.
 
maachen, ma(ë)n, mäten (selten) — s. LSA Karte 19 und 20 — trans./refl. Verb.: 1) «machen» (Allerweltswort — zustandebringen, verursachen, daß etwas geschieht, daß etwas zustande kommt) (Ind. Präs. du méchs, hie mécht, Ind. Prät. ech mouch (selten), Konj. ech méich, du méichs, hie méich, mir méichen, dir méicht, si méichen, Part. Prät. gemaach(t), gemät (Westen), gemeet; Mosel: hie meet, Konj. ech miich, miet, hie mät (selten); Nösl. ma:çen, man; Prät. ich muç, moux, mouç, mox, Konj. ich miç, Part. Prät. gemat, gemaaçt — engem e schlechten Numm m. — eng Kur m. — Schold m. — Plange m. (Pläne schmieden) — do hues de e Feler gemaacht — e wollt e Witz m. — eng Bekanntschaft m. — engem Komplimente m. — eng gutt Parti m. — Karriär m. — d'Käs m. (die Kasse überprüfen) — Féischte m. (schmeicheln) — den Hond mécht de Männchen — hien huet och rëm séng Männercher gemaacht (s. Männchen) — e Gedéngels, Gedäässems, Geschichte, Zodi, (vill) Geschnëss, Jhimmi, Fisemattente m. — spaßh.: en dommt Gesiicht an e gudden Androck m. — maach emol Plaz — maach keng Uerzen (s. d.) — maach keng Dommhäten — engem et Angscht m. — e Versuch m. — du hues e relles (s. d.) gemaacht (anderen Sinnes gemacht) — lo gët Mëtteg gemaacht — mir hu scho Feierowend gemaacht — Ra. en huet em den Danz laang gemaacht (hat ihn hingehalten, warten lassen) — mit prädikativem Adjektiv zum Objekt: eppes glat m. (glätten) — eppes propper m. (reinigen) — eppes gutt, eppes schlecht m. (gute, schlechte Arbeit leisten) — ee kal m. (töten) — ee warem maachen (in Wallung bringen, erregen) — ee schlecht m. (verleumden) [Bd. 3, S. 74] — schwaarz m. (schwärzen, auch übtr.) — fäerdeg m. (fertigstellen, auch jem. erledigen) — maach d'Päerd nët schei (scheu machen, zum Scheuen bringen) — d'Bett voll m. (füllen, Körperfülle, auch: Notdurft ins Bett machen, meist von Kranken gesagt) — mir wëllen emol gesi, wat fett mécht (drohend, auch spaßhaft: wir wollen sehen, was daraus wird) — engem eppes wäis m. (jem. glauben machen) — sech schéi m. (sich gut kleiden, frisieren, bei Tieren: die Nachgeburt ausstoßen) — fir et kuurz ze m. — sou eppes mécht mech krank (kränkt mich, ärgert mich, bereitet mir Sorge) — et schrëftlech m. (schriftlich niederlegen) — ee glécklech, (onglécklech) m. — ee séileg m. (froh stimmen, auch: betrunken machen) — dat Gespréich mécht ee rosen — d'Kanner man ee verréckt mat hirem Kaméidi — sou eppes Gutts mécht engem de Mond wässereg (gierig nach) — Geschir futti m. (zerbrechen, zerstören) — eng Fläsch eidel m. (leeren) — engem den Damp warem m. (jem. einheizen) — d'Liewe sauer m. (jem. das Leben versauern) — et gutt m. kënnen (sich leisten können) — Ggs. et nët, schlecht m. kënnen — e gutt (schlecht) Geschäft m. — blo m. (blau färben, übtr. feiern, trinken gehen statt zu arbeiten — cf. bloe Méindeg) — engem Bä (Fliichte) m. (drohend: jem. Beine Flügel machen) — eng Box méi enk m. (Hose enger machen, verengern) — machen aus: dee mécht aus näischt eppes — aus enger Méck en Elefant maachen — hie mécht aus alles eppes (kann alles gebrauchen, auch: er ist sehr tüchtig, Handarbeiten) — en daagt näischt, mä hie weess eppes aus sech ze m. — e mécht sech eng Freed draus fir déi aner Leit rosen ze maachen — machen zu: ech hu mer dat zum Prinzip gemaacht — en huet alles zu Geld gemaacht — maach bei en (schlage fest zu, zögere nicht) — e mécht bei en ewéi den Éim bei d'Moum, wéi den Hoss bei d'Gääss (er schlägt tüchtig zu — cf. Breger); 2) «tun» — wat méchs de do? — ech maache, wat ech kann — ech hu mäint gemaacht, maach du däint — ech muss all déi dreckeg Aarbechte man — mat deem Loun mécht ee keng grouss Spréng (Sprünge) — eng Rees m. — ech weess nët, wat ech maache soll — ech ka maache, wat ech wëll, et gléckt mer näischt — e mécht et express (böswilligerweise) — maach déng Saach gutt — dat as gemaacht, dat do wir gemaacht (ist bereits getan, auch: das ist eine gute Arbeit, Leistung) — e mécht soss näischt wéi Larifari, wéi Dommhäten — wann ech et nët m., wie soll et da man? — Sprww.: wie näischt mécht, die näischt brécht — sou wéi een (sech) et mécht, sou huet een et (jeder ist seines Glückes Schmied) — jhenéier dech nët, maach wéi wann s de doheem wiers (ziere dich nicht, tu wie zu Hause); im bes.: 3) «zubereiten, kochen» — d'Zopp, d'Iesse m. — Kaffi m. — Boune m. (Bohnen zum Essen herrichten) — wat maache mer dann de Mëtteg fir z'iessen? — maach dem Kand séng Fläsch; 4) «reinigen, ordnen, herrichten» — mer mussen dat Zëmmer nach m. — mir hun d'Stuff frësch gemaacht (neu tapeziert und getüncht) — hues de d'Better gemaacht? (die Betten gemacht?) — Ra.: wéi ee sech d'Bett mécht, sou schléift een (wie man sich bettet, so schläft man) — ech hun d'Kummeren nach all ze maachen (die Zimmer noch alle zu ordnen, zu reinigen) — de Baart m. (rasieren) — d'Hoer m. (Haare kämmen, frisieren) — hatt muss nach Toilett m. — lo wäers de gesinn, dat man ech geschwënn an d'Rei (bringe es schnell in Ordnung); 5) «herstellen» — Botter m. — Zoossiss m. — Wäi m. — Hä m. (heuen) — eng Foto m. (photographieren); 6) «anfertigen» — de Schouschter mécht Schong — ech hu mer e Kostüm m. loossen — d'Medercher hu sech Poppen aus alem Stofft a Fatze gemaacht (die Mädchen haben sich Puppen aus Stoffresten angefertigt) — Poppe m. (Weberei: die Spulen bereiten, umwickeln) — soss hu mer äis Bäll aus Stofft gemaacht (aus Stoffresten Spielbälle verfertigt) — ech loosse mer méngt Gezei all m., méng Schong beim Schouster m. (nach Maß) — eng Biitche m. (Käselaibe machen — Ga) — Fäsche, Schanze m. (Faschinen binden) — Holz m. (im Walde Holz schlagen, auch: Holz zerkleinern — dafür auch kleng Holz m.) — si hu kleng(t) Holz gemaacht (sie haben [im Ärger, im Trunk] alles kurz und klein geschlagen) — en huet alles selwer gemaacht (selbst angefertigt) — se sin am Gaang eng nei Strooss ze m. (eine neue Straße zu bauen) — se hun e Gruef laanscht d'Haus gemaacht (einen Graben ausgeworfen) — wann um Duerf ee stiirft, maachen d'Noper d'Graf (die Nachbarn schaufeln das Grab, wenn jem. im Dorf [Bd. 3, S. 75] stirbt) Raa.: schéi Leit hu schéi Saachen, wat se nët hu, loossen se sech maachen — d'Welt as nët an engem Dag gemaacht gin (zu jem. der allzu sehr drängt); 7) «zeugen» — en huet em (dem Meedchen, der Fra) e Kand gemaacht — dat mécht mer och nach kee Jongen (das kann mich nicht aus der Ruhe bringen) — du méchs mer och nach kä Jongen (du machst mir auch nichts vor) — e kann nët derfir, en huet sech jo nët selwer gemaacht; 8) «coire» — engem et m.; 9) «erwählen, ernennen» — wien huet dech da Burgermeeschter gemaacht? — en as Chef gemaacht gin — si hun e Minister gemaacht; 10) im Passiv: «taugen, geschaffen sein (für)» — en as nët fir Professer, Geeschtleche gemaacht — e wor nët derfir gemaacht (wenn jemand aus dem Beruf austritt, im Beruf unzufrieden oder erfolglos ist); 11) «vereinbaren» — wat se am Comité gemaacht hun, wäerde mer scho gewuer gin; 12) «bewirken, verursachen» — deen décke Bauch, dat mécht de gudde Kascht — dat vill Saufe mécht eng rout Nues — dat mécht d'Saufen (scil. rout Nues, Krankheet) — e Geck, en Af mécht der honnert — wann s de keng aner Säten opzéis, da méchs de nët méi laang Mëscht hei (wenn du dich nicht besserst, wird deine Aufführung deine Entlassung bewirken) — wat hun déi e Spektakel gëscht den Owend gemaacht — Ra. dat mécht der Kaz kee Bockel (s. d.); 13) «erwerben, gewinnen, bekommen» — Geld m. — e Verméige m. — de Su m., Suë m. — de boren Drot m. — e mécht (scil. Geld) wéi Hä — de Bauer mécht (scil. vill Geld) — de Garçon mécht vill Drénkgeld; 14) «abwiegen, abmessen» — maacht mer nach e Pond Kaffi (wiegen Sie mir noch ein Pfund Kaffee ab) — maacht mer nach e Meter vun deem Stofft; 15) «betragen, ergeben, ausmachen» — dat mécht jhust honnert Frang — wéivill mécht dat? — dat maache genée zéng Meterkaree — dat Schwäi mécht séng honnert Kilo — ech maachen elo bal zwéin Zenner (ich wiege fast zwei Zentner); 16) «zurücklegen» (Weg, Strecke) — an engem Dag hu mer de Wee vun hei bis op Zürich gemaacht; 17) «ausführen» — mir hun alles an engem Dag gemaacht — d'Welt gouf och nët an engem Dag gemaacht; 18) «anbieten, vorschlagen, errechnen» — wat fir e Präis huet en der gemaacht? — en huet mer e gudde Präis gemaacht; 19) «verfahren, anstellen» — ech weess nët, wéi ech et nach m. soll a kënnt — et kann een nët all Mënsch et recht m. — mengs de, mat mir kënns de m. wat s de wëlls? — ech weess nët, wat ech mat der (mat deem Kand) m. soll (drohend) — ech weess nët méi, wéi ech dat m. soll (wie ich mich dazu anstellen soll) — ja, ech froë mech, wat gi mer do m.; 20) «einbringen» — dat huet der och keng Éier gemaacht — sou eng Opfouer mécht der sécher och nach laang kee gudde Numm; 21) «Körperteile in der Lage verändern» (auf Fähigkeiten und Handlungen bezogen) — engem Aë m. — en huet Aë gemaacht wéi e gekockelte Wäissfësch, wéi e gestachene Bock, wéi e Felddëppen (große Augen machen, erstaunt, erschreckt sein) — dee wäerd nach Aë man (wird sich noch wundern) — engem laang Bä m. — sénge Suë Bä m. — eng Bloder m. (kränken) — e Bockel m. — engem e Fanger m. — eng Fauscht m. — e frëndlecht, béisst, verdrësslecht Gesiicht maachen — eng laang Nues m. — e schiwe Mond m. — engem Ouere m. — eng Schnuffi, Schnuffnees-che m.; 22) «etwas machen, darstellen, ausführen» (durch Zeichnung, Schrift) — lo maache mer mol e Männchen (Mutter zum Kind, wir zeichnen ein Männchen) — maach mol eng Kaz (zeichne) — da maach emol en I op d'Lee — maach e Stréch (ziehe einen Strich) — übtr. maach e Stréch (s. d.) drënner — nu maach e Ponkt (auch übtr.) — hues de déng Aufgab gemaacht?; 23) «Rolle spielen» — en huet den Neklos ganz gutt gemaacht — wie mécht dann den Housécker? — hien huet den Af gemaacht (Spaßmacher); 24) «Eindruck machen» — wéi mécht dat? (welchen — guten oder schlechten — Eindruck muß das erwecken?); 25) «passen» (iron). — du méchs gutt do! — (cf. Landschaft); 26) in den Wendungen: all Mënsch mécht de Geck mat him (hält ihn zum Narren) — du solls de Geck nët mat dem Meedche m. — ech loossen deen een awer nët mat mer m. (lasse mich nicht verspotten — Nösl.) — maach de Geck mat déngen ale Schlappen (Schong — verärgert, wenn man sich verspottet glaubt); 27) «Notdurft verrichten» (von Ausscheidungen) — eng Baach (s. d.), eng Musel (s. d.), Kacka (s. d.) m. — d'Kënni huet e Biirche, Ba gemaacht — en huet an d'Box gemaacht (vun Angscht) — séng Saach m. — eng [Bd. 3, S. 76] grouss, kleng Kommissioun (s. d. sub 4)) m. — an d'Bett m. — ënner sech m. — Ra. du méchs nët hanner mech wëi hanner eng Heck (mich betrügst du nicht); 28) «einen Laut hervorbringen» — d'Kou mécht mu — den Hond mécht wauwau — wéi mécht den Hunn? (Mutter zum Kind) — e mécht nët vill Wierder (er spricht nicht viel — übtr. er zögert nicht) — wat huet elo esou (elle) gemaacht? (ängstliche Frage — cf. sub 2); 29) «regnen» (Wirkung) — et huet naass gemaacht; 30) «veranstalten» — si maachen eng grouss Hochzäit — mir maache keng Hochzäit — mir maache keng Kiirmes — si hun en déckt Iesse gemaacht — Ra. wien et m. kann, hält en Hond (s. d. sub 1); 31) Imperativ (drohend): nu maach (awer)! (nun, paß ja auf) — maach, wann ech dohinner kommen! — maacht, datt d'Kirech (s. d. sub 2) am Dueref bleift! maach, dass d'ewech kënns!; 32) elliptisch: du kanns m. (Nösl. — trau dich nicht!) — maach! (sieh dich vor!); 33) refl. a. «sich ergeben, sich fügen, vorkommen» — wann eppes sech wëllt m.(wenn etwas vom Schicksal so gewollt ist, oft von einer Ehe gesagt); b. «sich verstellen» (heucheln) — en huet sech nëmmen esou gemaacht — dat (scil. Meedchen) ka sech m. wéi eng helleg Madonna — e mécht sech dach nëmmen esou — maach dech nët esou — en huet sech krank gemaacht — e mécht sech wéi eng krank Laus, wéi eng Eil — maach dech nët sou déck, sou domm — e mécht sech de schéine Männchen; c. «sich passen» (passend sein) — dat mécht sech nët; d. «sich kränken, sich Sorgen machen um etwas» — en huet sech vill draus gemaacht — ech maache mer näischt dorausser — maacht iech näischt ze din, et wäerd schons an d'Rei gon (sorgt euch nicht, es wird schon klappen) — maacht iech näischt ze din (fallet nicht darauf herein) — maacht iech kee Kappzerbrieches; e. «sich machen» — dat mécht sech (geht in Ordnung) — 't mécht sech (entwickelt sich, körperlich und geistig gut); f. «sich entfernen» — maach dech ewech! (hau ab!) — maach dech fort — maach dech dénger Wee! — maach dech mer aus de Féiss! — si hu sech aus dem Stëbs gemaach(t); Verbadj.: gemaacht — hie kënnt an e gemaacht(ent) Bett (s. d. sub 1) — elo as hien e gemaachte Mann (in gesicherter Stellung) — hien as frou mat där gemaachter Aarbecht (mit der bereits fertiggestellten Arbeit).
 
Maacherei F.: «Pfuscharbeit».
 
Maacherloun M.: «Macherlohn» — de M. as méi deier wéi d'Stofft.
 
maaj(h)ee in der Ra.: m. Fripong — s. Fripong — frz. mangez.
 
Ma(a)jhi M.: «Suppenwürze der Marke Maggi».
 
Ma(a)jhis- -fläsch F.: «Flasche mit »Maggi« — Suppenwürze und diese Flasche selbst»; -goût M.: «Geschmack nach Suppenwürze»; -stack M. s. Léifstack; -wierfel M.: «Suppenwürfel Maggi»; -zopp F.: «Suppe mit Suppenwürfel» — ech halen nët vill op déi Ma(a)- jhiszoppen — 't gouf alt nees M.
 
Maandel (Nösl. Mandel) F.: 1) «großer, länglicher Wäschekorb» — eng M. voll — et rechent ä mat Maandelen (Maandlen) an 't verkääft ä mam Zenner; 2) «große Menge» — déi hu Maandele voll Kanner — si hu Geld mat Maandelen.
 
maandel(e)weis Adv.: «in großer Menge» — m. hu se Uebst op d'Mëscht geworf an de Kanner emol nët en Apel oder eng Bir vergonnt.
 
Ma(a)ng(el) F.: «Mange(l)» — duurch d'M. loossen (durch die Wäscherolle drehen).
 
Maangel (Nösl. Mangel) M.: 1) «Gebrechen» — deen huet d'Maangelen allen dräizéng (sämtliche Gebrechen) — s. Hellech(t)smaangel, Kinnekmaangel — cf. bitzen sub 1); 2) «Mangel» — duerun as kä M. — 't as kä M., datt en déi Aarbecht méich (es hat keine Not, daß er die Arbeit übernimmt) — ellipt. 't hatt kee M. (Nösl. es ist nicht zu befürchten).
 
maangen intr. Verb.: «seltener werden» — d'Äer fänken un ze m. — — cf. mang, manken sub 2).
 
ma(a)ng(el)en trans. Verb.: «mangeln» (durch die Wäscherolle drehen) — cf. Ma(a)ng(el).
 
maans (Nösl. manns) Adj.: 1) «erwachsen, stark, kräftig, mannhaft» — a. von Menschen — är Kanner si scho m. — m. an äerdeg (zur Pubertät gelangt) — wann déi Borschte m. a mauseg gin (in den Lümmelsjahren sind) — dat Meedchen as m. genuch, fir ze wësse, wat et mécht — de Jong as scho m. genuch, fir an de Wéngert kappen ze goen; b. von Tieren und Sachen, in der Bed. von «groß, dick, ausgedehnt» — e maanssen Hues, Hiecht — eng m. Schmir (großes Butterbrot) [Bd. 3, S. 77] — de Kack (s. d. sub 2) huet eng m. Längt; 2) «vorlaut» — nu gëf nët m.! — cf. maanzeg.
 
Manns-/ maans- -aarbecht F.: «Männerarbeit» (nicht für Frauen); -alter M.: «Mannesalter» — en as am beschte M. gestuerwen; -blutt N.: «Heldenblut» (C) — cf. Maansmutt; -box F.: «Männerhose» — von einem mannstollen Frauenzimmer heißt es: 't wär gutt an eng M. gefiddert; -geck M.: «mannstolles Frauenzimmer»; -geckeg Adj.: «mannstoll»; -gedenken N.: «Menschengedenken» (soweit der Menschen Gedächtnis reicht — lok. Bettborn). -gras N.: «Blattlos, Bruchkraut, Tausendkorn» (Herniaria glabra) — Volksmedizin: soll bei Leistenbrüchen heilsam wirken (C); -gréisst F.: «Mannsgröße»; -häerz M.: «Männerherz» — ech weisen, datt ech e M. hun, sot de Mann, du huet en sech ënner d'Bett verkroch; -héich Adj.: «so groß wie ein Mann»; -héicht F.: «Mannshöhe»; -hiem (Nösl. Mannsléckshiämm) N.: «Männerhemd» — gewäsch, gebak an e M. gemaach, dann as än en dichtegt Framënsch — s. Fra sub 1); -kärel M.: «Mann» — e schéine, flotte, en dichtege M. — e Bild vun engem M. — 't sin elauter Maanskärelen do (nur Männer, im Ggs. zu Frauen); -kläd, -kleed N.: «Männerkleidung» — 't as eng Toz a Maanskläder (von einem Schwächling); -kraut N.: «Beißwurz, Küchenschelle» (Anemone pulsatilla) — dafür auch Ouschterblumm (s. d.);

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut